Interview avec le ministre des Finances, Jean-Claude Juncker, suite à sa nomination en tant que président de l'Eurogroupe

RTL Radio: Félicitatiounen, Här Juncker, fir déi nei Aarbecht. Wat sinn dann elo am Eurogroupe Äer Aufgaben? Sinn déi haut définéiert ginn?

Jean-Claude Juncker: Mir sinn zu e puer scho méi laang der Meenung, datt den Eurogroupe, dat heescht déi 12 Finanzministeren, déi d’Eurolänner duerstellen, ee permanente Virsëtz brauch, fir d’Koherenz vun der Europolitik no bannen ze verstäerken a fir d’Visibilitéit vun der Eurozone no baussen, an Amerika, no Japan, am Weltwährungsfong, bei de G7, duerch déi selwecht Persoun ëmmer erëm kënne während zwee Joer vertrieden ze loossen. Et kënnt am wiesenltechen drop un, datt déi wirtschaftlech Koordinéierung an Europa, vun der Eurozone mengen ech, gestäerkt gëtt. Et geet net duer, fir den Euro ze hunn. Et geet net duer, fir ëmmer ze soen, datt den Euro eis schützt - dat mécht en - et muss een och däitlech kënne maachen, datt duerch een Zesummeleeë vun den Entwécklunge vun de wirtschaftspoliteschen Ustrengungen mir zu engem bessere Wuesstum an der Eurozone kommen an domat zu méi Beschäftegung ënner gläicher Berücksichtegung vun den Noutwennegkeete vun der Präisstabilitéit. De lëtzebuerger Staats- a Finanzminister huet wéineg Méiglechkeeten de Wuesstum reng national unzekuerbelen, kritt en awer als Amtspresident vun der Eurozone Zougrëff zu dem Haaptinstrument vun der europäescher Wirtschaftspolitk, dann ass dat net mat negative Resultater fir d’Économie an den Aarbechtsmaart vun eisem Land verbonnen.

Sidd Dir dann elo eppes wéi de kombinéierte Wirtschafts- a Finanzminister vun der Eurozone an Europa?

Jean-Claude Juncker: Et kënnt hei drop un, datt de politeschen Deel vun der europäescher Wirtschafts- a Währungsunioun nieft dem geldpoliteschen, dem monétairen Deel, vertrueden duerch de President vun der Europäescher Zentralbank, ee Gesiicht kritt an datt do eng regelrecht Politik kann entwéckelt ginn. Ech maachen hei keng Titulaturen mir zu eegen, déi e bësse breet kléngen, mä richteg ass et, datt den Euro-President, en Instigateur, den Inspirateur an den Transformateur vun der europäescher Wirtschaftspolitik ass.

Dir kritt elo vill ze dinn. Sinn zwee Joer da genuch fir all déi Aarbecht?

Jean-Claude Juncker: Mir hu jo souwisou d’Presidentschaft vun der Eurozone an den éischte 6 Méint vum nächste Joer an zum Handwierk vum lëtzebuerger Staats- a Finanzminister gehéiert et, datt e sech souwisou mindesten zwou Stonnen den Dag domat beschäftegt. Dat ass also eng Verlängerung vun engem Deel vun der lëtzebuergescher Presidentschaft. Ech sinn zanter 1989 Finanzminister, ech si vun Ufank u bei der Währungsunioun dobäi, weess e bësse wourëm et do geet an ech halen dat aarbechtsméiseg fir machbar, ëmsouméi well et dem lëtzebuerger Premier d’Méiglechkeet gëtt, an der europäescher Wirtschaftspolitik ee Wuert matzeschwätzen an do och déi lëtzebuergesch Wënsch an engem Mooss mat afléissen ze loossen, wat natierlech wiesentlech méi grouss ass aus esou enger Positioun eraus, wéi wann een nëmmen ee vu villen ass deen um Dësch sëtzt.

Dat heescht, wann ech Iech richteg verstinn, déi nei Aarbecht hëllt Iech keng Zäit ewech, déi Dir fir Lëtzebuerg brauche géingt?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, esou ginn déi Froe just zu Lëtzebuerg gestalt.

Ass dann déi nei Aarbecht och vläicht eng Geselleprüfung fir duerno Conseilspresident ze ginn?

Jean-Claude Juncker: Wann ech eng Presidentschaft wéi déi vun der Kommissioun oflehnen, da gëtt sech schonn ëmmer gefrot, wat fir eng nächst Presidentschaft, datt ech kann unhuelen. Ech sinn elo President vun der Eurogroupe ginn. Dat ass een aflossräiche Posten an der Europäescher Unioun, dee kann ech féieren aus menger Verantwortung als lëtzebuerger Staats- a Finanzminister eraus, fir dat wat ech fir d’europäesch Wirtschaft noutwenneg hale mat anzebréngen a fir och a méiglechst vill positiv Effekter fir dat eegent Land erauszezéien. Et gëtt an Europa, an däer duebeler Fonktionalitéit keng aner Positioun, déi mer erstriewenswert erschéngt.

Dernière mise à jour