Interview avec le Premier ministre Jean-Claude Juncker au sujet de la présidence de l'Eurogroupe

(...)

Jean-Claude Juncker: Dat ass ee Posten, deen et nach net gëtt. Et ass eng Iwwerleeung, scho méi laang, am Krees vun deenen 12 Euro-Ministeren, fir sech eng stabel Présidence ze ginn vun zwee Joer, zwee an en halleft Joer. An dat soll haaptsächlech geschéien, fir d’Wirtschaftspolitiken an Europa besser ze coordinéieren a fir datt d’europäesch Zentralbank an de Präsident vun der europäescher Zentralbank ee gutt identifizéierbaren politesche Gespréichspartner huet. Doriwwer fannen de Moment Gespréicher statt, ënner der hollännescher Präsidentschaft. Déi mécht eng Propositioun, wahrscheinlech fir de September, wéi esou ee Poste géing ausgesinn, am Detail. Dat ass ee Poste mat grousser Influenz, well deen zoustänneg ass, an Haaptlinn, fir d’europäesch Wirtschaftspolitik an domat och fir d’europäesch Konjunkturpolitik an d’europäesch Aarbechtsmaartpolitik. A mäin Numm gëtt do genannt, an et ass jo eng Aarbecht, déi ee ka parallel maachen, awer eng, déi engem groussen Afloss gëtt, an dat loossen ech mat Rou op mech zoukommen. An ech sinn do net Kandidat. Stupiderweis ass een net Kandidat, et gëtt ee gefrot. Also dofir ginn ech gefrot.

Dat heescht, et kann een dovun ausgoen, datt, wann déi Froe méi insistéierend ginn, datt Dir dann awer eventuell géift jo soen? Et ass net wéi beim Kommissiounspräsident, wou Dir d’office sot "neen"?

Jean-Claude Juncker : Als Kommissiounspräsident hätt ech zu Lëtzebuerg misse fortgoen, an ech hätt net kënne Staatsminister bleiwen. Präsident vun dem Eurogroupe, wat dann och d’Participatioun un de G-7-Meetingen an alleguer déi international no bausse geriichte Repräsentatiounsobligatioune mat sech bréngt, déi awer net formell an der inhaltlecher Natur sinn, maachen et méiglech, datt een dat als Lëtzebuerger Finanzminister, wou ee jo souwisou un deenen Aarbechten Deel hëlt, ka maachen, déi Sitzungen ze preparéieren an ze presidéieren. Dat ass méiglech. Mä ech hunn awer nach kengem gesot, datt ech dat géif maachen. Dat hängt e bësschen dovun of, wat fir Méiglechkeeten, datt deen Euro-President kritt, an et hängt e bëssche vun der Aart a Weis of, wéi déi Aarbecht organiséiert gëtt. Dat kann engem jo net zevill Zäit par rapport zu deem ewechhuelen, wat een heiheem ze maachen huet. Mä vu datt ee souwisou am Eurogeschäft mat drann ass, muss ee kucken, wat do derbäi kënnt. Fir de Moment, mengen ech, datt et eng wichteg Fonctioun ass. Vu datt ech awer och Euro-Minister haut scho sinn, hunn ech mech souwisou un deene Saachen aktiv ze bedeelegen, sou datt ech net mengen, sou wéi ech haut dat gesinn, datt dat exzeptionell vill méi Aarbecht géif mat sech bréngen. E bësschen awer.

Dernière mise à jour