Interview avec la ministre des Affaires étrangères Lydie Polfer sur les attentats récents au Moyen-Orient

Fränk Goetz: An am Studio begréissen ech elo d’Ausseministesch Lydie Polfer. Gudden Owend.

Lydie Polfer: Gudden Owend.

Fränk Goetz: Madame Polfer, nach ni waren esou vill Kanner ënnert den Affer vu sou engem Attentat. Ass dat elo d’Zeeche vun enger weiderer Eskalatioun vun der Gewalt am Noen Osten?

Lydie Polfer: Ech mengen, et si schrecklech Biller a wann et gewollt war, datt souvill wierklech onschëlleg Leit a besonnesch Kanner dobäi sollten hiert Liewe loossen, da kann ech mer am Fong nëmme virstellen, datt domatt wollt erreecht ginn, datt den Drock op d’Politiker, dat heescht op d’israelesch Regierung soll esou grouss ginn, datt da leider dat elo geschitt wat mer all net wollten, dat mer net wollten, dat heescht, datt d’Friddensgespréicher an datt de Friddensprozess nees ënnerbrach gëtt an dat ass natierlech ganz schrecklech.

Fränk Goetz: Mä e Muerd u Kanner, dat wär jo awer sou eng brutal Strategie. Ass dat méiglech?

Lydie Polfer: Et ass net ze verstoen. Et ass net z’excuséieren. Awer wéi gesot, dat Schlëmmst ass natierlech, datt déi Leit hiert Liewe gelooss hunn. Mä datt de ganze Prozess wahrscheinlech doduerch elo nees ganz laang opgehal gëtt an dat heescht, datt nees esou vill Leit hiert Liewe wäerte loossen. Well wann den Zyklus fir Gewalt nees ufänkt - an hei huet en op eng fuerchtbar Aart a Weis nees ugefaang - da kommen anerer no.

Fränk Goetz: Wat bedeit dann dëse Réckschlag fir de palestinensesche Premier Mahmud Abbas, dee jo vu ville souzesoen als Mann vun der leschter Chance ugesi gouf?

Lydie Polfer: Jo, ech mengen hien ass de Moment och an enger ganz schrecklecher Situatioun. Hien huet selwer jo dat Attentat, wierklech och, net nëmme kritiséiert, mä veruerteelt, mä heen ass am Fong oder d’palästinensesch Regierung misst am Fong responsabel si fir déi Leit do ënner Kontroll ze halen. Dat hei ass d’Zeechen, datt en dat net fäerdeg bréngt an domat ass seng Situatioun a seng Police natierlech geschwächt.

Fränk Goetz: Wat kann de Rôle nach si vun der Diplomatie, der internationaler Diplomatie a sou engem grausame Konflikt?

Lydie Polfer: Ech mengen, zanter Jore kucke mer dat do elo no an et ass einfach traureg ze gesinn, datt all Kéiers wann een nees Hoffnung kann hunn a wann de Friddensprozess am gaang ass, datt dann d’Extremisten sech zu Wuert mellen mat grausamen Attentater an datt dann effektiv dee Friddensprozess laanscht deen et awer net geet fir eng Kéier zu enger friddlecher Léisung ze kommen, datt deen ënnerbrach gëtt. Ech géing hoffen, ech géing hoffen, datt eng Kéier mir dohinner kéimen, datt egal wéi schlëmm Attentater geschéien op där enger oder op där anerer Säit, datt doduerch sech déi verstänneg Leit an ech si sécher d’Majoritéit vun deenen 2 Völker net aus deem Wee leede loossen deen eben zu engem Fridde géing féieren. Mä leider ass eben de politeschen Drock da vun der Bevölkerung op déi zwou Regierungen - an dësem Fall elo op déi israelesch - sou grouss, datt et nees zu Vergeltungsschléi kënnt an da si mer nees an deem Zyklus, dee mer net wollten an dee mer wollten ënnerbriechen.

Fränk Goetz: An d’Europäesch Unioun an deem Ganzen?

Lydie Polfer: Ech mengen d’Europäesch Unioun huet matgedroen déi „feuille de route“ ze maachen, dee Prozess opzebauen. Dee Prozess ass och richteg, mä wa vun zwou Säiten Extremiste sinn, déi en net wëllen, da gesäit ee wéi machtlos een am fong deem entgéintsteet.

(...)

Fränk Goetz: Schockéiert weist sech de Lëtzebuerger Staatsminister Jean-Claude Juncker iwwert d’Attentat zu Bagdad. An engem Bréif un den UNO-Generalsekretär Kofi Annan huet hien säi Bäileed un d’Familjen vun den Affer ausgedréckt. Och Dir Madame Polfer hutt ee Bréif un de Kofi Annan geschéckt, wat war Äere Message un den UNO-Generalsekretär?

Lydie Polfer: Ech hunn him an der Famill natierlech vun deenen, déi hiert Liewe gelooss hunn, mäi Bäileed ausgedréckt an awer och, wéi gesot, dee perséinleche Verloscht, deen een an der Persoun vum Sergio Vieira de Mello huet wierklech mat Bedaueren entgéint geholl. Ech hat dee Mann kennegeléiert nach dëst Joer am Mäerz an et war ee Mann, dee sech wierklech mat Leiw a Séil fir eng Cause agesat huet an och bis elo mat ganz vill Succès. Hien huet am Timor oriental formidabel Aarbecht geleescht fir wierklech en neit Land do ze schafen, fir d’Institutiounen ze schafen an ech si sécher, hien hätt, hätt en d’Chance dofir kritt, och am Irak, kënnen extrem wertvoll Aarbecht leeschten. An deen do Verloscht, deen ass sech jiddweree bewosst. An de Kofi Annan huet dat jo och ganz kloer ausgedréckt. Duerfir, et kann een nëmmen seng Trauer, säi Leed ausdrécken an awer och seng Besuergnis, datt hoffentlech heimat de Rôle vun der UNO am Irak net geschmälert gëtt, net méi kleng gëtt, mä au contraire, datt all Bedeelegt elo wierklech der UNO besser an nach méi a méi sécher Moyene ginn fir hir Aarbecht ze maachen.

Fränk Goetz: Mä gouf de Widerstand am Irak dann net awer ënnerschat?

Lydie Polfer: Ech mengen, dat ass eng Tatsaach, déi een all Dag ka gesinn. Ech mengen, et geet net duer - a mir hu vun Ufank un och drop higewisen, mir mat villen aneren - datt et net duergeet an den Irak eranzegoen, datt dat een, deen éischte Schrëtt ass, mä datt et dee schwieregsten ass, dozebleiwen, fir Rou ze suergen a virun allem och nees erauszekommen an e Land ze hannerloossen, wat op demokrateschen Institutioune sech kann opbauen. Deen do ganze Wee ass nach ze maachen an et gesäit een, wéi schwéier datt dat ass.

Fränk Goetz: Dir sot d’UNO soll méi Gewiicht kréien. Kann ee sech virstellen datt an nächster Zukunft UNO-Blohelmer am Irak wäerte sinn?

Lydie Polfer: Ech mengen, dat hängt alles dovun of, wéi eben déi Muechten déi de Moment am Irak eben militäresch d’Soen hunn, wéi déi eben och bereet sinn de Rôle vun der UNO och an der Zukunft ze gesinn, ze verstäerken. Wann een de Verglach mécht, wéi et am Timor war, do war eng aner, do hat den Här Mello zum Beispill aner Moyenen fir wierklech senger Aufgab nozegoen. Ech hoffen, datt dat hei, an haut ass jo zu New York eng Krisësitzung, hannert zouenen Dieren zwar, mä dat weist drop hinn, ech hoffen et op alle Fall, datt wierklech décisiv Diskussiounë geféiert ginn an och Léisungen dobei erauskommen, datt d’UNO besser ofgeséchert gëtt an datt se au contraire déi Moyenë kritt, fir déi Leit, déi an hierem Optrag schaffen och wierklech kënne Resultater weisen.

Fränk Goetz: Madame Polfer, villmols Merci.

Lydie Polfer: Merci och.

Dernière mise à jour