Interview avec le Premier ministre Jean-Claude Juncker sur les conclusions du Conseil européen de Bruxelles

RTL Télé Lëtzebuerg : Wann een europäesche Sommet mat Zäiten op een Enn geet, huet dat net ëmmer gutt Ursaachen. Dës Kéier schéngen déi Ursaachen awer éischter positiv ze sinn. Iwwert de Sommet schwätze mer elo mam Lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker. Fir d’éischt mol gudden Owend.

Jean-Claude Juncker:  Gudden Owend.

Här Staatsminister, et hat ee schonn den Androck, wéi wann elo endlech nees Europa als Unioun zesummesouz an net eenzel Länner mat eenzelen Usiichten, mat eenzelne Wënsch. Ass deen Androck elo vläicht éischter naiv oder hat Dir deen Androck awer och?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn alleguer zesummen fonnt, datt mer am Dezember net op der Héicht waren, wéi mer gescheitert si mat eisem Versuch der Europäescher Unioun eng Verfassung ze ginn a mir waren dës Kéier zesummen, e puer Deeg no deene fuerchtbaren Attentater vu Madrid. Dat hat als Konsequenz, datt d’Stëmmung net gedréckt am klassesche Sënn vum Wuert war, mä eescht war an datt mer wossten, datt mer net nach eng Kéier dierften d’Klatz nieft den Dill setzen an duerfir hu mer eis virgeholl, déi europäesch Verfaassung esou séier wéi méiglech, bis Enn Juni, ze maachen, wann dat méiglech ass. Elo däerf een awer net naiv ginn oder an ee Romantiséieren vun de Verhältnisser verfalen. Et bleiwen onwahrscheinlech vill Punkten ze klären an déi eenzel Regierungen, wéi mir deelweis och, wäerten natierlech mat grousser Insistenz op hir Standpunkter zréckkommen.

Wéi wichteg ass eigentlech d’Présidence? Vun den Dänen waart Dir net onbedéngt begeeschtert, vun den Italiener och net. Hunn d’Iren dann ieren elo dat Geschéck wat eng gutt Présidence ausmécht?

Jean-Claude Juncker:  Déi iresch Presidentschaft ass ausgezeechent an ouni iergendee Reproche. D’Ire lafen net mam Lautsprecher duerch Europa fir ze verkënnege wat jiddwereen ze maachen huet, mä lauschteren no wat een hinnen seet, a villen bilateralen Gespréicher, där ech och ee ganze Koup mat dem iresche Premier hat, a si bréngen et och fäerdeg déi eenzel Länner ënnertenee schwätzen ze loossen, ouni datt se selwer dobäi sinn. Déi bescheiden a lues, am Sënn vun net haart, Aart a Weis wéi d’Iren dat maachen ass déi richteg Method. Et ass eigentlech déi, déi mer och während de lëtzebuergeschen Presidentschaften ëmmer probéiert hunn zur Applikatioun kommen ze loossen.

Dee gréissten Erfolleg fir d’iresch Présidence wär jo elo wann se d’Verhandlungen iwwert d’Verfassung kéinten ofschléissen. Genannt gouf elo mol de 17. Juni. Mä wär deen Erfolleg dann net nach méi grouss wann d’europäesch Bierger hir Verfassung nach virun den Europawahlen géifen kréien an an deem Sënn dann och iwwert Europa kéinten ofstëmmen?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn hei dofir plädéiert, datt ee sollt probéieren déi Verfassung virum 13. Juni, wa mer wiele ginn, och fir d’Europäescht Parlament,  stoen ze hunn, fir datt jiddweree weess, wat d’Absichten vun de Regierungen sinn. D’Parlamenter musse jo nach ratifizéieren oder iwwert Referendum, mussen déi national Kollektivitéiten ratifizéieren. Wann d’iresch Presidentschaft et fäerdeg bréngt eng Gesamtpropositioun, déi Aussiicht op Erfolleg huet, virum 13. Juni virzeleën, da maache mer dat virum 13. Juni. Wann se méi laang Zäit brauch, et ass jo keng einfach Saach fir dat zesummenzestrécken wat elo muss beienee bruecht ginn, da gëtt dat eben e puer Deeg méi spéit.

Stëchwuert Terror. Et ass eng Tatsaach, datt d’Bommen op Madrid Europa méi no geréckelt huet. Dir hutt gëschter gesot, et misst een d’Terroristen terroriséieren. Gëtt sech Europa dann elo déi néideg Mëttelen fir dat ze maachen?

Jean-Claude Juncker: Mir probéieren dat ze maachen. Wann ech soen et muss een d’Terroristen terroriséieren, wëll ech domat net soen, datt een elo misst zu Ëmgangsformen kommen, déi di individuell Fräiheeten vun der grousser Majoritéit vun de Leit géifen a Fro stellen, mä d’Terroristen däerfen sech néirendwou an Europa sécher spieren. Déi mussen domat rechnen, datt se egal wou, egal wéini kënnen entdeckt ginn an datt hir diabolesch Pläng offen geluecht ginn. Terrorismus ass dann eng manner grouss Gefor wann déi, di sech deem Geschäft higinn, et ass iwwregens och heiandsdo Geschäftleches mat dodran, d’Gefill hunn, datt se iwwerall  ënner strikter Observatioun stinn. Dat nennen ech Terroristen terroriséieren. Se aus deem Raum eraushuelen, wou se sech sécher spieren. D’Terroristen déi eis Sécherheet bedrohen selwer veronsécheren. Dat erreecht een doduerch, datt d’Geheimdingeschter besser zesummeschaffen, datt d’Informatioun an Echtzäit ënner de Geheimdingschter zirkuléieren, datt d’Zesummenaarbecht tëscht Geheimdingschter  a Polizeiapparten besser gëtt an och doduerch datt mer, wéi déi Däitsch soen, eng wehrhaft Demokratie ginn, dat heescht eng Rei vu Moossnahmen ergräifen, déi eis et erméiglechen, wann ee sech op eis Territoiren aschläicht ...

Komm mer bleiwe vläicht mol bei de Geheimdingschter. Katastrophal ass jo, wann een no sou engem Attentat gewuer gëtt, datt een EU-Land Informatiounen iwwer Terroristen huet, déi een aanert EU-Land, wichteg Informatiounen, net huet. Mir hunn d’fräi Zirkulatioun vun Persounen an Europa, Wueren a Kapital, mä eben net vun de Geheimdingschtinformatiounen. Firwat eigentlech net?

Jean-Claude Juncker: Majo, well Geheimdingschter eng klassesch Domaine sinn vun nationaler Souverainitéit an eigentlech och, ech soen dat heiandsdo och an eng opgereegte lëtzebuergesch Ëffentlechkeet eran, weist, datt een op ville Pläng méi Europa braucht, net manner Europa, méi Europa. Méi Europa schützt eis, manner Europa schued eis.

Wat sinn elo d’Aufgaben vun deem neien EU-Koordinator fir d’Sécherheet?

Jean-Claude Juncker: Dee soll déi Donnéen, déi vun den nationalen Geheimdingschter iwwermëttelt ginn sammelen, collectéieren, filtréieren, analyséieren an distribuéieren un déi Plazen, aaner Geheimdingschter, Europol, national Polizeidingschtstellen, déi di Informatiounen, wann se gepréift sinn, kënnen asetzen am Kampf géint den Terror. Zu deem Zweck mécht den Här Solana, den aussepolitesche Vertrieder vun der Unioun an den Terrorismuskoordinator Propositiounen, déi mer am Juni vun dësem Joer nach sollen am Conseil Européen unhuelen.

Stëchwuert Wirtschaft. Här Staatsminister, mengt Dir wierklech, datt déi Europäesch Unioun a 6 Joer déi stärkst Wirtschaftsregioun op der Welt gëtt?

Jean-Claude Juncker: Oh, dat ass eng Zielsetzung, déi ech ëmmer mat Zweifel beleën. Mir mussen awer probéieren dohinner ze tendéieren. Mir iwwerliewen an der globaliséierter Welt net, wann mer net déi beschten Energien déi et an Europa gëtt esou konzentréieren, datt mer esou gutt ginn wéi di aaner. D’Welt ass ee globalt Duerf ginn, an an där Welt steet eng global Fabrik. Mir kënnen net driwwer diskutéieren ob mer d’Globaliséierung wëllen oder net wëllen, mir hunn se a mir mussen kucken se ze maitriséieren. Dat heescht och, se an eise Käp ze dominéieren, de Versuch ze woen besser ze ginn, besser ze ginn wéi déi aaner, déi ganz gutt sinn. Zu deem Zweck brauch een eng Rei vu Reformen, et muss een eng Rei vu Risiken aus der Zukunftsgestaltungslandschaft erausfiltréieren an dat setzt eng grouss politesch Kraaftunstrengung viraus. Et gesäit een och, datt dat an den ëffentleche Meenungen net gutt ukënnt, kuckt ee sech mol d’Problemer vun de Fransousen oder vun den Däitschen un, déi elo réischt ufänke Strukturreformen ze maachen, da kann een ermoossen, wéivill Ëmsetzungsschwieregkeeten an den Nationalstaaten aus der sougenannter Lissabonner Reformagenda ausfléissen.

Ënner lëtzebuerger Présidence soll Halbzeitbilan vun der Lissabonner Strategie gemaach ginn. Wat kann ee sech do erwaarden? Watfir eng Erausfuerderungen kommen do op Lëtzebuerg duer?

Jean-Claude Juncker: Dat ass eng schwiereg Entreprise déi do an d’lëtzebuergesch Presidentschaft erawiisst. Mir musse kucken fir dee Prozess esou ze streamlinen, datt en erëm méi erkennbar gëtt, datt d’Mënschen net fäerten, déi Reformen déi mussen gemaach ginn, déi wiere virun allem géint déi Leit déi schaffen geriicht, mä däitlech maachen, datt se zum Gudden vun engem geuerdneten Wuesstum vun der europäescher Wirtschaft a vun den europäeschen Aarbechtsmärt féiert. Mir mussen eng Rei vun Methoden iwwerpréifen, wat d’Ëmsetzung vun de bréisseler Décisioune  an den Nationalstaaten ubelaangt a mir mussen dofir suergen, datt mer eis op dat Wiesentlecht konzentréieren, wat heescht, datt mer mussen der Versuchung widderstoen, déi vun ville Säite sech a Richtung lëtzebuergesch Presidentschaft elo schonn artikuléiert, fir nei Elementer an dee Reformprozess eranzebréngen. Mir sollen eis elo drop konzentréieren dat ze maachen wat mer ofgemaach hunn.

E Supercommissaire fir Wirtschaft, wäerte mer dee kréien a wat sinn seng Aufgaben, wann mer en da kréien?

Jean-Claude Juncker: Dat ass eng Fro, mat där deen nächste Kommissiounspresident sech muss beschäftegen, ob en esou ee Supercommissaire wëllt arrichten. Dat huet eng Rei vu Virdeeler, méi konzentréiert an effizient schaffen op der zentraler Planungsstell, déi d’Kommissioun ass an Europa. Et huet awer och eng Rei vun Nodeeler, well d’Nationalstaaten dann net op dee Commissaire zou hinn organiséiert sinn, da bräicht et jo och nëmmen ee Finanz-, Wirtschafts- an Aarbechtsminister an all Land, an net 3, 4, 5 oder 6 an de Risiko ass trotzdem grouss, datt vun vir eran Suerg dofir gedroen gëtt, datt dee Supercommissaire, falls et en dann géif ginn, aus engem grousse Land kann kommen, géif kommen an duerfir soll een dat, wat och seng Aufgab ass, deem nächste Kommissiounspresident iwwerloossen an dat net regierungssäiteg scho virentscheeden.

Här Staatsminister ech soen villmols merci.

Jean-Claude Juncker: Merci och.

Dernière mise à jour