Le ministre des Affaires étrangères Lydie Polfer au sujet des travaux de l'Assemblée générale de l'ONU

RTL: Fir eng éischt Reaktioun op dem George Bush seng Ried, en ligne mat eis en direct vun New York ass d’Ausseministesch Lydie Polfer, gudde Mëtteg op New-York Madame Polfer.

Lydie Polfer: Gudden Owend op Lëtzebuerg.

RTL: Den George Bush huet also d’Weltcommunautéit gefrot den amerikaneschen Effort fir en Neesopbau am Irak z’ënnerstëtzen, wéi ass Ären Androck? Ass säi Message ukomm?

Lydie Polfer: Ech mengen et waren éischter versöhnlech Wierder, en huet net versicht déi al Rancunen nees héich ze hiewen, au contraire en huet gesot, dass suguer, wann een aner Meenungen iwwer verschidde Punkten hätt, misst een eben nees no vir kucken an zesumme schaffen. Mä de Muere sinn nach zwou wichteg Rieden hei gehal ginn an déi waren e bëssen de Contrepoids och dozou oder op alle Fall an den Nuancen, dat war déi vum Kofi Annan an och déi vum Jacques Chirac, déi sech allenzwee och zu deenen do Ziler bekannt hunn. Mä et geet eben drëm, dass wann een eppes zesumme wëllt maachen, da muss et och zesummen ausgeduecht ginn, an et kann net ee fir all déi aner décidéieren, dat war am Fong de Message deen de Moien hei ganz kloer duerchkomm ass.

RTL: Kann een et als Friddensofferte un d’UNO bewerte, Madame Polfer, wéi den George Bush de Mëtteg drun erënnert huet, dass d’USA an d’UNO an hire Grënnungsdokumenter op déi selwecht Werter zréckkucken?

Lydie Polfer: Ech menge mir alleguer kucken op déi nämlecht Werter zréck an de Kofi Annan hat och nach eng Kéier dorunner erënnert, dass och de Franklin Roosevelt ee vun deene war, déi eben d’UNO mat gegrënnt hun, fir zesummen, eben d’Stategemeinschaft, no Weeër ze sichen, wéi ee kënnt eben déi schrécklech Ereegnisser déi d’20. Joerhonnert kannt huet ze vermeiden. Dofir, dat Wuert "zesummen" ass eben dat wichtegst, dat ausschlaggebent. De Mulitlateralissem géint den Unilateralissem, dat war de Moie ganz kloer déi 2 Säiten, mä wéi gesot vun 2 Säiten, ass awer versicht ginn do keng Schierbelen, net nei Schierbelen ze zerbriechen, an den Toun war scho sou, datt ee kann hoffen, datt an deenen nächste Woche sech nach méi no komm gëtt, an datt dann zesummen och kënnten no viir, nei Aktioune geholl ginn.

RTL: Dat heescht et muss een nach e wéineg ofwaarden, et kann een nach net soen, dass déi transatlantësch Relatiounen effektiv kuréiert sinn, et muss nach eng Grimmel Medezin verschriwwe ginn oder?

Lydie Polfer: Nee, ech mengen an den transatlantësche Bezéiungen, déi bestinn, an déi bestinn och wieder, an all Mënsch pocht op d’Wichtegkeet dovun. Et ass eben an der Analyse, wou eben eng Rei verschidde Saachen anescht sinn, zum Beispill huet de Jacques Chirac gefrot, datt d’irakescht Vollek sou schnell wéi méiglech nees seng Souverainitéit zréckkritt. D’Amerikaner wëssen dat och, sinn och domatter d’accord, mä déi eng schwätze vun 12 Méint an déi aner schwätze vu 6 oder 9 Méint, dora leien ebe lo nach Differenzen, dat si keng gravéiernd oder net sou gravéiernd Differenzen, datt se net kënnten iwwerbréckt ginn.

RTL: Merci Madame Polfer.

Lydie Polfer: Merci och.

Dernière mise à jour