Charles Goerens au sujet de sa visite en Israël et dans les Territoires palestiniens

Zenter en Dënschden an nach bis haut mat ass de Cooperatiounsminister  Charles Goerens op Visite an Israël an an de palästinensesche Gebidder. D’Entrevue mam israeleschen Ausseminister Silvan Shalom gouf kuerzfristeg ofgesot. Um Programm stoungen awer Gespréicher mat Memberen vun der Knesset a mat palästinensesche Ministeren, dorënner den Ausseminister Nabil Shaath. Um Telefon begréissen ech elo de Cooperatiounsminister. Gudde Mëtteg Här Goerens.

Charles Goerens: Jo, gudde Mëtteg.

De Palästinenser President Yasser Arafat huet Israël gëschter virgeheit, d’Gazastreif wëllen ze zerstéieren. Hien huet den neie Militärasatz e grousst Verbriechen genannt. Ziel wier eng bewosst Eskalatioun vun der Situatioun an de Palästinenser Gebitter. Wéi eng Impressioun hutt Dir vun der momentan ganz ugespaanter Lag am Noen Osten?

Charles Goerens: Also mir haten Gespréicher mam Nabil Shaath, deen ass ganz optimistesch gewiescht, wat déi mëttel a laangfristeg Accèsen ubelaangt. Hien gesäit an deem avancéierte Retrait vun den Israelien eng Chance, eng grouss Opportunitéit, heen hofft alerdengs datt et een Takeover gett, e raisonnabelen, ouni datt et elo zu engem Retrait gëtt, dee Chaos no sech zitt. Wat déi Incidenten ubelaangt, déi dir elo mentionéiert hutt, déi sinn natierlech schrecklech bedauerlech an dat sinn all kéiers erëm nei Obstaclen, déi dem Friddensprozess an de Wee geluecht ginn.

Wéi schlëmm ass d’Situatioun am Noen Osten de Moment? Wat hunn är Gespréichspartner soss gesot op israelescher an op palästinensescher Säit?

Charles Goerens: Si bedaueren natierlech och alleguer déi Schrëtt. Den Nabil Shaath huet och ausdrécklech déi Attentater vun Ashdod vum leschten Sonndeg condamnéiert. Hien huet och gesot, datt et, dat déi Spiral vu Gewalt ze näischt féiert. Mir ginn dovun aus, datt de Friddensprozess eng seriös Chance hätt, wann dee "strategic entry-point" deen d’Sécherheet heescht, wann deen op den zwou Säiten géif zu engem Comportement Ulass ginn, deen à même fir deen, deër klenger Blimmchen do vum Friddensprozess eng Chance ze ginn. Mir ginn dovun aus, datt aus deenen Gespreicher déi mir elo matkritt hunn, datt de Gaza trotz allem eng Rei vu gudde Potentialiteiten huet fir sech erop ze schaffen. Se brauch natierlech och Hëllef vun aneren vun der internationaler Communitéit, net nëmmen vun der Europäescher Unioun eleng. Mir hunn si och gefrot, wéi se sech dat virstellen, an do vermëssen ech allerdéngs nach eng ganz kloer Entwécklungsstrategie. Déi ass awer indispensabel fir kënnen laangfristeg an nohalteg ze wierken.

Lëtzebuerg steiert all Joer an der Moyenne 4 Milliounen Euro bäi fir d’Entwécklung an de Palästinenser Gebitter. Wéi ass déi aktuell humanitär Situatioun op der Plaz a wat bewierkt hei déi lëtzebuerger Cooperatiounspolitik?

Charles Goerens: Déi humanitär Situatioun op der Plaz ass exécrable, et gëtt vill Malnutritioun, et ass ee ganz nidderegen Taux vun Leit déi Aarbecht hunn. D’Économie informelle, déi huet d’Iwwerhand iwwerholl, Gott sei Dank, soss wier praktesch iwwerhaapt näischt do. Dofir sprengt d’international Communautéit, d’international Solidaritéit natierlech an. Wat Lëtzebuerg kann dozou kann bäidroen, dat ass enger Säits op humanitärem Plang hëllefen. Mir hunn an der Vergaangenheet gehollef, Spideeler ze etabléieren, mir hunn eis bedeelegt un enger, um Ausbau vun der agronomescher Fakultéit vum Gaza an des weidere si mir an der Förderung vu Schoulprogrammer present. Dat ass am Fong eng Hëllef, déi iwwer dee rengen humanitären Aspekt erausgeet an am Fong en Investissement an d’Zukunft. Op déi Manéier schéngt d’lëtzebuerger Hëllef awer keen Investissement an een Fonds perdu ze sinn.

Souwäit de Coopératiounsminister Charles Goerens, de Moment op Visite an Israël an an de palästinensesche Gebidder. Merci dir d’Gespréich.

Dernière mise à jour