Le ministre des Affaires étrangères Lydie Polfer sur le conclave des ministres des Affaires étrangères de l'UE à Naples

Frank Goetz: Gudden Owend vun Neapel wou an dëse Minutten d’Reunioun vun den EU-Ausseministeren op en Enn geet an dat mat positive Signaler fir den EU-Sommet Mëtt Dezember zu Bréissel. A bei mir begréissen ech elo d’Lëtzebuerger Ausseministesch Lydie Polfer. Gudden Owend.

Lydie Polfer: Bonjour.

Frank Goetz: Madame Polfer, riets geet vun engem Duerchbroch fir eng gemeinsam europäesch Verdeedegung. Dat heescht d’Emanzipatioun vis-à-vis vun den USA geet virun?

Lydie Polfer: Ech mengen, bei deenen allermeeschte Kollegen ass gëschter Owend ganz kloer ginn, datt se sech der Noutwendegkeet, der grousser Noutwendegkeet bewosst gi sinn, datt mer einfach um europäesche Plang musse besser a méi zesumme schaffen. Ech mengen déi déi am retizenste waren bis elo, dat ware jo och besonnesch d’Englänner an do ass eben och elo de Wëllen, fir op d’mannst déi di wëlle méi schnell a besser weiderkommen, fir déi dat maachen ze loossen. An natierlech hoffe mer - well nëmmen dann hu mer eng richteg europäesch Sécherheetspolitik - datt si och ganz schnell matmaachen. Mä, wéi gesot, um Prinzip si mir do wierklech e ganzt grousst Stéck weiderkomm.

Frank Goetz: Dat heescht verankert an d’Verfassng soll elo ginn, datt verschidde Länner kënnen an der Verdeedegungspolitik méi wäit goen. Mä elo an der Praxis, wat kéint dat zum Beispill sinn?

Lydie Polfer: Mä an der Praxis gëtt elo ee Protokoll ugeholl, wou dann natierlech d’Konditioune festgeluecht ginn, wéi eng Konditiounen eben déi Länner, déi wëllen do matmaachen, mussen erfëllen, wéi eng Efforten se och gewëllt sinn ze maachen, op dem Plang vun der Politique de défense. An dann heescht et erëm, wann op enger Plaz ee Problem ass fir Missiounen ze maachen, och Friddensmissiounen, datt mer kënnen eben asazbereet sinn an datt eben och déi Missioune kënne vun enger europäescher Kommandozentral geleet ginn. Wa mer dat do fäerdeg bréngen - dat brauch natierlech nach seng Zäit, dat geet net vun haut op muer, mir schwätzen hei vu Joren - mä datt mer schonn eens sinn am Prinzip dat ze maachen, dat ass effektiv fir Europa, fir d’europäesch Sécherheets- an Aussepolitik ee ganz wichtege Schrëtt.

Frank Goetz: Also dat heescht déi europäesch Verdeedegung ass nach net fir haut a mar. Mä am Prinzip, géifen d’Englänner dann och mat op de Wee goen fir sou e Quartier général?

Lydie Polfer: Ech mengen, wann déi europäesch Sécherheetspolitik wierklech soll efficace sinn, dann ass et scho ganz wichteg, datt si dobäi sinn an dat wëlle mer jo och, dat wëlle mer jo allegueren. De Fait, wann d’Englänner dobäi sinn, dat ass och ee Signal fir vill anerer ronderëm den Dësch, dat huet ee gëschter Owend och ganz kloer an den Diskussiounen gemierkt. Si sinn do scho federführend fir eng ganz Rei aner Länner an dofir ass et eben esou positiv, datt se hir grondsätzlech ofweisend Haltung opginn hunn.

Frank Goetz: Also déi ganz grouss Problemer, wéi gesot, goufen hei zu Neapel ausgeklammert. Mä driwwer geschwat gouf jo awer bestëmmt, zum Beispill iwwert d’Zesummesetzung vun der Europäescher Kommissioun? A wéi eng Richtung geet et dann elo? 15, 18 oder dach awer 30 Kommissäre mar zu Bréissel?

Lydie Polfer: Ma ech mengen et wäert vun all deem dobäisinn. Et wäert fir d’éischt sou sinn, datt mer bis 2009 eng grouss Kommissioun wäerten halen, dat heescht wou all Land mat engem Kommissär dobäi ass. Mä zu Nice war den Engagement geholl ginn, datt wa mer zu méi wéi 27 wieren, datt mer dann op méi eng kleng Kommissioun géingen zréckgräifen. A wa mer och elo nach net wäerten capabel sinn - dat heescht hei oder och nach zu Bréissel - eng definitiv Décisioun an deem Sënn ze huelen, sou mengen ech, datt déi do Décisioun dann awer spéitstens 2009 geholl gëtt, sou datt mer dee Moment dann entweder op eng vu 15 oder vun 18, wéi mer dat och proposéiert haten, zréckkommen.

Frank Goetz: Méi wéi e grousst Land interesséiert Lëtzebuerg als klengt Land jo d’Zesummesetzung vum Europaparlament. Krut Dir haut eventuell eng weider Zouso fir datt mer eis sechs Deputéiert kënnen halen?

Lydie Polfer: Jo, ech muss soen, ech sinn do ganz optimistesch, well de Moien huet de President ganz kloer gesot, datt dat eng Demande ass déi serieux ass, déi motivéiert ass. Ech mengen, fir eis ass sechs ganz einfach eng Zuel, déi eis erlaabt  efficace matzeschaffen an och all politesch Famillë kënne représentéiert ze hunn, oder déi grouss Famillen. Ech hu bei mengen Partner och ganz vill Verständnis duerfir fonnt an esouguer d’Englänner soten de Moien ganz kloer, datt si géinge fannen, mir missten onbedéngt déi sechs halen. Ech mengen, dat gëtt engem eng gewëssen Hoffnung, datt eben déi Argumenter, déi ee virbréngt, op dëser Plaz oder op aneren, och gehéiert ginn. A sou soll am Fong Europa jo fonktionnéieren. Duerfir sinn ech wierklech de Moien ganz optimistesch. Mir halen eis sechs Deputéierten.

Frank Goetz: Sträitpunkt Nummer 1 ass natierlech den Afloss an Europa, also d’Stëmmengewiichtung. Den däitsche Kanzler Schröder sot däer Deeg, datt 83 Milliounen Däitscher géife 27 Stëmmen kréien, dat heescht d’Halschent kréien wéi 80 Milliounen Spuenier a Polen zesummen. Wéi wëllt Dir dann Däitschland hei zum Beispill entgéintkommen?

Lydie Polfer: Et ass am Fong eng Iwwerleeung wéi een se net soll féieren. Et ass keng europäesch Argumentatioun, wann een nëmmen vun der Gréisst vun de Länner ausgeet, well Europa sollt jo eben just eng aner Manéier duerstellen, fir mateneen ze schaffen, net nëmmen op Gréisst an op Muecht, mä eben op de Wëllen zesummen an am Respekt ee virun deem aneren zesummen ze schaffen. Mä de Fait ass awer do, datt et der ginn, déi méi grouss sinn an déi, déi manner grouss sinn an et ass och, datt an deenen verschiddenen Systemer deem Rechnung gedroen gëtt. Nun ass et ee Fait, datt zu Nice effektiv zwee Länner bei der Gewiichtung besonnesch gutt ewech komm sinn, dat ass Spuenien a Polen. An haut wëllen si natierlech op déi Avantagen net gäeren zréckkommen. Et ass awer ee System zu Nice zréckgehalen ginn, dee ganz komplizéiert ass an deen och schwéier ze erklären ass. Dofir wëllen déi allermeescht aner awer op ee System kommen, dee méi einfach an an deem Sënn och méi gerecht ass, well en och eng Décisioun méi einfach géing maachen. Et ass virgeschloen, datt eng Décisioun geholl ka ginn, wa 50% vun de Länner domat d’accord sinn, déi 60 % vun der Populatioun duerstellen. Dat ass eng Propositioun mat däer mir gutt kënnen liewen. Mä, wéi gesot, wou anerer nach hir Bedenken hunn. Dat do gëtt ganz sécher zu Bréissel dee schwieregste Punkt an do sinn de Moment eng Rei Iddeen. déi zirkuléieren, mä déi, déi wierklech de Konsens kënnt maachen, ech mengen déi ass nach net fonnt.

Frank Goetz: Lëtzebuerg ass jo um Wupp. Wat ass dann den Afloss vun eisem Land an engem Europa vu mar a wouvun hänkt deen of?

Lydie Polfer: Eben just den Afloss, dee léisst sech net moossen nëmmen an Zuelen vu Stëmmen. Dee wierklechen Afloss, deen ee kann op d’europäesch Politik hunn, dat ass deen, deen een huet, wann ee mat de Leit schwätzt, wann ee kann argumentéieren. D’Argumenter, wa méiglech déi gutt Argumenter an och déi, déi Europa weider bréngen, dat mécht wierklech d’Plaz an d’Wichtegkeet vun engem Land aus. Ech mengen, do huet Lëtzebuerg nach ëmmer bewisen, datt et op der Säit war fir Europa weiderzebréngen am Intérêt vun Europa. Mä dat ass och ëmmer an eisem Intérêt an ech hoffen, datt déi do Plaz an datt déi Situatioun, déi behale mer och, egal elo wéi onbedéngt d’Stëmmengewiichtung ausfällt, well do - ech mengen dat war esou an dat wäert och esou bleiwen - alleng op d’Stëmmen, dat géing net eis Plaz haut an Europa sécheren.

Frank Goetz: Lydie Polfer, ech soen villmols merci.

Dernière mise à jour