Interview avec le Premier ministre Jean-Claude Juncker sur la situation au Kosovo

Frank Kuffer: A fir iwwert d’Situatioun am Kosovo ze schwätzen, sinn ech elo mam Staatsminister Jean-Claude Juncker verbonnen. Gudde Moien Här Juncker.

Jean-Claude Juncker: Gudde Moien Här Kuffer.

Dir hutt et jo scho virun e puer Méint gesot, do géif eppes geschéien, Dir hätt ee schlecht Gefill. Dir sidd also net iwwerrascht wat do lo geschitt?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn net total iwwerrascht iwwert déi Nees-explosioun vun der Gewalt am Kosovo, well wéi mer do waren, an den direkte Gespréicher mat den direkten Responsabelen, an am Versuch net ronderëm d’Saachen ze schwätzen, mä se direkt unzeschwätzen, konnt ee gewuer ginn, datt sech do eppes géif zesummebrauen. Ech hat éischter gemengt, dat géif sech d’nächst Joer ëm dës Zäit entlueden, wann d’Fro vum definitive Statut, dat heescht vun der Onofhängegkeet vum Kosovo zur Diskussioun steet. Et ass éischter geschitt, mä et kënnt net total iwwerraschend.

Wat muss dann elo geschéien? Wat muss oder kann d’EU maachen fir eng Katastrof ze verhënneren?

Jean-Claude Juncker: Et sinn elo déi kuerzfristeg Moossnahme getraff ginn, déi ze treffen waren. Notamment eng Verstäerkung vun der internationaler Truppepräsenz. Et muss ee jo gesinn, datt déi ofgebaut ginn ass déi lescht 5 Joer. Et stounge 50.000 Zaldoten am Kosovo, et sinn der elo nach 17.500 oder 18.000. Dat geet manifestement net duer fir Rou do ze behaalen an duerfir kënnt et elo zu enger Truppeverstäerkung. Dann ass et awer och wichteg ze gesinn, datt déi international Gemeinschaft net midd gëtt, un d’Konfliktparteien z’appelléieren sech ze pakken a friddlech mateneen zesummenzeliewen. Well onendlech laang an an all Éiwegkeet kann jo net d’international Kommunotéit duerch eegen Efforten duerfir suergen a suerge wëllen, datt et net zu deem Konflikt kënnt. Iergendwann mussen déi Leit mat hirem Konflikt selweer eens ginn, duerfir ass et manifestement nach ze fréi. Et muss awer och de Leit bedeit ginn, datt mer net ëmmer kënnen hëllefen.

Dir hutt jo och viru kuerzem op dëser Antenn gesot, et géife keng Flüchtlinge méi zréck an de Kosovo geschéckt ginn. Dat ass den 9. Mäerz awer geschitt. D’ASTI freet, datt all Persoun aus dem Kosovo, egal ob se zu enger ethnescher Minoritéit gehéiert oder net, hei am Land eng Aarbechts- an Openthaltsgenehmegung misst kréien. Sidd Dir domadder d’accord?

Jean-Claude Juncker: Ech si mol fir d’éischt net domatt d’accord, datt Dir sot ech hätt eppes Bestëmmtes op Ärer Antenn gesot. Et ass kloer, datt andeem wat ech gesot hunn, och andeem wat den Här Justizminister gesot huet, ëmmer vun gruppéierten, massive Retouren am Kosovo riets war. Ech hunn déi ëmmer ausgeschloss, obschonn eis Noperen déi maachen. Den Här Schily, d’Belsch, d’Fransousen an d’Hollänner maachen déi. Mir maachen individuell Retouren an net wéi den Här Goebbels de Mueren op Ärer Antenn och huet däerfe soen, Dosendeweis manu militari Retouren an Albanien, dat stëmmt jo net. Dat geschitt net. Et ginn individuell Retoure gemaach a wann et sech ëm Minoritéiten handelt, nëmmen, wa mer mat den UNOs-Autoritéiten op der Plaz ganz genau ofgepréift hunn a gecheckt hunn, ob déi Persounen, wa se zréckkommen, a Sécherheet sinn. Duerfir soll een net esou maachen, wéi wa mir elo hei honnerten an dausendeweis oder och nëmmen zéngterweis Albaner géifen an de Kosovo zréckféieren. Dat ass ganz einfach net de Fall. An den nächste Woche fënnt och kee Retour vun Albaner statt.

Här Juncker, Merci fir dës Präzisiounen.

Dernière mise à jour