Interview avec le Premier ministre Jean-Claude Juncker au sujet du Conseil européen des 17 et 18 juin à Bruxelles et au sujet de la première Constitution européenne

(RTL Telé Lëtzebuerg: Här Staatsminister, d’Verfassung war eng Schwéiergebuert. Ass d’Kand awer gesond a monter?)

Jean-Claude Juncker: Dat Kand ass net noutwennegerweis dat schéinst, wat je an Europa gebuer ginn ass, mä et ass awer eent vun deenen ech iwwerzeegt sinn, datt et séier wäert wäit lafen.

RTL Telé Lëtzebuerg: Dat heescht, déi 25 Pappe sinn zefridden?

Jean-Claude Juncker: Et feele Saachen an däer Verfassung an anerer sinn op déi Aart a Weis wéi se an däer Verfassung behandelt gi sinn net richteg behandelt ginn. Mä grosso modo an ënner dem Strëch, an d’Tatsaach fir sech geholl selwer, mengen ech, datt déi, déi déi Verfassung gemaach hu kënnen zefridde sinn.

No Nice hutt Dir gesot, dee Vertrag wier gutt fir Lëtzebuerg awer net esou gutt, schlecht fir Europa. Ass dat elo anescht? Ass dëse Vertrag gutt fir Lëtzebuerg an och gutt fir Europa?

Jean-Claude Juncker: En ass gutt fir Lëtzebuerg, well dat, wat eis wiesentlech interesséiert huet, an de Virrang vun de nationalen Interessen, déi ee muss vertriede konnt, alles ënner Dach a Fach bruecht ginn. En ass gutt fir Europa, well d’Décisioune méi liicht falen, well se méi transparent falen. Et weess ee besser, wien wat a firwat mécht. Et gesäit ee méi kloer wéi am Text vum Konvent, wat an eenzelnen Zëmmeren an Europa wäert lass sinn. Europa gëtt méi demokratesch duerch d’Stäerkung vun de parlamentaresche Rechter, also d’Rechter vun de Leit. An ech mengen och, datt mir eis méi Schrauwweschlësselen an d’Geschierkëscht geluecht hunn, wat d’Opriichten vun enger méi staarker europäescher Präsenz weltwäit ubelaangt.

Wat géif Dir elo soen, wären déi wichtegst Punkte fir Lëtzebuerg? Och datt zum Beispill a Saache wéi der Fiskalitéit, och an Zukunft weider unanime décidéiert gëtt?

Jean-Claude Juncker: Ech hätt mir kënne virstellen, wann eng Formuléierung fonnt gi wier, datt een och a Saachen Fiskalitéit hätt kënne mat Majoritéit décidéieren, mä schwammeg a wässreg Texter, sou wéi se och aus dem Konvent eraus komm sinn, waren esou geféierlech, datt ech bei der Schwammegkeet vun deenen Texter léiwer de Schlëssel vun der Unanimitéit hu mat däer een d’Dier kann zouspären, wann ee fäert, et géif een zevill Wand an d’Gesiicht kréien beim Opmaachen. Ech fannen et gutt, datt mir, nodeem mir am Konvent 4 Deputéierte kritt hätten, et konnten hei duerchsetzen, och Madame Polfer, während hiere Verhandlungen, datt et bei 6 bliwwen ass. Ech fannen et gutt, datt bei den Ofstëmmungen am Ministerrot all Land muss seng Stëmm ginn, also d’Halschent vun de Länner mussen hier Stëmm ginn, onofhängeg vun hirer Gréisst, bis et zu enger Décisioun ka kommen, sou datt ech insgesamt fannen, datt déi reng lëtzebuergesch Uleies, och wat d’Ausféierung vun der Presidentschaft an der Europäescher Unioun an Zukunft ubelaangt, konnten integral an déi Verfassung ageschriwwe ginn.

Dat heescht, déi 6 Vertrieder, déi Lëtzebuerg an d’Europaparlament schéckt, dat bleift och no enger weiderer Erweiderung no Bulgarien a Rumänien?

Jean-Claude Juncker: De Minimum vun 6 bleift bestoen, onofhängeg vun der absoluter Zuel vun de Memberen, och wann dat der, ech weess net 33 oder 48 wieren, bleift et bei 6 lëtzebuergeschen Deputéierten.

De Verfassungstext muss an 25 Länner ratifizéiert ginn. A ville Länner, och zu Lëtzebuerg gëtt et e Referendum. Wéi grouss schätzt Dir d’Gefor an, wann e Land nee seet? Wat geschitt dann?

Jean-Claude Juncker: Wann een esou eng Verfassung mécht, da probéiert een se esou ze maachen, datt se iwwerall ka vun de Mënschen, déi dofir zoustänneg sinn, d’Parlamentarier, oder wéi an eisem Fall, d’ganzt Vollék, datt se se kënnen akzeptéieren. Wann iergendwou e Parlament oder ee Vollék d’Zoustëmmung verweigert, musse mir eis mat däer Situatioun beschäftegen. Dat kann een am Virfeld net festleeën.

Mengt Dir, datt déi Verfassung d’Häerzer vun de Mënsche beweege kann?

Jean-Claude Juncker: Eng Verfassung alleng mécht dat ni, soss missten d’Mënschen jo an alle Länner staark beweegt sinn, wou et eng national Verfassung gëtt. Et kënnt op d’Geschéck vun den Handelnden un, fir alles aus däer Verfassung eraus ze zéien, wat sech erauszéie léisst fir dat europäescht Integratiounswierk méi fest a méi waasserdicht ze maachen. An duerch déi richteg Politiken, déi ee mat däer Verfassung mécht, d’Mënsche fir Europa frësch ze begeeschteren, well ech mengen, si si fir de Moment net ganz begeeschtert dofir.

(...)

Jean-Claude Juncker: Ech hätt gär gehat, wann den Här Verhofstadt Kommissiounspresident gi wier. Jo.

Wéi grouss war den Drock op de lëtzebuerger Premier? E gouf jo ëmmer erëm gefrot, ob hien net awer de Poste géif unhuelen. Wéi grouss war den Drock?

Jean-Claude Juncker: Ech hat deen Drock virun de Wale schonn. An ech hu virun de Wale gesot, datt ech wëll Statsminister zu Lëtzebuerg bleiwen, a wann ech et kënnt bleiwen, da géif ech et och bleiwen. An deen Drock huet sech, wéi een dat eigentlech konnt erwaarden, wann een d’Geschichte kennt, déi virun de Wale stattfonnt hunn, hei zu Bréissel wesentlech verstäerkt, besonnesch och bei deene grousse Länner am Weste vun Europa, bei deene klenge Länner a Mëtteleuropa. Mä ee Wuert ass ee Wuert.

D’Fro ass jo elo och e wéineg, wéi Dir deen Nee zum Europa Kommissiounspresident esou kënnt dréinen, datt et um Enn net en Nee fir Europa ass?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, datt et an der Politik och muss eppes wäert sinn, wann ee sech virun senge Wieler engagéiert huet, eppes Bestëmmtes net ze maachen. Dat war jo hei de Fall. Datt dat an der Demokratie soll een üblecht Verfahre sinn, wann een de Leit eppes versprécht fir emol lëtzebuergesch ze schwätzen, dann dierf een se herno net uschmieren. Dat ass net meng Methode. An déi aner an Europa mussen akzeptéieren, datt ech dat zu Lëtzebuerg gesot hunn,  an hu musse soen, well ech et dacks gefrot gi sinn, och vun Iech. Ma wann een am Wuert steet, da steet een am Wuert. An dat ass keen Neen fir Europa. Et sinn der, wann ech dat emol ganz onbescheide ka soen, vill, déi mech haut ëmmer erëm opgefuerdert hunn Kommissiounspresident ze ginn, deenen hier europapolitesch Bilanz ass net esou, datt meng sech dogéint misst schummen.

Mä wat huet een Iech dann un d’Häerz geluet? Datt Premier si vun 450.000 Lëtzebuerger eng Saach ass, President vun 450 Milliounen EU-Bierger eng aner ass?

Jean-Claude Juncker: Déi 24 aner Kollegen hunn an deene leschte Wochen an och haut ëmmer erëm gesot, datt si respektéieren, datt ech am Wuert stinn, mä datt si iwwerzeegt dovu sinn, datt d’Lëtzebuerger et géife verstoen, datt wann Europa an enger schwiereger Situatioun wier, an Europa ass an enger schwiereger Positioun, och politesch inhaltlech, datt si et géife verstoen, datt, wa jiddereen ee freet bis an all Fraktioune vum europäesche Parlament eran - Gott sei Dank net déi vum Här Le Pen, déi huet mech net gefrot - datt d’Lëtzebuerger dat géifen verstoen. An ech hu gesot, och wann d’Lëtzebuerger dat verstinn, ännert dat näischt dodrunn, oder géife verstoen - dat ass och nach net esou sécher - dann ännert dat näischt drunn, datt ech eppes anescht versprach hunn. Dat ass elo esou, an dat war et dann.

Den 21. Juli steet de Kommissiounspresident op der Agenda vum Europaparlament. Mengt Dir, datt bis dohinner en neie Kommissiounspresident fonnt ass?

Jean-Claude Juncker: Jo, soss steet keen do.

Gëtt et en neie Wonschkandidat fir de Lëtzebuerger Premier?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn eng Rei vu festen Telefons- an anere Rendez-vousen an deenen nächsten Deeg. Ech sinn net ganz begeeschtert dovun, datt ech mech em déi Fro muss viru bekëmmeren, mä ech ka mech net einfach esou do erauszéien, well et der och vill gëtt, déi soen, well de Lëtzebuerger Premier ee Kandidat gewiescht wier, dee jiddferengem gepasst hätt, muss de Lëtzebuerger Premier sech dann awer och elo dru bedeelegen, datt een anere fonnt gëtt. Dat maachen ech och, deem kann ech mech net entzéien, mä dat geheit mech vill, well mir jo och zu Lëtzebuerg nach eng Regierungsbildung virun eis hunn. Ech géif mech eigentlech léiwer total dorop konzentréieren. Ech muss mech awer och elo nach awer da wierklech nëmmen niewelaanscht mat dëser Fro beschäftegen.

Dernière mise à jour