Interview avec le Premier ministre Jean-Claude Juncker sur le projet de Constitution européenne et le référendum

RTL: A frësch vum Krautmaart an eise Studio komm ass elo de Staatsminister Jean-Claude Juncker. Gudden Owend.

Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.

RTL: Datt Dir net zefridden sitt mat deem, wat am Konvent um Enn erauskomm ass, dat dierft well all Europäer wëssen. Dir hutt mat Ärer Kritik un der „Dunkelkammer“ jo net hannert dem Bierg gehal. Mä wéi grouss ass de Spillraum da lo nach fir Verbesserungen?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn zwou Saache gesot an nëmmen déi zweet Halschent gëtt zitéiert. Ech hunn och gewisen, duergstallt an auslänneschen Zeitungen, haut an der Chamber, wat alles gutt un den Aarbechte vum Konvent ass. Ech si mat ganz ganz villen Haaptträger, déi de Konvent agezunn huet, ganz zefridden an déi däerf een och an der Regierungskonferenz net erausléisen. Am institutionellen Deel - meng Kritike viséieren den - wien décidéiert wat a wéi an der Europäescher Unioun, do si mir effektiv an enger „Dunkelkammer“. Haut presidéiert all 6 Méint een aneren. Wa mir dat net änneren, wësse mer den 1. Januar 2006 presidéiert Éisträich d’ganz Europäesch Unioun. Wann een de Konventstext sou iwwerhëllt wéi en do läit, da weess ee guer net - dee soll den 1. Januar 2005 a Kraaft trieden - wien da presidéiert. Do gëtt et vill Duercherneen. De gewieltenen President vum Europäesche Conseil huet iwwerhaapt keen Zougrëff op déi eenzel Fachconseilë vun deenen een net weess, wéi se organiséiert ginn. Dat gëtt Duercherneen, dat gëtt manner Visibilitéit a keng Transparenz an dat muss ee kläeren an der Regierungskonferenz.

RTL: Dir hutt och gesot, et misst een een Eunuch si, fir dee Poste wëllen unzehuelen. Wéi muss dann d’Job Description sinn, fir datt de Poste Sënn mécht an och Spaass mécht?

Jean-Claude Juncker: Ma jo, déi Job Description, déi konnt net déi sinn, déi den Här Giscard d’Estaing wollt, nämlech e grousse Chef vun Europa, dee praktesch en Alleinherscher an Europa ass. Déi Job Description wéi se lo ass, obscho mer net ganz frou doriwwer sinn, datt dat ee vun ausserhalb vun dem Europäesche Conseil soll sinn, en huet iwwerhaapt keng Autoritéit am Conseil wann et drop ukënnt e ka mol net mat ofstëmmen, dee muss seng Liensë mat deenen anere Conseilen, mat de Finanzministeren, mat de Landwirtschaftministeren, déi vun ech weess net wiem presidéiert ginn, klarifizéiert  kréien, fir datt een effektiv zielorientéiert Politik kann an Europa maachen, soss kënnt et zu engem totalen Blocage.

RTL: Mä e Cumul, souwuel Ministerpresident doheem, wéi och deen dote Posten, dat schengt jo awer Muncherengem och net ze schmaachen, hu mer haut och um Krautmaart héieren.

Jean-Claude Juncker: Jo, dat huet mech e bësse gewonnert, well déi dräi Benelux-Regierungen hu gesot, op kee Fall wëllten se e President vun ausserhalb akzeptéieren. D’Chamber huet den 13. Februar an enger Motioun geso, se géif an alle Fäll e President, deen ausserhalb vum europäesche Rot géif kommen oflehnen. Den Här Fayot huet d’lescht Woch nach hei an op anere Plaze gesot, datt ee misst probéieren, datt een déi zwou Funktiounen kënnt zesummen exercéieren. D’sozialistesch Partei seet entretemps - den Här Fayot erstaunlecherweis haut och an der Chamber - dat soll een net maachen. Do muss ee wëssen, datt een dann e geféierleche Wee geet, well wann dat keen nationale Premier ass, wann en déi national Befindlechkeeten net kennt, wann en net an der Kombinatioun mat senge Kollegen, déi e gutt kennt, ka funktionnéieren, da weess een net a wat fir eng Richtung datt dee sech bewegt. Mä ech ploë mech awer net méi, fir dat nach weider virzebréngen. Wa keen et wëllt a wa jiddferee gäeren hätt, datt mer op deem Punkt de Blocage riskéieren -a mir riskéieren en - da soll dat mir Recht sinn. Ech fannen elo seet jiddfereen de Juncker hätt dat gäere well hien et gäere géif ginn. Dat ass u sech lächerlech.

RTL: Dir sidd iwwerzeegt, datt déi zwee Posten ze maache sinn?

Jean-Claude Juncker: Se sinn ze maachen, wann d’Presidentschaft ëmorganiséiert gëtt. Et kann een net, wann ee Premier ass, dauernd duerch d’Welt reesen fir déi 25 aner Regierungen ze besichen. Da mussen déi scho bei dee kommen, dee President ass, mä wa keen dat wëllt a wann se léiwer een Anonymus hätten, dee néirens verankert ass an dee fräi schwieft  iwwert deenen anere Premieren an iwwert deenen aneren Institutiounen, dann ass dat mir net Recht, well ech mengen, datt dat dann net funktionnéiert. Mä ech klappe mech awer net dofir.

RTL: Nieft der Debatt ass haut och iwwert eng Resolutioun vun der LSAP ofgestëmmt ginn, ob mir all iwwert de Wee vun engem Referendum sollten iwwert den definitiven Text vun der EU-Verfassung ofstëmmen. Et gouf dobäi keng gréisser Kontroversen um Krautmaart, Joëlle Hengen, nodeem de Staatsminister jo schon e Freiden nom Regierungsrot ugkënnegt hat, datt d’Regierung genee dat Wëlles hätt.

[Reportage Joëlle Hengen]

RTL: Här Staatsminister, décisionnel oder net?

Jean-Claude Juncker: Décisionnel.

RTL: Praktesch Fro, wéini kéint dat sinn? Scho bei de Wahlen den 13. Juni? Am Mee ass jo d’Regierungskonferenz ofgeschloss?

Jean-Claude Juncker: Dat muss ee gesinn. Ech hätt eng Präferenz dofir, wann d’Texter fäerdeg sinn a wann alles um Dësch läit, datt een dat zäitgläich mat de Chamber- a mat den Europawahlen mécht, mä ob dat geet, weess ech net. Mä dat hätt jiddwerfalls meng Preferenz.

RTL: Egal wéi gëtt et keng einfach Saach. Et gëtt keen einfache Jo-Nee-Referendum. Riskéiert net aus dem ganze Komplex eng Fro aus reng populisteschen Iwwerleeungen eraus rauspolariséiert ze si, wéi dat ja zum Beispill an der Diskussioun ëm den Traité vu Maastricht de Fall war, wou d’Diskussioun bal op dat kommunautärt Auslännerwahlrecht reduzéiert gouf?

Jean-Claude Juncker: Dee Risiko leeft een ëmmer, mä et kann een net soen, datt een d’Vollek seriös hëllt, datt een d’Leit ëm hir Meenung freet an dann net mat de Risike vu sou enger Prozedur liewe misst. D’Leit déi stëmmen, déi mussen och mat de Risike vum Resultat liewen an dat muss een an där Referendumscampagne gutt erkläeren.

RTL: Dir sot elo „Risiko“. Dat heescht, wann ee freet, riskéiert ee jo, datt “Nee” gesot gëtt. Wat geschitt wann d’Lëtzebuerger „Nee“ soen?

Jean-Claude Juncker:  Dat muss een de Leit kloer duerstellen, wat geschitt wann se “Nee” soen. Dann ass de Vertrag ofgelehnt. Da muss ee gesinn entweder trëtt en dann a kengem vun deene 25 Länner a Kraaft oder mir mussen eis zu Lëtzebuerg iwwerleeën, ob mer wëlle mat deenen aneren zesummen an déi europäesch Zukunft goen. Mä ech mengen, et ass awer elo nach ze fréi fir schonn an dat Gestikuléieren do anzetrieden. Fir d’éischt soll ee mol erklären, wat an deem Vertrag steet, wat e fir eist Land heescht, wat e bedeit an da kënnt een eigentlech réischt op déi Fro, wat da geschitt, wann een „Nee“ seet. Mä bei engem Referendum kann een och „Nee“ soen, jo.

RTL: Well et sou komplex, well et sou schwiereg ass, kann ee jo net vun all Lëtzebuerger erwaarden, datt en elo all déi Texter liest. Gëtt dat Chefsaach dat z’erkläeren?

Jean-Claude Juncker: Nee, dat musse vill Leit erklären an et muss een och vun all Lëtzebuerger erwaarden, datt en dee Vertrag liest, well et muss jo jiddfereen e kréie wann driwwer ofgestëmmt gëtt an d’Leit , déi sech dofir interesséieren oder net interesséieren an déi nawell gäere soen, déi maache wat se wëllen, sollen sech dat ukucken. Do hunn se d’Geleegenheet ze soen, ob si selwer - jo oder nee - mat deem averstane sinn, wat do fir déi nächst 50 Joer an Europa proposéiert gëtt.

RTL: Et weess ee jo och nach net, wat ee muss erkläeren, well et weess ee jo och nach net, wat definitv dobäi erauskënnt.

Jean-Claude Juncker: Mir schaffe jo nach drun, datt eng Rei vu Punkten, déi net kloer sinn, datt déi ëmmer méi kloer gemaach ginn, datt déi méi verständlech ginn, sou datt een dat Gesamtresultat natierlech réischt um Enn vun der Regierungskonferenz, géif ech soen, d’Enn vun dësem Joer soll fäerdeg gemaach ginn, ka gesinn.

RTL: „Ech hätt léiwer gehat, mir wieren zu 6, 7 bliwen an hätten doru weidergeschafft, hätten Europa Déift a Profil ginn, well déi Déift géing batter feelen“. Dat sot den Éirestaatsminister a fréiren Kommissiounspresident Gaston Thorn e Sonndeg am Impuls Flashback. Fir hien geet d’Erweiderung ze séier. D’Tatsaach, datt ëmmer méi Kandidate mat ronderëm den Dësch sëtzen wier e kruziale Feeler an en ass och skeptesch wéi et ausgeet.

Gaston Thorn (O-Toun): Wann déi hei Konventiounsverhandelunge scheiteren nom Oktober, dann ass deen doten Exercice eriwwer an da gëtt et keng Rééditioun. Da gëtt et nëmmen nach eppes, menger perséinlecher Meenung no, dat wëllt näischt soen, dat ass, datt een erëm zréckkënnt op e klengt Europa vu Sechs, Siewen, Acht an datt déi weidermaachen an datt een ophällt mat deem Wahnsinn fir sou dorëmmer duerch d’Welt ze goen an z’invitéieren: Wëllt nach ee mat ons spillen?

RTL: Kéint ee sech virstellen, datt et zu engem Kär-Europa kënnt, wann ee mierkt, datt deen aneren Apparat awer zevill schwéierfälleg ass?

Jean-Claude Juncker: Dat läit an der Tendenz vun der zukünfteger Entwécklung mat dran. Dat ass keen Ziel. Dat ass awer eng Méiglechkeet, déi een huet. Fir de Rescht sinn ech e bëssen iwwerrascht driwwer, datt den Här Thorn seet, et wier besser gewiescht et wier een zu Sechs, Siewen bliwwen. Wéi hien Aussemininster war sinn 3 Länner bäigetrueden: Dänemark, Irland an England. A wéi e Staatsminister war, ass Griechenland bäigetrueden. Wéi e Kommissiounspresident ginn ass, du ware mer schonn zu Zeng. Et wier schwéier fir elo op Sechs oder Siewen zréckzekommen.

RTL: An et ass och keng Alternativ zu dem Schrëtt wat elo gemaach ginn ass?

Jean-Claude Juncker: An Europa huet eppes stattfont um Enn vun den achtzeger Joren, eng regelrecht Revolutioun, Gott sei Dank eng gewaltfräi. An et ass lo net sou, datt mir elo mat der Lanter duerch Europa lafen an zu deenen anere Länner, déi nei entstan sinn, déi sech vum kommunistesche Joch regelrecht befreit hunn, déi Fräiheet font hunn, déi sozial Marktwirtschafte gi sinn, déi elo erëm un der Sonn kënne liewen, et ass net, datt mir zu deene soen: Kommt séier bei eis. Si hu gefrot fir an d’Europäesch Unioun ze kommen an ech gesinn deen net, dee gesot hätt: Bleift dobaussen. Dee gesinn ech net. Net haut an och net fréier.

RTL: Mir sinn den 1. Juli, dat heescht en neit Semester fängt un an nach ass et sou, datt dann d’Présidence rotéiert, dat heescht haut huet Italien Griechenland ofgeléist an der EU-Présidence. Dat léist neess méi Commentairen aus wéi soss, well de Cavalieri, den italienesche Premier Silvio Berlusconi, eng ganz ëmstridde Perséinlechkeet ass.

[Reportage Petz Bartz]

RTL: Just een Zitat vu villen Zeitungszitater: „Dat ass elo eise President, engem deem seng Hand mir awer net gäeren drécken“. Dat schreiwt d’Berliner Zeitung iwwert de Berlusconi. Et ass nach guer net sou laang hier, Här Staatsmininster, do hutt Dir ëm hei zu Lëtzebuerg d’Hand gedréckt. Hutt Dir guer keng Bedenke fir déi nächst sechs Méint?

Jean-Claude Juncker: Also wann Dir wéisst, wat fir gelunge Leit ech an der Welt schon hätt mussen d’Hänn ginn, da géift Dir Iech wonneren. Den Här Berlusconi ass italienesche Premier, en ass elo President vun der Europäescher Unioun. Ech muss wéi déi aner Kollegen och mat ëm zesummeschaffen an do geet et net no perséinleche Sympathiewerter. A mat deenen Ideeën, déi en huet, sinn ech zu 80 Prozent net averstanen. Dat zielt fir déi, déi en no bannen huet, wéi fir déi déi en no baussen huet an dofir stinn ech guer net an der Gefoer elo op de Berlusconi-Kurs anzeschwenken. Dat dierft mer schwéier falen.

RTL: Riskéieren awer eenzel Ideen, déi en no bausse vertrëtt net awer Europa ze schueden, wéi zum Beispill vun der Erweiderung ze schwätzen op Russland, op Israel?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, dat si perséinlech Meenungen déi den Här Berlusconi vertrëtt. Dat ass keng geschlossen europäesch Politik an et gëtt och keng.

RTL: Se kréien awer een aneren Echo vun deem Moment u, wou e President ass vun der EU?

Jean-Claude Juncker: Mä dat ännert näischt drun, datt et Blödsinn ass.

RTL: Jean-Claude Juncker, ech soen Merci fir de Besuch am Studio.

Jean-Claude Juncker:  Merci.

Dernière mise à jour