Interview avec le ministre de la Coopération, ministre de l'Environnement Charles Goerens au sujet de l'enquête publique Cattenom et de la coopération luxembourgeoise au développement

Monique Kater: E ganz schéine gudden Owend bei Impuls-Flashback. Mir si nees do no der Summervakanz an dat mat dësen Themen: Cattenom an der Diskussioun, wéi geféierlech ass d’Atomzentral am 3 Lännereck? Nei repressiv Mesurë fir méi Sécherheet op eise Stroossen, wat brénge se wierklech? 11. September, 2 Joer duerno, wat hu mer draus geléiert?

A bei eis am Studio ass den Owend den Ëmweltminister deen eis mat Sécherheet ka sou munch Explikatioune ginn. Gudden Owend, Charles Goerens.

Charles Goerens: Gudden Owend.

(Reportage iwwer Cattenom)

Monique Kater: Wat ass dann eigentlech Äer Reaktioun op dës Analysen op déi Bureaux d’Étuden?

Charles Goerens: Bis elo hunn ech wéineg Schwieregkeeten domatt. Mir orientéieren eis och nom Prinzip vun der Miniméierung vun de Geforen an da kommen do Gesetzgebungen. Souwisou ass et eng Obligatioun, déi aus enger europäescher Direktive hierkënnt, fir ëmmer op déi beschtméiglech Technologie zréckzegräifen. An et ass och an deem Sënn, an deem Geescht wéi mir un den Dossier Cattenom eruginn. Hei geet et net drëm, fir nei Installatiounen z’autoriséieren. Hei geet et drëm, fir Prélèvementer aus dem Waasser an och Rejeten an d’Waasser z’autoriséieren an déi Normen déi domadder verbonne sinn.

Monique Kater: Dat war jo och eng vun de Conclusiounen déi bei Äerem Meeting mam Saarland a mat Rheinland-Pfalz erauskomm ass. Do sot Dir eben och, déi bescht Technologië musse berücksichtegt ginn. Eng gemeinsam Conclusioun mat deene Leit aus Däitschland, bréngt déi eis weider?

Charles Goerens: Ech ginn awer dovun aus.

Monique Kater: Gëtt eng font iwwerhaapt emol?

Charles Goerens: Mir hunn eis drop geenegt, datt mer gemeinsam Positiounen ustriewen. Et ass en Nuance tëscht enger gemeinsamer Positioun an enger gemeinsamer Stellungnahm. Eng gemeinsam Stellungnahm ka schonn dohier net erfollege well Däitschland sech méi ee laangen Délai ugefrot huet, well déi och praktesch ee Mount méi spéit mat der Offenlegungsprozedur ugefaangen hunn wéi mir an dann ass och nach eng Sproochebarrière. Déi Däitsch hu mol elo nach net flächendeckend de gesamten Dossier an der däitscher Sprooch hiren Experte konnten zougängeg maachen.

Monique Kater:  Wou ass den Dossier dann elo dru bei eis?

Charles Goerens: Den Dossier ass bei eis aus der „Offenlegungsprozedur“ eraus - wann ech dat ka sou ausdrécken - an d’Expertë sinn elo am gaang un hiren Avisen virzebereeden. Mir wäerten d’nächst Woch d’Kommissioune vun der Chamber, déi zoustänneg si fir déi verschidde Beräicher, déi duerch den Dossier Cattenom tangéiert sinn, informéieren. Mir wäerten den allerleschte Stand am Kader vun der Transparence institutionelle matdeelen, sou wéi d’Experten et gesinn aus der Santé, déi fir d’Radioprotektioun zoustänneg sinn an och aus dem Envrionnement, wou mer de Centre de Recherche pour les Technologies environementales an zwar den Här Weidenhaupt mat ageschallt hunn als Expert. Mir wäerten och do d’Méiglechkeet kréien, fir do schonn een éischten Échange de Vues ze kréien iwwert d’Étude vum Här Küppers, déi de Mouvement écologique an Optrag ginn huet, an och alleguer déi aner Schrëften, déi eis bis dohinner zougängeg gemaach goufen a mir wäerten och d’Press kuerz duerno informéieren.

Monique Kater: Dir sot, d’Expertë schaffen drun. Ass dann awer do iergendwéi schonn eppes eraus? Sinn do scho Positioune geholl?

Charles Goerens: Et gëtt keng Positioun geholl  ou laang wéi mer nach Zäit hunn. Mir hunn eis Délaië geholl fir z’analyséieren, fir eis ofzestëmme mat den auslänneschen Experten, den Här Mörsdorf zum Beispill, mäi Kolleg vu Saarbrécken, deen hätt gäer, datt d’Bundesumweltamt vu Bonn an den Här Trittin sech selwer an den Dossier aschalten, wat à ce stade nach net evident ass. Bis elo hu mer Échangë gehat um politeschen Niveau an och op engem techneschen Niveau mat de Regierunge vum Saarland a vu Rheinland-Pfalz. A mir wëllen och do eis Efforten addéieren, fir datt jiddwereen de selweschte Wëssensstand huet, fir kënnen zu enger Stellungnahm ze kommen, déi vu gemeinsame Positiounen an deenen dräi Länner gedroen ass.

Monique Kater: Et kann een awer dovun ausgoen datt den Avis kritesch gëtt?

Charles Goerens: Ah, mir ginn extrem kritesch un d’Analyse vun deem Dossier erun. Dat war vun Ufank un, vun deem Moment u, wou d’Atomzentral installéiert ginn ass op eis Grenze, géint de Wëlle vun dem Gros vun de Lëtzebuerger,  fir net ze soe vun e bal alleguer. Et ass ëmmer kritesch begleet ginn. Et ass jo och ee modus vivendi fonnt ginn, wéi ee kënnt déi eenzel Pannen oder Anomalien an der Exploitatioun vun deem Dossier suivéieren an och dogéint reagéieren.

Monique Kater: Mä eigentlech huet jo awer déi Kritik et och deemols schonn net bruecht, datt Cattenom gebaut ginn ass. Wat bréngt déi dann elo dës Kéier, wa mir dann elo mat eisem Avis bei d’Fransouse kommen, kënne mir do iwwerhaapt iergendeppes erreechen?

Charles Goerens: Mir kënnen eis och d’Fro stellen, wat bréngt et wa mer iwwerhaapt net reagéieren. Mir wollten awer mol op d’Kraaft vun den Argumenter setzen, well mer gutt Argumenter hunn fir Kritik unzemelden an insofern déi Kritik och gedeelt gëtt vum Saarland a vu Rheinland-Pfalz an hoffentlech och vun der Bundesregierung kënnen d’franséisch Autoritéiten dat awer net ignoréieren. Wann een ophällt un d’Kraaft vun den Argumenter ze denken, da brauch een sech an der politescher Ausernanersetzung net méi mat deenen normalen übleche Metoden ze befaassen. Mir setzen jiddwerfalls nach ëmmer drop.

Aussoe vun engem Ëmwelttoxicologue

Aussoe vum Gréngen Europadeputéierte Claude Turmes

Monique Kater: Charles Goerens, juristeschen Avis, hutt Dir da wëlles juristesch virzegoe géint Frankräich am Fall wou eisen Avis vun der Regierung net eescht geholl gëtt?

Charles Goerens: Jo, mä Eent nom Aneren. Loosse mer elo mol fir d’éischt eise Rapport maachen, kucke wat d’Expertë soen, inwiefern datt do d’Technologien, déi ugewandt ginn, zu Cattenom auserneeklaffe mat der beschtméiglecher Technologie. Loosse mer waarden och mol wat d’Reaktioun ass op déi verschidden Avisën. D’franséisch Autoritéite reagéiere jo net nëmmen alleng op de Lëtzebuerger Avis, mä och op dee vum Saarland, op dee vu Rheinland-Pfalz an och op dee vun deene 44 Gemengen, déi an der Prozedur lo virgesi sinn.

Monique Kater: Eloo maache mir jo Oppositioun. Dir hutt jo och elo de Sujet lo héieren. Wéi gesitt Dir datt? Maache mir lo net zevill Opreegung bei de Leit, déi kréien dat jo och dobausse mat an déi denke sech: Wat ass da lo mat deem Cattenom? Wa mir elo villäicht zevill agressiv do virginn, datt mer da Panik maachen?

Charles Goerens: Also ech mengen, wann een eng politesch Décisioun ze huelen huet, da muss een d’Décisiounsmécanismë kennen. Et muss ee wësse wéini datt d’Analyse ugeet a mir hu méi fréi ugefaang wéi déi aner. Däitschland huet laang gewaart bis ze vum Här Trittin Bescheed kritt hatten, fir d’Offenlegungsprozedur ze kréien. Mir waren ee Mount virun hinnen. Mir hunn déi bescht Experten, déi mer konnte fannen hei am Land chargéiert mam Dossier, mat der Étude vum Dossier a mir hunn och zu hinne gesot, wann se internationale Sachverstand bräichten, da sollen se eis dat matdeelen, fir dorop zréckzegräifen. Et ass net sou, datt de Minister d’Analyse mécht, mä dat gëtt vun de Fachleit gemaach. Dofir hu mer Administratiounen. A wat de juristeschen Aspekt ubelaangt ech wëll dat nach eng Kéier ganz kloer soen, loosse mer mol waarde bis et sou wäit ass a loosse mer och do de Prinzip vun der Verhältnismässegkeet uwenden. Heiandsdo kann een eng politesch Interventioun maachen, déi méi bréngt wéi den direkte Rechtswee. Souwisou, ech si sécher, datt et juristesch Bedenke gëtt. An ech sinn och sécher, datt et zu Plaintë kënnt an deem Dossier. De Jo Leinen huet dat jo selwer ugschnidden also ass deen Zuch scho souwisou fort, indépendamment vum Fait ob d’Regierung dann elo zur Konklusioun kënnt se soll dat maachen oder net. Ech erënneren drun, datt wéi d’Regierung deemols mam Dossier Cattenom, mam Bau vum Dossier Cattenom befaasst war net op de juristesche Wee gaangen ass, mä direkt Verhandlunge mat Paräis souwuel um Niveau vum President wéi och vum Premierminister Mauroy deemols gefouert huet.

Monique Kater:  Dir sot et selwer, d’Politik huet elo eng gewësse Responsabilitéit. Wéi kann een elo déi Interessen vun Écologie a vun Économie ënnert een Hutt kréien ? Gëtt et do ee Kompromëss?

Charles Goerens: Mir mussen eist - ech soen et nach eng Kéier - d’Minimierungsgebot uwenden. Dat wat deen Dossier hei sou komplizéiert mécht, dat ass jo net mol onbedéngt den Ist-Zoustand vun den Emissiounen, mä et sinn déi Grenzwerter, déi ee Multipel si vun deem wat am Moment ausgescheet gëtt an d’Musel. An et ass do, wou mer auserneeklaffen. A fir op dem Häer Turmes säin Tritium zréckzekommen, do ass et menger Meenung no verfréit vun der franséischer Regierung fir schonn erhéichte Werter unzefroen oder eng Variatioun vun de Werter, well déi Werter, déi do ugefrot ginn, déi droe schonn enger Technologie Rechnung déi réischt 2006 agesat gëtt an do gëtt manifestement - dat ass och konsensfäheg tëscht deenen dräi Regierunge Saarland, Rheinland Pfalz a Lëtzebuerg - do gëtt den zweete Schrëtt virum éischte gemaach.

Monique Kater: Mä gëtt dat dann elo vill méi schlëmm, wa se dann elo effektiv déi Autorisatiounen elo nach genehmegt kréien? Hutt Der do schonn eng Ahnung?

Charles Goerens: Also mir autoriséiere jo elo net Cattenom. Mir autoriséieren iwwerhaapt näischt. Mir ginn en Avis of iwwert een Dossier, deen d’franséisch Autoritéitë befaasst fir ze kucken, ob d’Grenzwerter kënne variéieren. Déi meescht Grenzwerter ginn erof. Dat geet mir awer net duer. Ech weess net, ob déi Grenzwerter déi erofginn souvill erofginn wéi se kënnten erofgoen, wann déi beschtméiglech Technologie ugewandt géif. Ech wéisst gäer, wann ee Grenzwert an d’Lut geet, firwat deen an d’Lut geet an ob deen net och kann erofgoen. Dat ass zum Beispill eis Fro, déi mer eis beim Tritium gestalt hunn. Do seet den Häer Küppers an der Étude, déi de Mouvement Écologique bestalt huet et ass net den Tritium deen den Haaptproblem ass, et ass den Cäsium an de Kobalt, och dat si mer am gaang vun eisen Experten iwwerpréifen ze loossen an ech hoffen, datt mer och do de Support kréie vum Bundesumweltamt an och vum Här Trittin, deen hei aus senger Verantwortung net erausgelooss gëtt an den Här Turmes huet jo déi selwecht Blutgrupp wéi den Här Trittin. Ech hoffen, datt deen en iwwerzeegt kritt, datt deen sech och mat aschalt an deen Dossier.

Froen a Reaktioune vu Spectateuren.

Monique Kater: Firwat klëmmt Lëtzebuerg dann haut net méi ëm op alternativ Energien? Ass dat iwwerhaapt tragbar ekonomesch gesinn?

Charles Goerens: Meng léif Madame Kater, ech soen Iech haut an hei, datt et kee Land op der ganzer Welt gëtt, wat sou e Förderungsrégime huet fir alternativ Energien. Bei der Photovoltaik leie mer wäit iwwert deem wat dat zweetbescht Land mécht, Däitschland an de Förderungsmoossnahmen. Dat explodéiert quasi. Mir hunn de Moment e Problem fir effektiv allzäiten d’Leit bezuelt ze kréien. Mä fir et kuerz ze maachen: Mir mengen, mir hätten e Potential vu 5,7 Prozent Undeel vun alternativen Energien um Gesamtstroumopkommes. Dat bedingt, datt mer a punkto Photovoltaik den aktuelle Stand mat 10 multiplizéieren. Dat bedingt och, datt mer d’Wandenergie mat 4 multiplizéieren. Dat bedingt, datt mer a punkto Biomethanisatioun och mindestens 10 mol sou vill kréien wéi mer haut hunn, wou mer d’éischt Land sinn an et bréngt eis an et gelengt eis in etwa de Stroumkonsum ze stabiliséieren, respektiv e bëssen erofzeféieren, da kënne mer am Joer 2010, sou wéi zu Bréissel ugemellt, op 5,7 Prozent Undeel vun alternativen Energien vun Gesamtstroumopkommes kommen.

Monique Kater: Ech wëll dann awer kuerz nach eng Kéier zréckkommen op déi Fro vun deenen aneren Atomzentrale rondrëm Lëtzebuerg, sinn déi sécher? Gi mir do informéiert regelméisseg?

Charles Goerens: De Problem ass bei der Atomenergie, datt mer keng zefriddestellend Technologie hunn. Dofir ass Lëtzebuerg jo och géint déi Technologie.

Monique Kater: Mä leeft do lo sou eng open Diskussioun wéi elo mat Cattenom, mengen ech?

Charles Goerens: Do ginn et selbsverständlech och Monitoringsystemer déi dat do iwwerwaachen. A wann do Pannë virkommen da ginn natierlech alleguer déi Concernéiert informéiert au même titre wéi dat bei Cattenom de Fall ass.

Monique Kater: Mir ginn eriwwer bei en anert Thema wat d’Gemidder awer bestëmmt grad sou oprege wert. Se sinn näämlech iergendwéi net an de Grëff ze kréien, déi sëllegen Akzidenter op eise Stroossen. De Punkteführerschäin schéngt net duer ze goen, also soll d’Police nach méi visibel ginn. Et gëtt méi staark sensibiliséiert, eventuell kéint een och nach d’Promillgrenz erofsetzen an, dat koum dës Woch nach als Idee dobäi, firwat keng elektronesch Kameraiwwerwaachung aféieren? Sou eng Mesure huet zwar zu Lëtzebuerg nach keng legal Basis, mä dat huet Vertrieder vu Police, Parquet an Transportministère awer net dovunner ofgehalen e Réflectiounspabeier auszeschaffen.

Reportage iwwert déi nei Verkéiersmesuren

Monique Kater: Datt dat op de Landstroosse soll installéiert ginn, dat schéngt jo nach iergendwéi ok, mä op den Autobunne bréngt dat dann eppes?

Charles Goerens: Et muss wahrscheinlech deen do Wee probéiert ginn, well déi aner Mesuren net genuch bréngen, fir d’Akzidenter zréckzeféieren. An et ass och dat, wat den Här Grethen an d’Regierung insgesamt bewogen huet, fir op deen dote Wee ze goen, wat kee liichte Schrëtt ass. Et bréngt hoffentlech eppes, well soss froen ech mech, wat fir eng Margen mer nach hunn, fir kënnen déi irresponsabel Elementer op der Strooss e bëssen zum Ëmdenken ze kréien. Et geet jo awer hei präzis ëm Mënscheliewen, et ass net wéi wann d’Regierung elo géing an engem Ulass vun Irresponsabilitéit d’ëffentlech Fräiheet do géif agrenzen.

Froen a Reaktioune vu Spectateuren.

Monique Kater:  Wéi wäit kann een dann nach goe mat répressive Mesuren?

Charles Goerens: Also ech si jo och e Liberalen, wéi den Häer Grethen. Et muss een och wëssen, datt d’repressiv Mesure Grenzen hunn. Et muss een och kënnen als Liberale intelligent mat Obligatiounen ëmgoen. Ech mengen, hei wier en intelligenten Ëmgang ugestrieft an ech hunn och dem Här Hammelmann seng Reaktioun do gesinn virun e puer Deeg, dee jo awer och ganz staark un der Promotioun vun den ëffentleche Fräiheeten interesséiert ass. Dee mengt dat hei wier vertrietbar fir an dësem Fall kënnen Exceptiounen ze maachen. Mä ech soen haut an hei, datt ee muss ganz kloer e Monitoring-System maachen, fir ze kucken, datt iwwerhaapt keng Abuse geschéien an d’Chamber déi wäert jo och nach kucke wann se um gesetzleche Wee sech mat deem Problem do auserneenzesetze kritt, wat een do kann u Sécherheeten abauen, datt e net zu engem Mëssbrauch kënnt.

Monique Kater: A mir gi mol bei déi auslännech Aktualitéit, déi och relativ wichteg war an deene leschten zwou Wochen. Virun 10 Deeg war den zweete Joresdag vun den Terrorattacken an den USA. Et ass näischt méi sou wéi et virun zwee Joer war, dat gëtt ëmmer erëm gesot. Wat huet da wierklech geännert?

Charles Goerens: Den multilaterale System fonktionnéiet net méi sou gutt. D’UNO ass zäitweileg zu enger Farce deklaréiert ginn. An Amerika ginn eng Parti ëffentlech Fräiheete ganz staark ageschränkt. An Europa huet sech net sou profiléiert an net sou staark gemaach, wéi et hätt missen, fir kënnen do e klenge Contrepoids ze maachen a fir datt an engem équilibréierten Partenariat mat de Vereenegte Staaten, déi nei Weltuerdnung wesentlech matzebestëmmen, ënnert Matberücksichtegung vun deenen, déi nach keng Stëmm hunn oder keng staark genuch Stëmm hunn, dat sinn haaptsächlech d’Entwécklungslänner.

Monique Kater: Elo hu mer d’Stëchwuert ginn, d’Aarmut ass den optimalen Terrain am Fong fir Terrorismus, fir Extremismus. Hu mer do eppes draus geléiert vu virun zwee Joer op elo?

Charles Goerens: Et ass net nëmmen d’Aarmut, mä och de Fanatismus de religéise Fanatismus déi och dorop baséieren, wat awer eng parallel Ursaach ass, déi zwar Corrolaire ass zu däer éischter déi Dir genannt hutt. Ech weess net, ob genuch geléiert ginn ass. Ech fäerten ganz, datt déi international Konferenzen iwwert d’Finanzéierung vun der Entwécklungshëllef, iwwert den Développement durable, och elo iwwert de Commerce multilatéral net déi Resultater bruecht hunn, déi ee bräicht fir eng Weltuerdnung ze kréien an däer net nëmmen déi Räich vun der Globalisatioun profitéieren, mä och déi Aarm. A menge Gespréicher mat asiateschen oder afrikanesche Partenairen, déi Entwécklungslänner virstinn, héieren ech ëmmer erëm, datt se net géint d’Globalisatioun sinn, mä se si géint de selektive Charakter vun der Globalisatioun, déi eng Parti Leit écartéiert, déi einfach net genuch Produktivitéit hunn, zevill e schwéieren Zougang zu den Zënsen, zevill e schwéieren Zougang zum Kapital, net genuch Accès hunn zu de Marchéën an och net genuch Assistance technique hunn, fir sech kënnen an däer komplizéierter Welt erëmzefannen.

Monique Kater: Wat um Sommet vun der Welthandelsorganisatioun jo och kee Succès hat déi ganz Diskussioun do.

Charles Goerens: Do gëtt eng Karrikatur gemaach an däer awer och eng Parti gutt Tentativen ënnerginn. Ech erënneren awer drun, datt zum Beispill säit dem Lancement vun der éischter Konferenz d’Entwécklungslänner awer Zougang kritt hunn, wéinstens theoretesch, zu de wichtegste Medikamenter. Dat ass an Tëschenzäit awer allgemeng ugeholl. Dat ass zum Beispill eng Avancée. An der Tëschenzäit ass och de Cotonou-Accord vun der Europäescher Unioun a Kraaft gesat ginn. Och do do gi Perspektiven opgemaach. Déi ginn natierlech net wät genuch, well d’international Weltuerdnung aus deenen Ursaachen, déi ech elo gesot hunn, e bëssen hannendran ass.

Monique Kater: Ech wëll Iech trotzdem awer nach - d’Zäit leeft eis zwar fort - nach déi Fro stellen: Lëtzebuerg héicht jo elo nach Kooperatiounshëllef fir d’nächst Joer. Firwat maachen déi aner Länner dat net? Well wann se et jo géife maachen, dann hätte mer jo deem Problem vun der Aarmut awer e bëssen d’Handwierk geluecht.

Charles Goerens: Déi aner maachen et och, awer méi lues. Frankräich 2012, wëllt op déi selwecht Niveauë komme wéi mir elo ware virun engem Joer. D’Belsch 2010, Irland 2007, Finnland huet och als Objektiv opgeholl. Mä Lëtzebuerg huet eng Virreiderroll a mir mussen déi aner iwwerzeegen, datt et am Intérêt ass vun en alleguer fir sou een Effort ze maachen, net fir d’Suen zur Fënster erauszegeheien.

Et si jo Leit déi mengen, mir géifen hei d’ëffentlech Finanze plëmme fir se den Negren - ech soen et mol sou salopp, wéi et bei de Comptoirë gesot gëtt - an de Raachen ze geheien. Et ass net dat, et bleiwen 99,2 Prozent hei zu Lëtzebuerg fir Lëtzebuerger Aarmut a Lëtzebuerger sozial Problemer z’adresséieren. Dat wat mer hei maachen ass d’Alternativ zu enger Politik vum ewechkucken. Mir hunn zu Screbrenica ewechgekuckt. Mir hunn ewech gekuckt am Ufank wéi de SIDA komm ass. Mir kucken elo ewech, datt 30 Milliounen Afrikaner u SIDA stierwen – et ass net deen Ausdrock deen apropriéiert ass - mä déi carrément futti ginn, well d’ganz Weltëffentlechkeet sech foutéiert vun deenen hirer Problematik.

Mir mussen eis sou responsabiliséieren, datt och déi do Länner allerguer Perspektive kréien. Well soss kascht et muer vill méi deier, wéi dat wat mer lo un 0,7 oder 0,8 Prozent erausginn. Lëtzebuerg ass eng international Dréischeif an duerch déi Kontakter déi mer hunn, duerch déi Vernetzungen, déi mer hunn am Kapital, am Verkéier vun de schaffende Leit, déi Räichtum bréngen, deen ongeféier 800 Milliarden ass, aler Frangen.

Wa mer déi international Méiglechkeeten a Kontakter a Facilitéiten net hätten, da wier Lëtzebuerg een Agrarstat a géing vun Aarmut no de Leide bäissen, wéi dat am 19. Jorhonnert de Fall war bis spéit an d’20. Jorhonnert. Mir hunn haut eng eemoleg Chance fir hei eng nei kollektiv Ambitioun unzeschwätzen, dat ass déi fir nämlech och eise Beitrag ze leeschten, datt d’Welt méi stabil gëtt, datt d’Welt méi responsabel gëtt, datt mer maner Terrorismus kréien, datt mer méi Stabilitéit kréien, datt mer och méi Prosperitéit kennen. Dofir gi mer déi 0,8 Prozent aus vun deem wat mer verdingen an et ass net, fir d’Sue lass ze ginn.

Monique Kater: Kucke mer eis d’Resultat vum Sondage emol un. 90 Prozent soen „jo, mir fäerte Cattenom“. Dat ass jo awer e ganz kloert Resultat. Do sidd Dir als Regierung als Ëmweltminister awer enorm gefuerdert.

Charles Goerens: Dee Sondage do confirméiert mech an e léiert mech awer näischt Neies. Well mir hu mat ganz vill Determinatioun a Sérieux deen Dossier do ugepaakt.

Monique Kater: Charles Goerens, merci datt Der bei eis waart.

Dernière mise à jour