Le secrétaire d'Etat à la Fonction publique Joseph Schaack au sujet de la démission du directeur du Centre informatique de l'Etat

Wat ass dann lo är éischt Reaktioun, obwuel de Bréif eigentlech vum 20. Juli datéiert, mä wat ass lo är Reaktioun op d’Démissioun vum Direkter vum Centre Informatique de l’État?

Jos Schaack: Jo also den Direkter vum Centre Informatique de l’État huet seng Demande gemaach fir a Pensioun ze goen de 15.7. vun dësem Joer an en huet seng Pensioun direkt accordéiert kritt. Den 21.07.2003 ass vun eis aus de Bréif un hien zréckgaangen, dass mir et akzeptéieren, dass en a Pensioun geet. Daat ass dat Éischt.

Dat Zweet dat ass: et sinn haart Wierder déi hei gebraucht ginn an ech muss Iech soen, dass ech des Aussoen déi den Häer Schumacher mécht an hirer Totalitéit réfutéieren an ech iwwerlossen och d’Respnsabilitéit dovunner sengem Auteur, well dat wat hei insinuéiert gëtt absolut net der Realitéit entsprëcht. Hei gëtt geschwat, dass de Centre Informatique démanteléiert gëtt. Dorops kann ech Iech just nëmmen äntwerten, dass de Centre Informatique déi klassesch an déi technesch Attributiounen déi en huet, behält, et ännert sech an deem dote Kontext guer näischt. Et kann een also net vun engem Démantèlement hei an dësem Kontext schwätzen.

Da schwätzt den Häer Schumacher déi schlecht Resultater un déi am Beräich vun dem E-Government, vun dem Benchmarking, gemaach ginn. Do kann ech Iech just soen, dass sengerzäit 1996, ënnert deeër deemoleger Regierung, ënnert der Responsabilitéit vun engem sozialistesche Minister, e Rapport, 1996 wéi gesot, erauskomm ass, deen sech mat der Informatik beim Stat beschäftegt huet. Doropshin muss ech Iech awer soen, dass absolut keen eenzegt vun deenen Elementer déi do zréckbehale gi sinn, an deem Rapport, transposéiert ginn ass. Hei hätt och de Centre Informatique eng éminent wichteg Roll ze spille gehat. Et ass awer dann esou gewiescht, dass soubal déi nei Regierung am Amt war, dass mer gesot hunn, dass ebe grad just am Beräich vun deenen neien Technologien musse gréisser, grouss Efforte gemaach ginn, well mer do souzesoen op engem Nullpunkt waren, par rapport zu verschiddenen anere Länner, déi scho längst heimadden ugefaange haten, dat huet dozou geféiert datt mer am August 2000 d’CNSI gegrënnt hunn, dat ass d’Commission Nationale de la Société de l’Information, wou souwuel de Ministère d’État, de Travail, d’Économie, d’Éducatioun a Formation professionelle, d’Kultur, den Enseignement an och d’Santé dranner vertruede sinn. Hei gesitt der also, hei sinn all déi Leit vertrueden, all déi Ministere vertrueden, déi direkt concernéiert si vun denen neien Technologien, dat heescht an anere Wierder, hei gëtt zesummegeschafft, net géinteneegeschafft, hei ass eng koordinéiert Politik déi gemaach gëtt an et ass kloer, dass am fong den Häer Schumacher wahrscheinlech doduecher eng Idee frustréiert ass, well am fong d’Politik hei d’Heft an d’Hand geholl huet, contrairement zu deem wéi et villäicht an der Vergaangenheet de Fall war, dass eben hei d’Politik sech am Beräich vun deenen neien Technologien a vun der Informatik am allgemengen net genuch involvéiert huet. Hei hu mir Verantwortung iwwerholl an dat huet och dozou geféiert, dass déi Resultater déi mer opzeweisen hunn, dass déi sech wesentlech verbessert hunn. Mer si bei null fortgaangen, 2002 hu mer effektiv hei richteg zougeluecht a mir sinn haut op 32 Prozent. Dat ass ee Rieseneffort deen do gemaach ginn ass an ech kann Iech soen, dass och an Zukunft, dass och an Zukunft, hei nach weider Ustrengunge wäerte gemaach ginn, fir dass mer hei wierklech och an Europa lues a lues an d’Mëttelfeld eropréckelen.

Dat heescht Dir sot u sech och mat der Réforme administrative, huet de Centre Informatique de l’État awer och nach weiderhin seng Roll ze spillen, oder?

Jos Schaack: Selbstverständlech ass de Centre Informatique ee vun deene wichtegsten an en onverzichtbart Element vun eiser Politik déi mer maachen am Beräich vun der Informatik a vun deenen neien Technologien. Et kann een also guer net vun engem Démantèlement schwätzen an ech ginn och dovun aus, dass den iwwerwiegend groussen Deel vun deene Fonctionnairen déi do sinn, déi wëssen och, dass mir hei am Ministère guer keen Intérêt hunn an iwwerhaapt net kënnen op de Centre Informatique verzichten, deen ass wéi gesot e wiesentlecht Element vun eiser Politik an dësem Beräich.

Souwäit de Staatssekretär am Ministère vun der Fonction publique de Jos Schaack. Merci Häer Schaack fir déi Präzisiounen.

Jos Schaack: Et ass gäer geschitt.

Dernière mise à jour