Interview du Premier ministre Jean-Claude Juncker suite à son entrevue avec José Manuel Barroso

Här Juncker, gudden Owend.

Jean-Claude Juncker: Gudden Owend, Här Goetz.

Här Juncker, d’Lëtzebuerger Présidence huet ee gudde Ruff bis elo. Mä wat ënnerscheet dann déi nächst Lëtzebuerger Présidence vun deenen déi eist Land schonn an der Vergaangenheet hat?

Et ënnerscheet déi Présidence déi kënnt, d’Tatsaach datt mer elo 25 Memberstaaten an der Europäescher Unioun hunn, méi Sensibilitéite ronderëm den Dësch, méi Länner wéi fréier alt ronderëm den Dësch. Déi Presidentschaft gëtt anescht wéi di aner déi mer haten, besonnesch wéi déi lescht déi mer haten, wéinst der ënnerschiddlecher Problemstellung, déi mer hunn. Mir mussen eis mat de Finanzperspektiven, dat heescht mat de budgetäre Perspektivë fir déi nächst Joren beschäftegen. Mir mussen eis iwwert d’Reform vum europäesche Stabilitéits- a Wuesstumspakt bécken. Mir musse kucken, wéi déi sougenannte Lissabonner Agenda, dat heescht dee Gesamtprogramm vu wirtschaftlechen a vu soziale Reformen, déi  Europa sollen zum wettbewerbfähegsten Deel vun der Welt maachen, kënne vun der Plaz bewegt ginn. Et ass also anescht wéinst deene méi Leit an deenen anere Leit, déi dobäi sinn an et ass ënnerschiddlech wéinst de Problemer, déi mer ze klären hunn.

Mä à propos Finanzéierung. Hei sti jo awer schonn d’Schwieregkeete virun der Dier. Den designéierte Kommissiounspresident Barroso wëll, datt d’Memberen an Zukunft solle méi an d’europäesch Keess abezuelen. Dat awer passt ville Länner net an de Krom. Wéi wäert sech Lëtzebuerg da während der Présidence an dësem Dossier verhalen?

Déi Länner, déi méi an d’europäesch Keess abezuele wéi se erauskréien, hu virun e puer Méint ee Bréif geschriwwen, wou se gesot hunn, keen dierft méi wéi an engem System abezuelen, dee sech géif drop beschränken, fir ee Prozent vum europäesche Bruttosozialprodukt no Bréissel ofzezéien, wéi sech heiansdo gär ausgedréckt gëtt. Mir hunn dee Bréif net ënnerschriwwen, obscho mer an däer selwechter Situatioun sinn ewéi déi aner Nettobezueler, well mer wossten, datt mer virun eiser Presidentschaft eis missten an der Mëtt ophalen, tëscht deenen, déi bei engem Prozent wëllen deckelen an deenen déi, wéi d’Kommissioun, déi al an och déi nei, wëlle bis op 1,24 Prozent goen. Europa muss seng Solidaritéitsaxen wertvoll versuergen, däerf anerersäits net den Androck ginn, et géif de Staaten d’Suen aus der Täsch zéien. Tëscht deenen zwou Positioune musse mer vermëttelen.

Ass et net e wéineg paradox op där enger Säit sech mussen un d’Maastricht-Kriteren halen, op där anerer Säit awer méi mussen op Bréissel abezuelen?

Dat ass net paradox, dat ass de Problem vun all Finanzpolitik, vun all Budgetspolitik, vun all Finanz- a Budgetsminister, Saachen déi musse sinn esou mateneen an Aklang ze bréngen, datt déi zwou oder déi dräi Saachen, déi wierklech musse gemaach ginn, ënnertenee compatibel ginn. Dofir ass d’Finanzpolitik ee Wuert wat sech aus zwee Wierder zesummesetzt, d’Finanzen engersäits, d’Politik anerersäits.

Vill Geschéck brauch Lëtzebuerg an der Tierkeifro. D’Kommissioun wëll de 6. Oktober ee Rapport virleeën, mat eventuell der Propose fir Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei opzehuelen. Wa jo, wat bedeit dat da fir d’Lëtzebuerger Présidence?

Wann déi Décisioun vum Europäesche Conseil am Dezember déi ass, datt gemengt gëtt, et misst ee Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei ophuelen – Villes deit an déi Richtung – dann heescht dat fir d’lëtzebuergesch Presidentschaft, wa mer décidéieren, datt déi Négociatiounen direkt ufänken, datt mer an eiser Presidentschaft mussen ufänke mat den Erweiderungsgespréicher a Richtung Tierkei. Mir huelen net d’Décisioun, mä mir exékutéieren eng Décisioun, déi am Dezember geholl gëtt.

De leschte Freideg um Briefing, Här Juncker, hutt Dir gesot, et géif Problemer beim Verdeele vun de Posten, also vun de Portefeuiller an der neier Kommissioun, welch Problemer sinn dat?

Ech gesinn net wat fir Problemer bei der Verdeelung  entstoe kënnten, well déi Portfeuiller, déi si jo scho verdeelt ginn. Wat mer mussen erausfannen – dat hunn eis Gespréicher vun haut eis och erlaabt ze maachen – dat ass ze gesinn, ween a wat fir engem Ëmfang fir d’Ëmsetze vun der Reformagenda vu Lissabon zoustänneg ass, wee genau fir d’Wirtschaftsreformen zoustänneg ass. Wee genau an a wat fir Detailler fir d’Finanzperspektiven zoustänneg ass. Dat gesäit een net ëmmer vu baussen, dat gesi mer elo, nodeems mer no banne geschwat hunn, wesentlech besser.

Här Staatsminister, ech soen Iech villmols merci.

Merci och.

Dernière mise à jour