Interview avec le ministre du Travail François Biltgen sur le marché de l'emploi

André Dübbers: Här Biltgen, an deene leschten 12 bis 18 Méint ass de Chômagetaux dramatesch an d’Luucht gaangen, nämlech em 70 Prozent. Musse mir eis mat deem héigen Taux offannen, oder esouguer nach fäerten, datt deen nach weider an d’Luucht geet?

François Biltgen: Also, de Chômage huet ëmmer eppes mat Konjunktur ze dinn. Wéi mir ugefaangen hunn 1999, ware mir eppes méi ewéi 3 Prozent, wat vill Wirtschaftsexperten als Taux de plein emploi ugesinn. Ech hunn dat ni esou ugesinn, well fir mech ass jiddereen, deen eng Schaff wëllt huelen an dee keng fënnt, ass ee Chômeur ze vill, den Aarbechtsminister gesäit dat net op Statistiken.

Duerno si mir erofgaange bis d’Joer 2001 op 2,6 – 2,4 Prozent, wat mat sech bruecht huet, datt d’Betriber gejaut hunn, well se souguer an der Groussregioun net méi genuch Leit fonnt hunn. Duerno ass de Konjunkturabroch komm, wéi dat regelméisseg geschitt, an elo si mir relativ héich, vill ze vill héich fir mäi Goût, mä vill méi niddereg wéi am Ausland.

De Problem ass natierlech, datt mir zu Lëtzebuerg eng Économie de petit espace hunn, an datt natierlech d’Gefor ass zu Lëtzebuerg, well mir an däër Groussregioun sinn, datt schrecklech vill Aarbechtsplazen fir d’éischt vu Grenzgänger besat ginn, wat normal ass, well ouni Grenzgänger hätte mir keng Aarbechtsplaze besat, iert datt mir eis Leit zu Lëtzebuerg kënne op d’Aarbechtsplaze vermëttelen. Mir hunn en A-typeschen Aarbechtsmaart zu Lëtzebuerg, A-typesche Chômage.

Wat sot Dir dann zu däër Ausso vum Premier Jean-Claude Juncker, dee gemengt huet, all Chômeur, dee vu sech aus selwer eng Aarbechtsplaz fënnt, dee sollt eng Prime kréien? Gett domat d’ADEM dann net iwwerflësseg?

François Biltgen: Dat ass eng Propose, déi ech als Aarbechtsminister selwer gemaach hunn, déi controverséiert war. De Premierminister huet elo am État de la Nation gesot, mir sollen op dee Wee goen. Em wat geet et? Et geet einfach dorëm, fir datt mir eis Leit zu Lëtzebuerg net sech passiv verhale loossen. Mir stelle fest, datt vill Leit och op den optimalen Job waarden. Natierlech kommen dann op de Grenzregiounen, et muss ee wëssen, et sinn 500.000 Chômeuren an de Grenzregiounen, dat si méi Leit, wéi zu Lëtzebuerg wunnen. Do sinn der, natierlech ganz vill net qualifizéierter, mä et si vill qualifizéierter, déi sinn bereet op Lëtzebuerg ze kommen, 100 Kilometer, zu engem mannere Präis ze schaffen, a Secteuren, wou Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen, ech schwätzen net vu Lëtzebuerger, Leit déi zu Lëtzebuerg wunnen, well déi meescht Chômeuren zu Lëtzebuerg sinn net Lëtzebuerger, net onbedingt bereet sinn schaffen ze goen. An dofir wëlle mir d’Leit incitéieren och, a vläicht an en anere Secteur schaffen ze goen an déi eben ze soen, hei, du bass bereet fir net nëmmen am Chômage ze bleiwen, du wëlls selwer dech op d’eege Féiss, du waarts net nëmmen op d’Administration de l’emploi, dann kriss du och eng Prime vun eis. Ech fannen dat gerechtfäerdegt fir déi Leit ze ënnerstëtzen, déi alles maachen fir eng Schaff ze fannen, well et ass schrecklech dramatesch, wann een 100ten vun Demandë schreift an et fënnt ee keng Chance.

Brauchen dann d’Residenten, also d’Leit hei am Land, eng besser Formation respektiv och eng besser formation continue?

François Biltgen: Op alle Fall formation continue. Et muss ee wëssen, datt am Chômage zu Lëtzebuerg 65 Prozent net Lëtzebuerger sinn. Vun deenen 65 Prozent net Lëtzebuerger, sinn der nëmmen 25 Prozent, déi zu Lëtzebuerg gebuer sinn. Dat heescht, déi meescht Leit, déi am Chômage sinn, hunn iwwerhaapt hir Schoul net zu Lëtzebuerg gemaach. Zum Deel hu mir also Leit op Lëtzebuerg komme gelooss, ech denken un de Bau, d’Portugisen déi an de Bau komm sinn, well mir si gebraucht hunn, déi haten eng Qualifikatioun, duerno sinn si entlooss ginn an elo ass et ganz schwiereg si erëm op den Aarbechtsmaart ze kréien. Dofir ass d’formation continue schrecklech wichteg, an dofir hu mir elo nach e Projet de loi op den Instanzewee ginn, datt jiddereen d’Recht muss hunn, och op Käschte vum Staat zousätzlech formation professionnelle continue ze maachen.

Här Biltgen, wat sot dir dann dem Wieler oder grad engem Chômeur deen iech no senger perséinlecher Zukunft do freet?

François Biltgen: Ech soen dat, wat ech jidderengem soen, ech begéinen der vill, nämlech: hien muss sech selwer kënne speechten, e muss selwer bereet sinn net onbedéngt dem Dramjob nozelafen, mä d’Betriber mussen och matspillen a mir hëllefen als Staat him all Chancen ze ginn, fir op déi Schaff ze kommen. Et ass dramatesch, mä vill Leit hunn och scho gehollef kritt. Mir wäerten och an Zukunft alles maachen, well jiddereen Eenzelnen zielt.

Här Biltgen, kéint dir deene Leit dann hei op eiser Antenne manner Chômage verspriechen?

François Biltgen: Op alle Fall, ënnert der Viraussetzung, datt éischtens d’Konjunktur unzitt, et hänkt net nëmme vun eis of, well d’Konjunktur muss unzéien, an zweetens muss jidderee kënne selwer mathëllefen a mir mussen Drock maachen, och op d’Betriber, an dat maache mir.

Här Biltgen, eis Zäit ass leider eriwwer. Merci, datt dir hei waart.

Dernière mise à jour