Interview avec Erna Hennicot-Schoepges, ministre des Travaux publics

RTL: De Fonds du Kirchberg war déi lescht Woche jo nawell béis an d’Kritik geroden. Et goung lass mat engem Pabeier vum grénge Fraktiounschef François Bausch, dee fir d’Budgetskontrollkommissioun vun der Chamber ee Rapport sollt schreiwen eben iwwert dee Fong. Dobei koum dunn en Avis juridique deen den ADR an Optrag ginn hat a wouran dem Fong Favoritism virgehäit gëtt. Wat ass dann elo de Fazit vun deem ganzen Zodi? Doriwwer schwätze mir elo mat der Bauteministesch Erna Hennicot-Schoepges. Gudde Mëtteg.

Erna Hennicot-Schoepges: Gudde Mëtteg.

RTL: Mme Hennicot, de Reproche deen dem Fernand Pesch virun allem vum ADR gemaach gëtt, ass deen, datt en Terrainen um Kierchbierg ënner Wert verkaf hätt, also fir 1 Millioun Frang den Ar un een Affekotebüro. Mä dee Präis gëllt a sech jo fir Logementer an net fir kommerziell Reimlechkeeten an den Dag drop huet och eng Bank en Terrain fir 1,2 Millioune Frang kaaft. Dat heescht, dee Moment war jo dann deen éischten Deel net ganz korrekt, oder?

Erna Hennicot-Schoepges: Dat ass alles e bësse méi komplizéiert. Wa mer mol ufänken um Ament vun de Verhandlungen, déi während dem Joer 1998 gelaf sinn, da sinn déi incriminéiert Terrainen, wou den ADR mengt do rëm eppes ze fannen, da sinn déi zu deem korrekte Präis, deen deemols en cours war, verhandelt ginn. De Fong, deen huet am Februar a sengem Bilan 1999 déi Terrainen och zu deem Präis opgefouert an d’Regierung huet den 11. Juni 1999 déi dote Keef guttgeheescht, dat heescht, déi doten Verkeef vun der Säit vum Fong hier gesinn. An der Zwëschenzäit awer huet de Fong seng Präispolitik geännert fir d’Zukunft, eng Kéier de 4. Mee 1999. Dat war nach déi virrecht Regierung. Do ass dann dee Präis vun 1,2 Milliounen festgehale ginn. An déi Regierung vun haut, déi huet am September 1999 eng ganz aner Präispolitik, déi méi nuancéiert ass an d’Differenz mécht tëscht Bürosgebeier a Wunnengen, festgehalen. Elo kann een awer soen, wann eng Regierung e Kafpräis guttgeheescht huet, dee rechtskräfteg ass vun deem Moment u, wou d’Verhandlungen ofgeschloss sinn, dann huet se nëmmen dat gemaach zu wat se sech muss engagéieren, dann huet se nëmmen dat Richtegt gemaach an déi Akten, déi sinn am Februar an am Abrëll am Joer 2000 vu mir guttgeheescht ginn. Dat heescht, dat waren Akten fir eng Affekotenetude a fir d’CGFP an dat ass alles korrekt. Dat ass alles richteg ofgelaf, sou wéi dat laut de Prozedure virgesinn ass.

RTL: An datt déi Bank eben awer trotzdem 200.000 Frang huet méi den Ar misse bezuelen, domadder hutt Dir kee Problem?

Erna Hennicot-Schoepges: Dat ass déi aner Präispolitik, déi vum 4. Mee 1999 festgehale gi war an déi eng aner Situatioun erwisen huet, déi méi reng ass wéi einfach nëmmen sou. Ech mengen hei gi ganz kloer Ënnerstellunge gemaach, déi net zoutreffen.

RTL: Den ADR schwätzt jo vun Disfonktionnementer. Wéi nennt een dat da soss, wann de Fong sech awer net onbedéngt un déi Virgaben hällt? Dir schwätzt vun den Akten. Dat ware jo offiziell Dokumenter, wou Präisser festgeluecht goufen. Gesitt Dir dat dann net esou?

Erna Hennicot-Schoepges: Ma dat ass falsch. Dat ass keen Disfonktionnement. Et ass en Accord mat engem Keefer getraff ginn. Deen ass rechtlech bindend an deen ass an de Joren 1998, 1999 festgehale ginn. Dat heescht: Dat wat d’Regierung den 11. Juni 1999 guttgeheescht huet, entsprëcht deem, wat mam Keefer ofgemaach ginn ass. Da kann d’Regierung dach net 2000 eppes Aneschters festhalen wéi dat, wat mam Keefer ofgemaach ginn ass. Och eng Regierung huet Engagementer vis-à-vis vun Tiersën anzehalen.

RTL: Also politesch Konsequenzen kommen fir Iech dann natierlech dee Moment net a Fro?

Erna Hennicot-Schoepges: Also ech sinn un dee Mobbing vum ADR do mëttlerweil gewinnt. Wësst Dir, ech doe mech waarm un.

RTL: D’Budgetskontrollkommissioun vun der Chamber beschäftegt sech och nach mat engem anere Volet vum Fong, huet zum Deel och Problemer mam Fonctionnement a mat de Strukturen, virun allem eben mam Comité exécutif. Gëtt d’Gesetz dann elo geännert oder wéi kann ee sech dat dann elo virstellen?

Erna Hennicot-Schoepges: Ech waarden do dee Bericht, deen d’Kontrollkommissioun mécht of, ier ech definitiv Conclusiounë kann zéien. Menger Meenung no ass all Gesetz no deem mer eng Cour des Comptes an eng Cour administrative hunn op deem Hannergrond nozekucken an ech mengen och fir de Fong gëllt dat. Dat gëllt fir all eis Etablissements publics. Et muss een allerdings soen, de Fong, deen huet eng Missioun kritt fir de Kierchbierg z’erschléissen. Dat heescht et ass net en Etablissement public wéi elo de Fonds Belval, deen nëmmen déi Terrainen, déi de Staat betreffen, erschléisst. Hei geet et och ëm Transaktiounë mat Privaten. Dofir ass déi Missioun eng aner. Ech ka mir jo awer net virstellen, datt et de Wonsch vun der Chamber ass, datt wann en Terrain elo zum Beispill, wéi d’Beispill wat Dir elo nennt, un e Privatë verkaf gëtt, datt dann dofir e Gesetz muss gemaach gin. Dat war net d’Intentioun vum Législateur vun 1961. Ech mengen hei ass de Fall wierklech méi komplex. Et gëtt och nach aner Etablissements publics, déi ähnlech gelagert sinn a mir mussen do engersäits de Bericht vun der Executiounskommissioun zum Budget ofwaarden. Mir mussen awer och ofwaarden, wat d’Madame Minister vun der Fonction publique virleet an engem Rahmengesetz iwwert Etablissements publics.

RTL: De François Bausch huet jo ënnert anerem och Problemer mam Cumul vun de Fonctiounen. Gëtt dann do och iergendwéi eppes dru geännert? Hutt Dir do wëlles eppes drun ze änneren?

Erna Hennicot-Schoepges: Dat ass eng Saach, déi mech net alleng betrëfft, well ech mengen, et sinn an anere Ministèrë jo och nach Beamten, déi Fonctioune cumuléieren. Et ass nun eemol sou, datt een, wann ee Leit huet, déi an eng Matiere ageschafft sinn, dann Tendenz huet op hir Erfahrung zréckzegräifen. A wann de Staat do wëllt Restriktiounen aféieren, bon, moi je veux bien, mä dat betrëfft net nëmmen alleng de Bauteministère an den Här Pesch.

RTL: Dir fannt dat och net ongesond, wann een eenzelne Fonctionnaire sou vill verschidden Hitt unhuet?

Erna Hennicot-Schoepges: Also, sou laang wéi e seng Aarbecht mécht a sou laang wéi e seng Aarbecht korrekt mécht an ech ka wierklech net de Contraire behaapten, do mengen ech si Cumulen an eisem Staat gang und gäbe a wann dat net exzessiv sech auswierkt an sech néierschléit op déi Aarbecht, déi de Fonctionnaire als Fonctionnaire ze maachen huet, da mengen ech kann een do kee Virworf draus konstruéieren.

RTL: Nach en aneren Dossier dann ugeschwat Madame Hennicot. D’Steng fir de Pei-Musee: Wat geschitt dann elo nom Urteel vum Verwaltungsgeriicht? Halt Der awer um Magny doré fest oder kënnt da villäicht och e anere Steen, wéi zum Beispill dee vun der Tracol, de Mocca-Crème aus Portugal, a Fro?

Erna Hennicot-Schoepges: Dat ass och vill méi komplex. Et ass nämlech esou, datt aus deem Uerteel net ervirgeet, sou pauschal wéi dat elo duerhestallt gëtt, wéi wann et net misst Magny doré sinn. Et ass esou, datt dat Uerteel mol éischtens festgehalen huet, datt d’Annulatioun vun dem Zouschlag un d’Tracol bleift. Se gëtt net opgehuewen. D’Geriicht huet sech inkompetent dofir erkläert. Dat heescht de Bauteministère huet do net Onrecht kritt. Op där anerer Säit gëtt eng verfassungsrechtlech Fro opgeworf am Kader mat der Exklusioun vun de 6 Méint. Dat muss gekläert ginn. Dann huet natierlech d’Geriicht déi Klo fir de Cahier des charges in globo ze verwerfen oder deelweis ze verwerfen zréckgewisen. Dat muss een zur Kenntnis huelen. Dem Bauteministère säi Cahier des charges ass also guttgehale ginn an d’Geriicht huet Erklärungen zu deem Cahier des charges gefrot, eben just wat d’Beschreiwung vun der Qualitéit vun de Steng ugeet. D’Geriicht geet net dovun aus - an dat ass och net d’Intentioun vun der Regierung - fir ee bestëmmte Fournisseur oder eng bestëmmte Carrière do ze privilégiéieren. Mä d’Geriicht huet Erklärungen gefrot zu der technescher Konsistenz vun deene Steng. Mir hunn déi Erkläerunge geliwwert, a wat ganz interessant ass, dat ass, datt d’Geriicht déi Erklärungen a säin Uerteel mat integréiert huet. Dat heescht gewëssermoossen sinn d’Erkläerungen vum Bauteministère elo Partie intégrante vum Uerteel an an deem Sënn sinn se natierlech bindend fir den Zouschlag. A mir wäerten eis do och un déi Bestëmmungen halen, sou wäit wéi mir elo d’Analyse vun deem Uerteel bis dohinner maache konnten.

RTL: Wéini kann een dann domat rechnen, datt déi Steng mol iwwerhaapt endlech geluecht ginn?

Erna Hennicot-Schoepges: Oh wëst der, Madame Closener, ech si mat Datumen ëmmer virsichteg. Mir wäerte jiddferfalls kucken, sou séier wéi dat méiglech ass deen doten Dossier hannert eis ze kréien.

RTL: Stëmmt et, datt den Architekt vum Musee de Ieogh Ming Pei 1996 en Accompte krut vun 217 Milliounen Lëtzebuerger Frang fir seng Aarbecht?

Erna Hennicot-Schoepges: Dat do ass eng Fro, do erwëscht Dir mech elo um kale Fouss, well ech hunn dat doten net nogekuckt. Dch denken, datt dee Mann dat bezuelt kritt huet wat ëm versprach gi war. Dat do ass jo nach an enger virrechter Period gewiescht, wou de Bauteministère net a menger Kompetenz war.

RTL: Mir schwätzen bestëmmt och net fir d’leschte Kéier iwwert de Pei-Musee. Madame Hennicot, Merci fir d’Explikatiounen.

Erna Hennicot-Schoepges: Merci.

Dernière mise à jour