Le ministre du Trésor et du Budget Luc Frieden au sujet du projet pour le budget 2005

RTL Radio: Den 20. Oktober ass an der Chamber den Dépôt vum Budgetsprojet 2005. Haut war d’Regierung eng éischte Kéier an der Plénière beieneen, fir iwwert dee Projet ze schwätzen. No der Réunioun huet de Budgetsminister Luc Frieden am RTL-Interview éischt Explikatiounen zu deem Budgeetsprojet ginn.

Luc Frieden: De Budget vum nächste Joer muss, grad wéi déi virdrun a wéi déi  duerno, zum Ziel hunn, datt mer gesond staark Finanzen erhalen an duerfir, mengen ech, musse mer och an deenen nächste Joren eng virsichteg Budgetspolitik maachen, déi sech orientéiert um mëttelfristege Wuesstum vun eiser Économie. Et gesäit een, datt d’Économie elo e bësse besser geet, wéi dat d’lescht Joer nach de Fall war, mä ech soen: Jo, mir mussen eis mëttelfristeg um Wirtschaftswuesstum orientéieren. Dat ass deen ee Punkt. Dat anert ass natierlech datt, esouguer wann d’Économie e bësse besser geet, d’Recettë vum Budget, d’Steieren also, net onbedingt direkt sou schnell och wuessen. Mir waren an dësem Joer fir d’éischt confrontéiert mat enger Situatioun, wou mer manner Einnahme konnten asetzen wéi dat Joer virdrun an ech gesinn och net, datt d’nächst Joer verschidde Steierkategorie géife klammen. Ganz am Géigendeel! Ech denken do virun allem un d’Kierperschaftssteier, déi vun de Banke bezuelt gëtt, oder d’Taxe d’abonnement, déi vun den Investmentfonge vun de Banke bezuelt ginn. Déi hate mer schonn an dësem Budget méi niddreg agesat an duerfir musse mer also, wa mer wëlle Budgeten hunn, déi am Équiliber sinn, dat brauche mer esouwuel national wéi an Europa - Stabilitéitsprogramm ass do d’Stëchwuert - da musse mer eng ganz virsiichteg Budgetspolitik maachen an da kann den nächste Budget net enorm vill klammen an et kënnen net nei Moossnahme virgesi ginn, déi e gréisseren Impakt op de Budget an op d’Croissance vun den Dépensë vum Budget vun 2005 hunn.

Kann een da schonn Eckwerter nennen?

Et ass sécher ze fréi no enger éischter intensiver Diskussioun, déi mer haten iwwert de Staatsbudget, fir do ze soen, wou een herno erauskënnt. Et ass esou, datt déi eenzel Departementer eng Croissance vun den Dépensë vun 18 Prozent gefrot hunn. Dann hätte mer ee Budget vu Gesamtausgaben vun eppes 7,6 Milliarden. Dat ass natierlech inakzeptabel. Wéi gesot: Eist Ziel ass, fir datt mer gesond Staatsfinanze behalen, datt mer eng niddreg Saatsschold kënnen hunn an datt mer héich Investiotiounsausgabë fäerdeg bréngen. Mir wëssen awer och, datt mer eng Rei Dépensen hunn, déi automatesch wuessen, wéi zum Beispill d’Contributioun vum Staat an d’Pensiounskeesen, d’Contribution vum Staat fir Hëllefen am Energieberäich, fir d’Photovoltaik, d’Participatioun oder de Finanzement vum Staat vun dem Kannergeld. Dat sinn alles Dépensen, déi automatesch, op Grond vu bestehende Gesetzer klammen an da bléift, wann een och héich Investitiounsausgabe wëllt hunn, net vill Spillraum fir aner Moossnahmen. Dee Budget d’nächst Joer dierf net méi klammen wéi d’mëttelfristegt Wirtschaftswuessstum an et bleift also net vill Spillraum fir nei Saachen, wa mer gäeren hätten, datt mer och an Zukunft net mussen d’Steieren héigen.

Wann déi 18 Prozent plus net ze realiséiere sinn, wéi eng Departementer musse sech da vläicht méi op méi drastesch Spuermoosnahmen astellen?

Ech mengen, datt dat een Exercice ass, dee jiddweree betrëfft. Jiddwereen an der Regierung muss sech bewosst sinn, datt et drëm geet, déi gesond Staatfinanzsituatioun ze halen an duerfir muss jiddwereen an deenen zwou, dräi Wochen déi elo kommen, wou déi eenzel Ministere bei mir als Budgetsminister laanscht kommen, fir ze diskutéieren iwwert de Budget vun hiren Departementer, kucken, wou si kënnen op Saache verzichten, entweder neier oder aler, fir datt mer zu engem raisonable Budget, dee konform ass zu en europäesche Regelen, herno erauskommen. An ech sinn dovun iwwerzeegt, datt wa jiddweree säi Bäitrag do leescht, datt mer da kënnen eng Politik maachen, déi mer net an e puer Joer regrettéieren. Sou wéi mer dat an der Vergangenheet gemaach hunn, wat ech elo mat Satisfaktioun feststellen, datt mer am Joer 2003, esouwuel no nationaler wéi europäescher Présentatioun een Excédent hunn, wëll ech och feststellen, datt mer 2004, also am lafende Joer, bis de Summer, de Budget sou exécutéiere konnten, esouwuel op der Recettë- wéi op der Dépensësäit, wéi mer e vun der Chamber gestëmmt kréien, well d’Recettësäit bleift do ëmmer ee grousse Point d’interrogatioun, sou mengen ech musse mer och an däer Disziplin de Budget vum nächste Joer opstellen an ech menge jiddwereen ass sech däers bewost.

Dat heescht am Résumé, de Budget fir d’nächst Joer wäert sech net grondleeënd vun deem vun dësem änneren, ënnerscheeden?

A senger Grondausriichtung muss d’Budgetspolitik sou geféiert ginn, datt d’Gesondheet vun de Staatsfinanze kann erhale bleiwen an duerfir gëtt et kee Budget, deen a senge Grondeckwerter, a senger Zielsetzung dierf verschidde gi wéi dee vun de leschte Joren, well mer dat net wëllen ob d’Spill setzen, wat mer iwwert déi lescht 10, 15 Joer hei zu Lëtzebuerg op eng eemoleg Situatioun an Europa an deem dote Beräich fäerdeg bruecht hunn.

Dernière mise à jour