Interview avec le ministre Anne Brasseur au sujet de l'Education nationale

Eric Ewald: Doru Schold war ee Geosnoexamen, deen e puer Schüler vun enger 4e aus dem LGE net gepakt haten an awer hu si e leschte Méinden däerfen op enger 3e ufänken. Mä net alleng doriwwer diskutéieren mer elo mat eisem Invité am Studio, der Éducatiounsministesch Anne Brasseur. Gudde Mëtteg, Madame Brasseur.

Anne Brasseur: Gudde Mëtteg.

Eric Ewald: Dir hutt ënnert anerem an deem Basisschoulgesetz, dat Dir wëllt elo sou séier wéi méglech och an der Chamber duerchzéien, am Kapitel 7, Sektioun 8, Artikel 53 ee Médiateur de l’Education nationale virgesinn. Hätt deen, wann e schonn bestoe géif. Eben a sou enger Affär wéi däer heiten scho kënnen eppes bewierken?

Anne Brasseur: De Médiateur wier sécherlech eng Ulafstell gewiescht fir och d’Emotiounen erauszekréien a wat och wichteg ass, well hei si mer iwwert dem Phänomen selwer, mä hei spillen och nach Emotiounen mat ,wat sécherlech net gutt ass, mä wat mer awer och brauchen an dat hu mer am Moment net an do sinn ech am gaang Concertatiounen ze féieren, datt wann een Noexamen Resultater opweist, déi awer anormal schéngen, datt een iwwerhaapt kann eppes ënnerhuelen. Den Direkter kann am Moment näischt maachen, contrairement zu de Prüfungen. Do hunn ech ee Reglement, eng Instruction ministérielle, geholl 2002. Dat ass eng Instruction ministérielle déi déi vum Staatssekretär Linster ersat huet vun ufanks de 70er Joren. Also dat geet ganz wäit zréck. Do hunn ech déi Méiglechket ginn, mä fir d’Noexamen musse mer och nach eng Prozedur fannen.

Eric Ewald: Haut hutt Der an däer Affär och eng Reunioun mat de Proffegewerkschaften APESS a FEDUSE. Gëschter bei de Kollegen vun der Telé huet ee Vertrieder vun der APESS sech do ganz conciliant gewisen, e bësse quasi am Géigesaz zu deem openen Bréif dee virun e puer Deeg an der Press zirkuléiert ass.

Anne Brasseur: Ech si ganz frou iwwert déi Prise de Position déi gëschter de Vertrieder vun der APESS gemaach huet, well ech mengen, all Enseignant ass sech och bewosst, datt hei ganz vill um Spill steet an datt et ëm d’Institutioun Schoul geet, wéi se nach hir Aufgab muer ka maachen a jiddwereen ass bewosst, datt e muss hëllefen eng Léisung fannen, dat am Intérêt vun der Schoul, mä virun allem och am Intérët vun de Kanner.

Eric Ewald: Dir hat et schonn, wou mer bei de Kanner sinn, ugeschnidden. Iech doen besonnesch déi Kanner leed, déi lo eben an däer  Affär do mat implizéiert sinn.

Anne Brasseur: Ech fannen et net gutt, datt Kanner op Grond vun extraen Regelungen oder sou, datt et ausgesäit wéi wann déi eng Extrawurscht gebroden kritt hätten. Dat gëtt dann och vu Matschüler net richteg unerkannt, och vu Matproffesseren. Mir wëssen och net wéi déi Affär ausgeet. Duerfir fannen ech dat a kenger Hypothese gutt. Mä mir sinn an enger Zäit, wou ëmmer méi contestéiert gëtt an d’Schoul ass jo ëmmer nëmmen de Reflet vun onser Gesellschaft. Dat ass ee Phänomen dee mer och an aneren Sparten vum Liewen hunn. Ee Geriichtsurteel gëtt net einfach sou ugeholl. Da ginn d’Leit an Appell an da probéieren se eng Cassatioun ze maachen a si probéieren och domat nach op Stroossbuerg ze goen. D’Schoul ass ëmmer eben nëmmen en Ofbild vun der Sociétéit an däer mer liewen an do muss een awer wierklech kucken, ob mer net erëm Regelen fannen, fir zesummen ze liewen, déi net all Litigen virun d’Geriichter bréngen. Dofir ass och ee Médiateur, och um nationale Plang fir aner Affären ageféiert ginn an dofir schéngt et mir wichteg ze sinn, datt mer och ee Médiateur kréie fir d’Schoulen.

Eric Ewald: Dir waart genuch mat däer Affär beschäftegt. Mir wollten eis och net nëmmen exklusiv elo dorop beschränken, mä och op aner Saachen kommen. D’Basisschoulgesetz hu mer schonn ugeschwat. D’Reform vum Schoulgesetz vun 1912 kucke mer am Detail emol e bëssen déi eenzel Ordres d’Enseignementen duerch. De Primaire zum Beispill: D’Kanner sollen elementaart Wëssen, Basiskapazitéiten a Kompetenzen kréien. Dacks héiert een awer Kloen, d’Schoul wär ze schwéier, de Primär wär ze schwéier. Kanner gëtt et mat Datzen. Et kann ee sech bal net drunn erënneren, dat fréier selwer an de Schoulbänken esou erliewt ze hunn. Ginn d’Kanner sou wéi et dacks dobaussen op der Strooss ze héieren ass am Primär iwwerfuerdert?

Anne Brasseur: Ech weess net, ob se duerch d’Schoul iwwerfuerdert ginn oder ob se iwwerfuerdert ginn, well niewt der Schoul och nach enorm vill op d’Kanner kënnt. D’Fräizäitsgestaltung vun de Kanner ass entretemps heiandsdo sou grouss, datt et schwiereg ass déi zwou Saachen mateneen ze conciliéieren an dofir halen ech drop, datt an der Schoul dat Wesentlecht geléiert gëtt, an dat si jo déi Basics vun deenen ech geschwat hunn, an datt och den Apprentissage sech nëmmen mécht, wann regelméisseg Hausaufgabe gemaach ginn, datt een dat opbaut. Am Sport fanne mer et normal, datt een trainéiert an am Léierprozess soll et vum selwen goen. Menger Meenung no ass dat en Torschluss a mir mussen erëm dozou fannen, datt d’Schoul eppes ass, wou muss geschafft ginn, wou regelméisseg muss geschafft ginn, a fir déi Kanner déi Schwieregkeeten hunn, datt déi dobäi ënnerstëtzt ginn a gehollef kréien. An dofir hu mer jo och eng nei Method elo gemaach fir liesen a schreiwen ze léieren vum éischte Schouljoer u mat méi Textverständnis. Wouer ass - an do muss ee sech wieren als Schoul dogéint - datt ëmmer méi Leit fannen, d’Schoul misst alles kënnen regeln. D’Schoul muss kucken, datt d’Kanner sech gesond ernähren, datt d’Kanner gesond liewen, d’Schoul muss dofir suergen, datt d’Kanner opgeklärt ginn, d’Schoul muss dofir suergen, datt d’Préventioun géint d’Drogen gemaach gëtt, géint den AIDS, alles Saachen déi wichteg an noutwänneg sinn. Mä et kommen ëmmer méi Demanden, zum Beispill, datt d’Kanner och responsabel Consommateure ginn. Wann Dir all dat an de Programm apaakt, da riskéiert een, datt een de Programm iwwerluedt. Duerfir: Manner ass méi an do musse mer oppassen, datt mer net iwwert d’Ziel erausschéissen. Mä dat wat muss gewosst ginn, dat muss awer systematesch a grëndlech gemaach ginn, well soss leeschten mer de Kanner keen Déngscht.

Eric Ewald: Gi mer ee Schrëtt weider an de Lycée eriwwer. Bei de Kollegen vun der Telé war do viru kuerzem och ee Reportage ze gesinn, wou ee Proff aus dem Escher Meedercherslycée gefrot ginn ass, ee Chimiesproff, dee gesot huet, hien hätt haut des Dags, géif hien gesinn, datt op enger 3e scho Saache géifen enseignéiert ginn, déi hien a senger Zäit réischt op der Uni gesinn hätt. Ass dat normal?

Anne Brasseur: Normal fannen ech dat net, mä et muss ee wëssen, datt d’Programmen zesummegestalt ginn vun enger Programmkommissioun an do ass ee Représentant aus all Gebei dran. D’Enseignanten selwer hunn also d’Méiglechkeet Programmen ze gestalten an et ass net de Minister oder de Ministère deen d’Programmen définéiert. An dofir hunn ech en Appel och un all d’Programmkommissiounen gemaach, d’Programmen duerchzekucken an nëmmen dat Néidegst ze huelen an och Zäit dann ze loossen, wann dat Néidegst da gemaach ass, fir dat och léieren z’applizéieren. Alles kënnt dir souwisou net léieren an dann ass et besser, dat wat ee weess, weess ee gutt an et weess een och domat ëmzegoen. An do ass nach ee Schrëtt an der Programmgestaltung ze maachen.

Eric Ewald: Bleiwe mer am Secondaire. Gi mer awer eriwwer an den Technique. Do gëtt et ee spezielle Fall an zwar op 9e ass d’Décisioun ze huelen, wéi am Classique och op 5e, d’Décisioun vum Kand also wéi geet et virun, wat fir eng Sektioun wielen? Fir verschidde Formatioune op 10e kënnen ze maachen, muss een an de Basisfächer eng Moyenne vu 40 hunn. Ass dat net an engem gewësse Sënn eng Benodeelegung par rapport zum Classique, wou een u sech jo ouni sou eng Barrière op 4e eriwwer kënnt.

Anne Brasseur: Mir hunn dat gemaach, well mer festgestalt hunn, datt op der 10e enorm Échece woren an datt eng Parti Schüler zwar duerchkomm sinn op der 9e, mä dann an en Richtung gaangen sinn fir déi se d’Viraussetzungen net haten. Ech hat de Fall vun engem jonke Mënsch, deen huet Informatik wolle maachen op enger Technikersektioun. Hien ass duerchgefall. Dunn huet en nach eng Kéier probéiert. Hien ass nach eng Kéier duerchgefall. Eo gëtt e Mécanicien an hien ass ganz zefridden. Hien hat ganz schlecht Punkten an der Mathematik. Hien ass awer an d’Informatiksektioun gaang an et muss een évitéieren, datt déi  falsch Choixë geholl ginn, well d’Kanner mussen awer d’Viraussetzung hunn fir och duerno d’Chancen ze hunn ze réusséieren. An dofir gëtt op d’Orientation scolaire och vill vill méi Wert geluecht a mir wäerten deemnächst och der Ëffentlechkeet een neit Instrument vu l’Éducation au choix présentéieren, well et huet keen Zweck een an eng Richtung ze drainéieren, wou ee weess, datt den Échec virprogramméiert ass.

Eric Ewald: Kuerz dann emol bei Iech nogefrot. Vun de Chargés de Coursen héiert een a läschter Zäit net méi sou vill. Et gouf jo Maniffen nach virun net all ze laanger Zäit. Wou ass een an däer Zäit drunn, och virum Hannergrond vum Bau vun ëmmer neie Schoulen ?

Anne Brasseur: D’Chargés de Coursen, dat wor jo an der Primaire-Schoul wou Manifestatioune woren, an dat wor eng Situatioun, déi ass ugewuess vun den 80er Joeren un. Ech hunn do ee Gesetz abruecht, wat och gestëmmt ginn ass. Mir hu jo enger Parti Leit d’Méiglechkeet ginn, eng Zousazformatioun ze maachen. Do hunn ech d’nächst Woch eng Reunioun mat der Educatiounskommissioun an der Chamber, wou de Bilan gezu gëtt iwwert déi éischt Formatioun, déi lo gemaach gëtt. Déi zweet Formatioun, déi ass elo am gaang, fir engersäits deenen Leit eng Formatioun ze ginn an anerersäits hir Situatioun och kënnen ze regelen. Am Post-primaire ass de Problem - do si jo déi Chargés de Cours sengerzäit iwwer Geriichtsbeschluss definitiv agestalt ginn - do hu mer nach de Problem vun de Chargés d’éducation an och do muss ee kucken, mat deene Concernéierten eng Léisung ze fannen à terme, ähnlech wéi am Primaire. Well mir brauchen ëmmer Leit, déi remplacéiere ginn. Dir sot, et ginn zousätzlech nei Lycéën gebaut. Mir hunn a verschiddene Fächer méi Kandidaten wéi Posten, wéi beispillsweis an der Geschicht oder an der Biologie. Mä mir hunn net genuch Leit a Fächer wéi der Mathematik, der Informatik oder a verschiddene Sproochen. Dat ass natierlech och schwéier ze steieren. Da muss een och op Chargés de Coursen zeréck kënnen gräifen a souwisou fir temporaire Remplacementer ze maachen, musse mer dat och maachen an dofir muss dat och geregelt ginn.

Eric Ewald: Eng lescht Fro dann, Madame Brasseur. Mir sinn net méi allzewäit vun de Wahlen ewech. De Bilan vun der Legislaturperiod aus Äerer Siicht, wéi fällt en aus? Ass en eréischt da richteg gegléckt, wann déi zwee grouss Gesetzer do nach duerch d’Chamber kommen?

Anne Brasseur: Ech géing dat net doru moossen, mä all déi Projeten, déi am Koalitiounsofkommes stoungen, hunn ech duerch d’Chamber bruecht oder sinn um Instanzewee, sou datt ech op deem Punkt meng Hausaufgab gemaach hunn. Mä dat Allerwichtegst, dat ass, datt mer eng Schoul vun der Réussite hunn, eng Schoul déi och équitabel ass a performant ass. Do gesinn ech awer an de Schoulen déi gutt Aarbecht, déi geleescht gëtt vun de Schüler an och vun den Enseignanten. Op ganz ville Plazen ass och d’Collaboratioun mat den Elteren exzellent. Et huet een ëmmer e bëssen d’Impressioun - dat ass normal - mä duerch déi Saachen déi schief ginn, déi dann ëmmer an der Aktualitéit sinn, datt et an der Schoul net géing klappen. Mä ech muss awer soen - an dat gëtt mer déi Satisfaktioun - wann ech gesinn, wellech gut Aarbecht all Dag an de Schoulen geleescht gëtt, datt dat awer formidabel ass an da soen ech, déi Aarbecht, déi hunn ech wierklech gemaach. All Décisioun déi ech geholl hunn, déi hunn ech geholl, well ech iwwerzeegt wor, datt et déi richteg Richtung wor an ech soen ganz gär dobäi, datt ech och nach gären viru fueren.

Eric Ewald: Madame Brasseur, merci fir d’Explikatiounen.

Anne Brasseur: Villmols merci, Dir Hären.

Dernière mise à jour