Interview avec le ministre de la Justice Luc Frieden sur la double nationalité

Frank Goetz: Här Frieden eng grouss Majoriteit vun desen Leit, dat hu mir heieren, déi an desem Land liewen, si fir eng duebel Nationaliteit. Drot Dir deem dann elo als politesch Partei, als Regierungspartei, drot Dir deem Rechnung?

Luc Frieden: Eise Critère ass net a war net dee fir ze kucken, wéivill Leit dofir oder dogeint wären. Mir hu gesot, mir hunn am ganze Letzebuerger Land elo scho ganz vill Kanner, déi eng duebel Nationaliteit hunn, well de Papp déi eng Nationalitéit huet, d'Mamm déi aner Nationaliteit, mä kenne mer dat och afeieren fir Leit, dci wellen Lëtzebueger ginn, ouni awer müssen op alles ze verzichten, wat se an der Vergaangenheet waren. Dat stellt eng ganz Rei Froen a contrairement zu deem wat elo grad gesot ginn ass, stellt dat virun allem juristesch Froen. An duerfir hat de Staatsminister am Numm vun der Regierung gesot, mir wellen op dee Wee goen, mä mir wellen fir d'eischt, well mer serieux un sou ee Sujet eruginn kucken, wat d'Äntwerten sinn. Wou kann ee wiele goen, wat fir eng Regelen sinn am Fall vun engem Mariage dann applikabel, wei ee Numm kreien déi Kanner, well dat all Keiers vun der Loi nationale ofhänkt. Do hu mer elo een decke Rapport kritt, dee müsse mer liesen an da müsse mer no enger Decisioun vun de Wieler, müsse mer dat an enger nächster Regierung maachen an do gelt et virun allem d'Konditiounen kloer ze fixeieren.

Frank Goetz: Fäert Dir dann net och, datt sech duerch eng duebel Nationaliteit déi politesch Landschaft zu Lë§tzebuerg komplett verärmeren keint, dat heescht dat déi Nei géifen vläicht net onbedingt an dat klassescht CSV-Elektorat erapassen?

Luc Frieden: Sou Iwwerleeungen mecht een net, wann een an enger Regierung ass. Et geet och hei net drëm, dattee ka soen, elo géing ech och nach gäre Letzebuerger ginn. Hei geet et drëm fir Leit, déi sech mat Häerz a Kapp hei zu Lëtzebuerg doheem fillen, déi zanter laange Joren hei sinn, déi hei an d'Schoul gaangen sinn, déi awer eng aner Nationaliteit hunn, wat och d'Nationaliteit vun hiren Eiteren ass, déi soen, mä ech sinn am Fong och Letzebuerger, datt déi wellen Letzebuerger ginn, ouni ze soen, alles dat wat vu mengen Eitere kennt, domatt well ech näischt ze doen hunn an em déi Leit geet et. Ech mengen, wann déi integréiert sinn, da verdengen se d'Nationaliteit an da behuelen déi sech wei all déi aner Lëtzebuerger och, och an hirem politeschen Comportement.

Frank Goetz: Et geet jo och net alleng em d'Decisioun vu Letzebuerg mä och d'Pays d'origine huetjo eppes hei ze soen?

Luc Frieden: D'Pays d'origine huet just ze soen, ob heen och de Prinzip vun der duebler Nationaliteit akzepteiert. Wat awer wichteg ass – an dat ass ee vun de Punkten déi dci Proffesseren schreiwen – dat Land, de Pays d'Accueil, Lëtzebuerg an eisern Fall, décidéiert ënnert wei engen Konditiounen ee kann d'duebel Nationaliteit kreien oder wat fir eng Rechter dovunner decouleieren. Duerfir ass fir mech, wa mer an enger nächster Regierung sou ee Projet geinge ze schreiwe kreien, ee vun de wesentleche Punkten, datt d'Konditiounen fir déi Nationaliteit ze kreien müsse klappen. Dat war och main Haaptziel bei dem Projet, deen zum Gesetz vun 2001 iwwert d'Nationaliteit gefeiert huet. Well mir hunn an deser Legislaturperiod d'Nationaliteit verbessert an deem Senn, datt mer d'Residenzklausel geännert hunn, mä zugläich d'lntegratiounsbestemmungen verschärft hunn, notamment, datt mer deemols d'Sprooch agefeiert haten, d'Basiswessen vun der lëtzebuerger Sprooch, well an eisern villsproochegen Land d'Letzebuerger Sprooch e bannend Element ass. An ech mengen, op deem Wee muss ee weidergoen. Et kann een zum Beispill um politesche Liewen nëmmen deelhuelen, wann een och d'Sprooch versteet. Mir diskuteieren hei, an der Chamber a soss op Lëtzebuergesch a wann een déi Elementer all dobäi fügt, duerfir muss ee sech och d'Fro stellen, ob een net zum Beispill och Integratiounscoursen virschreift fir déi Leit, déi wellen Letzebuerger ginn, wei dat och a verschiddene Länner, wei zum Beispill an Holland besteet, datt een och weess, also wei fonktionneieren eis Institutiounen, wei ass eist Zesummeliewen, wei ass eis Fassong Problemer ze leisen. Ech mengen do ginn et Modeller, mä et sinn d'Konditiounen, déi müsse klappen, an dann, wei gesot, huet d'Situatioun geännert, well mer haut vill Kanner hunn, déi schon d'duebel Nationaliteit hunn an dci mer och akzepteiert hunn zanter 1986.

Frank Goetz: Dat heescht also Dir behaapt lech awer op d'Sprooch Letzebuergesch. Et gouf schonn emol an der Vergaangenheet gesot, et geif duergoen, wann §e Franseisch oder Däitsch kéint. Ass dat Äerer Meenung no net richteg?

Luc Frieden: Do kann een ënnerschiddlecher Meenung sinn. Ech sinn der Meenung, datt d'Letzebuerger Sprooch ee wichtege Critére ass an dat war och déi Meenung, déi sech duerchgesat huet bei deem Gesetz vun 2001. Virun 2001 huet een net onbedingt misse Lëtzebuergesch kennen. Elo muss een et kennen, Connaissances de base hunn. Et muss cc kucken, ob dat duergeet. Mä do kennt jo och d'Erfahrung, no e puer Joer muss een dat Gesetz vläicht op deem Punkt iwwerpreifen. Ech mengen, dat war dee richtege Wee an ech hätt gär, datt mer op deem geinge weider goen.

Frank Goetz: Misst een dann net och een europaeschen Wee erstriewen oder ass dat heiten souzesoen eng Teschenetapp fir vläicht an Zukunft en europaesche Pass ze kreien?

Luc Frieden: Ech mengen, datt Europa en Europa bleift, wou Natiounen eng Roll dra Spillen. D'Natioun ass all déi Leit, déi op enger gewössener Plaz zesumme liewen, déi nämmlecht Fassong hunn fir u d'Problemer erunzegoen. Selbstverständlech huet Europa der Natioun een anert Bild ginn, well mer kennen méi fräi zirkuleieren duerch Europa, mä d'Nationaliteit bleift ee wichtege Critere.

Frank Goetz: Mer kreien jo awer och eng Verfaassung.

Luc Frieden: Mer hunn eng Verfaassung, déi schaaft d'Natiounen net of, déi bréngt eng europäesch Biergerschaft, déi hu mer schonns zanter dem Traité vu Maastricht, d'Citoyennete européenne, déi eng Rei Rechter gatt, notamment bei de Gemengewahlen zum Beispill jo deelzehuelen, och an deem Land wou ee wunnt, wann enn net d'Nationaliteit vun deem Land huet, mä d'Natioun ass méi. D'Nationaliteit ass eppes wat een am Häerz an am Kapp huet. Dat kann ee par rapport zu 2 Länner hunn, wann ee wierklech sech vill dru gett fir déi Integratioun op deenen 2 Plazen ze pakken. Mä wann een, stellt lech vir Dir sidd Letzebuerger, Dir gitt an Amerika wunnen an Dir wunnt 10 Joer an Amerika, da fillt Der lech vläicht als Amerikaner a wellt och Amerikaner ginn, wellt awer net alles op d'Kopp geheien wat Dir zu Lëtzebuerg matgeholl hutt als Kultur, als Heritage. Ech mengen, et ass fir dci Leit, wou mer eppes müsse maachen. Dat si ganz oft d'Auslänner och an zweeter Generatioun, déi bei eis wunnen a gutt integreiert sinn.

Frank Goetz: Här Frieden, ech soen lech villmols Merci fir d'Explikatiounen.

Luc Frieden: Merci och.

Dernière mise à jour