Interview avec le minstre de la Justice Luc Frieden sur le projet de loi portant répression du terrorisme

100,7: Am Text vum Gesetzesprojet gëtt Terrorismus als all Crime oder Delikt définéiert, deen ee grave Schued fir eng Organisatioun oder eng international Institutioun mat sech bréngt an dëst mam Ziel, fir eng Populatioun anzeschüchteren, déi staatlech Autoritéiten oder eng international Organisatioun domatter z’erpressen oder déi fundamental verfassungsrechtlech, wirtschaftlech oder sozial Strukturë vun engem Land unzegräifen. Dës Definitioun vun Terrorismus baséiert op där vun der UNO-Konventioun aus dem Joer 2000 a gläicht och dem Text vun där entspriechender europäescher Kaderentscheedung. Dozou de Justizminister Luc Frieden:

Luc Frieden: Iwwert deen Text ass méintlaang zu Bréissel verhandelt ginn a mir hu, wéi gesot, zesummen mat deenen 14 anere Justizminister deem Text zougestëmmt. Ech mengen, datt en eng ganz Rei Präzisiounen dran huet, déi vu Fall zu Fall, vum Geriicht kënne sou ugewandt ginn, datt deen Text wéi all aneren Text, vum Code pénal unzewenden ass. Dofir et kann ee sécher nach ëmmer besser Texter schreiwen, mä et ass en Text deen ähnlech ass wéi anerer aus dem Strofgesetzbuch.

100,7: D’Aarbechterkammer hat sech am November 2002 gefrot, ob dann och Leit déi streiken an ee Betrib besetzen oder Greenpeace-Aktivisten ënnert dës Gesetzgebung falen. Den aktuelle Projet wier eng Farce. Äntwert vum Justizminister.

Luc Frieden: En Terrorist ass nëmmen deen, deen eng ganz Rei vu Saache mécht an dorënner, datt en eng Infraktioun mol fir d’éischt muss maachen, e Verbriechen op deem eng Strofdot vu méi wéi 3 Joer ass. Et ass also scho mol fir d’éischt eng Strofdot, déi muss gemaach gi sinn. Da muss déi gemaach gi si mam Ziel, em Land décke Schued zouzefügen an et muss een och nach d’Intentioun gehat hunn, fir dat ze maachen, also een Élément intentionnel an dofir mengen ech, datt eng ganz Rei vu Beispiller déi ugeféiert ginn, datt déi ni kënnen ënner sou eng Definitioun vun Terrorismus falen.

100,7: D’Kritiker vum Projet, wéi déi Lénk oder Jugend fir Fridden a Gerechtegkeet fannen, datt den Text, sou wéi e lo virläit, der Regierung d’Méiglechkeet gëtt fir all Géigner vu wirtschaftlechen oder politesche Strukturen als Terroristen anzesperren.

Luc Frieden: Et gëtt jo heiansdo hei gemaach, wéi wa mir hei zu Lëtzebuerg e Kurs géinge fueren, deen näischt mam Ausland ze doen hätt. Ech soen nach eng Kéier: Den Terrorismus an d’organiséiert Kriminalitéit ass eng Gefor fir eis Gesellschaft a mir mussen am Respekt vun de Mënscherechter déi Gefore bekämpfen an dofir ass et um Parlament, fir déi noutwendeg Schlussfolgerungen doraus ze zéien. Et muss een d’Observatiounen héieren déi gemaach ginn, mä déi Observatiounen déi hei gemaach ginn, déi sinn absolut net justifizéiert. Hei gëtt eng Stëmmung gemaach, déi op Grond vun den Texter, déi heiheem an am Ausland gemaach gi sinn, irresponabel ass, well responsabel ass et, datt een déi bekämpft, déi d’Demokratie an d’Mënscherechter wëllen a Fro setzen.

Dernière mise à jour