Marie-Josée Jacobs sur les centres intégrés pour personnes âgées

Marco Goetz: Marie-Josée Jacobs, ass et da wierklech esou, datt jiddwereen an dat Altersheem goen kann an dat e goe wëll?

Marie-Josée Jacobs: Also prinzipiell ass dat esou, dat heescht et muss een natierlech seng Demande virauser gemaach hunn an da bestinn do Waardelëschten, wou een dann drop ageschriwwen gëtt an no der Urgenz, déi eigentlech vun den Heiser festgestalt gëtt, huet jiddwereen den Accès zu deem Haus, wou e wëllt hikommen.

Marco Goetz: Dee “prinzipiell” mécht mech elo e bëssen nervös. Ginn et do nach aner Ausnahmen?

Marie-Josée Jacobs: Et gëtt, zum Beispill, jo d’Ausnahm wann der gesitt, déi verschidde Kommunalheiser oder Syndicats intercommunals, wou déi eenzel Gemengen Prioritéiten hunn. Dann ass et kloer, datt déi Leit, déi aus deenen Gemenge kommen, déi mat 20 Prozent mat participéiert hu beim Bau vun deenen Heiser, wou de Staat generell bis elo 80 Prozent an an der Zukunft wäert 70 Prozent bäileeën, datt do dann déi Leit aus deenen Gemengen Prioritéit hunn.

Marco Goetz:  Wann elo ee vun Esch willt an d’Pescatore, geet dat net?

Marie-Josée Jacobs: Dat geet och, mä, wéi gesot, och do gëtt et fir d’éischt Prioritéit och fir déi Stad-Lëtzebuerger oder eventuell och Familljen, déi mat der Fondation Pescatore ze dinn hunn, déi Prioritéit dodranner hunn.

Marco Goetz:  Also am Prinzip ass et richteg, datt jiddwereen dohinner goen kann, wou e wëll goen. Mä wéi geet dat, wee bezillt dann zum Beispill d’Differenz, wann een eng kleng Pensioun huet an d’Heem méi deier ass?

Marie-Josée Jacobs: Et muss ee gesinn, datt haut déi Installatiounen allegueren enorm deier kaschten. Et ass vläicht eng Kéier gutt fir ze wëssen: Mir bauen zum Beispill elo zu Ettelbréck een neit Haus, dat wäert 1,4 Milliarden däer aler Frang kaschten, wéi gesot, wou de Stat 80 Prozent bezillt, d’Gemeng 20 Prozent a sou ass et och op deenen aneren Plazen. Da kënnt dobäi, datt jo d’Pfleegeversécherung an deenen Heiser besteet, wou d’Leit d’Pfleeg bezuelt kréien, wat zwëschent 130.000 bis 190.000 Frang däer aler de Mount kann ausmaachen an da kënnt nach de Pensiounspräis dobäi, wou bis elo ongeféier bis 75.000 Frang de Mount gerechent gëtt a fir dann op déi Fro ze kommen, ass et kloer wéivill Leit kéinten sech dat doten leeschten – 150.000 Frang plus 75.000 Frang - do mengen ech, wieren et der net vill am Lëtzebuerger Land, déi d’Méiglechkeet dofir hätten. Also hu mer agefouert, fir ze soen, déi Leit déi dat net selwer kënnen maachen, déi kréien iwwert den Accueil gérontologique - dat ass eng Leeschtung, déi iwwert de Fonds de Solidarité ausbezuelt gëtt - kréien déi bäigeluecht, souwäit bis eben hiren Pensiounspräis duergeet. An dat féiert dozou, datt mer - wat ech och gesot hunn, déi leschte Kéier bei Iech - datt mer net bräichten hei sou ze maachen fir aarm Leit a fir räich Leit, mä jiddwereen deen an déi Heiser geet, déi een Agrément vum Lëtzebuerger Staat hunn, déi kënnen vun däer doter Hëllef profitéieren.

Marco Goetz:  Dir hutt d’Wuert elo genannt, “Solidaritéit”. Wéi ass et da mat de Kanner? Huele mer un, déi hunn ee gudde Beruff, déi hunn et zu vill Geld bruecht, a wéi wäit mussen déi solidaresch si mat den Elteren? A wéi wäit mussen déi vläit bezuelen fir eppes?

Marie-Josée Jacobs: Dat hu mer eigentlech net méi, datt do nach mussen d’Kanner bezuelen. Dat wat mir hunn, dat ass wann natierlech d’Elteren selwer Suen hunn oder och Proprietéiten hunn, besonnesch och Proprietéiten hunn, datt fir d’éischt awer gekuckt gëtt, ier mer déi 75.000 Frang do rausbliederen, well dat sinn der jo déi jiddweree vun eis bezuelt iwwert seng Steieren, fir ze kucken, ob ee wierklech déi Méiglechkeet huet oder ob een se net huet an dann ass et herno sou, vu datt dat jo eng Leeschtung ass, déi iwwert de Fonds de Solidaité kënnt, datt een eng Ierfschaft behält d’Elteren oder d’Kanner vun den Elteren an der Héicht vu 7,5 Milliounen Lëtzebuerger Frang. Wou komme mer op déi 7,5 Millioune Lëtzebuerger Frang? Dat ass de Präis, deen een elo kritt oder muss bezuelen fir een Eegenheem, en eegent Haus  bei dem Fonds de Logement. Dat sinn déi 7,5 Milliounen. Et ass awer egal, ob et een Haus ass oder ob et Suen sinn. Déi Suen, do geet keen drunn, well elo ganz dacks vun deenen äleren Leit gesot gëtt “Mir wëllen dat net”, well da mussen eis Kanner, herno kréien déi dat ewechgeholl bei hirer Ierfschaft. Wéi gesot bis 75.000 Frang de Mount, 7,5 Milliounen, dat wat driwwer geet… . Wann Der zum Beispill 9 Milliounen hutt, da bezuelt der bis op 7,5 Äeren Pensiounspräis selwer a wann Der dann nach do sitt, duerno leeë mir dann dat bäi, wat gebraucht gëtt.

Marco Goetz: Elo héiert een och dacks, datt d’Leit am Altersheem praktesch keng Suen méi Rescht hunn. Wéi gëtt dann do tranchéiert, wéivill se selwer bäileeën mussen a wat se duerfen Rescht behalen?

Marie-Josée Jacobs: Ech mengen, dat ass éischter d’Fro vun deem wat d’Täschegeld ubelaangt. Da soe mer déi Leit déi déi Suen do kréien, zum Beispill bei hirem Pensiounspräis, soe mer, jiddweree muss wéinegstens 7.500 Frang de Mount Täschegeld hunn. Elo gesi mer awer, datt zum Beispill een dee seng Wäsch net selwer ka maachen oder deen eventuell Medikamenter kritt, déi en net iwwert d’Krankekees erëmbezuelt kritt, dee kritt all déi Suen da vun deem Täschegeld do ofgerechent. D’Täschegeld wor awer am Fong net duerfir gemengt, mä d’Täschegeld wor duerfir gemengt, datt een effektiv och emol kann engem aneren een Drenkgeld ginn. Datt ee vläicht…

Marco Goetz:  Wann d’Enkelkanner op Besuch kommen.

Marie-Josée Jacobs:  Zum Beispill. Datt ee sech een neie Rack kéint kafen, datt ee kéint bei de Coiffeur goen an duerfir - an Dir sitt Äerer Zäit viraus, Här Goetz, wéi sou dacks - hu mer eng Sëtzung an der Chamberskommissioun, wou ech hoffen, datt mer dat neit Gesetz wat deen Accueil gérontologique - sou nenne mer do déi 75.000 Frang - regelt a wou dranner virgesinn ass, datt mer een neien zousätzlechen Complément, wann Dir wëllt, aféieren, deen awer am Täschegeld mat dran ass, wou d’Leit dann ëm déi 13.000 Frang an der Zukunft zur Verfügung hunn, fir eben just awer och selwer nach ënnert dem Strëch herno eppes ze bezuelen, net datt vun deem, wat mer eng Kéier gutt gemengt hunn, awer näischt méi iwwreg bleift.

Marco Goetz: Mä bei deenen Saachen, déi Dir opgezielt hutt, do bleift et dobäi, déi musse se selwer bezuelen?

Marie-Josée Jacobs: Si mussen déi selwer bezuelen. Mä, wéi gesot, de Montant gëtt dann awer méi héich, sou datt mer denken, datt se domadder awer da besser iwwert d’Bühn kommen wéi bis elo.

Marco Goetz: Dat gëlt elo alles fir haut. Ma wann een dovunner schwätzt, datt d’Leit méi laang liewen. Haut schonns hunn iwwer 3.000 Leit bei eis an den Altersheemer méi wéi 80 Joer. Bal Dausend dovunner méi wéi 90 an esouguer 14 méi wéi 100 Joer. Da kënnt ee jo och bei d’Fro, wéi d’Situatioun an den Altersheemer an Zukunft ausgesäit a wéi et da virun allem och mam bezuelen ass.

Marie-Josée Jacobs: Also ech denken, datt dat eng vun deenen ganz groussen Erausfuerderungen vun deenen nächste Joren ass, wat een eigentlech déi intergenerationell Solidaritéit dorënner versteet. Mir wëssen, datt déi Leit déi elo an den Heiser sinn vill zum Räichtum vun eisem Land bäigedroen hunn an duerfir menge mer och, datt et richteg wier, datt se gutt géifen ënner Daach kommen, wat d’Infrastruktur ubelaangt, op der anerer Säit och gutt géifen versuergt ginn. Mä ech hunn Iech d’Präisser gesot, déi dat kascht. Op der anerer Säit awer och hätten mer gären, datt déi jonk Leit awer och nach an der Zukunft och hiren Usprëch kënnten gerecht ginn a mat hiren Peien kënnten awer och ordentlech liewen. Also dat gëtt sécher eng Fro, déi net sou evident ass an dann, denken ech, kënnt awer op däer anerer Säit dobäi, wat mir elo mierken an den Heiser, dat ass datt d’Leit vill méi spéit kommen. Dir hutt Leit, déi vill méi al sinn. Fréier sinn d’Leit mat 65, 70 Joer an d’Altersheim gaangen. Haut hu mer eng Moyenne d’âge vun 83, 84 Joer wou se dohinner ginn an da bleiwen se nach 5, 6 Joer an der Moyenne. Wéi gesot, et sinn der natierlech och déi honnert Joer an iwwer honnert Joer al ginn, mä dat ass awer net onbedengt de Regelfall. Mä mir mussen eis däers duerchaus bewosst sinn, datt mer eis och do mussen wahrscheinlech nei Saachen afalen loossen, déi manner deier wahrscheinlech kaschten wéi dat, wat mer de Moment maachen.

Marco Goetz: Wann een elo e bëssen d’Statistiken kuckt, da fällt engem op, datt déi iwwer 4.500 Better an den Heemer eppes méi wi 7 Prozent vun der Populatioun entspriechen vun deenen iwwer 65 Joer. Am Ausland läit déi Kapazitéit dacks bei nëmmen 4 Prozent, dat heescht bei eis kommen awer och am Verhältnis méi Leit an d’Altersheemer?

Marie-Josée Jacobs: Ech denken, datt dat eng Fro eben ass, wéi mer domadder ëmginn an datt et awer och op däer anerer Säit vläicht och eng Fro vu méi Kommoditéit ass, op der enger Säit an eisen Familljen an deenen aneren Länner, wou d’Leit mussen staark bäileeën. Ech hun elo kuerz gesinn, an Däitschland, wou se 50.000 Frang bis elo bäigeluecht hunn, wëllten se dat ganz staark kierzen. Da kënnt Der Iech virstellen, datt ganz vill Leit sech dat iwwerhaapt net méi kënnen leeschten. A wann een dëse Summer gesinn huet, oder de leschte Summer a Frankräich, wéivill Leit do alleng gestuerwen sinn, dann ass dat net well déi Leit net wollte goen, mä wahrscheinlech well se sech et einfach net konnten leeschten, fir ze goen.

Marco Goetz: An elo ass eréischt en Altersheem zu Réiden opgaangen, un engem anere gëtt geplangt. Dat ass déi eng Säit. Misst op der anerer Säit net och gekuckt ginn, datt d’Leit méi laang kënnen doheem bleiwen. Soins à domicile ass do ee Stëchwuert, Wat geschitt an déi Richtung?

Marie-Josée Jacobs: Also do ass enorm villes geschitt. Déi Servicer, zanter datt d’Pfleegeversécherung besteet, si jo gewalteg ausgebaut ginn mat  dausenden vu Leit, déi mëttlerweil doranner schaffen, an dat och dozou féiert, datt d’Leit réischt méi spéit an d’Heiser brauchen ze goen, datt se kënnen doheem bleiwen. Well jiddweree vun eis géing jo wëllen méiglechst laang och doheem bleiwen. A mir hunn eng ganz Partie Servicer, Dir hutt se genannt: Hëllef doheem, Soins à domicile, mir hunn Telealarm, fir datt d’Leit kënnen ee ruffen, wann se ee brauchen, mir hunn de Repas sur roues, mir hunn d’Foyers de jour fir déi Leit, déi Hëllef brauchen, mir hunn och Clubs senioren. Also ech denken, datt an deem doten Beräich enorm villes an deenen leschten Joren opgebaut ass, wat eben och soll net nëmmen de Leit et méi einfach maachen. Mä awer och deenen äleren Leit awer och hiren Liewensowend wierklech méi liewenswäert maachen, wou se méiglechst vill Autonomie behalen an awer och nach kënnen um Liewen deelhuelen.

Marco Goetz: À propos Personal, wann ee weess, datt eng grouss Erausfuerderung fir d’Altersheemer déi sougenannten Demenzkrankheeten sinn, also och Alzheimer zum Beispill, da kann ee sech virstellen, datt een net nëmmen vill Personal brauch, ma och Personal, dat gutt forméiert ass. Fannt Der déi hei am Land oder ass et entretemps och an den Altersheemer sou, datt ëmmer méi Personal kee Lëtzebuergesch méi kann?

Marie-Josée Jacobs:  Also déi déi dohinner schaffe kommen, sinn der ganz vill déi kee Lëtzebuergesch kënnten, well wa mer net géifen op déi Leit zréckgräifen, déi aus anere Länner kommen, da kréichen mer längstens déi Aarbechten do net méi gemaach. An duefir mengen ech, muss een natierlech kucken, datt een dee Beruff ordentlech, déi Leit eng gutt Formatioun kréien, well se domadder och méiglechst laang kënnen am Beruff bleiwen, net sou séier ënner dem Burnout leiden. Duerfir hu mer déi Formatioun do op dem Centre universitaire iwwert de Master an der Gérontologie agefouert, fir als Supervisoun deenen Leit, déi dra schaffen, och Hëllef ze ginn fir och mat deenen Situatiounen do eens ze ginn. Mä et ass evident, datt et net liicht ass, fir alleguerten dat Personal ze fannen mat däer Qualifikatioun, déi mer gären hätten, fir och an deenen Heiser all ze schaffen.

Marco Goetz: Mä Lëtzebuergesch ass awer och ee Problem, wann de Pensionnaire, dee versteet vläicht net sou gutt Franséisch, dann huet en...

Marie-Josée Jacobs:  Mëttlerweil ass an all deenen Heiser d’Obligatioun, datt ee muss léieren Lëtebuergesch schwätzen.

Marco Goetz: Wat eng gutt Saach ass. Marie-Josée Jacobs, domadder Merci fir d’Explikatiounen.

Marie-Josée Jacobs:  Merci och.

Dernière mise à jour