Le ministre Charles Goerens au sujet de la coopération au développement en Israël et dans les Territoires palestiniens

Haut geet eng 3 Deeg laang Visite vum lëtzebuerger Coopératiounsminister Charles Goerens an Israël, respektiv an de palästinenseschen Territoiren op en Enn. Lëtzebuerg ënnerstëtzt op deër palästinensescher Säit verschidden Projeten. Enner aanerem gouf mat deene Suen eng agronomesch Fakultéit finanzéiert. Iwwert d’UNO bedeelegt sech de Grand-Duché och un deene verschiddenen Initiativen an d’Schoulen, wou wéinst terribelem Manktem u Plaz d’Couren a Schichte musse gehaalen ginn. De Frank Kuffer huet de Moien mam Charles Goerens geschwat.

Frank Kuffer: Déi palästinensesch Territoiren ënnerscheeden sech vun deenen aneren Ziel-Länner, wou Lëtzebuerg hëlleft, schonn e bëssen, sou de Charles Goerens, well normalerweis ass Entwécklungspolitik op laang Siicht ze gesinn.

Charles Goerens: Dat ass bei de Palästinenser vläicht eng Idee nach méi schwéier wéi an aneren Entwécklungslänner, mat deene mir elo jorelaang Coopératiounen maachen. Ech mengen awer, mat deenen Atouten déi d’Palästinenser och hunn, op enger Toile de Fond de stabilité, wier do vill méi dran, wéi de Moment.

Frank Kuffer: De Cooperatiounsminister huet sech also op der Plaz déi Projeten ugekuckt, déi Lëtzebuerg ënnerstëtzt. Mä, wéi gewosst ginn et an der Géigend awer och nach ëmmer gréisser Sécherheetsproblemer. Bei senge politesche Gespréicher mat Israeli an Palästinenser huet de Charles Goerens eng kleng Ouverture, mä och nach e puer Fragezeichen gesinn.

Charles Goerens: Ech sinn e bëssen skeptesch wat de Retrait vun Israel ubelaangt. Net, datt dee soll geschéien oder net, ech ginn dovunner aus datt dat passéiert. Et muss awer en Handover ginn an net einfach en Départ deen net virbereet ass. Well soss riskéiere mir eng Situatioun ze kréien, déi vum Chaos markéiert ass, wat och keng Léisung ass. Dat sinn och déi Impressiounen déi eis Gespréichspartner, ënner anerem den Ausseminister vun der Autorité palestinienne an och de Finanzminister eis ginn huet.

Frank Kuffer: Net méi spéit wéi dee leschte Week-end si jo bei engem Kamikaze-Attentat nees 10 Leit em d’Liewe komm. D’israëlesch Arméi huet mat Gewalt geäntwert. De Charles Goerens schwätzt vun engem Dialog de sourds:

Charles Goerens: Ech muss awer och soen, datt mir beim Nabil Shaath, beim Ausseminister vun der palästinensescher Autoritéit och eng kloer Condamnation vun deenen Attentater déi zu Ashdod geschitt sinn e Sonnden, héieren hunn. Dat ass encourageant datt awer vun der Autorité palestinienne och esou Téin kënne geäussert ginn, de Contraire wier natierlech och inakzeptabel.

Frank Kuffer: E strategesche Punkt fir d’Sécherheet, dofir wieren awer Reformen absolut néideg.

Charles Goerens: Reformen kënnen natierlech nëmme just da gedeien, wann se och vun hinne konzipéiert ginn. Si mussen aus hire Gesellschaften selwer eraus kommen. Do gëtt et e massiven Obstacle, a wéi dee kann ënner Kontroll kommen, dat wësse mir och nach net. Dat ass den Hamas, deen natierlech och am Gaza eng Kraaft ass, déi net ze ënnerschätzen ass.

Frank Kuffer: Et misst kloer gemeet ginn, datt d’Europäer, an domat och Lëtzebuerg, dat nächst Joer jo d’Présidence vun der Unioun huet, op der Säit vun deenen steet, déi d’Sécherheet wëllen.

Dernière mise à jour