Luc Frieden au sujet de la politique d'asile du gouvernement.

Francine Closener: Luc Frieden, de Premier huet e Freideg vun Drogendealeren geschwat, déi wéi hien sot, sech ënnert dem Deckmantel vum Asylrecht hei géifen néierloossen. Wéi grouss ass dee Problem dann a Wierklechkeet?

Luc Frieden: Et ass virun allem emol een neie Problem an duerfir huet de Staatsminister dovu geschwat. Mir haten schonn ëmmer vill Asylbewerber. Déi Zuel huet zougeholl a bei deenen, déi nei komm sinn, hu mer elo abeemol festgestalt, datt ganz vill Afrikaner dobäikomm sinn, déi Asyl froen an déi mer dann duerno erëmfannen am Drogenhandel. Konkret hu mer am Mount Dezember an déi zwou éischt Wochen Januar eng 100 däer Leit kritt an iwwert d’ganzt Joer 2003 sinn et eng 500 Leit, déi alleng aus Afrika kommen, wouvunner eng ganz Rei bis elo erëmfonnt gi sinn am Drogenhandel a wéi mer dee Problem erkannt hunn, dunn hu mer ganz schaarf reagéiert an doriwwer huet de Staatsminister geschwat.

Francine Closener: De Premier huet vun enger considérabler Zuel vu Westafrikaner geschwat, déi an de leschte Wochen verhaft goufen. Op eis Nofro hinn si mer gewuer ginn, datt den Ament 11 Westafrikaner an Untersuchungshaft sëtzen. Ass dat eng considérabel Zuel an Äeren An?

Luc Frieden: Déi Zuel ass méi grouss, well am Laf vun deenen leschten Woche sinn eng 30 Leit oder déi leschte Méint eng 30 Leit festgeholl ginn. Verschiddener sinn an der Zwëschenzäit aus der Untersuchungshaft awer och erëm erauskomm. Duerfir muss een déi kumulativ gesinn. Mä wichteg ass, datt mer décidéiert hunn, datt mer ordonnéiert hunn, datt eng Spezialéquipe vun der Police op d’Been gesat ginn ass, déi soll kucken, esouwuel d’Zesummenhäng tëscht deenen eenzelnen Leit, well do kënne verschiddener dobäi sinn, déi mat ganz wéineg Drogen handelen an déi awer mat deenen aneren an engem Réseau sinn an déi Zesummenhäng mat deene Filièrë vun illegaler Immigratioun an do ass eppes, wat sech opgebaut huet an deenen leschte Wochen, wou mer mat extremer Häert wëllen dogéint entgéinttrieden. Mir hunn Instruktiounen un de Parquet ginn, fir déi Saachen mat Schäerft ze behandeln an d’Police, wéi gesot, huet eng extra Équipe op d’Been gesat, d’Drogen- an d’Friemepolice zesummen, fir ze kucken, fir do weiderzekommen. Mir sinn eréischt am Ufank vun deenen Enquêten.

Francine Closener: Westafrika ass grouss. Aus wéi engen Länner kommen déi Leit dann?

Luc Frieden: Déi kommen aus enger ganzer Rei vu Länner, Nigeria, Ghana, Liberia. Also et gëtt eng enorm Panoplie vu Länner, woubäi ganz oft och d’Ursprongsland wat déi Leit eis matdeelen net onbedéngt dat Land ass wou se hierkommen. Mir fannen an deenen Interviewen extrem vill Contradictiounen eraus.

Francine Closener: Wéi erkläert Dir Iech dann, datt dee Phänomen elo an deenen leschten Woche sou zougeholl huet?

Luc Frieden:  Dee Phänomen kënnen mir eis net erklären. Mä mir stellen just fest, datt mer mat engem neien Phänomen konfrontéiert sinn an et ass d’Aufgab vun der Regierung, datt wann een neien Phänomen kënnt, datt ee sech dann deem sérieux unhëlt. An duerfir ass et och grondfalsch ze maachen, wéi wann de Staatsminister hei abeemol Asylanten a Krimineller géing an een Dëppen geheien. De Staatsminister huet am Numm vun der Regierung gesot, hei ass ee Problem. Dëst ass eng sérieux Regierung. Wann déi ee Problem gesäit, dann hëlt déi deen un an da mécht se eppes. An duerfir huet hien och gesot, hien wär extrem generéis - an dat ass d’Meenung vun der Regierung - fir déi déi verfollegt ginn, mä keng Toleranz fir déi, déi vun eiser Asylpolitik wëllen negativ profitéieren. An duerfir ass et och falsch, wann ee seet, wéi den Här Asselborn op Ärer Antenn, dee gesot huet, mä déi Leit, déi eng Infraktioun beginn, déi sollen iwwerhaapt net an d’Prozedur erakommen. Den Här Asselborn, dee kennt d’Gesetz net, well am Gesetz, an an der Genfer Konventioun steet, datt jiddwereen, deen Asyl freet, dee muss een an d’Prozedur huelen an duerfir maachen déi Leit dat jo. Déi froen Asyl. Wann se bis Asyl hunn, kënnen mer se dee Moment net ausweisen an da fanne mer se erëm am Drogenhandel. Dat loossen mir net zou, egal wat do d’Commentairen sinn. Déi Leit, déi d’Police fënnt, déi gi festgeholl an déi mussen, wa mer bis erausfonnt hunn, datt et Associatiounen tëscht deenen gëtt, kommen virun d’Strofgeriichter.

Francine Closener: Mä komme mer emol nach eng Kéier zréck op dee Virworf vun der LSAP an och vun deene Gréngen, déi dem Premier virgeheien, eng Vermëschung ze maachen tëscht Flüchtlingen, déi sech näischt zu Scholden kommen engersäits an eben Drogendealer. Et läit jo awer op der Hand, datt vill Leit dobaussen dat net onbedéngt richteg verstinn, wann de Premier an engem Otemzuch seet, e géif elo, vun elo un all Woch d’Zuel vun de Flüchtlingen nennen déi bäikommen an d’Zuel vun de Prisonnéier déi bäikommen. Do gëtt jo dann awer ee Lien gemaach, entweder vun der Regierung an oder vum Auditeur?

Luc Frieden: Ech soen nach eng Kéier, datt ech mengen, datt et grotesk a grondfalsch ass, dem Statsminister dat do ze ënnerstellen. Mä et ass och d’Aufgab vun der Regierung, fir mat kloeren Fakten, mat Chifferen, mat Informatiounen d’Leit ze informéieren an dann och ze soen, wat se bei verschiddenen Problematiken mécht. D’Ziel vum Staatsminister a vu mir ass eben just Amalgamen z’évitéieren. Mir hu ganz kloer gesot, datt et net all d’Asylanten sinn, déi abeemol kriminell ginn, mä mir hu gesot, mir hunn entdeckt, eng ganz Rei vu Leit déi Asyl froen an ënnert deem Deckmantel hei Infraktiounen beginn. Dat loosse mer net zou. Dat ass och fir déi ze schützen, déi wierklech Asyl brauchen, respektiv déi déi aus aneren Grënn an der Asylprozedur sinn a mat deenen mir jo och eng ganz Rei Problemer hunn. Dat ass de ganze Problem vun deenen, déi aus ekonomeschen Grënn an eist Land kommen. Mä mir mengen, mir mussen d’Leit uerdentlech informéieren fir ze wëssen wat d’Haltung vun der Regierung an deenen eenzelne Froen ass. Dat hu mer gemaach. An der Vergaangenheet hutt Dir eis ëmmer reprochéiert, mir géingen net genuch informéieren. Elo informéieren mer. Elo kënnen mer dat awer net reprochéiert kréien.

Francine Closener: Wier et dann net vläicht méi glécklech gewiescht, fir eng Kéier deen ee Sujet ze behandelen vun de Flüchtlingen déi bäikommen an eng aner Kéier de Problem vun en Drogenhändler?

Luc Frieden: De Staatsminister huet jo net erfonnt, datt do Leit sinn déi abeemol bei eis Asyl froen an dann duerno am Drogenhandel erëmfonnt ginn. Duerfir huet e scho missen, wann e wëllt objektiv informéieren, all d’Elementer op den Dësch leeën. Déi Zuel vun deenen Leit, déi komm sinn, och dat mengen ech ass an eiser Kommunikatiounspolitik an deenen leschten Méint méi kloer ginn, mir hunn ëmmer Iech informéiert wéivill Leit kommen. Et si jo och vill Lëtzebuerger déi mengen, nom Kosovo-Krich wier keen Asylbewerber méi komm an déi all Kéiers net verstinn, wann mir Leit heemschécken. Och duerfir soe mer dem Land wéivill Asylbewerber op Lëtzebuerg kommen. Mir soen hinnen aus wat fir engen Länner se kommen a wa mer ee Problem erkennen, dann attakéieren mir eis deem Problem a mir deelen en och mat. Et ass och duerfir, well mer wierklech net méi wësse wou mer mat de Leit higinn, datt ech décidéiert hunn, datt dës Woch den Asylbüro iwwerhaapt net opgeet, well déi Beamten, déi do eng extrem schwiereg Aarbecht maachen, déi wëssen net méi wou se sollen ufänken. Déi ginn ënner ënnert den Dossieren an duerfir musse mer elo emol e bëssen la part des choses maachen. E puer Deeg ass dee Büro elo zou, fir hinnen emol z’erlaaben iwwerhaapt materiell mat deenen Dossieren eens ze ginn.

Francine Closener: Et gouf jo och ugekënnegt, datt eben well ee jo keng Plaz méi fënnt fir déi Flüchtlingen, datt eng Zort Sammelplaz oder eng Hal soll geschafen ginn. Wéi kann ee sech dat virstellen? Wou soll déi hikommen?

Luc Frieden:  Et muss ee wëssen, datt déi Asylbeweber déi elo kommen, virun allem och déi aus Afrika, datt dat alles Eenzelpersounen sinn, déi ouni Famill kommen. Mir wëssen wierklech net méi wou mer déi sollen logéieren. Or, dat ass och eng Obligatioun ënnert der Genfer Konventioun a mir mengen, datt mer déi missten op iergendenger Plaz all zesummebréngen, wou se och net méi onbedéngt de ganzen Dag kënnen fräi rondnerëm zirkuléieren. Och domadder évitéieren mir vläicht, datt se virun allem Owes am Drogenhandel kommen. Ech wëll Iech iwwregens soen, datt et a villen Länner an Europa sou Sammelplazen ginn, wéi och ëmmer den Numm vu sou enger Plaz ass. Nach musse mer sou eng Plaz fannen an organiséieren. Mä mir sinn einfach um Enn vun eise Mëttelen ukomm. Mir wëssen net, wou mer déi Leit sollen logéieren an duerfir musse mer, éischtens virufueren déi Prozedure sou schnell wéi méiglech iwwert d’Bühn ze kréien, zweetens versichen Accorden ze hunn fir déi Leit zréckzeféieren an drëttens kucken, datt déi déi an der Prozedur sinn, net op aner domm Gedanken kommen, respektiv einfach aus materiellen Grënn musse mer se zesummeleeën an engem Centre, deen da sou muss aménagéiert ginn, datt mir vläicht och do kënnen d’Prozedur iwwert d’Bühn bréngen an datt déi Leit net brauchen dauernd an der Stad ronderëm ze fueren.

Francine Closener: Mä bei sou Lageren ginn et jo awer och scho ganz negativ Beispiller, wéi zum Beispill Sangatte, dat franséischt Flüchtlingslager beim Eurotunnel fir Leit, déi a Groussbritannien erawëllen. Déi Leit an deem Lager hu keng Suen. Se hunn näischt ze dinn. Et ass jo scho bal normal, datt et do eng gewëssen Kriminaliséierung gouf. Leit déi ronderëm dat Lager gewunnt hunn, hu sech schwéier opgereegt an de rietsextremen Front national a Frankräich huet bei deenen vill Stëmmen gefëscht. Wëllt Dir dat?

Luc Frieden:  Ech wëll emol iwwerhaapt net deen Ausdrock vu Lager, mä ech weess awer och net wou mer nach iergendeng Familljepensioun oder iergend een Haus fannen, wou mer déi Leit all kënnen ënnerbréngen. Wann d’lescht Woch - an de Staatsminister huet dee Chiffer genannt - 59 Leit komm sinn, wann an deene leschten Méint eng Moyenne vun 150 bis 200 Leit komm sinn, da sot mir wannechgeliwt oder sot der Familljeministerin, déi déi Aufgab an der Regierung huet, wou déi di Leit soll logéieren. Duerfir maache mer et elo sou wéi an Däitschland, wéi an Holland, wou net lauter rietsextrem Parteien um Rudder sinn, ginn et sou Zenteren, dat sinn einfach grouss Infrastrukturen oder Container, wou déi Leit dann dra wunnen. Do ginn se dann opgeholl. Mä et ass déi eenzeg Méiglechkeet, déi mer nach hunn. Nach musse mer, wéi gesot, sou eng Plaz schafen a fannen. Et ass an déi Richtung, wou mer den Optrag kritt hunn fir ze schaffen.

Francine Closener:  Hutt Dir schonn eng Idee wou déi soll hikommen?

Luc Frieden: Mir kucken elo mol, wou mer Terrainen hunn, wou ee sou eppes kéint maachen. Neen.

Francine Closener: An Dir fäert och keng Biergerinitiativen, déi sech do géifen grënnen fir sech géint sou eppes ze wieren?

Luc Frieden: Mir musse kucken, datt mer dat op enger Plaz fannen, wou dat méiglechst akzeptabel gëtt fir déi Leit do ze logéieren. Mir kënnen net deen een Dag jäitzen, fir datt mer dat hei méi human uginn an deen aneren Dag eis driwwer opreegen, wann se bei eis an der Géigend logéiert ginn. Mä mir wäerten kucken, datt mer et op enger Plaz maachen, wou dat sou verträglech wéi méiglech ass fir d’ganz Communautéit. Mä mir sichen einfach praktesch Léisungen.

Francine Closener: Mat sou Aussoen vun der Regierung an och den direkten a schaarfen Reaktioune vun der Oppositioun ass et jo kloer, datt d’Flüchtlingsproblematik zu engem Walkampfthema ginn ass. War dat Äert Ziel oder sot Dir jo, et ass dann eben, malgré moi, musse mer dann eben doriwwer diskutéieren.

Luc Frieden: Also ech kann net verstoen, datt iwwert all Sujet wou ee schwätzt ee Walkampfthema ass. Ech si 5 Joer Justizminister an zanter 5 Joer gëtt dee Sujet diskutéiert an ech mengen net, datt mir viru 5 Joer hätte kënnen ënnerstalt kréien, mir géingen Walkampf maachen. D’Regierung huet nëmmen een Ziel: Déi Problemer déi do sinn, déi Problemer déi mer erkennen, déi unzegoen. De Kampf géint d’Kriminalitéit ass ee vun deenen ganz sérieuxen Problemer. Mir hu vill an der Justiz an an der Police gemaach. Dat huet seng Konsequenzen a mir wëllen determinéiert op deem Wee do weidergoen, Walkampf hin, Walkampf hier. Ech mengen, datt dat hei reell Problemer sinn. Déi musse kënnen diskutéiert ginn zu all Joreszäit an onofhängeg vun Échéances électoralen an ech mengen wierklech net, datt de Staatsminister iwwert dëse  Sujet geschwat huet, well a 5 Méint Wahlen sinn. Et ass ee Problem, deen do ass, an d’Regierung geet deen un.

Francine Closener:  Luc Frieden, merci fir d’Explikatiounen.

Luc Frieden:  Merci och.

Dernière mise à jour