Interview avec le Premier ministre Jean-Claude Juncker sur la réunion de l'Eurogroupe et du Conseil Affaires économiques et financières de l'UE les 24 et 25 novembre

Radio 100,7: Um Telefon sinn ech elo mam Premier- a Finanzminister Jean-Claude Juncker verbonnen. Gudde Mëtteg, Här Juncker.

Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg.

Radio 100,7: Här Juncker, an der Press geet riets vu Verhandlungen hënnt am Eurogroupe, déi 9 Stonne gedauert hunn. Wéi einfach oder wéi schwiereg war et fir zu engem Accord ze kommen?

Jean-Claude Juncker: Mir hu getagt vu 7 Auer gëschter Owend bis 4 Auer haut de Mueren. Dat war eng ganz schwiereg, stressant Sitzung, well mer eis mat enger Situatioun hu mussen beschäftegen, déi weder vum Vertrag nach vum Stabilitéitspakt virgesinn ass. Ech erkläeren mech: Däitschland a Frankräich si selwer d’accord supplementar Spuerustrengungen an de Budgeten 2004 an 2005 ze macchen, fir am Joer 2005 ënnert een Defizit vun 3 Prozent ze kommen an d’Kommissioun selwer, plus d’Kollegen alleguer, wollten Däitschland a Frankräich dat opzwengen. Nun ass et awer schwiereg engem eppes opzezwengen, wat e souwisou wëllt maachen. Dee Fall ass net virgesinn an duerfir hu mer, nodeem mer d’Recommandatiounen vun der Kommissioun, wou dat drastoung, ofgelehnt hunn, well mer gesot hunn, ma si wëllen dat jo souwisou maachen, eng Deklaratioun ugeholl, wou drasteet wat Däitschland a Frankräich mussen maachen a wat do vun e verlaangt gëtt dat ass zolit, well si mussen am Joer 2004 0,8 Prozent bei Frankräich, 0,6 Prozent bei Däitschland hiren Defizit, hiren strukturellen Defizit ofbauen an och nach an deene Joren duerno, och iwwert d’Joer 2005 ewech. Si mussen all 6 Méint berichten, wat se gemaach hu fir deem Ziel méi no ze kommen, ansonsten d’Sanktiounsverfahren erëm kann en Marche gesat ginn. Si obligéieren sech, wann et zu enger Erhuelung vun der Wirtschaft kënnt, a budgetär, dat heescht steierlech Mehreinnahmen kommen, datt se déi net an d’Politikberäicher ginn, déi se wëllen bedingen, mä datt se déi mussen an den Defizitofbau ginn.

Däitschland a Frankräich stinn ënner budgetärer Iwwerwaachung, ënner budgetärer Kontroll an duerfir kann een hei gesinn, datt mer fäheg waren, och wann et schwiereg war an och wann dat no baussen kaum z’erkläeren ass, mat enger Situatioun hu mussen eens ginn, déi sou net virgesi war vum Vertrag a vum Stabilitéitspakt, nämlech datt zwee Haushaltssënder, wéi se genannt ginn, selwer bereet sinn dat ze maachen, wat mer vun e verlaangen a sech och engagéieren dat ze maachen. Dovun hu mer Acte geholl an eis Recommandatiounen deementspriechend formuléiert.

Radio 100,7: Dir hutt elo just gesot, d’Verhandlungen waren net ganz einfach. 4 Länner waren géint d’Entscheedung. Virun allem déi kleng an der Eurozone soen, datt si méi staark gespuert hätten wéi déi grouss, fir sech un d’Oploe vum Stabilitéitspakt ze halen. Firwat huet Lëtzebuerg net mat deenen Klengen dogéint gestëmmt?

Jean-Claude Juncker: Éischtens hunn net all kleng dogéint gestëmmt a Spuenien gehéiert net zu deene klenge Länner. Et huet mir gelungen geschéngt, fir een zu eppes ze zwéngen, wat e selwer wëllt. Mir sinn eis nämlech am Fong, déi 12 Euro-Finanzministeren eens, datt Däitschland, fir korrekt ze reagéieren op seng Haushaltssituatioun, 0,6 Prozent Defizitofbau, a Frankräich 0,8 Prozent Defizitofbau am Joer 2004 maachen.

Wouriwwer mer gestridden hunn, ass iwwert d’Prozedur. D’Prozeduren interesséiere mech nëmmen ganz bedingt, well et kënnt mer drop un, datt een am Resultat dat kritt wat ee gäeren hätt. A mir hu kritt, datt Däitschland a Frankräich massiv hiren staatlechen Defizit mussen ofbauen. An déi sinn och domatt d’accord. Dat muss ech dann awer zur Kenntnis huelen, wa se domat d’accord sinn, anstatt mer de Pleséier ze maachen, eng Prozedur zur Applikatioun kommen ze loossen, déi, hätt ee se ganz duerchgezunn, an der Saach milimetergenau dat selwecht bruecht hätt, wéi dat, wat mer och elo iwwert dee Wee vun den Deklaratiounen vun der Selbstverpflichtung hunn. Ech sinn dach méi frou wann ee sech selwer engagéiert eppes ze maachen, wéi wann ech en dozou zwéngen muss. Da geet et jo duer, wann ech Acte vu sengem Wëllen huelen, fir dat ze maachen.

Ausserdem schreiwt de Vertrag an de Stabilitéitspakt vir, datt een de Sanktiounsmechanismus nëmmen a Kraaft setze kann, wann ee Land sech weigert de Recommandatiounen déi et gemaach kritt nozegoen. Hei sinn déi zwee Länner an der Situatioun, datt se selwer soen, ier déi aner mol eppes soen, datt se dat wëllen maachen, wat mer gäeren vun en hätten an duerfir huet et mer geschéngt - och an déiwer Kenntnis vun der Vertragsgeschicht a vun der Geschicht vum Stabilitéitspakt eraus (domatt hat ech eppes ze dinn, am Géigesaz zu aneren) - huet et mer geschéngt, datt et méi richteg wier sech op dee Wee ze beginn, op dee mer eis beginn hunn, wéi einfach eng Recommandatioun vun der Kommissioun ofzelehnen. Déi ass jo ofgelehnt ginn an dat hätt zur Konsequenz gehat, datt Däitschland a Frankräich näischt bräichten ze maachen. Elo mussen se eppes maachen, wat se souwisou wëlle maachen.

Radio 100,7: Dann nach eng lescht Fro an deem Kontext. Här Juncker, an Däitschland kritiséieren d’Wirtschaftsexperten d’Manéier wéi d’Finanzministeren mat de Staatsscholden vun de Memberlänner vun der Eurozone ëmginn. Wéi kommentéiert Dir d’Ausso vum Conseil vun den däitschen Wirtschaftsexperten, datt d’Oploen, déi vun der Kommissioun gefuerdert goufen fir Däitschland, net onméiglech z’erfëlle waren. Et kéint een se net dauernd opschuewen mam Argument, datt een den Opschwong net dierft futtispueren.

Jean-Claude Juncker: D’Kommissioun huet virgeschloen, datt Däitschland misst am Joer 2005 ënnert een Defizit vun 3 Prozent kommen an zu deem Zweck waren d’Finanzministeren der Meenung, datt duerfir en Defizitofbau vun 0,6 Prozent gebraucht gëtt, deen Däitschland wëllt maachen an deen déi aner Finanzministere vun Däitschland verlaangen. Insofern ass dat wat däitsch Wirtschaftsinstituter a Professere soen, nëmmen da richteg, wa mer déi Oplagen net gemaach hätten a wann Däitschland a Frankräich déi Oplagen net ugeholl hätten. Mir hunn déi Oplagen gemaach an Däitschland a Frankräich hunn déi Oplagen akzeptéiert. Dobäi kënnt, datt wann dee Spuereffet sech géif an den Investitiounsbudgeten nidderschloen, deen do verlaangt gëtt, datt dat selbstverständlech eng negativ Impaktbildung op déi méiglech konjonkturell Neeserhuelung hätt. An ee klengt Land wéi Lëtzebuerg, dat tëscht Däitschland a Frankräich läit, wou mer dee gréissten Deel vun eisen Exporter an Däitschland an a Frankräich bréngen, huet keen Interesse drun, eng Politik z’ënnerstëtzen, déi d’Méiglechkeeten fir datt déi däitsch an franséisch Wirtschaft sech erhuelen géifen niddergetrëppelt ginn. Ech weess schonn, firwat datt ech sou gehandelt hunn, wéi ech gehandelt hunn.

Radio 100,7: Här Juncker, ech soen Iech villmols Merci fir dës Précisiounen.

Dernière mise à jour