Interview avec le Premier ministre Jean-Claude Juncker au sujet du sommet de l'OTAN à Istanbul

Radio 100,7: Wat genee gouf a Saachen Afghanistan um NATO-Sommet zu Istanbul festgehalen?

Jean-Claude Juncker: Zu Istanbul ass zréckgehal ginn, datt d’NATO, déi am Afghanistan hir éischt aussereuropäesch Missioun probéiert hannert sech ze bréngen, woumat och gläichzäiteg hir Crédibilitéit vun den Asäz ausserhalb vun Europa verbonnen ass, datt se hirt Engagement am Afghanistan géif no uewen an d’Luucht setzen. Et ass keng direkt Truppeverstäerkung verlaangt ginn, och net décidéiert ginn, mä et ass décidéiert ginn, datt mer eng Opkläerungsmissioun als NATO an den Afghanistan schécken, déi soll kucken ënner watfer Ëmstänn dat richtegt a korrekt Ofhale vun de Walen um Enn vum Joer oder am Februar vum nächste Joer ka sécuriséiert ginn. Kënnt déi Opkläerungsmissioun zur Conclusioun, datt et zu enger Verstäerkung vun den Truppe schlussendlech muss kommen, da gëtt dat gemaach.

Wat elo den Irak ugeet, sou huet d’NATO zréckbehal, datt een der irakescher Arméi bei der Formatioun wëllt hëllefen. Wat heescht dat genee a wéi eng Länner sinn do och concernéiert? Wéi eng NATO-Memberen?

Jean-Claude Juncker : Et ass zréckbehal ginn, datt op der Haaptachs vun den innerirakesche Schwieregkeeten, nämlech dee vun der Sécuritéit et zu Trainings-, Ausbildungsprogrammer vun de Memberstaate vun der NATO géif kommen, am Irak selwer oder ausserhalb vum Irak, fir déi irakesch Polizei- a Militärkräften sécherheetspolitesch ze trimmen. Do gëtt all NATO-Land mat deene Méiglechkeeten, déi seng sinn, gefrot, fir do matzemaachen, mä et ass net décidéiert ginn, datt déi Länner, déi elo keng Zaldoten am Irak hunn, missten Zaldoten an den Irak schécken. Et ass also eng Ënnerstëtzung vun den Ausbildungsefforte vun den irakesche Sécherheetskräften.

Dat heescht Lëtzebuerg ass do net concernéiert, och wat eventuell eng Ausbildung baussent dem Irak géif ugoen?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn ëmmer däitlech gemaach, a) datt mer keng Zaldoten an den Irak géife schécken, b) datt mer kaum Méiglechkeeten hunn am Irak selwer Ausbildungsprogrammer ze maachen. Wa mer do matmaachen an deem Trainingsprogramm, da maache mer dat aller Wahrscheinlechkeet no ausserhalb vum Irak, zum Beispill a Jordanien, wou mer dann irakesch Polizisten a Militär kënne ausbilden, falls mer an esou ee Programm agebonne ginn.

D’NATO huet dann och dem internationelen Terrorismus de Kampf ugesot um Sommet zu Istanbul. Mat enger Istanbuler Deklaratioun ass sech eng enk Partnerschaft tëscht Europa an den USA gewënscht ginn. Heescht datt, datt elo all Dissonanze vergiess sinn?

Jean-Claude Juncker: Mir hu schonn um NATO-Sommet am Abrëll 1999 zu Washington, anlässlech vum 50. Joresdag vun der NATO, de Kampf géint den Terrorismus zu engem vun den haaptstrategeschen Zieler, voire Noutwennegkeete vun der NATO erkläert. Dat hei ass d’Verlängerung dovun, ënnert selbstverständlech dramatesch verännerten internationale Virzeechen. Déi Schwieregkeeten, déi mer ënnert den NATO-Länner haten, wat den Irakasaz ubelaangt, déi bleiwen no wéi vor bestoen. Allerdéngs ass de Wëlle grouss, fir lo, fir dat mol salopp auszedrécken, d’Amerikaner an d’Englänner net am Irak hänken ze loossen, mä selwer mat deene Mëttelen, déi eben jiddfereen huet, zur Stabiliséierung vum Irak bäizedroen, dofir och déi gemeinsam Décisioun vun deene 26 Memberstaate fir am Beräich vun Trainings-, Sécherheets- a Militärforcen ee Beitrag ze leeschten.

Dernière mise à jour