Le ministre des Affaires étrangères Lydie Polfer au sujet de la guerre en Irak

Madame Polfer, d’Welt ass nom Krich am Irak net méi sécher ginn, am Géigendeel. En plus huet d’UNO un Crédibilitéit verluer, d’USA an hir Alliéiert souwisou, an am Irak selwer ass nach ëmmer vill Chaos, Armut, Terror an Ongewëssheet. De Bilan vun deem Krich kann also kaum positiv ausfaalen, oder?

Lydie Polfer: Jo, ech mengen dat Joer war ee ganzt schwéiert Joer. Et war ee schwéiert Joer fir d’international Communotéit, Dir hutt et gesot. D’UNO huet un Crédibilitéit agebéisst, d’Europäesch Unioun huet och ennerlech gewisen, datt se a verschidden Analysen sech net eens ass an am Irak selwer muss een zwar soen, datt de groussen Deel vun de Leit méi fräi haut liewen, mä awer net méi friddlech, well effektiv vill Froen, besonnesch wat d’Organsiatioun, d’Reconstructioun vun deem Land ubelaangt, wierklech nach net geléist sinn. Mä mir sinn awer um Wee vun der Reconstructioun. Ech mengen, et ass virun e puer Deeg, hunn se hir Iwwergangsconstitutioun ugeholl, déi versicht op eng friddlech Aart a Weis d’Zesummeliewen vun ganz verschiddenen ethneschen a reliéisen Communautéiten z’organiséieren, wat net einfach ass, dat gesi mer all Dag.

Fir nach emol bei d’Ursaache vun deem Krich zréckzekommen, Massenzerstéierungswaffe goufe bekanntlech keng fonnt. War et nëmmen ee fatalen Irrtum deen den Hären Bush a Blair do ënnerlaf ass oder hunn se dat awer scho ganz bewosst net esou ganz genee geholl mat der Wouerecht, fir de Krich ze verkaafen, wéi den Hans Blix dat gesot huet, de fréiere Chef vun den UNO Waffeninspekteren?

Lydie Polfer: Also, datt de Saddam Hussein een horriblen Diktator wor, deen och wierklech eng Gefor duergestallt huet, ech mengen dat ass ganz kloer, mä mir haten an ee groussen Deel vun der internationaler Communotéit hat awer eng aaner Vue, wéi een hätt un dee Problem missten erugoen. Zum Beispill d’Waffen, massiv Waffen, déi sollten duerch d’Inspekteren vun der UNO sollt gekuckt ginn, ob se géinge bestoen a wa jo, hätten se natierlech misste vernicht ginn an do ass jo eben de springende Punkt, do ass op eemol d’Analyse vun den Amerikaner an hiren Alliéierte mat villen aaneren auserneegaang.

Sidd Dir dann der Meenung, datt dem Bush seng Doktrin vum Präventivkrich elo duerch deen Disaster am Irak vum Dësch ass?

Lydie Polfer: Ech mengen, mir hunn virdrun gesot, d’UNO huet och u Crédiblilitéit agebéisst, well d’UNO am fong jo net, datt mer et, loosse mer soen, mir gehéieren jo och dozou, d’international Communotéit huet et net fäerdeg bruecht enger Situatioun, wou während Joren d’Résolutiounen vun der UNO effektiv net respektéiert ginn sinn, si hat sech d’Moyenen net ginn, fir wierklech déi awer an d’Aktioun ëmzesetzen an duerfir muss och um Niveau vun der UNO zu neien Weër an och zu neie Moyenen an zu neie Mëttel gesicht ginn, fir eben esou Situatiounen entgéintzetrieden. D’Weltcommunautéit kann och net nokucken, wann op enger Plaz Leit wierklech zu dausenden doud gemaacht ginn. Ech mengen, leider huet déi rezent Aktualitéit dat ëmmer nees gewisen, an d’international Communautéit iwwert d’UNO, well dat ass déi Plaz eben wou déi do Konflikter mussen diskutéiert a regléiert ginn, muss sech aaner Moyenen ginn. Déi waren, déi hat se net oder konnt se op alle Fall net bis zum Schluss duerchzéien an ech mengen, do si mer alleguer gefuerdert fir der internationaler Communautéit besser Moyenen ze ginn.

Lo mam Recul gekuckt, hätt d’lëtzebuerger Regierung sech net vun Ufank un vill méi vehement misse géint de Krich ausschwätzen? Am Ufank war d’Positioun jo net onbedingt ganz kloer, op manst ass se net als ganz kloer verstanen ginn.

Lydie Polfer: Also dann ass se net verstan, well se war ganz kloer. Wat war eis Positioun? Mä eis Positioun war eben just, datt de Problem vun de Massevernichtungswaffen am Irak misst am Kader vun der internationaler Communotéit geléist ginn. Ech wëll drun erënneren, datt réischt am November d’UNO d’accord war, fir op eng Resolutioun, wéi dann elo d’Inspekteren sollte virgoen a mir wollten natierlech, datt déi Insepkteren déi Méiglechkeet kréien fir hir Aarbecht bis zum Enn, awer wéi gesot bis zum Enn duerchzezéien an dann hätte mer d’Gewëssheet gehat, ob Massevernichtungswaafen do gewiescht wieren oder net. Am Januar ass et beemol awer kloer ginn, datt d’Amerikaner net wollten den Inspektere wierklech déi Zäit ginn, déi se gebraucht hätten fir dat ze féieren an ech muss soen, do hu mir direkt ganz kloer Stellung geholl. An der NATO huet eise Vertrieder am Januar direkt gesot, datt mer net d’accord wieren fir déi Mëttelen zur Verfügung ze stellen, déi dee Moment vun den Amerikaner gefrot ginn an ech hunn am Januar och schonn ganz kloer an der Regierung gesot, datt mer enger militärescher Aktioun ouni d’Ënnerstëtzung vun der UNO net kënnten zoustëmmen. Mä mir hunn dee Moment awer nach gehofft, datt et vläicht net esou wäit kéim, mä dat ass am Mount Februar ëmmer méi kloer ginn an ech mengen, mir hunn zu deene 4 och gehéiert, déi ganz kloer um europäesche Plang a vun Ufank u gesot hunn, datt mer net kënnten enger militärescher Aktioun zoustëmmen, déi net eben, wéi gesot vun der UNO ofgeséchert wier.

D’Friddensbewegung fillt sech op jiddwer Fall lo mol ganz confirméiert an hirer Angscht an hirem Reproche, datt et den Amerikaner souwisou nëmmen ëm geopolitesch Intérêten, respektiv och wirtschaftlech Intérêten gaange wier. Gesidd Dir dat dann och esou?

Lydie Polfer: Ech mengen et ass eng Regioun, déi eng ganz schwiereg Regioun ass, well haut ass den Irak vun dem Saddam befreit, mä wéi gesot, mir gesinn awer och datt den Irak säi Fridden nach net fonnt huet. Well, ech mengen, wann een déi ganz Gruppe gesäit, wéi am Fong se ënnert sech och ganz zerstridde sinn, dann gesäit een, datt d’Welt a besonnesch och Europa sech net vun deër Regioun kann desinteresséieren. Dofir et kann een net maachen, wéi wann dat eis näischt géing ugoen, ganz au Contraire. An den Terror, sou wéi mer en och lo leider nees d’lescht Woch zu Madrid gesinn hunn, dat ass, kann een net soen, datt dat eng direkt Konsequenz vum Irakkrich ass, well loosse mer awer net vergiessen, datt den 11. September 2001 virum Irakkrich war. Dat heescht, deen zerstéieresche Wëlle vun enger Gruppéierung, ob et lo Al Caída ass oder souguer méi grouss doriwwer eraus am Weltjihad sech erëmfënnt, déi war do virum Irakkrich an ech mengen dat ass eis grouss Erausfuerderung un eis allegueren an d’Europäesch Unioun zesumme mat hiren Alliéierten, wéi kënne mer deër doe Gefor, wat eng ganz reel ass, wéi kënne mer déi am beschten begéinen?

Gesitt Dir dann d’Gefor ganz grouss, datt aaner Alliéiert vun den USA och elo an d’Viséier vun den Terroristea geroden, wéi d’Italiener oder d’Britten?

Lydie Polfer: Ech mengen, virun deenen do Uschléi sinn et jo scho vill anerer ginn an net nëmmen an Europa. Ech mengen, erënnere mer eis un d’Attentater vu Casablanca  oder am Kenia oder zu Bali. Ech mengen hei si Leit am Spill, déi wëllen do intevenéieren wou se d’Weltopmierksamkeet op sech zéien a wou se och ee gewëssenen Stil vun Liewen kënne brandmarken a mir gehéieren zu deër Communautéit, duerfir, et ass eng Realitéit, déi mer ganz Eescht mussen huelen an op déi mer nëmmen zesummen, awer wierklech zesummen, déi beschteméiglech Äntwert kënne ginn. Hei heescht et méi enk zesummen schaffen um Plang vun all de Sécherheetskräften, vun all de Renseignementsinfrastrukturen. Et gëlt awer och niewendrun, well eis Aktiounen mussen sech op verschiddene Pläng bewegen: dat ass engersäits déi Sécherheetsschinn, et ass awer och de politeschen Dialog mat deene Leit, och aus deene Länner net verléieren. Au contraire, en muss intensifiéiert ginn, well mir hunn et hei mat minoritären terroristesche Gruppéierungen ze dinn. Dat heescht awer net, wéi gesot, datt d’Leit aus deene Länner alleguerten an dat nämlecht Dëppe kënne geworf ginn, well si selwer si jo ganz oft d’Ziel an d’Victimen vun eben deene Terroruschléi. Kucke mer nëmmen an dem Irak selwer. All Dag, all Dag sinn eben och Iraker selwer, déi eben dem Terror zum Opfer faalen. Et muss een also hei de politeschen Dialog wierklech ganz systematesch positiv oprecht erhalen. Et muss een natierlech och dofir suergen, datt do wou d’Aarmut Verschiddener kënnten an d’Äerem vun sou Extremisten dreiwen, datt mer do alles maachen wat an eiser Méiglechkeet ass fir do ze hëllefen.

Mä an eisen Géigende riskéiert dat net zu engem Konflikt ze ginn tëscht de Sécherheetsfanatiker op der enger Säit an de ferventen Verfechter vun de Mënscherechter respektiv vun de Grondfräiheeten?

Lydie Polfer: Nee, dat ass jo eben just eis Erausfuerderung. Firwat si mir d’Ziel vun esou Attacken? Mä well et eng Attack géint eis fräi demokratesch Gesellschaft ass. Ech mengen, et sinn awer déi Werter, et ass déi Manéier an der Fräiheet an Demokratie ze liewen, déi eis Spezifizitéit duerstellen, an ech menge mir dierfen a mir kënnen déi net opginn an ech mengen, dat ass och déi bescht Äntwert, déi mer deene Leit kënnen entgéintstellen. Well jo eben just déi Äntwert, déi mir ginn, och vir vill vun hiren Leit eben eng ganz attraktiv a positiv ass. Ech mengen mir gesinn jo wéivill Leit et heihin an Europa zitt, well se dee Wee an déi Manéier fir a Fräiheet an der Oppenheet kënne ze liewen, well se dat Positivt doran gesinn. Mä aanerer, an dat sinn eben déi, di hannert deenen Terroraktioune stinn, déi gesinn eben, déi wëllen dat verhënneren a wëllen eben duerch Angscht an eben duerch Terror deen demokratesche Wëllen iergendwéi anengen an ech mengen, dat dierfe mer net zouloossen.

Madame Polfer, Merci fir d’Gespréich

Lydie Polfer: Merci och.

Dernière mise à jour