Interview avec le ministre de la Santé Mars di Bartolomeo

RTL Radio Lëtzebuerg: Här Minister, Dir selwer waart bis viru kuerzem ee vun deene schäerfste Kritiker vun Ärem Virgänger, dem Carlo Wagner. Elo musst Dir also weisen, datt Dir et besser maacht. Woumadder wëllt Dir dann ufänken? Wat sinn dann Är Prioritéiten?

Mars Di Bartolomeo: Ma ganz einfach, fir mol all déi motivéiert Leit an der Gesondheetspolitik ronderëm een Dësch ze kréien a manner vun enger Krankheetspolitik ze schwätzen a vill méi vun enger Gesondheetspolitik. Mir wäerten eis druginn fir ee regelrechte Gesondheetsplang hei zu Lëtzebuerg  opzestellen, wou een, vläit aneschters wéi an der Vergaangenheet, méi dat Allerwichtegst och thematiséiert. Dat heescht datt jiddweree och fir seng Gesondheet mat verantwortlech ass, datt Krankheet keng Fatalitéit ass, mä datt déi meescht vun eis, leider net all, e ganzt grousst Gesondheetskapital hunn, wou ee sech muss drëm bekëmmeren. Dat heescht méi gesond Liewens-Art-a-Weisen, Prioritéit fir Préventioun an net nëmme méi op Infrastrukturen d’Diskussioun fokaliséieren, mä op déi gesamt Gesondheetsproblematik. Also manner d’Krankheet an de Virdergrond stellen a méi d’Prioritéit fir d’Gesondheet. Dat kléngt elo vläicht héichtrabend, mä an der Gesondheet soll een héich Zieler hunn. Et ass relativ vill ze maachen an deem dote Beräich an ech si frou, datt ech motivéiert Teamen an dem Gesondheetsministère fannen.

Eppes wat jo ganz bestëmmt ze maachen ass, dat ass d’Krankekeesen ze sanéieren, fir datt se dann och an Zukunft an deenen nächsten 10, 20, 30 Joer nach ëmmer gesond sinn. Dir sot elo, Dir hätt gär, datt d’Leit och selwer Responsabilitéit iwwerhuelen. Heescht dat dann also, datt eise Krankekeesesystem méi schlecht gëtt? Wéi ass et iwwerhaapt mat deenen Diskussiounen an deenen Décisiounen, déi deemols an der Tripartite geholl goufen an nach ëmmer net ëmgesat sinn?

Mars Di Bartolomeo: Dat ass ee ganze Programm vu Froen. Dat éischt, ech menge jo datt een, wann een iwwert d’Krankekeesen diskutéiert, net sech et sollt zevill einfach maachen andeem ee seet: Engersäits schëdde mer eran an anerersäits géife mer Leeschtungen ofschneiden. Net d’accord. Et ass méi komplex. Et muss een elo mol fir d’éischt genee um Dësch leien hunn, wat d’Ursaache si vun där Ausgabenexplosioun an da muss een, wéi dat an der Gesondheet üblech ass, mat Präzisioun un déi Saachen erugoen. Ee vun deene Haaptzieler déi mer verfollegen, dat ass, jiddweree virun déi Responsabilitéiten ze stellen, an der Sécurité sociale, déi en huet. D’Prescripteuren un déi mer een Appel, dat heescht d’Dokteren an alleguer déi Aner, déi nach verschreiwen, virun hir Verantwortung ze stellen, datt se dat Noutwennegt, dat Nëtzlecht verschreiwen, mä och net méi.

Kënnt Dir se dann dozou forcéieren?

Mars Di Bartolomeo: Mir sinn a ganz gudden Diskussioune mat hinnen a mir stelle se virun hir Verantwortung. Et ass ganz oft net eng Fro vun net wëllen, mä vläit eng Affär och vu Sensibiliséierung an dat muss een hunn. D’Patiente selbstverständlech och virun hir Responsabilitéit stellen, doduerch datt een de Message eriwwerbréngt, datt ee rëm eng Kéier dat Nëtzlecht, dat Noutwennegt soll huelen, mä net méi. Et gëtt kee Grond, firwat datt ee méi Medikamenter soll schlécken, wéi ee brauch, an d’Beispill, mir mussen drop reagéieren, datt de Gebrauch vu Psychotropen, Berouegungsmëttelen, Opputschmëttelen explodéiert, well dovu ginn d’Leit net méi gesond. Mir musse bei de Spidäler dofir suergen, datt et net Oprüstung gëtt, datt et net e Konkurrenzkampf gëtt, mä eng Aufgabendeelung an ech muss Iech soen, et ass spannend, wann een an enger Diskussioun mat deene verschiddene Partner ass a wann een hinne seet: Dir musst mathëllefen. Dat geet net vum selwen. D’Zielsetzung ass, datt mer an der Gesondheetspolitik an an der Sécurité Sociale déi Suen ausginn, déi mer mussen ausgi fir Qualitéit ze hunn, mä datt mer solle verhënneren, datt Suen zu der Fënster erausgeheit ginn. Well all Frang oder all Euro, deen zu der Fënster erausgeheit gëtt, dee feelt fir eppes opzebauen, wat een onbedingt brauch.

Dat héiert sech alles ganz gutt un, esou an der Theorie, mä kucke mer mol an d’Praxis. Do ginn et jo beispillsweis déi Problemer mat den homeopathesche Medikamenter. Dir selwer hutt ëmmer gesot, dee Remboursement, dee vum 1. Januar d’lescht Joer uns ewechgefall ass, dee misst erëm agefouert ginn. Maacht Dir dat dann elo?

Mars Di Bartolomeo: Selbstverständlech. Direkt.

Direkt?

Mars Di Bartolomeo: Ech wollt awer just ee Satz nach zu deem virdru soen, wat Dir gesot hutt, datt dat alles einfach kléngt. Ech wëll Iech just soen, datt déi ganz Diskussioun iwwer Krankeschäiner an iwwer Krankschreiwungen, iwwer Abusen, wou ech dat Wuert net gär an de Mond huelen, well et ganz oft eng Affär wierklech vu Sensibiliséierung ass, déi ganz Diskussioun dozou gefouert huet, datt déi Ausgabe wat d’Krankegeld ugeet, sech ganz ganz staark berouegt huet. An dofir behalen ech deen Optimismus, datt wann ee mat de Leit diskutéiert an ee se virun hir Verantwortung stellt, wann een hinne Choixen léisst, datt ee méi wäit kënnt, wéi wann een den décken Hummer hëlt fir op se ze klappen oder d’Aaxt hëlt fir Leeschtungen ofzeschneiden. Ech sinn net der Meenung, datt ee sech et esou einfach soll maachen an datt et derwäert ass.

Wat d’homeopathesch Medikamenter ugeet, läit ee Projet de loi do, läit eng Proposition de loi do, an dat wäert ee vun deenen éischte Projete sinn, déi verofschiedt ginn. Ech wäer just ganz ganz frou, wa mer schnell den Avis vum Conseil d’État géife kréien, wann ech gelift, wann ech gelift, also den Avis zu den homeopathesche Medikamenter.

Een aneren Dadda, wann ee sou ka soen, vun Iech waren d’Zänndokteschtariffer. Dir sot virun e puer Méint nach op dëser Plaz, mat deem wat d’Krankekeesen zréckbezuelen, kéint ee sech héchstens nach stolen oder hëlzen Zänn leeschten. Gëtt dat dann elo anescht?

Mars Di Bartolomeo: Also ech muss Iech lo soen, datt et mech ëmmer erëm wonnert, datt deen dote Sujet net méi thematiséiert ginn ass an deene leschte Joren. Bon, mir hunn zesummen, doduerch datt och eng Rei Émissiounen hei doriwwer waren, dozou bäigedroen, datt een Expert, een auslänneschen Expert, Propositioune gemaach huet. Déi leien elo a Bruttoform vir. Déi mussen ausgewäert ginn a si mussen op Lëtzebuerg elo transposéiert ginn. Ech sinn der Meenung, datt mer bei der Zännmedezin ënner Drock sinn an dat ass och eent vun deene Beispiller déi sollen dokumentéieren, datt ee bei de Krankekeesen, wann ee mat enger Situatioun konfrontéiert ass, wéi déi di mer vun mengem Virgänger hannerlooss ginn ass – also en zimlech sensibelt Lach – datt een net nëmmen däerf iwwer Iwwercouverture schwätzen, mä och muss kënnen iwwer Beräicher schwätzen, wou de Standard net méi deen normalen ass an dofir wäert ech mech dofir asetzen. Ech hoffen datt ech vun de Sozialpartner Secours kréien, fir d’Nomenclature vun den Zänn ze adaptéieren un dat wat haut Standard ass an datt net Leit domat ausbludden. Ech muss Iech awer soen, datt och an der Zännmedezin d’Diskussioun däerf erlaabt sinn, wat ass noutwenneg, an d’Leit musse gehollef kréien fir ze erkennen ob Ugebueter, déi se gemaach kréien, ob déi an der Rei sinn oder ob et eppes gläichwäerteg Guddes och vläit fir ee méi bescheidene Präis ka ginn an ech wäert mer Méi gi fir déi Fonction de conseil fir d’Leit auszebauen an do géif ech mer jo dann erwaarden, datt och d’Zänndoktere mat géife maachen an datt mer, just an der Zännmedezin, och vläicht e bëssche méi Transparenz kréien.

E Samschden hate mer de President vun der Patiente-vertriedung bei eis an der Émissioun Background. Do goufen eng Rei Kritike formuléiert. Eng, déi och schonn an der Summervakanz e puer Mol opkomm ass, concernéiert am Fong d’éischt Classe an de Spidäler. Do si jo net nëmme just déi sougenannten Hotelsfraisen méi deier, dat ass jo normal, mä d’Dokteschtariffer och. An zwar kréien d’Doktere fir déi selwecht Behandlung wéi an der zweeter Classe an der éischter Classe 66 Prozent méi. Woumadder ass dat dann eigentlech ze justifiéieren?

Mars Di Bartolomeo: Also an däer doter Affär gëtt et keng Logik. Et ass ganz kloer, datt en Dokter engem Patient aus der éischter Classe, grad wéi engem Patient aus där zweeter Classe genee déi selwecht medezinesch Leeschtung entgéintbréngt, sou datt et net doduerch ze erklären ass, datt deen ee besser behandelt gëtt an deen anere manner gutt. Dat ass eng Moossnam, déi proposéiert gi war oder décidéiert gi war viru laange laange Joren, wou d’Dokteren Tarifverbesserunge wollten, wou keng generell Tariffverbesserung dra war a wou dat doten als Ausgläich proposéiert gi war. An ech fannen, meng perséinlech Meenung, datt et eigentlech keng Argumenter fir déi dote Situatioun gëtt. Et ass awer net esou einfach, datt een elo seet, mir wëschen dat doten einfach ewech. Hannendru steet selbstverständlech dann d’Fuerderunge vun den Dokteren, fir eppes amplaz ze kréien, fir eppes wat se sengerzäit zougeséchert kritt hunn. Hannendru steet, datt wann dat do net méi aus deem enge Pot bezuelt gëtt, datt et bei d’Krankekeese geet, hannendru steet, datt elo d’Zousazversécherung, d’Prestaplus, en Deel dovun iwwerhuelen, an ech wäert d’Quadripartite den 13. Oktober mat där doter Fro befaassen. Do sëtze jo alleguer d’Sozialpartner, do sëtzen och d’Prestatairen an ech waarden op Propositiounen, déi méi logesch wäeren.

Präziséiert gouf vun der Patientevertriedung, lescht Fro, dann och nach, datt et jo eng Commission de surveillance vun der Sécurité sociale gëtt, déi kann awer just agräifen, wa se vun engem Patient am Fong aktivéiert gëtt, dee sech iwwert den Dépassement vum Honoraire vun den Tariffer vun engem Dokter beschwéiert. D’Krankekees selwer, déi kann déi Commission de surveillance do net aktivéieren, obwuel déi jo awer am Fong e besseren Iwwerbléck huet. D’Patientevertriedung hätt gär elo, datt dat och réckgängeg gemaach gëtt. Maacht Dir dat dann och?

Mars Di Bartolomeo: Dat do ass elo eng nei Fro mat där ech konfrontéiert ginn. Ech hu ganz gutt Diskussioune mat der Patientevertriedung gehat, och ganz positiv Diskussioune mat den Dokteren. Ech muss soen, datt och bei Iwwerschreidungen an deem dote Beräich heinansdo d’Tendenz do ass, fir ze generaliséieren. Et gëtt ëmmer Fehlverhalen an dat Fehlverhalen, et ass dat wat muss kënnen, wou muss kënne drop reagéiert ginn. Mir hunn am Moment Diskussiounen souwuel wat de Contrôle médical ugeet, wéi och wat d’Commission de surveillance ugeet, fir dat dote méi efficace ze maachen an och do waarden ech dann den 13. op Propositiounen. Et ass jo net esou, datt den Här Pizzaferri just President vun der Patientevertriedung ass. Heen ass och een eminente Member an eminente Partner an der Sozialpartnerschaft a Saache Krankekeesen an ech si fir all gutt Propositiounen op.

Mars Di Bartolomeo, merci fir d’Explikatiounen a mir komme bestëmmt nach eng Kéier drop zréck.

Mars Di Bartolomeo: Merci och.

Dernière mise à jour