Interview avec le Premier ministre concernant son entrevue avec le Premier ministre irlandais et président en exercice du Conseil européen Bertie Ahern à Dublin

Frank Kuffer: Ronderëm déi Verfassung an d’Regierungskonferenz ass et an de leschte Wochen a Méint jo awer op d’mannst an der Ëffentlechkeet zimmlech roueg ginn. Wou si mir dann elo drunn? Lafen d’Verhandlungen an de Kulissen weider?

Jean-Claude Juncker: Mäin Androck ass net, datt et méi roueg ginn ass, wann ech kucken, wat een all Dag ze dinn huet. An de Kulissen an och op der offener Bühn, lafen d’Gespréicher ronderëm déi Verfassung virun. Mir waren déi lescht Woch zu Paräis, fir och do doriwwer ze schwätzen, an souvill aner Gespréicher doriwwer. Den iresche Premier geet dovun aus, datt et raisonnabel Chancë gëtt, wa jiddferee sech e bëssen beweegt, fir nach virum Mount Juni zu enger Verfassungsgebung ze kommen. Dat setzt viraus, datt virun allem Däitschland, Frankräich, Polen a Spuenien erkenne loossen, datt si wierklech un engem Kompromiss interesséiert sinn. Zeechen an déi Richtung gëtt et a mir hunn den ireschen Premier ënnerstëtzt, wann déi raisonnabel Pisten sech als Gank en plus géifen erausstellen, fir déi virun ze goen, well mir och mengen, datt et gutt wier, wa mir esou séier wéi méiglech mat deem Prozess iwwer d’Bühn wieren, och ënner anerem, fir datt deen Aspect net an d’lëtzebuergesch Presidentschaft am éischte Semester 2005 rëtscht.

Frank Kuffer: Dir hutt et ugeschwat, Dir hutt jo och d’lescht Woch och mam franséische President Jacques Chirac iwwer d’Constitutioun geschwat. Koumen do eventuell nei Ideen eraus, déi Dir elo mam Bertie Ahern diskutéiert hätt?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn hei eng Rei vun Ideen a vun Iwwerleeungen transportéiert, déi och an eise Paräiser Gespréicher opgetaucht sinn, an déi mir do besprach hunn. Virun allem, wat den Ofstëmmungssystem am europäesche Ministerrot, dat heescht beim d’Gesetzesgebungsverfahren ubelaangt, gëtt et Iwwerleeungen, fir op der Zäitachs eng Léisung ze probéieren, an däer Gestalt, datt een nach eng Zäit laang mat dem Ofstëmmungssystem vun Nice viru fiert, mä datt een elo décidéiert, vu wéini un, datt ee mat engem neie System ufänkt. Et ass an däer Richtung, wou och d’iresch Presidentschaft ënnerwee ass fir ze sichen, eng Léisung ze fannen.

Frank Kuffer: Goufen et soss wichteg Discussiounen en vue vum Fréijoerssommet?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn am Detail, déi sougenannten Lissaboner Agenda duerchbliedert. Dat ass déi Décisioun, déi mir am Joer 2000 a Portugal, zu Lissabon, eben geholl hunn, fir aus der Europäescher Unioun dee wettbewerbsfähegen Deel vun der Weltwirtschaft bis zum Joer 2010 ze maachen Déi lëtzebuergesch Presidentschaft vum nächste Joer muss do eng sougenannten „mid-term review“, eng Hallefzäit-Bilanz maachen. Déi gëtt elo am Mäerz zu Bréissel ënner irescher Presidentschaft virbereet, an et ass ganz wichteg, datt et zu enger Interartikulatioun tëschent den ireschen an de lëtzebuergeschen Efforten kënnt, fir dee Prozess ze credibiliséieren, fir déi Strukturreformen ze maachen an eise Länner, déi musse gemaach ginn. Dat hu mir am Detail besprach, an do gëtt et eng total Iwwereestëmmung tëschent Irland a Lëtzebuerg.

Frank Kuffer: Häer Staatsminister, merci fir déi Explikatiounen.

Dernière mise à jour