Interview avec le ministre de l'Intérieur et de l'Aménagement du territoire, Jean-Marie Halsdorf sur le projet IVL

RTL Radio Lëtzebuerg: Vill Aarbecht kënnt besonnesch op déi Ministeren zou, déi nach keng Regierungserfahrung hunn, wéi zum Beispill den neien Inneminister. De Jean-Marie Halsdorf  ass elo bei eis am Studio. Gudde Mëtteg, Här Minister.

Jean-Marie Halsdorf:  Gudde Mëtteg.

An de leschte Méint virun de Walen ass Äre Virgänger, Michel Wolter, virun allem mat engem Thema identifizéiert ginn, dem ominéisem IVL, dem integrative Verkéiers- a Landesplanungskonzept. De Michel Wolter war ee fervente Verfechter vun deem Konzept. Sidd Dir dann dovunner grad esou iwwerzeecht wéi heen?

Jean-Marie Halsdorf: Wann Dir d’Fro esou stellt, kann ech jo net anescht äntwere wéi jo. Et ass tatsächlech esou, datt ech och an deem Liewen, dat ech virdrun hat, als Buergermeeschter an och als Member vum Exekutiv vum Prosud, dee jo am Fong geholl den Aménagement national oder den IVL am Niveau Süden iwwert ee Plan régional soll ëmsetzen, do war ech jo och Member dran, sou datt ech am Fong geholl do schonn déi Facettë kannt hu vun däer ganzer Problematik an do war ech och ëmmer op enger Wellelängt mam Här Wolter an de grousse Linnen. Natierlech hu mer eis do an enger Phase beweegt vu Planungen a vu vill wat op Pabeier geschriwwe gëtt. Elo geet et ëm d’Ëmsetzen, ëm d’Implementéieren an dat ass eng aner Welt an déi musse mer elo kucken.

Mä dat Ëmsetzen, ass dat da fir Iech elo eng Prioritéit  oder gëtt elo mol nach gewaart an nach Étudë gemaach an Avisen?

Jean-Marie Halsdorf: Also dat ass eng absolut Prioritéit. Et ass, wann een den Dossier e bësse kennt, da gesäit een, datt mer hei zu Lëtzebuerg eng grouss Chance hunn, wa mer elo déi Erkenntnisser déi mir kritt hunn, wa mer déi elo ëmsetzen. Eng Gesellschaft funktionnéiert ëmmer esou mat Entwécklungszyklen an dee leschten Entwécklungszykel hate mir  Enn de 60er, ufanks 70er Joren an all 20, 30 Joer kënnt nees sou een an an eosu ee si mer nees am gaangen elo eran ze goen. Lëtzebuerg muss sech an der Groussregioun positionnéieren an do sinn dann Imperativen, déi ee muss ëmsetzen a mir hunn natierlech déi Particularitéit, datt mir  vill vu baussen erakréien, wou mer net kënne mat plangen. Sprëch all déi Grenzgänger zum Beispill, all déi Problemer déi doduerch entstinn. Op der anerer Säit awer dann musse mer eis zu Lëtzebuerg organiséieren, datt dat eppes gëtt. An do hu mer déi Infrastrukturen, ob dat elo déi si vun de Gemengen, ob dat déi si vun  de Stroossen, ob dat déi si vum ganzen Aménagement, déi mussen eben elo fit gemaach ginn, datt mer dës grouss Belaaschtung, déi mer an den nächste Jore wäerte kréien - Belaaschtung mengen ech elo an engem positive wirtschaftleche Kontext - datt mer déi  packen.

Dat heescht  Dir fänkt direkt u mat schaffen?

Jean-Marie Halsdorf: Mir fänken direkt un. Mir wäerten elo versichen an der Logik vum IVL fir d’éischt déi Plans régionauxen, verschiddener ëmzesetzen an och dann déi Plans sectoriels an deen éischten, dee muss do ënnert den Hummer, géif ech bal soen, dat ass dee vum Transport. Ech hunn och mam Här Lux schonn éischt Rendez-Vousen elo, wou mer kucken, an enger bilateraler Approche ze kucken, wéi mer dat Ganzt dann op d’Schinne kréien. Wann dee mam Transport, wann deen am Rullen ass an deen ass imperativ, well dee conditionnéiert alles, musse mer och dee Plan sectoriel vun de Wirtschaftsreim, vun de „Zoningen“ am Land, dee musse mer och onbedingt, mam Här Krecké, musse mer kucken, datt mer do och lasskommen. An dann nach een Drëtten, dee mer och wichteg schéngt, dat ass deen, an och wichteg ass, alleng doduerch wat ech politesch an deem Beräich gesot hunn, ass dee vum Logement, mam Här Boden. Do musse mer och kucken, datt mer do och dann eng komplementar Aktivitéit lancéieren. Mä dat sinn déi dräi Schinnen, déi dräi Terrainen, wou mer lass fueren an dann natierlech déi regional. Deen am Süden, deen ass jo scho relativ gutt ënnerwee mam Prosud an do muss een dann nach kucken am Norden, am Osten an och am Südzentrum, wéi een dann do och ukënnt. Mä et ass wichteg, datt een och do esou séier wéi méiglech déi Saach lancéiert.

Wann aus deem IVL soll eppes ginn, dann ass et jo kloer, datt vill Koordinatiounsaarbecht och muss gemaach ginn. Wäer et dann net méi logesch gewiescht, wann den Inneministère zum Beispill mam Bauteministère an eventuell och mam Transport zesummegeluecht gi wieren an dann hätt en ee Superminister  souzesoe gehat an e puer Staatssekretären. Wier dat net méi einfach gewiescht?

Jean-Marie Halsdorf: Wësst Dir, fir Saachen ëmzesetze gëtt et vill Theorien a vill Méiglechkeeten. Dat do kinnt eng Méiglechkeet sinn, mä ob et déi Bescht ass, weess ech net. Ech weess zum Beispill, datt elo wou den Aménagement du territoire mat dem Aménagement communal gekoppelt ass, datt dat net schlecht ass, well mer bewegen eis jo hei an der Theorie an do ass et wichteg, datt déi eng Hand weess, wat déi aner mécht. Mir hunn am Land - an dat soll och sou bleiwen - zwou Entscheedungsebenen, de Staat an d’Gemengen. Do muss jiddweree seng Responsabilitéit huelen an do ass et schonn net schlecht, wann déi zwee um Dësch sëtzen an no beienee sinn, déi dann do aménagéieren. Dat ass och eng wichteg, wéi géif ech soen, Erausfuerderung, fir do genau dat eent ze definéieren an dat anert ze definéieren. Dat gëtt och an deenen nächste Méint eng Schwieregkeet, déi mer awer an de Grëff wäerte kréien, fir dat berühmte 37er Gesetz, wat jo elo frësch gestëmmt ginn ass, fir dat ëmzesetzen. Well dat ass am Fong geholl d’Applicatioun vun  dem IVL a vun dem Aménagement oder vum Plan directeur. Ech mengen, datt et gutt ass, datt dat do zesummen ass. Wann een elo déi aner Saachen dobäihätt, dat wäer een Avantage vläicht am Sënn, datt ee vläicht  da méi no beieneen um Dësch géif sëtze fir Décisiounen ze huelen, mä op der anerer Säit géif et vläicht awer manner transparent ginn. Dat weess een elo net. Mä wat wichteg ass, datt d’Ministere mussen zesumme schaffen. Souwisou: Et huet ee jo eng Solidaritéit an och eng Kollegialitéit an engem Ministeschrot an déi soll och hei spillen an do wäerte mer och alles drusetzen, datt mer do un engem Strang zéien. Well et ass am Intérêt vun eisem Land, wat mer hei maachen an do huet all Ministère säi Rôle ze spillen an ech géif och, sou wéi d’Situatioun sech elo annoncéiert an och wéi ech dee Regierungsrot gesinn, mengen ech, wäerte mir do schonn, wéi ech esou gäere soen, Neel mat Käpp maachen.

Een anert Stëchwuert ass Gemengenautonomie a Gemengefinanzen. Als fréiere Buergermeeschter an och Generalsekretär vum Syvicol sinn d’Erwaardungen un Iech jo awer bestëmmt zimlech héich vun Äre fréiere Kollegen?

Jean-Marie Halsdorf: Si hu mer nach näischt gesot. Dat kinnt sinn, datt dat esou  wäer. Wat mol kloer ass, datt wann een déi Kap virdrun hat, datt een dann d’Problemer och aus deem Bléckwénkel kennt. Wann een dann Décisioune muss huelen, dann hëlt ee se vläicht anescht, wéi wann een se net kennt. Also ech géif ëmmer soen, datt dat also een Avantage wäert sinn, datt ech virdrun am Syvicol war, datt ech virdru Buergermeeschter war, datt ech virdrun a Syndicate war. Ech kennen also d’Problemstellunge vläicht aus engem anere Bléckwénkel, wéi ee Minister deen dat net hat. Mä duerfir sinn d’Léisungen awer ëmmer déi selwecht. An de Syvicol hat jo gefrot fir am Fong geholl d’Einnahme vun de Gemengen ze koppelen un, wéi géif ech soen, un d’Aufgaben déi se hunn an och un d’Einnahme vum Staat. Et ass kloer - an dat wëll ech och lancéieren - datt d’Gemenge sech an Zukunft musse wéi ee moderne Service-Provider, wéi et der vill ginn, wéi eis Post oder wei soss, musse sech esou articuléieren an deen Ament mussen se déi Aufgaben, déi se kréien, musse se kënne leeschten a se mussen och, wéi géif ech soen, eng paralell Finanzéierung musse mir garantéieren als Ministère. An dann hat ech mer virgestallt, datt een dat sou kéint mat Menue fueren, dat heescht déi kleng Gemengen déi kréien een anere Menu kënnen, déi sech wielen, wéi déi méi goruss Gemengen an et kann net all Gemeng alles maachen. Wann ech zum Beispill den Accueil huelen, dee ganz wichteg wäert ginn an Zukunft. Ech ka mer virestellen, well jo ëmmer méi  Partner, Männer a Fraen, an Aarbechtsprozesser eraginn, datt ëmmer manner Leit  d’Méiglechkeet hu fir hir Kanner nach doheem à charge ze huelen. Do ass dann de Staat an d’Gemenge gefuerdert an do muss een awer verschidde Masses critiquen hunn, verschidde Potentialitéiten hunn, fir datt dat iwwerhaapt geet. Sou kann een dat dann do, sou ee Gefüge maachen, datt d’Gemenge responsabilitéiert ginn a si hir Décisiounen huelen, wat ze maachen ass a wat net ze maachen ass. Sou stellen ech mir dat vir an do sinn... all Modell ass méiglech. Do kann eng Gemeng zesumme schaffen ënnert enger Forme juridique, déi ee kann definéieren. Si kann zesummeschaffen an engem Syndikat. Se kann och esou wäit goen, datt se sech fusionnéiert a sou weider. Sou stellen ech mir dat vir, datt do d’Gemengen, also si huelen d’Décisioun, mir maachen hinnen de Kader an ech stelle mer vir, datt een dann och vun enger gewëssener Gréisst vu Gemengen un, dat ka 6.000, 8.000 oder 10.000 sinn, kéint een zum Beispill ee professionelle Buergermeschter huelen. Dat heescht, déi Gemengen, dat sinn da wierklech professionell Betirber am Sënn vun engem moderne Service-Provider, an déi mussen dann hir Responsabilitéit huelen. Do muss ee kucken, am Dialog mat der Société civile, mat all deenen Leit, déi hei concernéiert sinn, fir dat dann do zesummenzecollen an zesummenzestrécken.

Kënnt Dir Iech da virstellen, datt dee Moment dann och d’Député-mairë géifen ofgeschaaft ginn?

Jean-Marie Halsdorf: Dat ass, wësst Dir wann ee sou eppes global diskutéiert, soll een net elo eppes eraushuelen an direkt dat scho kommentéieren, well da geet dat wat ee jo wëllt, et well ee jo eng Kohéisioun hei erakréien an eng global Approche, déi geet da verluer. Ech mengen, dat ass de Moment net relevant dat doten ze diskutéieren. Et  soll een emol kucken, ob dee Modell, deen ech mer elo do virstellen an dee mer am gaange sinn ze preparéieren am Ministère, ob deen dann herno dobaussen iergendwéi Uklang fënnt an ob een deen da kann ëmsetzen. Wat kloer ass, et muss eppes geschéien. Dat ass fir mech sou kloer wéi Bouletteszopp. Et muss eppes geschéien, mä d’Gemenge kënne sech do selwer hir Autonomie  maachen. Wann d’Gemenge gutt funktionnéieren a wa si eens ginn esou a wann hir Leit, hir Bierger zefridde si mat hinnen, ass dat kee Problem. Mä mir sinn ee ganzt Land an de Ministère an och d’Regierung si responsabel, datt an deem Land, datt do eppes gebuede gëtt an datt dat Land sech ka positionnéieren an der Groussregioun an dat wäerte mer dann och esou maachen.

Äere Virgänger war am Fong dofir bekannt, datt en och onbequem Wouerechte gesot huet an och Décisioune geholl huet, déi net jidderengem geschmaacht hunn. Scheit dir och net do virdurn zréck?

Jean-Marie Halsdorf: Wann eng Décisioun muss geholl ginn, da muss se geholl ginn. Wat wichteg ass, datt een de Leit déi Diskussioun erkläert an datt een déi Partner, déi concernéiert sinn mat abezitt an d’Décisiounsfaassung. De Schröder huet dee Feeler an Däitschland gemaach mat Hartz IV. Wann een do d’Leit besser informéiert hätt a vläicht méi mat abezunn hätt, géif e vläicht net esou do sëtzen, wéi een elo do sëtzt. Fir mech ass et kloer, wa mer wichteg Décisioune mussen huelen, da mussen déi eenzel Sociétés civiles an och déi aner Leit musse mat abezu ginn an et ass jo och driwwer geschwat ginn, fir ee Referendum ze maachen, wa wierklech schwéierwiegend Décisioune geholl ginn. Mir sollten eis zu Lëtzebuerg bewosst sinn, datt mer net méi kënne weider, géif ech soen, sou eis eegen Zoppe kachen, d’Kierchtuermpolitik, dat Wuert gëtt jo vill benotzt, also déi muss ophéieren. Ganz éierlech, et ass am Interessi vun eis alleguerten an et muss jiddweree verstoen, wat do ze gewannen ass a wat och ze verléieren ass.

Jean-Marie Halsdorf, villmols Merci fir d’Gespréich a bonne Chance dann.

Jean-Marie Halsdorf: Merci.

Dernière mise à jour