Interview du Premier ministre Jean-Claude Juncker au sujet des élections en Espagne

Radio 100,7: Dat spuenescht Vollék huet de José Maria Aznar sanktionnéiert. Iwwer Telefon de Lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker. Wéi reagéiert de Staatsminister op dës Resultater an den Échec vum "Partido popular", der spuenescher Vollékspartei ?

Jean-Claude Juncker: Haut virun enger Woch ass jiddwereen, och déi national an déi international Zeitungen, dovun ausgaangen, datt de „Partido popular“ ouni Problem déi Wahlen géif gewannen. No deenen Attentater vum leschten Donneschdech an no deem eigentlech onbegräiflechen Reagéieren vun der spuenescher Regierung, wat d’Explikatioun an d’Origin vun deenen Attentater ubelaangt, ass dat Resultat dat, wat et ass. D’Spuenier hunn net gekuckt, wat déi lescht 4 Joer a Spuenien geschafft ginn ass, mä si hu gekuckt, wat déi lescht 2 Deeg probéiert ginn ass de Spuenier anzerieden, nämlech datt nëmmen d’ETA géif fir déi Attentater a Fro kommen. Et ass eng eigentlech gesond Reaktioun, datt ee sech net, och net 2 Deeg virun de Wahlen, an enger dach exzessiv dramatescher Fro, un der Nues erëmféiere wëllt loossen.

Radio 100,7: De grousse Reproche vun de spuenesche Wieler un de José Maria Aznar schéngt manner de Fait, datt en mat den USA an den Irakkrich gezunn ass, géint dee jo 80 Prozent vun de Spuenier waren, mä éischter d’Tatsaach, wéi Dir gesot hutt, datt déi spuenesch Regierung virun de Wahlen wichteg Informatiounen iwwert d’Attentater vun Madrid zeréckbehalen huet. D’Vollék huet sech bedrunn gefillt. Welch Informatiounspflicht hunn Regierungen géintiwwer hirem Vollek?

Jean-Claude Juncker: Dat ass eng schwiereg Fro a sou engem Kontext wéi deem doten. Et weess ee jo net wéi et war, obschonn d’Probabilitéit - mir selwer hunn dat zum Ausdrock bruecht, de leschte Freideg Nomëtteg - net auszeschléissen ass, datt El Kaida hannert deenen Attentater stécht. Ech hunn Verständnis duerfir, datt een net direkt alles seet wat ee weess, well ee jo muss déi Elementer, déi wichteg si fir d’Enquête, e bësse geheim haalen, fir datt déi Enquête kann erfollegräich ofgeschloss ginn. Ech hunn awer kee Verständnis dofir, datt een esou mécht, wéi wann een all Explikatiounen hätt - an dat huet d’spuenesch Regierung jo manifestement probéiert ze maachen, an dat ass de falschen Ëmgang mat Informatiounen. Entweder et gëtt een keng oder et gëtt een déi richteg. Mä et däerf een net eng ginn, iwwert déi een net sécher ass, a menger Ansicht no huet d’spuenesch Regierung deen onverzeilechen Feeler, an deen an der Demorkatie och net akzeptabele Feeler gemaach, esou ze maachen, wéi wann se ganz genau wéisst ween géif dohannert stiechen. Dat hunn d’Spuenier net akzeptéiert an dat ass och net akzeptabel.

Radio 100,7: Et besteet jo och eng Informatiounspflicht, schonns alleng wéint der Sécherheet géintiwwer den aaneren europäeschen Partner, den aaneren EU-Staaten. Gouf et do eng gewësse Roserei?

Jean-Claude Juncker: Et gëtt eng liicht Irritatioun bei den anere Memberstaaten, well déi ëffentlech matgedeelten Informatiounen awer staark iwwerzunn waren.

Radio 100,7: Mat den Attentater vun Madrid huet den internationalen Terrorismus an Europa zougeschloen, wann een den Informatiounen kann Recht ginn, déi ee biswell huet. Welch Konsequenzen huet déi Europäesch Unioun dorauser ze zéien?

Jean-Claude Juncker:  Et muss ee fir d’éischt emol ofwaarden, zu watfir Resultater a Conclusiounen datt d’Enquêteuren an Spuenien kommen. Mä wann ech - dat hu mer och e Freideg am Briefing gesot - dovun ausgoe kann, datt déi El Kaida Piste sech als déi richteg erweist, et ass ganz evident, datt mer dann den Terror no Europa importéiert kritt hunn an datt jiddwereen bei sech muss Suerg dofir droen, datt déi, di een suspectéiert, kënnen déi Lokalvertrieder vun dem Terrornetz sinn, datt déi musse ganz schaarf am An behal ginn an datt een d’Sécherheetsstuff natierlech muss ee Stéck eropsetzen.

Radio 100,7: Wat haalt Dir vun der Propose vum däitschen Inneminister Otto Schily fir eng europäesch Sécherheetskonferenz anzeberuffen?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn déi nächst Woch een europäesche Rot an do gëtt ouni all Zweifel iwwert déi Terrorbedrohung geschwat an et ass nëtzlech, datt d’Innen- an d’Justizministeren dat Treffen vun de Regierungschefen virbereeden.  Wichteg wier et allerdings, datt dat net nëmmen ee Meeting wier, wou Informatiounen ausgetosch ginn, obschonn dat och ganz wichteg ass, mä datt een och do zu méi décidéierten Moossnahme kann kommen. Déi gesinn ech de Moment allerdings net iwwert dat eraus, wat mir scho bei fréiere Geleegenheet wéi sou Fäll (interruption).

Radio 100,7: Souwäit de Lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker.

Dernière mise à jour