Interview avec le ministre des Transports, Lucien Lux, au sujet de la sécurité routière

RTL Radio: Ëm den Traffic an och d’Verkéierssécherheet geet et an deenen nächste Minutten hei op der Antenn. Den neien Transportminister Lucien Lux ass live am Studio. Gudde Moien, Här Lux.

Lucien Lux: Gudde Moien.

Vun haut un heescht et also erëm Stau hei, Stau do, iwwerlaaschte Stroossen. Wat hutt Dir wëlles an deenen nächste Joren ze maachen, datt sech do d’Situatioun verbessert? Méi Stroossen, och wann dat net direkt Äer Responsabilitéit ass? Méi Schinnen, en Tramm?

Lucien Lux: Ech mengen, et ass ganz kloer, datt een an deenen nächste Jore muss versichen, fir esouwuel d’Attraktivitéit, wéi och d’Angebot vum ëffentlechen Transport ze verbesseren. Mir hunn an deene leschte Joren vill doriwwer diskutéiert, studéiert, versicht Pläng auszeschaffen. Ech mengen, mir missten elo an eng Period kommen vu Realisatiounen a mäi grousst Ziel ass, datt mer an dëser Legislaturperiod endlech mat den Aarbechten, zum Beispill vun deem wat jo Prioritéit soll sinn, Uschloss vun engem Train-Tramm-System vun esouwuel Dummeldeng vun der Nordsäit, wéi och vun der Gare-Lëtzebuerg op de Kierchbierg an herno och op de Findel, soll maachen an datt een da mat der Stad Lëtzebuerg endlech och et fäerdeg bréngt, ee Plang dohinnerzekréien an och an d’Chamber ze kréien, deen dann eng Interoperabilitéit, sou heescht dat op lëtzebuergesch, fäerdeg bréngt tëschent deem System Train-Tramm mat engem System, deen dann d’Stad Lëtzebuerg an och déi périphère Zentre ka matenee verbannen. Doriwwer eraus mengen ech, ass et och als Ëmweltminister ganz kloer, datt dat net nëmme manner Trafic heescht, manner Stauen, manner Nerven déi strapazéiert ginn, mä et heescht virun allem och vill manner CO2-Emissiounen a mir hu ganz sérieux Zielsetzungen am Zesummenhang mat Kyoto eis gesat, fir déi CO2-Emissiounen, fir déi ëm 28 Prozent ze reduzéieren par rapport zu 1990. Also an alle Fäll heescht manner Trafic esouwuel fir den Transport-, wéi fir den Ëmweltminister eng Gewënnsituatioun.

Wann deen ëffentlechen Transport, wann deen da bis do ass, d’Offerte, da muss se natierlech och genotzt ginn. Dir hat zum Beispill proposéiert an Äerem Walprogramm gratis ëffentlechen Transport. Dorauser gëtt awer näischt?

Lucien Lux: Ech mengen, mir hunn eng finanziell Situatioun beim Staat, déi net esou einfach ass an déi mer also och musse kucken. Et muss een allerdings dobäi soen, datt an der Tëschenzäit, a vill Leit wëssen dat net, datt schonn haut 70 Prozent vun de Benotzer vum ëffentlechen Transport gratis fueren. Datt mer jo och beim Behënnertentransport, beim Schülertransport, bei villen aneren Transporten, bei eelere Leit grouss Efforte maachen. Ech mengen, datt och d’Präisser, iwwert déi Tariffer mer nach eng Kéier wëlle kucken an dëser Legislaturperiod, d’Präisser esou sinn, datt et fir den Usager ëmmer eng sougenannte "win-win"-Situatioun ass, fir trotzdem den ëffentlechen Transport ze huelen. Et gëtt een immens grousst Angebot haut scho gemaach. Ech mengen, jiddwereen deen de Versuch mécht fir den ëffentlechen Transport ze notzen, kann dat maachen an doriwwer eraus mengen ech soll een den Auto och net verdäiwelen. Mir liewen an enger Gesellschaft vu Mobilitéit. Ech menge jiddweree soll Hand op d’Häerz kucke wat fir heen a fir eis ganz Gesellschaft dat Bescht ass an an ech mengen u mir soll et sinn an den nächste Joren op all deenen Niveauen do ze versichen et nach besser ze maachen.

Zur Verkéierssécherheet dann. Äre Virgänger, den Henri Grethen, huet jo eng Partie Mesurë geholl, déi och zum Deel ganz gutt gegraff hunn, fir d’Rowdien e bësse vun de Stroossen ze kréien, fir d’Zuel vun de Verkéiersdoudegen ze reduzéieren, mä awer loossen nach vill zevill Leit d’Liewen op de Stroossen. Wou kann een do usetzen? Méi Kontrollen? Wéi ass et mat permanente Radaren op den Autobunnen, eng Iddi déi jo mol opkomm war?

Lucien Lux: Ech mengen, mir mussen eis alleguer froen an dëser Gesellschaft, ob mer, wann ech déi Zuele vum éischte Semester, vum éischten Hallefjoer vun dësem Joer 2004 kucken, musse mer eis einfach d’Fro stellen, si 4.000 Akzidenter elo schonn erëm dëst Joer, sinn 30 Doudeger, sinn iwwer 100 schwéier Verletzter, sinn déi akzeptabel?

An ech mengen, datt mer do allegueren eis an de Spiggel musse kucken a vill Rowdien, wéi Dir sot, déi net sérieux sinn, sech einfach musse mat hirer Nues all Dag huelen a mir se och mat der Nues och mussen huelen, fir einfach mol fir d’éischt, fir méi Respekt ze suergen. Fir méi Respekt vis-à-vis vun de Kanner, déi effektiv oft am Verkéier Gesten hunn, déi net sou kontrolléierbar sinn. Vis-à-vis vu Behënnerteparkplazen, déi genotzt ginn, net vun deene Leit fir déi se do sinn, vis-à-vis vun älere Leit a sou virun, déi net méi sou iwwert eng Strooss flitzen, wéi se dat mat 20 Joer gemaach hunn.

Dofir geet et mengen ech, eege Verantwortlechkeet mengen ech geet et un an dann zweetens mengen ech soll een déi Politik, déi den Henri Grethen gemaach huet, mat Punkteführerschäin, mat anere Mossnahmen, weiderféieren. Et läit ee Projet de loi an der Chamber, deen nach vun him déponéiert ginn ass, deen a ville Punkten an déi richteg Richtung geet. Et muss ee kucken deen nach auszeweiten. Ech wëll effektiv den Instrumentarium nach verstäerken, fir Sanktiounen ze maachen a fir déi effektiv ënnert dem Motto, systematesch Kontroll, garantéiert a schnell Sanktioun, fir déi weider auszeféieren an da gëtt et, mengen ech, an der Regierungserkläerung och déi Iddi fir Radaren op de Stroossen opzestellen, virun allem op deene Plazen wou et effektiv geféierlech Plaze sinn. D’Fransousen hunn eis an deene leschte Méint gewisen, datt wann een eng Politik definéiert an de Jacques Chirac huet dat gemaach an en huet sech och d’Mëttelen dofir ginn, mat senger Regierung, datt een effektiv och Resultater ka kréien an ech menge mir mussen dat zu Lëtzebuerg an deenen nächste 5 Joer och fäerdeg bréngen.

Répressioun ass eng Saach, Éducatioun déi aner, duerfir nach kuerz d’Fro zum Schluss: Mussen d’Kanner net schonn an der Schoul léieren, datt mat 120 km/h duerch eng Uertschaft fueren, esou schlëmm ass, wéi wann ee mat enger Waff dorëmmer leeft an op d’Leit lassgelooss gëtt. Iergendwéi ass séier fueren a ech am Verkéier donieft behuelen awer nach ëmmer sou ee Kavaléiersdelikt.

Lucien Lux: Ech mengen, et ass och e bëssen eng Situatioun vu Werter, déi mer de Kanner musse mat op de Wee ginn. Dee Wert vu Respekt, dee Wert net agressiv ze sinn, net nëmmen am Verkéier, mä generell e bëssen den Appell de Moien fir eng nei Gemütlechkeet och op de Stroossen an ech mengen, datt an de postprimaire Schoule jo schonn Efforte gemaach ginn, ech mengen datt och eis Kanner am Primaire scho kënnen an déi Richtung och pädagogesch Saache mat op de Wee kréien, wat virun allem mengen ech Werter sinn, déi net nëmme gutt si fir de Verkéier, mä och fir de Verkéier, well do hu mer et deck néideg.

Lucien Lux villmols Merci fir de Besuch am Studio an all Guddes fir Äere Gebuertsdag, deen Dir haut op den Dag feiert.

Lucien Lux: Dat ass léif. Merci.

Dernière mise à jour