Interview avec Luc Frieden, ministre de la Justice, ministre du Budget et du Trésor, ministre de la Défense

RTL Radio Lëtzebuerg: Police, Arméi, Justiz an net ze vergiessen, Budget an Tresor, dat sinn d'Ressortë fir déi de Minister Luc Frieden an der neier Regierung zoustänneg ass. Een décke Pak an doriwwer wëlle mir elo an deenen nächste Minutte schwätzen. Här Minister, gudde Mëtteg.

Luc Frieden: Gudde Mëtteg.

Als Dauphin vum Premier gitt Dir jo scho méi laang gehandelt. Dorunner sidd Dir jo scho bal gewinnt. Elo krut Dir nach aner Titelen dobäi, wann een esou wëll. "Super-Minister" ass een dovunner, "Mister Sécherheet" ass een aneren. Éiert oder stéiert dat Iech?

Luc Frieden: Ech sinn e Minister wéi all déi aner och, mä ech hunn effektiv an dëser Regierung vill faszinant Beräicher an duerfir stéieren déi Saachen do mech wéineg. Ech versichen déi Aarbecht, déi ech kritt hunn an dëser Regierung, ze maachen, uerdentlech ze maachen. Dat ass der vill an doriwwer, mengen ech, schwätze mir jo och de Mëtten. An duerfir, wéi dat beschriwwe gëtt, ass fir mech relativ irrelevant.

Bleiwe mir emol beim Thema Sécherheet. Et ass jo vläicht praktesch, wann een eenzege Minister d'Soen iwwer Police, Arméi a Justiz huet, mä net jiddweree war begeeschtert iwwer dee Cumul. Zevill Muecht, Law and Order, net onbedenklech fir d'Demokratie, waren e puer vun de Reaktiounen. Kënnt Dir d'Bedenke verstoen?

Luc Frieden: Neen. Well wann ee kuckt, wat am Ausland geschitt, da gesäit een, datt déi skandinavesch Länner, zum Beispill datt Irland, datt d'Schwäiz, datt Amerika, iwwerall, d'Police am Justizministère hunn aus engem ganz gudde Grond, nämlech datt de Justizminister via de Parquet och zoustänneg ass fir d'Poursuite vun den Infraktiounen an, datt deen ausféierenden Aarm vum Parquet an deem dote Beräich d'Police ass. Op där anerer Säit koum natierlech dobäi, déi organisatoresch Froe vun der Police, mä déi kënnen iwwerall rattachéiert ginn. Et mécht einfach Sënn, datt wann ee Sécherheetsfroen als Prioritéit an enger Regierung ugesäit – an dat huet de Staatsminister an der Regierungserklärung gesot – datt een dann och versicht, besonnesch an Zäiten, wou déi Froe sech anescht stelle wéi vläicht virun zéng Joer, datt een dann een domadder chargéiert. De facto war ech dat och an der Vergaangenheet an deem Sënn, datt mir ganz vill europäesch Sécherheetsfroen an der Vergaangenheet hu misse behandelen. An an der leschter Regierung a mam Accord vum deemolegen Inneminister, ech mech ëm déi europäesch Sécherheetsfroen och gekëmmert hunn. An Dir gesitt och, datt deen neien europäesche Commissaire, dee fir dëse Beräich zoustänneg ass, och als Titel kritt huet, Commissaire fir Justiz a Sécherheet, den Här Buttiglione aus Italien an do gesitt Dir, datt dat eng Tendenz ass, déi och an deenen anere Länner gemaach gëtt.

Eng Präzisioun nach derzou. Wa gesot gëtt, ma elo gëtt d'Polizei jo net méi kontrolléiert, dann ass dat natierlech total falsch, well esou wéi an der Vergaangenheet muss d'Police d'Gesetzer respektéieren. Si huet een internt Kontrollinstrument. Dat ass d'Inspection générale de la police a si ass och responsabel virun de Geriichter an d'Geriichter, déi décidéieren net op Uerder vum Justizminister, mä déi sinn an eisem Land – an dat wäert och esou bleiwen – wéi an den Nopeschlänner total onofhängeg an ech kann och ni zum Parquet soen, well dee Pouvoir huet de Justizminister net, datt de Parquet net ka poursuivéieren. Ech kann zum Parquet soen – an der Theorie op d’mannst – datt e muss an enger Affaire poursuivéieren. Ech kann ëm net soen, en dierf net poursuivéieren an duerfir sinn och déi juristesch Observatiounen, déi do gemaach gi sinn, an eisen Ae falsch. Wéi gesot, mir hunn e Modell geholl, deen et och an de skandinavesche Länner scho laang gëtt.

An datt ee Minister deen anere vläicht besser kënnt kontrolléieren, dat Argument loosst Dir och net gëllen?

Luc Frieden: Also ech hunn net deem fréieren Inneminister all Moies ugeruff, fir ze soen, wat e soll maachen a wat en net soll maachen. Mir sinn an engem demokratesche Land. Mir si responsabel virun der Chamber an et ass un der Chamber, fir eis ze kontrolléieren. D'Medien spillen och hir Roll an enger Demokratie an duerfir mengen ech, ass dat do eng Fro, déi falsch gestallt ginn ass.

D'Arméi, dobäi, do ginn et och Iwwerschneidungen. Ech war d'lescht Woch um éischte Conseil vun de Verdeedegungsministeren an der Europäescher Unioun. Ee vun den Theme war de Kampf géint den Terrorismus. Déi nämmlecht Themen, déi mir behandelen am Conseil vun de Justizministeren. Duerfir gesäit een, datt et scho Sënn mécht, datt wann een, besonnesch an engem klenge Land, dat Ganzt iwwerkuckt, séch déi Informatiounen zesummeleet an da versicht, dorauser déi Konzepter ze entwéckelen, datt Sécherheet och an Zukunft an eisem Land optimal assuréiert gëtt. Honnertprozenteg Sécherheet gëtt et leider net, mä datt ee versicht d'Zesummeliewen hei am Land uerdentlech ze maachen – et ass eng rieseg grouss Aufgab. Ech empfannen et éischter als eng Éier, fir dat dierfen ze maachen an ech soen Iech, et ass och ganz vill Aarbecht.

Dat gleewe mir. Mä bleiwe mir emol beim Terrorismus – deen hutt Dir elo ugeschwat – bei der Terrorgefor. Dat ass jo scho bal eppes wéi ee Gespenst. D'Regierung mécht heiansdo Undeitungen, seet awer näischt Konkretes, eben aus Sécherheetsgrënn. Dat ass jo och verständlech. Mä muss ee sech dann elo Suerge maachen, grad och vum Januar un, wa mir d'EU-Présidence hunn?

Luc Frieden: Ech mengen, datt ee sech net extra vill Suerge muss maachen, mä datt ee sech ëmmer, op d’mannst wann ee politesch Responsabilitéit huet, mat deene Froen do muss ofginn. Well den Terrorismus, den islamesche Fundamentalismus, deen an dësem Terrorismus an eise Regiounen eng Gefor ass a bleift, ass eng rieseg Erausfuerderung fir eis Gesellschaften. Do ginn et Leit, déi wëllen, datt eis liberal Gesellschaft zerstéiert gëtt. Déi sinn net d'accord mat där Fassong, wéi mir hei zesummeliewen, an déi versichen, op Grond vun enger Rei Facteuren, déi ausserhalb vun Europa leien, déi ausserhalb vun Amerika leien, eis Gesellschaft z'attackéieren. Zu Lëtzebuerg – an dat hu mir an deene leschte Joere gesot – ginn et och Leit, déi Sympathië fir esou Mouvementer hunn. Et gi Leit, déi Kontakter mat esou engen hunn, ouni datt se schonn eng Infraktioun onbedingt gemaach hunn. Do gëlt et also wuechtsam ze bleiwen.

Dobäi kënnt, datt den Terrorismus am Fong eng Form ass vun organiséierter Kriminalitéit. Et ass ee Moyen, fir eppes ze errechen. An duerfir ass vill vun deem, wat mir diskutéieren, och hëllefräich fir déi organiséiert Kriminalitéit, déi grenziwwerschreidend Kriminalitéit ze bekämpfen. An dat eent an dat anert läit ganz no beieneen. An duerfir muss een do, méi wéi an der Vergaangenheet, well d'Kriminalitéit méi komplizéiert ginn ass an hire Strukturen an hirer Ausféierung, och sech aner Moyenë ginn. Dorunner schaffe mir, fir dat fäerdeg ze bréngen. Virun allem leien d'Elementer an enger besserer europäescher Zësummenaarbecht fir d'Präventioun vun der Kriminalitéit a vum Terrorismus färdeg ze bréngen.

Dodrobber wollt ech och nach ze schwätze kommen. Ech bleiwen nach ee Moment bei der EU-Présidence. Si mir do a puncto Sécherheetsmoossname scho gutt preparéiert? Geet et duer mat deenen 1.400 Polizisten, déi mir den Ament hunn?

Luc Frieden: Dat ass eng vun deene groussen Aufgaben, déi op eis zoukënnt. Mir hunn d'Police duerfir extra équipéiert. Dat kascht och relativ vill Suen – eng fënnef Milliounen Euro. Allerdéngs déi Équipementer, déi ee fir esou eng Présidence keeft, déi huet een natierlech och fir duerno. Mir mussen och do am Verbund mat eisen Nopeschlänner, virun allem mat der Belsch, an deem Fall kucken, datt wann eng extra Situatioun géing entstoen, mir zousätzlech Renforte géinge kréien. Mä ech mengen, datt eis Police relativ gutt forméiert ass an datt mir och fir den Ament nach am gaange sinn op Plazen an der Belsch eis Leit bis d'Présidence zousätzlech ze forméieren.

Also do gëtt et schonn ee Konzept, wat am gaang ass ëmgesat ze ginn?

Luc Frieden: Selbstverständlech. An do schaffe mir scho laang drun.

Europäesch Zesummenaarbecht ass jo quasi esou een Zauberwuert an der Lutte géint d'Kriminalitéit. Mä déi kënnt jo awer dacks just lues virun. Dir hutt awer gëschter d'Ministeschkollegen aus der Belsch, Holland, Däitschland an Éisterräich empfang, fir déi Zësummenaarbecht méi séier virun ze dreiwen. Gëtt dat dann elo wirklech ee Stéck, wann een dat esou ka soen?

Luc Frieden: Ech mengen, datt dat keen Zauberwuert ass, mä datt et eng vun deene gréissten Aufgabe vun Europa an deenen nächsten zéng, fofzéng Joer gëtt. Mir hunn Europa erweidert. Mir mussen Europa och verdéiwen. An hei ass eng Politik, d'Sécherheetspolitik ass eng Politik, wou een Europa ka weisen am konkrete Liewe vun de Leit, datt Europa e Mehrwert fir d'Leit bréngt. Wann de Gangster iwwert d'Grenz fortleeft, an et kënnt een ëm net méi no, well een da muss komplizéiert Prozedure maachen, jo dann ass Europa do, fir dem Gangster ze hëllefen. Or dierfen d'Grenzen ewech fale fir déi éierlech Leit, si dierfen awer net d'Aarbecht vun deene Kriminellen erliichteren. An duerfir kucke mir esouwuel an der Bekämpfung vun der Kriminalitéit ewéi an der Préventioun, fir dat ze verbesseren.

Déi Réunioun vu gëschter Owend huet bewisen, wéi schwiereg dat ass. Well fir d'Préventioun ze verbesseren, musse mir eng Rei Donnéeën, déi mir hunn – jiddwereen huet säin eegene Computer mat e puer Donnéeën – musse mir kucken, wéi kënne mir déi Donnéeën, déi mir hunn, deem aneren och ginn. Wa mir wëssen, datt sech eng geféierlech Persoun op enger gewëssener Plaz ophällt, an den Noper weess dat net, da geet dat net. Also musse mir kucken, am Respekt vun de rechtsstaatleche Regelen, am Respekt vum Schutz vun der Privatsphär wéi mir kënnen déi Computeren no klore Konditioune matenee verbannen. Dat ass enorm komplizéiert. Mir sinn och gëschter Owend eis net total eens ginn. Mir sinn e grousse Schrëtt no vir komm. Duerfir maache mir dat och als Laboratoire quasi zu fënnef an net zu 25.

 Mä mam Schengener System, do gouf et jo och schonn en SES, geet dat dann net duer?

Luc Frieden: Jo, deen ass op engem ganz limitéierte Beräich opgebaut. Mir hu gëschter Owend zum Beispill geschwat iwwer DNA-Datebanken. Mir hunn iwweregens festgestallt, datt Lëtzebuerg dat eenzegt ass vun deene fënnef Länner, wat dat nach net huet. Ech hunn ee Projet de loi an der Chamber leien, dat ass also wichteg, datt mir dat och kréien, hunn Datebaken iwwer Fangerofdréck, wien an där Datebank ass, mussen d'Justizautoritéiten natierlech autoriséieren. Pro Land wéi dat do geregelt ass, mä d'Fro ass, ënner wéi enge Conditioune kënne mir dat matenee vernetzen? Mir hu geschwat iwwer d'Sécherheet vun Päss, Visaen an Dokumenter fir Asylbewerber. Wa jiddwereen déi mécht, wéi e méngt wat gutt wier, an den Noper weess dat net, da gëtt et ganz schwiereg, och fir d'Police, ze kontrolléieren, wat gefälscht ass a wat net gefälscht ass. An duerfir: Et gëtt nëmmen eng Léisung. Dat ass méi europäesch Zesummenaarbecht. Mä dat ass net vun haut op muer ze realiséieren. Dat bleift eng Riesenaufgab an den nächsten zéng Joer.

Mat klenge Schrëtt also geet et virun?

Luc Frieden: Mat klenge Schrëtt a mat Pilotprojeten wéi déi di mir am gaange sinn mat de Benelux-Partner, Däitschland, Éisterräich ze probéieren ass an eist Zil ass och, d'Franzousen dorunner och ze bedeelegen.

Wien vu Sécherheet schwätzt, Här Frieden, kënnt natierlech och net laanscht de Sujet Prisong. Dir hutt dës Woch scho Munches derzou gesot, also och zu der Menace vum Generalstreik, mä net nëmmen d'Prisonéier, och d'Giischtercher gesi jo awer wirklech e reelle Problem, wëll et zevill Détenuen a bei wäitem net genuch Gardienë ginn. Wou huelt Dir dann nei Leit hier, also nei Gardienen? Esou einfach ass dat jo awer egal wéi net.

Luc Frieden: Dat ass ganz kloer an dat hunn ech och déi lescht Woch an deem Interview hei op RTL gesot, datt mir och an Zukunft musse weider rekrutéieren. Wann d'Zuel vun de Gefaangenen an d'Luucht geet, ass et logesch, datt déi Leit déi se encadréieren och muss an d'Luucht goen. Net nëmmen iwweregens d'Gardienen, och aner Personal wat am Prisong schafft. Mir hunn déi Zuel an de leschten zéng, fofzéng Joer massiv erhéicht, vun 133 op 214. Mir mussen och an der Zukunft nach weider dat ausbauen.

Ech mengen och, datt dee Beruff an der Ëffentlechkeet och falsch duergestallt gëtt. Dat ass net nëmmen ee Beruff fir eng Dir op an zou ze spären. Sécher ass de Sécherheetsaspekt e wesentlechen dovun. Mä et ass och am Fong eng Sozialaarbecht an duerfir mengen ech, musse mir och an der Rekrutéierung vun deem Beruff, an der Duerstellung vun deem Beruff gemeinsam mat de Gardienen – an doriwwer wëll ech och dës Woch mat hinne schwätzen – Efforte maachen, fir dee Beruff emol ënnert senge ville Facetten duerzestellen. Da musse mir kucken, wéi mir déi Examen vläicht nei gestalten. Well bei der leschter Rekrutéierung sinn eng ganz Rei vu Kandidaten net am Examen duerchkomm an duerfir musse mir och doriwwer Gespréicher féieren an ech mengen, datt mir och an Zukunft net dolaanscht kommen, do weider ze rekrutéieren innerhalb vun de Contrainten déi een natierlech och als Budgetsminister huet, wëll de Justizminister dee muss och heiansdo mam Budgetsminister schwätzen.

Mä wéi steet et dann em d'Iddi fir Leit déi veruerteelt goufen, doheem souzesoen Hausarrest ze ginn, mat engem elektronesche Bracelet wéi dat genannt gëtt?

Luc Frieden: Dat ass eng Iddi, déi ech ënnerstëtzen. Ech war d'lescht Joer zu Paräis beim franséische Justizminister an ech hu mat deem ofgemaach, datt mir kënnten dat nämmlecht Material wéi d'Franzousen an enger Pilotphase eis uneegnen. Ech hunn an Optrag ginn, no enger Visite déi mir a Frankräich gemaach hunn fir esou Material ze kafen. Ech muss allerdéngs soen, datt dat eis Problemer nëmmen zu engem ganz limitéierten Deel léist. Et kommen nëmme ganz wéineg Détenuen a Fro fir de Bracelet électronique. Een, deen eng gréisser Strof muss ofsëtzen, dee kann een net doheem sëtze loossen. Dat kënnt vläicht bei Verschiddenen a Fro, déi an der Détention préventive sinn, an et kënnt bei Verschiddener a Fro um Enn vun der Strof, woubäi mir schonn do e ganzt Aménagementssystem an der Exécution des peines hunn. Zu Lëtzebuerg kënnt awer eng zousätzlech Schwieregkeet dobäi: 75 Prozent vun de Gefaangene sinn Auslänner, dovunner e ganz groussen Deel non-résidents. Et kann ee sech also do net virstellen, datt een hinnen erlaabt ausserhalb des Landes ze goen, wëll da si se fort. Duerfir ass also déi Fro vum Bracelet électronique eng déi ech ënnerstëtzen, mä déi awer, esouguer wa mir se asetzen, héchstwahrscheinlech op eng ganz limitéiert Zuel vu Gefaangenen sech géing applizéieren.

Fir déi kleng Fësch, souzesoen.

Luc Frieden: A verschiddene Fäll wou et net onbedéngt noutwenneg ass, datt een déi als Strof an engem grousse Prisong hält, mä och de wëll ech dat, wa mir dat aféieren fir d'éischt an enger Pilotphase maachen, fir ze kucke, wat fir eng Erfahrungen een doraus zitt.

Luc Frieden, ech wollt Iech och nach kuerz op de Budget uschwätzen, Äeren anere Ressort, dee jo och net grad onwichteg ass. D'lescht Woch huet de Premier déi gutt Nouvelle verkënnegt, datt de Staatsbudget 2003 elo awer net am Defizit wier. Dorop goufen et eng ganz Partie Reaktiounen, ënnert anerem vum Wirtschaftsminister, awer och vum President vun der Zentralbank, duerno goung och riets vun 2004 a vun 2005. Et war ee gréisseren Duercherneen. Wéi ass et dann elo mat deem Staatsbudget vun 2003? Deen ass awer sécher dann net méi am Defizit?

Luc Frieden: Jo, dat war effektiv, op d’mannst vun deem wat ech gelies hunn, vill Duercherneen doduerch, datt vu verschidde Joere mengen ech geschwat ginn ass. 2003, dat ass ee Budget vun deem mir d'Konte kennen. Deen ass jo total ofgeschloss. 2003 hu mir ofgeschloss mat engem excédent vun eppes 80 Milliounen Euro de Budget. An da kucke mir jo och no der Maastricht-Lecture, wou mir och d'Ausgabe vun den Investitiounsfongen, déi Suen déi mir brauche fir Stroossen ze bauen, fir Haiser ze bauen. Wann een de Maastricht-Critère Budget 2003 hëlt, dann hu mir och elo een Iwwerschoss vun 0,8 Prozent. Wéi de Staatsminister d'lescht Joer d'Erklärung zur Lag vun der Natioun gemaach huet, dunn huet e nach vun engem minus vun 0,1 Prozent geschwat, wëll dat kann een eréischt erausfannen, wann all Décompte gemaach sinn. 2003 also, souwuel no nationaler Lecture, wéi no europäescher Lecture ass positiv.

2004 kënne mir fir den Ament natierlech nëmme kucken, do wou mir fir den Ament sinn, nämlech am Hierscht 2004. De Budget no nationaler Presentatioun ass en ligne, souwuel Recette-Säit wéi Dépense-Säit, mat deem wat mir am Projet de Budget stoen haten. D'Kierperschaftssteier geet e bësse méi lues. Dat ass dat, wat virun allem d'Banken an grouss Betriber bezuelen. All déi aner Steierkategorien sinn in etwa en ligne mat deem wat mir virgesinn hunn. D'TVA geet e bësse méi staark, iwweregens och 2003. Dat ass largement en Effet vun deenen AOL-Entreprisen an Ähnlecher, déi op Lëtzebuerg komm sinn. Plus bei den Akzise, wou mir och e bësse méi rakritt hunn. 2004 awer, wou mir also dra sinn, wann ech soen et ass en ligne mat deem wat mir déposéiert haten, wann een dat no enger Maastricht-Lecture kuckt, si mir am Defizit, wëll mir gesot hunn, mir géinge weider vill investéieren, dat finanzéiere mat Reserven, also kënnt een enger Maastricht-Lecture, wou een am Fong einfach ausdréckt, d'Einname vum Joer minus d'Ausgabe vum Joer, dann hu mir do een Defizit. Dee läit den Ament bei eppes 220 Milliounen Euro. Wéi dat um Enn vum Joer ausgesäit, dat kann ech Iech haut net soen. Mä mir wärten do no Maastricht en Defizit behalen.

An da si mir am gaangen de Budget 2005 ze maachen. Ech maachen dat Moies, Mëttes an Owes fir den Ament, wëll fir den Ament déi Gespréicher mat den eenzelnen Kollegen aus der Regierung stattfannen. Wat eng ganz schwiereg Aarbecht ass. Do si mir virun engem risege Problem, wëll mir weider héich Investitiounsausgabe wëllen halen. Well eng ganz Rei Dépensen automatesch klammen. Zum Beispill eis Bäitreeg an d'Sécurité sociale, déi klammen en fonction vun der Masse salariale. Nei Aarbechtsplazen, Augmentatiounen vun de Peien, da geet och d'Augmentatioun vum Staat an d'Krankekeesen an d'Pensiounskeesen, deen Deel, deen de Staat do bäileet, dee geet dann och erop. Och aner Ausgaben wéi den ëffentlechen Transport. Dee geet all Joer weider erop. Ech héieren hei och op Ärem Radio dëser Deeg, wou d'Leit soen, et géing een net an hirer Regioun, géing kee Bus fueren. Mä alleng an der leschter Legislaturperiod si lafend Käschte, wou de Staat sech ëm ëffentlechen Transport bedeelegt, ëm 50 Prozent geklommen. Largement duerch d'Afféierung vun neie Linnen. Et muss een also wëssen, alles dat kascht, donierft hu mir e Riiseproblem mam Finanzement vun der Photovoltaik alléng dëst Joer, wärt dat de Staat, déi Subsiden déi de Staat gëtt fir, datt d'Leit sollen op Photovoltaik ëmklammen, 80 Millioune kaschten. Dat ass natierlech onofhängeg vun aller Meenung, déi ee kann hunn iwwer d'Noutwënnegkeet vun alternativen Energien. Dat muss ech awer als Budgetsminister soen, mir haten zwou Milliounen am Budget stoen an et wäert der 80 dëst Joer kaschten. Dat sinn Steiersuen, dat ass een enorme Problem an doriwwer muss een mat alle Gesiichtspunkten dat diskutéieren.

Hutt Dir schonn décidéiert, ob déi Subsiden iewer weider lafen? Wëll zum Beispill d'Fédération des artisans huet dës Woch jo gesot, do muss onbedéngt eng Décisioun geholl ginn.

Luc Frieden: Doriwwer hu mir net definitiv Beschlëss geholl, well de Budget ass nach net definitiv beschloss. D'Regierung déposéiert deen den 20. Oktober. Ech weess och net, ob mir bis dohinner déidoten Décisioun kënnen huelen, wëll ech soen, do muss ee ganz vill Gesiichtspunkte kucken. Mä ech hunn Iech dat als Beispill ginn, fir ze erklären, déi kleng Marges de manœuvre fir de Budget 2005, do ass also keng Plaz fir nei Saachen.

Trotzdem war déi Nouvelle iwwer den Defizit, deen dann elo net méi existéiert, suergt dobaussen awer och fir relativ vill Opreegung. Soe mir mol, am Wort gëtt sech zum Beispill haut an engem Lieserbréif d'Fro gestallt, firwat d'Mammerent dann awer elo iwwer d'Pensiounskeesen soll bezuelt ginn, wann de Staatsbudget jo awer géing opgoen. Ech ginn déi Fro elo mol einfach un Iech weider.

Luc Frieden: Firwat datt de Budget 2003 opgeet ass wëll d'Recetten uerdentlech ageschat waren plus AOL an op der Dépensesäit mir extrem strikt waren. Dat ass also d'Resultat vun enger Politik, déi gewollt war. Dat heescht net, datt mir 2005 kee Problem hunn. Wat d'Mammerent ubelaangt, géing ech just wëlle soen, datt am Budget 2005, esou wäit wéi ech dat haut a mengem Stadium vun der Préparatioun gesinn, hu mir déi Suen esou wéi se virgesi waren, weider agesat am Budget 2005, wëll et fir d'Regierung kloer ass, datt do nach mussen Diskussiounen mat de Sozialpartner stattfannen. An datt mir déi kaum bis den 20. Oktober fäerdeg hunn.

Ech wëll awer derzou just eng zousätzlech Remarque maachen an där ganzer Diskussioun ronderëm d'Mammerent. Wat d'Leit oft net wëssen, och déi Leit déi ech begéinen, och vläicht déi a Sondagen matgemaach hunn, déi soen, mä dat sinn jo d'Suen, eis Cotisatiounen an d'Pensiounskeesen. Ech wëll awer nach eng Kéier rappeléieren, datt och de Staat an d'Pensiounskeesen een Drëttel abezillt. De Patron bezillt een Drëttel, den Salarié bezillt een Drëttel an och de Staat een Drëttel. Dat sinn alleng am Budget vun dësem Joer 800 Milliounen Euro. Duerfir mengen ech, ass et och normal, datt de Staat och ka matdiskutéieren, wann et dorëm geet, fir eng Leeschtung, déi Mamme gemaach hunn, déi net konnte schaffe goen, an duerfir och net konnte cotiséieren. Mir hunn och haut an de Pensiounskeesen Elementer, déi net alleng op Cotisatioun berouen. Duerfir mengen ech, muss een och déi Debatt emol versachlechen an och kucken, wat huet de Staat an deene Joeren contribuéiert a wat contribuéiert e weider fir d'Pensiounskeesen, mä déi Diskussioune, wéi gesot, mat de Sozialpartner, déi musse jo nach stattfannen.

Här Minister Frieden, villmols Merci fir Äre Besuch am Studio.

Dernière mise à jour