Interview avec le ministre des Affaires étrangères Lydie Polfer sur le Conseil européen de Bruxelles

Frank Goetz: Um zweeten a leschten Dag vun dësem EU-Sommet hei zu Bréissel stounge virun allem aussepolitesch Themen um Ordre du jour mat der Situatioun am Irak an däer am Noen Osten. Op de Wee bruecht gouf awer och eng ambitiéis Wirtschaftsinitiative fir d’Économie an Europa unzekuebelen. Bei mir steet elo déi Lëtzebuerger Ausseministesch Lydie Polfer. Gudden Owend.

Lydie Polfer: Gudden Owend.

Frank Goetz: Madame Polfer, wéi ugekënnegt huet de franséische Staatspresident  am Numm vum däitsche Kanzler geschwat. Mä wat sot dann den Här Chirac am Numm vum Här Schröder?

Lydie Polfer: Hien huet dat ganz charmant gemaach an en huet ëmmer kloer gemaach, wéini en am Numm vun deene zwee géing schwätzen oder wéini e just am Numm vu Frankräich géing schwätzen. Ouni Problem ass dat iwwert d’Bühn gaang. Ech gesi just fir d’Zukunft eng Gefoer doran, wann dat do géing Schoul maachen, well dat kënnt bedeiten, datt déi eng oder déi aner Kéier deen een oder deen anere Premier net méi dobäi wieren an dat géing awer d’Représentativitéit an och d’Légitimitéit vun deene Conseilen trotzdem schiedegen. Dofir, et war dës Kéier ganz flott, mä hoffentlech bleiwt et dobäi.

Frank Goetz: Vläicht nach eng Fro zu der Regierungskonferenz. Gëschter ass Riets gaangen, datt et eventuell en neien, e spezielle Rendez-Vous  am November scho kéint ginn. Kënnt et dozou?

Lydie Polfer: Sou wéi et elo proposéiert ass, soll Mëtt November eng nei Propositioun vun der italienescher Présidence gemaach ginn an déi géing dann diskutéiert ginn, bilateral an dann awer och um Niveau vun den Ausseministeren an engem Konklave, deen den 28. November soll sinn. Et mierkt een zwar elo hei, datt d’Zäit e bësse fortleeft an ech hoffen, datt sech net verrechent gëtt.

Frank Goetz: Stëchwuert Irak: D’Unioun fuerdert eng staark Roll vun der UNO am Irak. Gëtt et dann och ee Konsens ënnert de Memberstaaten, wat eng Zouso fir déi nei Irakresolutioun am Weltsécherheetsrot ugeet?

Lydie Polfer: Ech mengen, mir hunn alleguer begréisst, datt et déi Resolutioun gëtt, well déi mécht et awer méiglech, datt d’international Communautéit  méi a besser am Irak wierklech ka matschaffen. D’Europäesch Unioun huet och als Unioun 200 Milliounen Euro prettgestallt, fir an den 2 nächste Joren mat z’ënnerstëtzen, mä d’Haltunge vun deenen eenzelnen europäesche Länner, déi wäert allerdéngs verschidde sinn. Et sinn der déi wäerten nach finanziell eppes dropleeën, anerer déi sech net wëlle finanziell engagéieren, déi dat dann awer um Niveau vu Kooperatiounshëllefe maachen. Je, do wäerte mer Enn Oktober, wann eng grouss Konferenz zu Madrid just iwwert deen do Punkt ass, wäerte mer méi gesinn.

Frank Goetz: D’Gewaltsituatioun am Noen Osten mécht der Unioun vill Suergen. Mä wat fir een Drock op d’Konfliktparteie kann Europa, d’Europäesch Unioun huelen?

Lydie Polfer: Jo, mir sinn extrem besuergt, well op deenen zwou Säite geschéie Saachen, déi mir fir net responsabel halen. Ech mengen de Fait, datt deen neie Premierminister vun de Palästinenser  net déi Moyenen huet fir wierklech seng Politik ze féieren a besonnesch d’Sécherheetspolitik ass net gutt an dréit zu enger grousser Confusioun bäi. Dat, wat op israelescher Säit geschitt, besonnesch och duerch de  Bau vun der Mauer, wou et bal onméiglech wäert ginn, wann dat weidergeféiert gëtt, op d’Grenze vu 1967 zréckzekommen an domatt eng uerdentlech, politesch negociéiert Léisung méiglech maachen, ass eng ganz geféierlech Saach. Mir hunn dat zum Ausdrock bruecht. Mir si fir déi 2 Parteien e wichtege Partner, ökonomesch a politesch, an ech mengen, mir wollte bis elo nach net zu méi déifgräifende Schrëtter gräifen. Mä d’Méiglechkeete sinn do a mir hoffen natierlech, datt mer hei un d’Responsabilitéit vun deenen zwou Parteie konnten appelléieren an datt se dat och wierklech sérieux huelen.

Frank Goetz: Stëchwuert europäesch Verdeedegung. Wéi steet et mat der Zesummenaarbecht an der Unioun?

Lydie Polfer: An der Regierungskonferenz wäert dat ee vun deene wichtegste Punkte sinn. Et si jo proposéiert, datt ee ka „Coopérations structurées“ tëschent verschiddenen europäesche Länner maachen, fir an der Verdeedegungspolitik och méi intensiv zesummen ze schaffen. Vu verschiddenen gëtt dat a Fro gestallt. Ech hoffen awer, datt mer um Enn vun der Regierungskonferenz do zu enger gemeinsamer Léisung kommen an déi domatt Europa ganz einfach um Plang vun der Verteidegung méi staark mécht. An dat riicht sech net géint een, mä dat ass ganz einfach fir och muer fir ons amerikanesch Alliéierter besser Alliéerter ze sinn. Mir hunn do nach vill Weeër ze maachen. Mir schaffen net genuch zesummen.

Dernière mise à jour