Interview avec le ministre de la Justice Luc Frieden sur les attentats perpétrés à Madrid

Caroline Mart: Am Studio begréissen ech elo de Justizminister Luc Frieden. Gudden Owend.

Luc Frieden:  Gudden Owend.

Ass dat esou, kann ee well Politik, Europapolitik mat Bomme bestëmmen ?

Luc Frieden: Dat ass héchstwahrscheinlech zum Deel hei geschitt. Ech weess net, ob dat d’Intentioun war vun deene Määrder, déi dat do gemaach hunn, mä dat ass ganz sécher, datt dee Vote hei an der Emotioun geschitt ass an datt déi Attentater am Kapp vun de Leit waren. Wann ee kräischt a wiele geet, dann décidéiert een anescht, wéi wann déi Bommen net gefall wären.

Mä wat huet dann elo den Aznar an déi Konservativ d’Victoire kascht, déi jo all Mënsch erwaart huet? D’Tatsaach, datt e vun Unfank un eigentlech eng Politik gemaach huet géint de Wëlle vun de spuenesche Wieler, well déi grouss Majoritéit war jo géint den Asaz am Irakkrich, oder well d’Leit sech manipuléiert a belugen gefillt hunn, nom 11. Mäerz, well versicht ginn ass alles op d’ETA ze schuppen?

Luc Frieden: De Wieler erklärt säi Vote ni an duerfir ass et schwiereg, hei alles eran z’interpretéieren. Ech mengen, datt d’Leit hei net méi décidéiert hunn tëscht dem Rajoy an dem Zapatero. Se hunn net décidéiert tëscht deem enge Walprogramm an deem anernen. Ech mengen och net, datt se d’Irakpolitik als solch an hirem Kapp haten, wéi se stëmmen gaange sinn, mä si hunn awer héchstwahrscheinlech de President Aznar responsabel gemaach, fir d’Ursprung vun deene Bommenattentater an ech mengen, datt dat op eng dramatesch Aart a Weis matgespillt huet. Ech mengen, wat een och net der spuenescher Regierung ka reprochéieren, datt se bewosst vun Ufank u gelunn huet. Ech hu ganz oft mam spuenesche Justizminister a spueneschen Inneminister  iwwert d’ETA an de leschte Joren diskutéiert, am Kampf géint den Terrorismus, an dat war fir si sou ee Problem a sou omnipresent an hire Gedanken, datt dat am Fong normal ass, datt dat déi éischt Reaktioun war. Datt dat bei verschiddene Wieler herno matgespillt huet, déi gemengt hunn...

Jo, mä wa vun Ufank un zwou Pisten do sinn, da seet een et awer kloer, datt vun Ufank un zwou Pisten do sinn. Et hätt se jo awer ganz staark arrangéiert, wann et d’ETA gewiescht wier.

Luc Frieden: Ech wëll just erklären, datt dat net a mengen An vun Ufank u gewollt sou gewiescht wier fir eng Ursaach duerzeleeën, déi vläicht net déi richteg war. Ech mengen, dat war eng spontan Reaktioun, mä de Wieler huet dat héchstwahrscheinlech anescht gesinn.

Am Irak ännert och elo eppes.D’Truppen sollen zréckgezu ginn. Dat heescht engersäits kann ee soen, elo gëtt de spuenesche Bierger hirer Meenung Rechnung gedroen, anerersäits geet awer och d’Rechnung vun den Terroristen op.

Luc Frieden: D’Rechnung vun den Terroristen ass elo schonn zweemol opgaangen, well se hunn déi Regierung, déi héchstwahrscheinlech mat eppes ze doen huet mat dem Ursprung vun dësen Attentater eliminéiert kritt a se evitéiert, datt an Zukunft, d’Leit de Courage hunn, och op enger gewëssener Plaz Responsabiliéit ze huelen. An duerfir, ech weess net ob dat do alles gemengt war vun den Terroristen, mä et ass hinnen op jiddwerfall extrem schnell enorm vill gelongen.

Schlooft Dir manner gutt zanter dem 11. Mäerz?

Luc Frieden: Zanter dem 11. September schonn an elo zanter dem 11. Mäerz, well als Justizminister, zesumme mat de Kollegen an Europa, déi och fir déi Aufgab zoustänneg sinn, ass dat doten eng enorm sérieux, grave Situatioun. Et ass fir d’éischte Kéier - an dat ass den Ënnerscheed zum 11. September - datt mir internationalen Terrorismus an Europa hunn an dat bréngt eis virun enorm Défien, wou een  net dierf an der Panik décidéieren, awer och net weiderschlofen.

Am Moment si jo bestëmmten Stied a bestëmmte Länner an Alarmbereetschaft. Dat ass London, dat ass Roum, dat ass och a Polen de Fall. Dat heescht dat ass déi sougenannte Koalitioun vun de Wëllegen, déi déi d’Amerikaner ënnerstëtzt hunn. Sinn et just déi, déi fäerte mussen?

Luc Frieden: Ech mengen, datt mir alleguerten net musse fäerten, mä datt mir alleguerte musse méi vigilant ginn a besser nach mussen oppassen. Deen Terrorismus do, dee beweist, datt se eis Demokratie - an net fir näischt sinn déi Bommen héchstwahrscheinlech dräi Deeg virun de Walen gehäit ginn - datt eis Demokratie a Gefor ka sinn, datt mir musse mat demokrateschen Äntwerten doropper reagéieren, rechtsstaatlech Äntwerten. Déi sinn net ëmmer einfach fannen, mä mir sinn all a Gefor, quitte datt op der enger Plaz vläicht e bësse méi d’Gefor grouss ass wéi bei eis, dat ass ganz kloer.

Mä wat kann ee Rechtsstaat maachen? Wéi eng Méiglechkeeten hunn europäesch Regierungen géint blannen Terror, géint Leit, déi absolut keng Skrupelen hunn, Honnerten, Dausende vun Onschëllegen ëmzebréngen an och géint Kamikazeattentater. Hei waren se net am Asaz, mä mir wëssen, et ass ee vun de Moyenen. Wéi kann ee sech dogéint schützen?

Luc Frieden: Also fir mech ass dat hei ganz kloer: Dat war ee Krichsakt, mä et kennt een de Géigner net an El Kaída ass jo net eng Address, wou een higeet an dann hëlt een déi Leit fest. Mir hunn eng ganz Rei Saachen scho gemaach. Mir hunn ee Gesetz iwwert den Terrorismus gemaach, wat eng besser Kooperatioun tëscht der Justiz an der Police erlaabt. Mir hunn den europäeschen Haftbefehl ageféiert. Iwwregens si mir fir déi zwee Texter, och hei zu Lëtzebuerg, alt kritiséiert ginn. Ech mengen, datt mer mussen um preventive Beräich nach méi maachen. Et muss een einfach déi Leit, déi Sympathië fir Terrorismus hunn, besser kënne méi fréi erkennen an déi Informatiounen, déi een huet, austauschen. Duerfir hu mer och zu Lëtzebuerg Saache gemaach. Ech wëll drun erënneren, datt wa mer an engem gewëssene Moment Leit och aus Milieuen expulséiert hunn, déi nach net zu enger Infraktioun komm sinn, dann ass zu Lëtzebuerg gesot ginn: Mä wat maachen se dann do? Mä dat ass genau dat, datt mir mussen um präventive Beräich kucken, wou si Leit, déi sech net esou behuelen, wéi ee sech an eiser Demokratie behëlt an hir Meenungen sou aussoen. Wou si Leit, déi a Kontakt si mat potentiellen Terroristen? Déi Informatioune musse mer tëscht de Policen an de Geheimdingschter échangéieren an do bleift nach ganz vill ze maachen, quitte datt mir zanter dem 11. September scho vill méi gemaach hunn.

(...)

Ech mengen, datt a Spuenien d’Emotioun gespillt huet an datt de Bilan vun der Politik, dat de wesentlechen Enjeu ass an de Programm iwwert dee bei Wale soll diskutéiert ginn, datt deen net méi am Virdergrond stoung. A Griechenland ass vun enger ähnlecher Politik genau de Contraire entstanen dee Weekend virdrun. Duerfir, mengen ech, ass dat heiten net op eng Lëtzebuerger Situatioun ze transposéieren.

Luc Frieden, ech soe merci fir de Besuch am Studio.

Dernière mise à jour