Interview avec le minstre du Trésor et du Budget Luc Frieden sur les préparations budgétaires pour 2004

100,7: Wellech éischt grouss Konklusioune goufen de Mëtteg an der extraordinärer Ministerronn gezunn? De Budgetsminister Luc Frieden:

Luc Frieden: Haut war réischt deen éischte Ministerrot, dee sech mam Budget vum Joer 2004 beschäftegt huet. Mir hunn de Mueren virun allem mol gekuckt, wéi mir als Regierung d’wirtschaftlech Croissance fir d’nächst Joer aschätzen, op Grond vun deenen Donnéeën, déi mer vu Bréissel oder vun aneren internationalen Organisatioune erakritt hunn. Dann hu mer gekuckt, wéi déi eenzel grouss Budgetskategorien évoluéieren an och op der Recettesäit, wéi d’Steiersituatioun sech duerstellt.

Mir stellen fest, datt déi Zuel vu Krediter an déi Héicht vun deene Krediter, déi gefrot gi ginn, absolut net am Aklang stinn mat där méi lueser wirtschaftlecher Croissance, déi mir kennen an datt mer och feststellen, datt d’Steierrecetten fir d’nächst Joer wärten méi niddereg sinn, wéi déi vun dësem Joer, op d’Mannst a verschiddenen Kategorien, wéi zum Beispill d’Kierperschaftssteier. Hannert all deem hu mir elo versicht, eis gewësse Richtlinien ze ginn, déi ech dann an deenen nächsten Deeg muss mat all Kolleeg an der Regierung eenzel fir säin Departement beschwätzen, éier mer dann Enn des Mounts erëm eng Kéier als ganz Regierung eis e puer Deeg laang mam Budget beschäftegen.

Dernière mise à jour