Lydie Polfer au sujet de la CIG

Nodeems den Europäesche Konvent iwwert ee Joer um Projet vun der europäescher Verfassung geschafft huet, ass et zanter dem 4. Oktober eng sougenannte Regierungskonferenz, déi dee Projet sproochräif maache soll an dat bis Mëtt Dezember,  fir den EU-Sommet zu Bréissel.

RTL: Gëschter waren d’EU-Ausseministeren nees fir eng Aarbechtssitzung beieneen a fir op manst ze versichen déi ënnerschiddlech Positiounen, déi et jo nach ëmmer ginn méi no ze bréngen. Invitée bei eis am Studio ass  haut déi Lëtzebuerger Ausseministesch Lydie Polfer, gudde Mëtteg.

Lydie Polfer: Gudde Mëtteg.

RTL: Vun Duerchbroch ass haut an der Presse oder op den Agencen näischt  ze liesen oder ech hunn et net fonnt. War et dann nees gëschter eng Reunioun ouni Valeur ajoutée oder gesitt Der iergendwou Lut um Enn vum Tunnel?

Lydie Polfer: Nee, ech mengen et war awer schonn eng ganz nëtzlech Reunioun, well op verschidde Punkte si mer awer vill méi an d’Déift vun der Problematik gaangen, besonnesch zum Beispill wat d’Présidence vun de Conseils des Ministres ubelaangt. Do si mer enger Léisung an engem Konsens relativ no an d’italiensch Présidence wäert déi dann och Mëtt November tabléieren an engem neie Pabeier, wou se versicht de Konsensus sou wäit wéi méiglech ze maachen. Mä Décisioune sinn awer gëschter effektiv net geholl ginn.

RTL: Et heescht, et hätt gëschter e wéineg Entgéintkomme vun de méi groussen EU-Länner deene méi klengen oder deenen neien EU-Länner vis à vis ginn, besonnech wat d’Zesummesetzung an de Fonctionnement  vun der europäescher Kommissioun ugeet. Gëtt et do eppes neies?

Lydie Polfer: Nee, ech war och verwonnert wéi ech dat de Moien an den Agences de Presse gelies hunn, well et ass gëschter iwwert d’Kommissioun guer net geschwat ginn. Den Här Fischer war och net do an der Reunioun, mä ech hunn dat do gelies. Ech hoffen, datt et an deenen Diskussiounen effektiv zu enger Léisung ka kommen. Iwwer wat mer gëschter virun allem geschwat hunn, dat waren och déi Punkten wou déi eng oder déi aner onbedéngt  drop halen, datt et bei der Unanimitéit bleift  an datt mer net an d’Majorité qualifiée iwwerginn. A fir ons waren do och sou wichteg Punkten um Ordre du Jour wéi eben d’Taxatioun an d’Fiscalitéit  an do mengen ech ass et relativ kloer, datt alles wat mat der Fiscalitéit  zesummen ze dinn huet an der Unanimitéit  wäert bleiwen, woumat mir gutt kënne liewen.

RTL:  Do si jo eng Rei Länner, déi mat op deen do Wee ginn.

Lydie Polfer: Jo, et waren der op d’mannst 8 déi ganz kloer duerfir agetratt sinn, datt dat do sou wichteg Punkte sinn wou jiddwereen awer nach wëllt bis zum Schluss säi Pefferkäerche kënne bäileeën.

RTL: Just eng aner Saach, dat ass jo lo witzeg, den Här Fischer gëtt zitéiert an dee war op der Reunioun net dobei. Huet en sech duerch den Här Villepin vertriede gelooss vläicht?

Lydie Polfer: Nee, déi Kéier awer net. Däitschland war scho vertrueden, mä den Här Fischer perséinlech war awer elo net do derbei.

RTL: Op enger Table ronde de virleschte Weekend zu Tréier sot  d’Lëtzebuerger Kommissärin Viviane Reding, datt si sech duerchaus eng Kommissioun vun ëm 30 Kommissäre virstelle kéint, ëmmerhi géifen et jo och Länner ginn, deenen hir Regierung  souvill Ministeren hätt. Ass dat sou eng Méiglechkeet?

Lydie Polfer:  Ech mengen, et geet drëm wéivill Portefeuillë kann een décemment organiséieren, déi dann awer och déi nämmlecht Importenz hunn. Et kann een der Imaginatioun, déi huet keng Grenzen fir Portefeuillen ze maachen, mä fir wierklech wichteger ze fannen, do mengen ech kann een et awer net bis op 30 eropschrauwen.

RTL:  Dat schéngt kloer.

Lydie Polfer:  Dat schéngt mer och an dofir ass jo eben d’Suerg vun deene méi klenge Länner, zu deene mir eben och gehéieren, datt et net eben abeemol zu enger Kommissioun géif kommen wou déi grouss Länner sech ëmmer déi wichteg Portefeuillë géingen huelen a wou déi kleng dann nach iergendeen eben och kriechen, deen eben och  hätt misste fonnt ginn. Dat wier fir eis keng gutt Léisung, duerfir hu mir proposéiert wierklech Portefeuillen, ob dat der lo 15 sinn oder 18 sinn, wéi ech virun enger Woch proposéiert hunn, 18 Portefeuillen déi wierklech och eppes géingen duerstellen a wou et sécher wier, datt op enger ganz égalitärer Basis  jiddwereen eng Kéier drukéim fir wierklech eben och d’Responsabilitéit ze droen. Ech mengen dat  wier am fong eng Léisung déi der Saach, besonnech och  vun de méi klenge Länner besser gerecht géing ginn, wuelverstanen datt all Land ëmmer an der Kommissioun muss vertruede sinn.

Dernière mise à jour