Le ministre du Trésor et du Budget Luc Frieden sur le rapport du FMI sur la situation économique au Luxembourg

RTL Radio: Fir iwwert dës Remarquë vum FMI ze schwätzen, sinn ech elo um Telefon mam Budgetsminister Luc Frieden verbonnen. Gudde Moien Här Frieden.

Luc Frieden: Gudde Moien.

Sou Nouvellë just viru Walen, kommen Iech jo bestëmmt net zupaass oder stëmmt dat alles net, wat de Währungsfong do behaapt?

Luc Frieden: Ech hunn deen Avis vum FMI gelies. Den FMI, dee virun e puer Méint zu Lëtzebuerg war, stellt der Lëtzebuerger Budgetspolitik eng exzellent Zensur aus a seng Zielsetzung, fir datt mer gesond Staatsfinanzen halen, dat ass och eis Zielsetzung. Ech mengen net, datt ee réischt dierf no de Walen domat ufänken an dat hu mer och net gemaach, well mir hunn 2003, wéi mer dee méi luese Wuesstum festgestalt hunn eng Rei Moossnahme geholl, an an deem Moment huet keen domat gerechent, och net den FMI - et muss ee, wéi gesot, wëssen, datt den FMI virun e puer Méint zu Lëtzebuerg war - huet du gemengt mir géingen e gréisseren Defizit och 2003 kréien.

Mir deelen d’Meenung vum FMI, datt ee muss d’Dépensen nëmmen esou wuesse loossen, wéi mëttelfristeg d’Wuesstum vun der Économie dat erlaabt an Dir hutt gemierkt, datt mer 2003 de Budget mat engem Iwwerschoss vu 70 Milliounen ofgeschloss hunn an datt mer all Budget - ech ënnersträichen - all Budget, 1999 bis 2003 am Équiliber haten. Dat hunn der wéineg fir méiglech gehalen. Dat ass méiglech gewiescht, well mer eben just d’Dépensen net ze schnell wuesse gelooss hunn an och Rechnung gedroen hunn, datt mer fir d’Économie unzekuerbelen, trotzdem d’Steieren erofgesat hunn a, wéi gesot, deen Équiliber hu mer fäerdeg bruecht an op däer Schinn musse mer weiderfueren. De Budget dierf net méi schnell wuesse wéi d’Wirtschaft. Ech mengen, dat ass ee ganz wichtege Prinzip an der Budgetspolitik, wann ee spéider net wëllt d’Steieren héigen an duerfir hu mer dat 2003 schonn ugefaang an dat ass eis gelongen.

Dat heescht Dir gesitt dat do net als eng Kritik vum FMI, mä éischter als eng Confirmatioun fir dat wat Dir souwisou wëlles hutt?

Luc Frieden: Selbstverständlech. Mir haten 3 Zieler: Niddreg a konkurrenzfäheg Steieren, héich Investitiounen, déi mer zum Deel iwwer Reservë bezuelen, déi mer an deene gudden Joren op d’Säit gesat hunn an eng staark, mä responsabel Sozialpolitik an déi 3 Elementer, déi gesäit och den FMI esou an en huet ganz recht, datt wann e seet, d’Zäiten si schwiereg, well eist Wuesstum manner héich ass wéi zum Beispill 99 oder 2000, da muss een och op der Ausgabesäit dat esou upassen.

Dat eenzegt, wou mer mam FMI vläicht méi nuancéiert sinn, dat ass, datt wann een Ännerungen an der Politik mécht, da mussen déi sozial gerecht sinn an déi dierfen net an enger Zickzack-Politik gefuer ginn. Géing een dat nämlech maachen, dann hätt dat direkt en Effet op d’Consommatioun vun de Leit. Wann d’Leit manner an der Täsch hunn, da gi se manner aus. Dat kënnt een negativen Effet hunn op eis Betriber an op d’Aarbechtsplazen. Duerfir hu mer ëmmer gesot, dat muss ee mëttelfristeg maachen an duerfir, wéi gesot, och d’Wichtegkeet vun eiser Reservepolitik. Mir hunn déi Reservë gebraucht an trotzdeem och erëm ëmmer nei Reserven dobäigeluecht. Mir hunn haut 3 Milliarde Reservë fir eng ganz Rei Dépensen am Investitiounsberäich ze tätegen. Mir haten am Ufank vun der Legislaturperiod 1,7 Milliarden. Do gesitt Dir, mir hunn eis déi Loft gelooss fir an den nächste Joren eng responsabel Politik vun de Staatsfinanze virunzeféieren.

Luc Frieden, merci fir dës Präzisiounen.

Luc Frieden: Merci och.

Dernière mise à jour