Le ministre de la Coopération au sujet de l'aide au développement

Tom Graas:  Charles Goerens, gudden Owend.

Charel Goerens:  Gudden Owend.

Tom Graas:  An der Chamber gouf et de Mëtteg weider keng grouss Kritik un Äerer Aarbecht a virun allem d’Deputéiert sinn eestëmmeg d’accord, fir trotz konjunktureller Schwächt um Ziel festzehalen, fir geschwënn 1 % vun eisem geschafene Wuesstum an d’Entwécklungshëllef z’investéieren. De Kooperatiounsminister ass den Owend wuel een zefriddene Mann?

Charel Goerens: Doriwwer kann ech mech nëmme freeën an ech kann nëmmen hoffen, datt keng Pann virkënnt, datt déi Akzeptanz och duerch näischt a Gefor geréit.

Tom Graas:  Déi grouss Approbatioun ass iwwregens och d’Meenung vun der ganz grousser Majoritéit vun der Lëtzebuerger Populatioun, mä ganz dacks - mir hunn et gëschter Owend an engem klenge Sondage gesinn - mam Saz hannendrunn, et duerfen awer déi net vergiess ginn, déi heiheem am Misère oder am Chômage liewen. Schléissen déi zwou Forme vu Solidaritéit sech dann ieren aus?

Charel Goerens:  Et gëtt eng extern Form vun der Solidaritéit an eng intern Form vun der Solidaritéit. Wann ee wëllt solidaresch sinn, da muss een dat an déi zwou Richtunge sinn. Et fonktionnéiert eben och net anescht. A wéi de Rapport vum Programm des Nations unies pour le développement weist, sinn déi Länner déi den niddregsten Taux de précarité  bei sech doheem hunn och déi déi am meeschte  fir d’Entwécklungshëllef ausginn. Dat vérifiéiert sech bei Schweden, bei Norwegen, bei Dänemark, bei Holland a bei Lëtzebuerg. Dat heescht, do ass de Prozentsaz vun de Leit, déi manner wéi 60 % verdingen wéi den Duerchschnëtt, och méi kleng  wéi bei deenen Länner, déi net vill gi fir d’Entwécklungshëllef.

Tom Graas:  Bleiwe mer nach ee Moment bei Äerer Étude. Déi huet gewisen, datt déi Jonk tëschent 15 a 25  Joer vill manner sensibiliséiert sinn, wat de Sënn an den Zweck vun der Cooperatioun ubelaangt. Muss do nach eng Kéier nogehaakt ginn?

Charel Goerens: Ech ka verstoen, dat si Kanner an engem Alter, wou si ganz vill Problemer hunn, wou se nach keng berufflech Perspektiven hunn. Een dee seng Plaz verléiert oder een dee keng Perspektive huet, schwätzt deem net vu Cooperatiounspolitik. Dat interesséiert deen net. Deen ass drunn interesséiert, datt och seng Problemer percevéiert ginn an datt déi adresséiert ginn an et ass normal, datt  ee muss ee Message hunn fir Leit, déi Problemer bei sech doheem hunn an och ee Message hu fir déi dobaussen. An ech mengen, mir sinn an enger Situatioun zu Lëtzebuerg, wou een d’Moyenen huet fir esouwuel op deem enge Plang wéi op  deem aneren kënnen eppes ze maachen.

Tom Graas: Ass d’Cooperatiounspolitik dann aktiv genuch, präsent genuch, an de Schoulen?

Charel Goerens:  Et kann een natierlech méi präsent sinn. Mir hu jo och de Mëtteg eng Motioun akzeptiert an der Chamber, déi de Sensibilisatiounseffort nach vergréissert  an och den ONGen d’Méiglechkeet gëtt, dat nach weider auszebauen. Mir mengen do wier eng Lacune an déi muss och nach combléiert ginn.

Tom Graas:  Zanter enger Rëtsch Joren mécht eis Kooperatioun ënnert anerem och grouss  Efforten an der Balkanregioun, am Kosovo, am Montenegro, am Sandjak fir nëmmen déi ze nennen. Ass dat och ee Stéck Asylpolitik, dat heescht fir d’Zuel vu potentielle Flüchtlinge Richtung Lëtzebuerg ze reduzéieren?

Charel Goerens: Mir maachen een Effort an der Balkanregioun, fir d’Situatioun op der Plaz ze stabiliséieren. Am Kosovo ass et net roseg. Am Montenegro ass et net brillant. An Albanien ass nach carrément schlecht. Dat selwecht gëlt fir Mazedonien. Dat huet ganz vill mat enger Gesamtperspektiv fir de westlechen Balkan ze dinn. Wann déi Länner wierklech d’Perspektiv hunn fir iergendwann der Europäescher Unioun bäizetrieden an ech mengen, dat kréichen se lues a lues, och duerch déi Stabilisatiounsefforten déi gemeet ginn, da kënnt ee vläicht en Décollage vun den Économien op der Plaz kréien. En attendant  si mir präsent, anerer och, mä insgesamt ass  d’international Communautéit do net genuch präsent.  Mir kënnen d’Problemer net alleguer do léisen, mä mir kënnen awer  dozou bäidroen, datt d’Lous vun deenen, déi op Lëtzebuerg komm sinn an déi zréckginn awer doheem iergendwéi verbessert gëtt. Mä ganz kréie mer d’Problemer net geléist, well mir stigmatiséieren och d’Absence vum Engagement vun der internationaler Communautéit. Déi misst vill méi grouss sinn.

Tom Graas: An deene leschte Statistiken gesi mer, datt mer an der Lescht ëmmer méi Flüchtlingen hunn, déi aus Westafrika  kommen. An der Chamber gouf de Mëtteg e puer Mol suggéréiert, fir de Konzept vun de Pays cibles mat däer Tendenz ze verbannen. Wat haalt Dir dovunner?

Charel Goerens: Dat do muss ee mat Virsiicht ugoen. Mir hu 5 Länner als Ziellänner a Westafrika. Mir hunn och gutt Relatioune mat deenen. Mir gesinn, datt do Länner wéi de Cap Vert, wéi de Senegal, och de Mali, schonn demokratesch Transitioune fäerdeg bréngen. Si fänken un och eng besser Gouvernance ze kréien. Mir wierken do stabiliséierend. Et sinn allerdings aner Länner, déi d’Géigend destabiliséieren. Ech denken zum Beispill un d’Côte d’Ivoire, wou mer op een Hoer no ee Génocide kritt haten, wéinst dem Konzept vun der Ivoirité, wou d’Land praktesch an zwee gespléckt ginn ass. Dat konnt Gott sei Dank duerch d’Präsenz vun der franséischer Arméi do verhënnert ginn. D’Situatioun ass kritesch do. Ech mengen, mir sollen also virufueren do dat ze maachen, wat mer am gaang sinn ze maachen. Do konzentréiert sech och praktesch den Haapteffort vun der Lëtzebuerger Cooperatiounspolitik. Erëm eng Kéier: Mir missten déi aner Länner dozou kréien, datt si méi maachen. Lëtzebuerg ass praktesch um Maximum vu senge Moyenen ukomm a mir mussen elo anerer dozou iwwerzeegen, datt se och sech op déi 0,7 % hibewegen, well nëmmen doduerch ass et méiglech, datt een d’Aarmut net nëmmen halbéiert kritt, mä datt een d’Aarmut ganz éradiquéiert kritt, dann huet een och Files migratoires déi nettement méi niddreg si wéi dat elo de Fall ass.

Tom Graas: Aus Politikermond goufen déi westafrikanesch Flüchtlingen an zum Deel mam ganz bizarren Sazkonstruktiounen an engem Otemzuch mat kriminellen Elementer a Verbindung bruecht. Wat ëmfannt Dir bei sou Aussoen?

Charel Goerens: Also een deen zu Lëtzebuerg ass, dee weess, datt e gewësse Saachen net däerf maachen, ob dat elo ee Lëtzebuerger ass oder een Net-Lëtzebuerger. Et gi gewësse Saachen, déi mécht een net. Kriminalitéit huet eppes mat Kriminalitéit ze dinn, awer net mat der Origine vun deene Leit déi hei zu Lëtzebuerg sinn.

Tom Graas:  Ass dat  keng geféierlech Assimilatioun och 3 an en hallwen Mount viru Walen?

Charel Goerens: Ech wëll hei kengem eng Ënnerstellung maachen. Ech mengen, och do kréien eenzel Regierungsmemberen e falsche Prozess gemeet, well et war net an hirer Absicht fir elo all déi, déi hei zu Lëtzebuerg sinn an net Lëtzebuerger sinn ze kriminaliséieren. Dat war et bestëmmt net, well mir hunn eis och doriwwer ausgiebeg ënnerhal. Ech mengen, et muss een ëmmer oppassen, wat ee seet, well heiandsdo gi Saache falsch verstanen oder gi se aneschters verstane wéi ee se gemengt huet.

Tom Graas: Den CSV-Deputéierten Laurent Mosar huet de Mëtteg gemengt, d’Immigratiounspolitik kéint an Zukunft an de Kooperatiounsministère integréiert ginn. Wat halt Dir dovunner?

Charel Goerens: Et ass eng Iddi wéi eng aner. Wichteg ass, datt eng Regierung  koherent ass an hirer Gesamtpolitik, wéi duerno d’Kompetenze verdeelt ginn ass eng zweet Saach. Et kann ee koherent sinn andeems datt d’Kompetenze verstreet sinn, et kann een och inkohärent mat sech selwer sinn  a sengem eegenen Haus. Wichteg ass also d’Kohärenz an net onbedingt d’Zesummesetzung vun de Ministèren.

Tom Graas: Charles Goerens, merci fir dëst Gespréich.

Charel Goerens: Gär geschitt

Dernière mise à jour