Interview avec le ministre de la Défense Charles Goerens au sujet des forces d'intervention rapide

Eric Ewald: Zu Bréissel waren gëschter d’Verdeedegungsministeren aus den aktuellen an den zukünftegen EU-Memberlänner fir eng informell Réunioun beieneen, bei där virun allem festgehalen gouf, datt bis 2007 eng sougenannt Force d’Intervention rapide soll op d’Been gestalt ginn. Viru Minutten huet eis de lëtzebuerger Minister Charel Goerens ënner anerem op d’Fro geäntwert, wat fir eng Aufgaben datt déi Trupp soll hunn.

Charel Goerens: Ma déi huet Aufgaben déi anerer net kënnen oder net wëlle maachen. Ech denken zum Beispill un d’Extractioun vun Effektiver vun der UNO, déi an enger Krisegestioun a Gefor geroden. Ech denken un déi ganz Gamme vun Petersbergmissiounen, dat geet vun Peacekeeping bis Peacemaking, dat sinn Aufgaben, déi solle vun der Europäescher Unioun assuméiert ginn, ënnert den Auspizien vun der UNO, am Respekt vum internationalen Recht an natierlech a Conformitéit mat de Moyenen, déi d’Europäesch Unioun sech selwer kann ginn.

Wéi den Numm et schonn seet, déi schnelle Eingreiftruppe, wéi et op däitsch gesot gëtt, soll virun allem ganz séier kënnen agéieren?

Charel Goerens: Se soll an engem Délai wa méiglech ënner 14 Deeg bleiwen, dat bedingt, datt tëschent dem Conseil vun der Europäescher Unioun an de Länner oder dem Land wat dann am Optrag vun der Europäescher Unioun an am Respekt vum internationalen Recht géing handelen, datt do déi Kontakter natierlech op informeller Basis geschéien, fir kënnen sou eng Aktioun ze anticipéieren.

Op den Norichtenagencen ass ze liesen, datt virun allem déi 3 grouss Länner aus Europa, dat heescht Däitschland, England a Frankräich dem Javier Solana no schonn zougesot hätten, hir Mataarbecht. Wéi ass et mat der lëtzebuerger Regierung?

Charel Goerens: Ben, dat do dat sinn natierlech 3 Länner déi vill méi Moyenen kënnen en oeuvre setzen, déi sinn och am Prinzip eens an et ass och dat wat dem Solana sengem Wonsch entsprécht. Lëtzebuerg muss do säin Wee fannen. Ech erënneren un déi éischter modest Beiträg, déi mir kënnen leeschten. Déi Groupements tactiques, wéi se genannt ginn, déi bedingen natierlech, datt méi Natiounen un eppes participéieren. Mir wëssen aus der Praxis, datt mer ouni d’Belsch ganz wéineg kënne maachen. Ech ka mer och net virstellen, datt mer am Kader vun der schneller Agräifstrupp Asätz mat enger anerer Arméi wéi mat der belscher Arméi fir Lëtzebuerg a Fro kéimen.

Bis 2007 soll déi Trupp wi gesot op de Been stoen. 9 Unitéiten sollen dat sinn mat, wann dat stëmmt, 1.500 Leit. Sinn déi Zuele richteg?

Charel Goerens: Bon iwwer Zuelen gëtt réischt en définitive décidéiert. Dat do ass ee Processus, dee leeft nach bis 2005. D’lëtzebuerger Présidence kritt och nach doranner mat dran ze schwätzen. Et handelt sech effektiv net ëm eng Militariséierung vun Europa. Hei ginn ganz kleng modest Groupementer zesummegewürfelt, fir awer kënnen op eng efficace Manéier Saachen ze maachen, déi absolut indispensabel sinn. Ech mengen d’Gestioun vun de Krisen, dat ass haut net méi een Asaz vun groussen Arméien, am Regelfall, mä dat sinn oft ganz schnell Reaktiounen, déi gefrot ginn, pour éviter le pire. Ech mengen, d’Fransousen déi ware mat 3.000 Mann an der Côte d’Ivoire, déi hunn et fäerdeg bruecht, dovun schwätzt kee Mënsch, fir e Génocide ce prévenéieren. Dovun schwätzt keen, well d’Préventioun vun engem Konflikt oder vun engem Génocide, déi huet par Definitioun keng Visibilitéit. Dir géingt och sou eppes ni an de Journal vun 8 Auer owes huelen, op der Televisioun, fir dann ze soen: haut hu mer e Konflikt verhënnert. Datt deen Asaz awer efficace war, beweist d’Non-Existence du conflit.

De Verdeedegungsminister Charel Goerens.

Dernière mise à jour