Le Premier ministre Jean-Claude Juncker au sujet du Conseil européen à Bruxelles

RTL: De But vun dëser Regierungskonferenz ass et jo fir et besser ze maache wéi zu Nice. Mä wéi et schéngt, ass dat guer net sou einfach. Zu Bréissel begréissen ech elo de Frank Goetz. Sträitpotential gëtt et jo genuch mä et gëtt awer och Hoffnung op eng Ouverture?

Frank Goetz: Mä och do ginn d’Meenungen auserneen. Verschiddener gesinn effektiv kleng Progrèsen hei zu Bréissel. Fir anerer huet dëse Sommet näischt Neies bruecht an dozou gehéiert och de Lëtzebuerger Staatsminister, deen elo nieft mer steet. Gudden Owend, Här Juncker.

Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.

Frank Goetz: Wéi géift Der dann de Moment d’Situatioun beschreiwen?

Jean-Claude Juncker: D’Situatioun ass sou wéi se virun e puer Woche scho war. Déi Positiounen, déi déi eng an déi aner hunn, déi si bekannt an d’italienesch Presidentschaft ass net ganz äerdeg fir déi eng Standpunkter méi no bei déi aner ze bréngen.

Frank Goetz: Wat halt Dir dann vun der Saach, datt den däitsche Kanzler, de franséische Staatspresident hei zu Bréissel vertriede léisst?

Jean-Claude Juncker: Ech fannen dat eng éischter gutt Saach. Dat kann ee fir Sitzunge maache wou keng wiesentlech Neidécisioune falen, well mar de Mueren huele mer eigentlech d’Conclusiounen u vun den Aarbechte vun haut. Mir hunn am Benelux och d’Gewunnecht, datt heiandsdo, wann deen ee vun den 3 Benelux-Premiere geschwat huet, déi zwee aner näischt méi soen. Ech hu léiwer déi Däitsch an déi Franséisch versti sech an Europa, wéi datt se sech net verstinn.

Frank Goetz: Wat wier dann dem Lëtzebuerger Staatsminister seng Wonschvertriedung, wann et da wierklech eng Kéier misst dozou kommen?

Jean-Claude Juncker: Doriwwer hunn ech keng Präferenzen. Ech fanne fir ee Land, wéi eist, wa keng ganz grave Ursaache virleien, ass et ëmmer besser et vertrëtt ee säin eegent Land selwer. Mir kennen eis awer e bësse besser, wéi déi eis géife kennen, déi eis vertrieden.

Frank Goetz: An der Fro, wien mar dat Meescht an Europa ze soen huet, geet ganz vill Riets vun der qualifizéierter Majoritéit. Mä wéi definéiert een iwwerhaapt an dësem Fall d’Majoritéit?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn zu Nice ee System gemaach, wou all Land eng bestëmmten Zuel u Stëmmen huet. Mir hunn der 4, Däitschland huet der 29. Do gesäit een, wéi dat auserneenhängt. D’Belsch, Lëtzebuerg an Holland hunn der och zesummen 29. Obscho mer nëmme 16 Millioune Leit hunn an déi Däitsch 82 Millioune Leit hunn, hu mer 29 Stëmmen. Dee System wollte mir als Lëtzebuerger Regierung schonn zu Nice net sou gesinn. Mir waren deemols och schonn, wéi och elo, wéi och de Konvent, fir d’duebel Majoritéit, dat heescht, datt bei der éischter Ofstëmmung gekuckt gëtt, ob een d’Halschent vun de Länner, d’Halschent plus ee Land, fir eng Propositioun huet an da gëtt herno gekuckt, ob déi Stëmmen, déi zustan komm sinn, och d’Majoritéit vun der Bevölkerung ausmaachen. Dat schéngt eis ee Prinzip vun elementarem gesonde Mënscheverstand ze sinn a mir wieren och frou, wann dee géif hei ugeholl ginn an däer Regierungskonferenz. Wa mer awer zréck an den Nicer Regime falen, ass dat reng national betruecht keng Katastrof,  well mer hunn eis demols an der Stëmmegewiichtung zu Nice ganz gutt verteidegt.

Frank Goetz: Wou si mer dann den Ament drunn, wat d’Zesummestellung vun der Europäescher Kommissioun ugeet?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn do eng Propositioun gemaach, déi och vum Konvent iwwerholl ginn ass, déi dräi Benelux-Regierungen, an däer Gestalt, datt all Land ee Kommissär huet, an datt ofwiesselnd nëmmen d’Halschent vun de Kommissäre ka stëmmen. Dee System schéngt eis gutt ze sinn, well do d’Staaten gläich behandelt ginn a well séchergestalt ass, datt jiddwereen eng Kéier un d’Rei kënnt a jiddwereen eng Kéier oofwiesselnd muss ewech bleiwen. Et gëtt awer ganz vill Länner, déi hätte gäeren ëmmer ee stëmmberechtegte Kommissär. Dat brengt fir eis eng Rei Risken, mä dat ass keng Fro, déi fir Lëtzebuerg vun enger iwwerragender Bedeitung wier. Fir eis ass wichteg, datt mer ëmmer an der Kommissioun sinn.

Frank Goetz: Stëchwuert Présidence. Läit déi Idee nach ëmmer um Dësch fir sou eng Team-Presidentschaft, datt e puer Länner u sech d’Presidentschaft zesumme maachen?

Jean-Claude Juncker: Mir sinn, wéi bal alleguer déi aner Länner, der Meenung, datt  d’Aart a Weis wéi d’Presidentschaft am Ministerrot, d’Présidence wéi mer dat nennen, organiséiert gëtt, muss gekläert ginn, entweder am Vertrag selwer oder  an enger gesonderter Décisioun, déi mam Vertrag selwer ugeholl gëtt, précisément fir déi institutionnell Froen, déi an der Dunkelkammer leien, wou een net gesäit, „wat soll dat a wéi soll dat goen“ sou ze beliichten, datt jiddweree weess, wou mer dru sinn. Wéi ech dat virun e puer Méint gesot hunn, ass mer zu Lëtzebuerg  gesot ginn, ech soll net géint de Stroum schwammen. Haut schwamme mer alleguer géint de Stroum, well mer hätten eigentlech alleguer gäer, bis op 2, 3 Länner, déi soen, dat kann een och méi spéit maachen, datt déi Froen do géife gekläert ginn. A bei dem Kläerungsprozess si mir éischter der Meenung als Lëtzebuerger Regierung, datt een eng sougenannte Team-Presidency, ee Grupp vu Länner, déi de ganze Conseil presidéiere soll, an d’Aae faßt. Mir mengen awer, datt dat nëmme sollen 3 Länner sinn an net 5, 6 Länner, well et soss ganz schwiereg gëtt d’Aarbechte vum Ministerrot ze coordinéieren.

Frank Goetz: De President vum Europäesche Parlament huet haut e bësse seng Suerg zum Ausdrock bruecht, datt een a leschter Minutt nach kéint eng Zort Kou-Deal fannen, wat dlo d’Compositioun vum Europaparlament ugeet. Besteet nach ëmmer de Risque, datt Lëtzebuerg keng sechs Deputéiert an Zukunft méi huet, datt mer erof op fënnef, véier misste goen?

Jean-Claude Juncker: Am Konvent ass proposéiert ginn véier. Do ware jo och eng Rei Lëtzebuerger domatt averstane, wann ech dat richteg enregistréiert hunn. Ech hunn haut nach eng Kéier plädéiert, datt mer gäeren eis sechs Deputéierte behalen. An engem Moment, wou d’Europäescht Parlament nei Rechter kritt, wou d’Europäescht Parlament ee grousse Co-Législateur niewt dem Conseil vun de Regierungen an Europa gëtt, ass et schlecht envisageabel, datt Lëtzebuerg een Drëttel vu senger Vertriedung ewechgeholl kritt. An ech hat schonn d’Visite an der Woch vum polnesche Premier zu Lëtzebuerg, dee jo och op der Pressekonferenz gesot huet, e géif eis ënnerstëtze fir déi sechs Deputéierten. Ech hunn haut den ausdréckleche Secours kritt vum franséische President. A mir sinn am Gaang eis sou z’organiséieren, datt mer déi sechs Deputéierte behalen, déi mer hunn. Ech kann dat awer net verspriechen haut, well wann am Endkompromiss jiddwereen nach eng Kéier muss bougéieren, ass et net ausgeschloss, datt mer dat och musse maachen. Ech géing de Moment, sou wéi d’Saache leien, dat awer ausschléissen.

Frank Goetz: Thema op dësem Sommet ass och eng Wirtschaftsinitiative fir d’Économie unzekuerbelen, eng milliardeschwéier Initiative. Wouhier sollen déi Sue kommen?

Jean-Claude Juncker: 220 Milliarden Euro brauche mer an deenen nächste 15 bis 20 Joer fir déi 29 grouss Projeten ze realiséieren, Stroosse, Brécken, Eisebunnen, Fuerschung, Technologie, de Satelitt Galileo. An dat gëtt haaptsächlech bestridde mat Mëttelen vun der Europäescher Investitiounsbank, déi bis zu 90 Milliarden Euro kann allignéiere fir déi Projeten z’ënnerstëtzen. De Rescht soll aus dem Privatsekteur kommen, deen natierlech seng Rendementscourbe muss ganz genau berechnen, ier en do massiv dran investéiert. An da muss ee kucken, ouni datt de Stabilitéitspakt gestresst gëtt, an ouni datt déi national Budgeten strapazéiert ginn, wéi een d’Reschtfinanzéierung da mécht.

Frank Goetz: Här Staatsminister, villmools merci.

Jean-Claude Juncker: Merci och.

Frank Goetz: Et bleift also nach vill ze dinn fir datt dës Regierungskonferenz nach Enn Dezember kann ofschléissen.

Dernière mise à jour