Interview avec le ministre de la Coopération et de l'Action humanitaire, Jean-Louis Schiltz

RTL Radio Lëtzebuerg: Am Studio begréissen ech de Kooperatiounsminister Jean-Louis Schiltz. Gudde Mëtteg.

Jean-Louis Schiltz:  Gudde Mëtteg.

Virop emol d’Fro, Här Schiltz: Ass d’Entwécklungshëllef an Ären Aen een dankbare Ressort? Well Dir Iech jo am Fong als gudde Mënsch kënnt duerstellen, deen deenen Aarme Sue gëtt, oder ass et awer méi ondankbar wéi ee mengt, well net onbedingt d’Bedeitung vun der Kooperatioun agesi gëtt?

Jean-Louis Schiltz: Et ass ee Ressort, wou et grouss Défie ginn. Et geet drëm de Kampf géint d’Aarmut, déi net Halt mécht, weider ze féieren an ech gesinn et éischter an deem Sënn, datt mer verstäerkt mussen eis weider am Kampf géint d’Aarmut asetzen. Dat huet sécherlech eppes Dankbares, wann ee mat deene Leit zesummekënnt, deenen een effektiv am Numm vun der Lëtzebuerger Regierung kann hëllefen, mä et ass awer och ee groussen Défi.

Mä kann een da vill falsch maachen?

Jean-Louis Schiltz:  Ech weess net, ob ee ka vill falsch maachen. Op jiddfer Fall ass et een Effort, deen een all Dag muss maachen. Et ass een Effort, wou mer net dierfe stoe bleiwen. Dat Schlëmmst wat mer maache kéinten, dat ass eis op eise Lorbeeren ausrouen. An duerfir musse mer ëmmer weiderfueren an ëmmer deen Effort erëm op en Neits verstäerken an och, mengen ech, d’Sensibilisatioun vun de Lëtzebuerger, bei deene mer eng grouss Akzeptanz vun der Entwécklungshëllef feststellen, fir déi Sensibilisatioun och weiderzedreiwen.

Mä bei deene Jonken jo awer net onbedéngt. Do gouf et jo mol ee Sondage, deen dat festgehalen huet, datt déi Jonk net onbedingt Versteesdemech dofir hunn.

Jean-Louis Schiltz: Ech denken, datt et do nach Saachen ze maache ginn. An ee vun den Défien, déi ech ugeschwat hunn, dat ass deen Effort wieder ze féieren op der enger Säit, wéi ech gesot hunn, an op där anerer Säit effektiv ze kucken, fir datt mer och deene jonke Leit dat vermëttelt kréien, a vermëttelt kréien datt d’Entwécklungshëllef deen Domaine ass, wou Lëtzebuerg par excellence – ee Land deem et jo bekanntlechermoossen net allze schlecht geet, och wann d’Zäite vläicht net méi sou einfach haut si wéi se gëscht a virgëschter woren – mä awer en Domaine, wou ee Land, deem et gutt geet, ka weisen, datt et capabel ass ze deelen mat deenen, deenen et net sou gutt geet. Dat ass am Fong de Message.

Lëtzebuerg schafft jo schonn zanter Joren mat der Method vun de Pays cibles, vun den Ziellänner. Bleift et do dobäi? Kommen eventuell och nei Länner dobei?

Jean-Louis Schiltz: Ech mengen, mat de Pays cibles ass et esou, datt mer als Lëtzebuerger, och wa mer e substanziellen Effort maachen, deen Effort awer wëllen an enger klenger Zuel vu Länner konzentréieren, fir datt deen Effort méiglechst efficace ass. Op Är Fro ugeschwat, ob d’Kategorie vun den Ziellänner oder ob d’Ziellänner als solches änneren, ass d’Äntwert folgend: Am Koalitiounsaccord steet, datt d’Critèrë fir een Zielland ze definéieren, datt déi revidéiert solle ginn. Dat ass awer en Exercice, deen een net vun haut op muer mécht. Dat ass een Exercice, dee mer wäerten an deenen nächste Méint ugoen. Mä ech kann awer elo scho soen datt, souwäit ech dat haut gesinn, keent vun deene Länner, déi Ziellänner haut sinn, d’Critèren erfëllen, datt mer eis kënnten in globo aus engem vun deene Länner zréckzéien. Et ass souwisou een Exercice, deen een net vun engem Dag op deen anere mécht. Grad wéi een net vun engem Dag op deen aneren an esou ee Land erageet, zitt ee sech och net vun engem Dag op deen aneren aus sou engem Land zréck.

Dat dauert also nach eng ganz Zäitchen bis een do ka formell soen, ob vläicht een anert Land och nach dobeikéim?

Jean-Louis Schiltz: Dat ass richteg. Mir sinn de Moment am gaang ze kucken, wéi mer, wéi an ob an inwiefern mer déi Critèren nei definéiert kréien. Dir wësst, datt  mer déi Länner essentiellement erausgewielt hunn op der Basis vun de Facteure vun Aarmut an deene Länner, mat enger ganzer Rei aner Critèrë kombinéiert. Et sinn e puer Länner, déi sech do verbessert hunn, ech kann hei d’Beispill Namibien uféieren. Nach bleift, datt zum Beispill do och den AIDS e ganz grousse Problem ass, datt d’Liewenserwaardung an deem Land zréckgefall ass, datt et och ganz aarm Regioune ginn. Dat heescht, och wann d’global Entwécklung vun deem Land vläicht besser ass, ginn et nach wie vor ganz aarm Regiounen, sou datt dat mer alles net sou einfach schéngt.

Den Ament si jo eng ganz Rei vun eisen afrikaneschen Ziellänner mat enger regelrechter Invasioun vun Heesprénger geplot. Dir hutt gëschter 200.000 Euro un Hëllef décidéiert. Fir wat ginn déi Suen eigentlech ganz konkret genotzt?

Jean-Louis Schiltz: Déi Heespréngerkris ass, géif ech soen, eng vun deene vergiessene Krisen. An ee vun eisen Objektiver an der Entwécklungshëllefspolitik ass och, fir am Kader vun deene méi vergiessene Krisen ze contribuéieren. Et ass elo net eng Kris wéi Darfour, déi all Dag an der Zeitung ass. Konkret gi se gebraucht, et geet drëm, fir d’Progressioun vun deenen Heesprénger anzeschränken. Well wann dat net geschitt a wann dat net reusséiert, da breeden se sech weider aus. Mir sinn den Ament op 2,3 Milliounen Hektar. Et gëtt gefaart, datt dat bis op 4,3 Milliounen Hektar erausgeet. A wann déi Kris sech weider verbreet, respektiv wann déi Heesprénger sech weider verbreeden, da kënnten duerno sech Problemer stellen wat d’Sécurité alimentaire ubelaangt, well déi Heesprénger, déi friesse Multiplë vun hirem Gewiicht all Dag a maachen domadder ganz Récoltë futti. Dat kann da Konsequenzen à moyen terme hunn, dat heescht, datt wa keng Récoltë méi do sinn, da kann et mol gutt sinn, datt d’Leit sech déplacéieren, kënnt et zu Migratiounen mat all deene Problemer déi dorauser dann ervirginn.

200.000 Euro, geet dat dann duer?

Jean-Louis Schiltz: 200.000 Euro ass ee substantielle Montant, éischtens fir Lëtzebuerg, zweetens een substantielle Montant par rapport zum Effort, deen och vun anere Länner gemaach gëtt. Et geet elo mol drëm an engem éischte Stadium ze kucken, inwiefern déi Hëllef zesumme mat der Hëllef vun anere Länner der FAO erlaabt fir déi Kris elo mol ze limitéieren a fir z’évitéieren, datt et weider geet. Et ass awer, déi Kris, mir verfollegen déi weider a wann et net geléngt an deenen nächste Wochen a Méint effektiv d’Progressioun vun den Heesprénger opzehalen, da stellt sech d’Fro inwiefern d’international Communautéit, a Lëtzebuerg insbesondere, weider gefuerdert ass.

Iwwerhaapt ass et jo eigentlech élémentaire ze wëssen ob d’Suen, déi een an Entwécklungsprojeten stécht, och wierklech gutt investéiert sinn. Ass d’Kontroll an deem Sënn gutt genuch?

Jean-Louis Schiltz: Ech mengen, wat d’Pays cibles ubelaangt, schaffe mer elo mat sougenannte PIC’en zanter e puer Joer, Programme indicatif de coopération, wou mer de Bilan maachen. Mir maachen de Bilan à mi-parcours fir ze kucken, wéi mer en fin de Parcours weiderfueren a mir setzen och ee ganz groussen Akzent op d’Evaluatioun vun deene Projeten. An deem Zesummenhang gesinn ech och d’Expansioun vun eiser Präsenz op der Plaz. Mir hunn zum Beispill vir, an deenen nächste Joren Missiounen zu Managua an zu Ouagadougou opzemaachen, fir effektiv déi Projete méi no ze suivéieren, fir se kënnen ze évaluéieren a fir kënnen och sécherzestellen, nach méi vläicht wéi gëschter, datt déi Sue richteg verbraucht ginn an datt déi Projeten effektiv och realiséiert ginn, sou datt se de Populatiounen hëllefen, sou datt se eisem Ziel, wat nach eng Kéier d’Bekämpfung vun der Aarmut ass, datt mer dat bewerkstellegen.

Kritt dat dann och Répercussiounen op Är Zesummenaarbecht mat den ONGen?

Jean-Louis Schiltz: Répercussiounen op eis Zesummenaarbecht mat den ONGen. Mir hunn eng Kollaboratioun mat den ONGen, déi ech géif als exzellent qualifizéieren. Ech hunn och de Cercle des ONGs, dat ass eng Daachorganisatioun wou déi meeschte vun deene 80 ONGen, déi bei eis agrééiert sinn, dra sinn. Mir schaffen Hand an Hand mat den ONGen. Ech hunn den ONGen och gesot, wéi ech se gesinn hunn d’lescht Woch oder d’virtlescht Woch villméi, datt meng Dier ëmmer op wär fir all Projet, fir all Problem ze diskutéieren. Well ech mengen, datt et extrem wichteg ass, datt d’ONGen e grousse Rôle spillen, och an der Kooperatioun, net nëmme well si Projete gutt realiséieren, mat eis zesummen natierlech, mä awer och, well hir Aktivitéit dozou bäidréit, datt d’Akzeptanz vun der Entwécklungshëllefpolitik bei de Leit hei zu Lëtzebuerg méi grouss gëtt.

Dir hutt virdrun dovu geschwat, datt Lëtzebuerg eben scho vill Efforte gemaach huet a mir hunn eis jo als Ziel gesat, 1 Prozent vun eisem PIB an d’Entwécklungshëllef ze stiechen. Gitt Dir dann dovun aus, datt dat Ziel elo beim Opstelle vum Staatsbudget fir 2005 erreecht gëtt?

Jean-Louis Schiltz: Dat ass een Ziel, wat een net vun engem Joer op dat anert erreecht. Dir wësst, datt mir zu den Top 5 Länner gehéieren am Prozentsaz par rapport zum Revenu national brut, wat der Entwécklungshëllef consacréiert gëtt. Mir hunn am Koalitiounsaccord geschriwwen, datt mer an deenen nächste Jore wëllen dat Ziel erreechen. Mir musse kucken, inwiefern a wéi séier mer dat kënne maachen. Dät hänkt à la fois vun de budgétaire Contrainten of hei zu Lëtzebuerg. Ech verstoppen dat net. Et hänkt awer och dovun of, wéi séier mir kënne Moyenen absorbéieren, dat heescht wéi séier kënnen déi Moyenen do verschafft ginn. Mir hunn eis zum Ziel gesat fir weider eropzegoen. Ech wëll mech och haut hei net zu engem Datum festleeën.

De Charel Goerens, Äre Virgänger, war jo relativ vill op der Rees an den Ziellänner. Wéi ass dat da bei Iech?

Jean-Louis Schiltz: Ech mengen, datt een eng Kooperatiounspolitik net ka maachen, wann een als politesche Responsabelen net op den Terrain geet an ech hu wëlles, effektiv all déi Ziellänner och ze visitéieren, fir um Kontakt op der Plaz Problemer probéieren ze léisen, awer och fir mer selwer ee Bild driwwer ze maachen, wéi eis Projete realiséiert ginn. An an deem Zesummenhang wäert ech Ufank Oktober meng éischt Rees an de Cap-Vert maachen.

Här Schiltz, Dir sidd jo och nach delegéierte Kommunikatiounsminister a grad wéi de François Biltgen virdrun, eben just, wann ee sou ka soen, delegéiert. Firwat dann eigentlech? Wëll de Premier a punkto Medien awer ëmmer dat lescht Wuert behalen?

Jean-Louis Schiltz: Dee just „delegéiert“, dee stéiert mech net, well ech schaffen eigentlech gär mam Premier zesummen. Ech hunn dat als Generalsekretär scho gemaach an et ass een Domaine, mengen ech, d’Medien an d’Kommunikatioun, wou sech komplex Froe stellen a wou et dann heiansdo gutt ass, datt een zwou Meenungen huet. Dat ënnersträicht dann och vläicht d’Wichtegkeet vun deem Domaine.

Wat ass dann do Äre gréissten Défi?

Jean-Louis Schiltz: Ech mengen, den Défi dat sinn, à court terme ass et fir de Paquet Telekom ëmzesetzen. Dat soll geschéien. Dat huet mäi Virgänger schonn op d’Schinne gesat. An da ginn et eng ganz Rei Projeten, déi mer an deenen nächste Joren a Méint mussen ugoen. Ech wëll zum Beispill do d’Gesetz iwwert d’Protection des données hei als Beispill ervirhiewen, wou allgemeng unerkannt oder akzeptéiert ass, datt dat Gesetz wat mer elo hunn e bëssen zevill komplizéiert ass a mir sinn do am gaangen no Weeër ze sichen fir dat eng Kéier op de Métier ze huelen, fir dat ze vereinfachen.

Jean-Louis Schiltz, villmols merci fir d’Gespréich a bonne Chance.

Jean-Louis Schiltz:  Merci och.

Dernière mise à jour