Interview avec le ministre des Affaires étrangères et de l'Immigration, Jean Asselborn

Här Asselborn, wat sinn dann déi éischt Erfahrungen, déi éischt perséinlech Erfahrungen, déi Dir déi lescht Wochen esou op Ärer neier Plaz gesammelt hutt?

Jean Asselborn: Jo, ech mengen, fir d’alleréischt muss ee wëssen, datt de Wieler an och meng Partei, mer déi onheemlech Chance ginn hunn, fir däerfe Lëtzebuerger Ausseminister ze sinn an dat ass eng Motivatioun, fir wierklech säi Bescht ze ginn, all Energie, all Engagement dodran ze setzen, fir just an dësem Moment, virun der Présidence, fir do gutt Aarbecht ze maachen. Ech hat d’Chance, déi europäesch Ausseministeren, praktesch alle 24 Kollegen alleguerten schonn ze gesinn. Op der UNO, do huet ee jo op enge puer Hektar Terrain, gesäit een do praktesch all déi wichtegst Politiker vun der Welt. Dat ass scho beandrockend an ech mengen, d’Aussepolitik ass jo eigentlech dat Instrument, wat mer hunn am 21. Jorhonnert, fir  dat Jorhonnert besser ze maachen.

Dir hutt Iech elo ganz séier mussen op déi nei Charge virbereeden. Wéi hutt Dir dat gemaach? Krut Dir souzesoen ee Crashcours an Diplomatie, och an Ärem Ministère, an Ärem neie Ministère?

Jean Asselborn: Nee, also et ass esou, et muss ee wësse vun deem Dag un, vun deem Moment un, wou ee vum Grand-Duc vereedegt ginn ass als Minister – an dat ass net nëmme fir den Ausseminister – dann huet een alles ze ginn, vun däer  Sekund un, fir sech anzeschaffen. Op eng Manéier hat ech elo e wéineg Chance, datt ech de ganzen August konnt profitéieren an och dann nach een Deel, ee klengen Deel vum September, fir mech virzebereeden, mat deene Leit alleguerten aus dem Ministère. Dir wësst, datt mir do verschidden Direktiounen hunn, wat immens gutt  an engagéiert Leit och sinn an déi eppes vun der Aussepolitik kennen. Well eis gutt Présidencen, déi mer gemaach hunn, dat waren net nëmmen d’Politiker, et ass och d’Diplomatie, déi mer do hunn. Lues a lues kënnt een dann doranner. Et muss een een Dossier no deem aneren huelen, selbstverständlech, déi europäesch Dossieren an déi ausseneuropäesch Dossieren, awer et kritt een dann ee Gespier. Mä ech menge fir richteg an d’Dossieren eranzekommen, do muss ee sech immens vill Méi ginn, do muss een, et geet net duer do mat 8 Stonnen den Dag  ze schaffen.

(...)

Jean Asselborn (O-Toun): Voyageur, le chemin c’est les traces de tes pas. C’est tout voyageur. Il n’y a pas de chemin. Le chemin se fait en marchant, le chemin se fait en marchant. Fin de citation.

Är philosophesch Oder hutt Dir Iech op alle Fall erhalen. Jean Asselborn, wat wollt Dir da soe mat deem Gedicht? Wat war den déiwe Message dovunner?

Jean Asselborn: Ech mengen, deen déiwe Message war deen, datt  ee wierklech d’UNO als Instrument muss benotzen, fir friddlech a fir och am Konsens, an der Solidaritéit, am Multilateralismus an der Aussepolitik un d’21. Jorhonnert erunzegoen.

Quasi de Wee ass d’Ziel, Haaptsaach et geet ee lass?

Jean Asselborn: Et geet ee lass, jo richteg.

Mä Multilateralismus, Dir hutt vill dovunner geschwat. Wat heescht dat eigentlech konkret? Datt ee soll sou dacks wéi méiglech mat esou ville Leit wéi méiglech schwätzen, oder wat?

Jean Asselborn: Multilateralismus, dat ass d’Basis vun deem wat nom Zweete Weltkrich gemaach ginn ass, wéi d’UNO gegrënnt gouf. Multilateralismus heescht, datt déi Forcen, och vun de Staaten, sech zesummesëtzen an datt se kucken, mam Instrument vun der Diplomatie, op Grond vun der Déclaration des droits de l’homme, Konflikter éischtens ze verhënneren, dorëms geet et jo an zweetens, wa Krisen entstinn, fir déi ze geréieren, awer op de Regele vun der Déclaration des droits de l’homme, awer och un de Regele vum internationale  Recht. An duerfir soen ech, fir et einfach ze maachen, de Multilateralismus ass de Contraire vum Unilateralismus. Unilateralismus, duerfir brauch ee keng UNO, duerfir brauch ee keen internationalt Recht, da mécht dee Staarken dat wat e fir richteg fënnt an da gesi mer, datt mer do a Situatiounen erakommen, déi net einfach ze geréiere sinn.

Mä et ass jo genee dat, Här Asselborn, wat geschitt ass mam Irakkrich, deen Unilateralismus. D’Amerikaner déi gesot hunn, mir maachen et, si hu sech iwwert d’UNO ewechgesat. Wéi een Zweck huet d’UNO dann iwwerhaapt nach haut?

Jean Asselborn: Dat hu mer jo och a ville Länner ugeprangert, datt dat net de richtege Wee wier. Et gëtt am internationale Recht kee Präventivschlag. Et gëtt och keng  Revanche ze huelen, wann eng Kéier ee Konflikt war. Et geet nëmme wann een d’Erlabnis huet vum Conseil de sécurité, fir kënnen an allerleschter Instanz militäresch virzegoen an dat war jo an dësem Fall net do. De Multilateralismus gëtt gebraucht fir de Fridden ze bauen, och wann den Unilateralismus de Krich gewonnen huet an dat ass, mengen ech, déi Léier déi een heirauser muss zéien, och fir d’Zukunft. Et gëtt elo nach Situatiounen op der Welt, am Iran, an Nordkorea, déi sinn net mat Bommen ze léisen. Ech mengen, do muss een den Drock vum internationale Recht, alles wat do drasteet, muss ee benotze, fir dat ze léisen, mat der Diplomatie. Mat Bomme léist een de Problem net, weder am Irak, nach vum Terrorismus.

D’UNO soll jo elo reforméiert ginn, och de Sécherheetsrot, a Kandidat fir permanente Member ze ginn am Sécherheetsrot ass Däitschland. Dir sidd net onbedingt do dogéint. Wat hätt Lëtzebuerg dann dovunner, wann Däitschland do ee permanente Sëtz kritt?

Jean Asselborn: Also, fir et an zwee Wierder ze soen: Esou wéi de Conseil de sécurité elo ausgesäit, déi lescht Reform ass 1963 gemaach ginn, do waren, mengen ech, 120 Länner an der UNO. Et muss ee kucken, datt déi Länner déi Gewiicht hunn, elo am Ufank vum 21. Jorhonnert, datt déi och selbstverständlech am Conseil de sécurité vertruede sinn. Däitschland ass Kandidat. Dir wësst Italien ass net esou frou, datt Däitschland erakéim. Brasilien ass Kandidat. Japan ass Kandidat. Indien ass Kandidat. Et ass jo eng Ouverture do tëscht den Däitschen an de Fransouse fir 4 nei Länner eranzehuelen. Domadder ass de Problem menger Meenung no iwwerhaapt net geléist. E géif der Realitéit vun haut, an och de Rapports de force géif en entspriechen, mä d’UNO fonktionnéiert och am 21. Jorhonnert nëmme gutt an nëmme richteg, wann de Wëllen do ass, zesummen déi Solidaritéit opzebréngen fir d’Aussepolitik eben ze maachen, ënner Gänsefüssercher nach eng Kéier, ënnert dem Aspekt vum Multilateralismus.

Hätt Lëtzebuerg dann eppes Konkretes dovunner, wann Däitschland géif Member ginn?

Jean Asselborn: Lëtzebuerg, mengen ech, ka frou si wa seng grouss Noperen hei, Dir wësst jo Frankräich ass elo dran, England ass dran a wann Däitschland dra wier, dat wier net zum Désavantage vu Lëtzebuerg. Mä ideal wier et – dat wat och an Däitschland d’SPD an déi Gréng zu engem gewëssene Moment an hire Koalitiounsgespréicher gesot hunn – wann net nach een dobäi kéim aus Europa, mä een eenzelne Vertrieder vun Europa do wier. Mä do si mer net. Wa mer vläit eng Kéier mam Här Solana en Ausseminister hu vun Europa, komme mer där Saach vläicht e wéineg, ee Schrack méi no. Mä ech kann Iech soen, datt Däitschland a Frankräich sech eens sinn fir Däitschland mat eranzehuelen, mä datt England a Frankräich sech awer net eens ginn a soen Däitschland soll net erakommen, mir wëllen nëmmen een dran an Europa. Ech mengen dat ass d’Realitéit an domadder mengen ech musse mer nach e puer Jorzéngten, un däer musse mer nach knaen.

"Dat international Recht gouf mat Féiss getrëppelt a wann een dat mécht, dann ass een en Nationalist an den Nationalismus féiert ëmmer zum Krich." Dat ass een Zitat vun Iech virun 18 Méint, just wéi den Irakkrich ugefaangen hat, an eiser Emissioun Flashback. Huet den amerikaneschen Ausseminister Colin Powell Iech dat net iwwel geholl zu Washington?

Jean Asselborn: Nee. Also ech sinn op Washington gaangen an ech sinn och frou, datt ech empfaange gi sinn aus dräi Ursaachen. Dat éischt dat ass, d’nächst Joer, wéi Dir wësst, hu mer d’Présidence an do hu mir als Europäesch Unioun ënnert eiser Présidence den éischte Sommet z’organiséieren mat der neier Administratioun an Amerika. Ob dat elo déi al ass oder ob et een neie President ass, mir hunn no de Walen dann dee Sommet z’organiséieren, wat immens wichteg ass. Deen ass dës Kéier an Amerika, e war d’leschte Kéier an Irland, en ass dës Kéier an Amerika. Dat ass dat Eent. Dat Zweet ass, ech mengen de Fridden op der Welt, do musse mer realistesch sinn, ass nëmmen ze garantéieren, an och ze fixéieren, wann Amerika an Europa, wann déi Bréck tëscht deenen zwee wichtege Kontinenter, wann déi besteet.

Mä den Här Powell wosst jo awer ganz bestëmmt, datt Dir perséinlech géint de Krich do waart?

Jean Asselborn: Jo, jo selbstverständlech. Déi drëtt Saach.

Huet en Iech net drop ugeschwat?

Jean Asselborn: Dach. Déi drëtt Saach, déi ech wollt soen, ech kommen derzou, dat ass, datt ech beim Här Powell, esou wéi hei zu Lëtzebuerg, sou wéi ech et och elo gemaach hunn, virdun elo gesot hunn, datt mer nëmmen déi Zesummenaarbecht fäerdeg bréngen op Grond vum Multilateralismus, op Grond vun enger Solidaritéit, déi net kann einfach ofdriften, datt d’Gesetz vum Stäerksten, datt dat ausschlaggebend ass. Dat weess hee kloer, datt dat meng Positioun ass. Ech mengen den Här Powell ass nach een, an der Administratioun an Amerika, deen och versteet, datt et aner Sensibilitéite gëtt wéi eben déi, déi ageholl ginn ass a wou jo elo een nom aneren zréckruddert. Wann ee kuckt wat den Tony Blair elo mécht an England, wou en och ufänkt awer anzegesinn, datt déi Argumenter, déi en opgebaut huet, net déi richteg waren. Et kann een d’Vergaangenheet kommentéieren, mä d’Zukunft muss ee gestalten.

Jo, mä et kann een awer och net soen, déi Kritik vu virun 18 Méint, dat ass alles kale Kaffi an elo sinn ech an der Regierung, elo geet hei alles anescht?

Jean Asselborn: Ween huet dat da gesot?

Ech menge just.

Jean Asselborn: Ech hunn dat weder hei zu Lëtzebuerg, nach zum Här Powell gesot, ech war ganz kloer bei menge Positiounen, datt de Multilateralismus dat ass, op dat mir bauen.

Mä déi Reprochen, déi Dir awer gemaach krut, datt Der vläicht net méi grad esou kritesch wiert vis-à-vis vun der amerikanescher Administratioun, déi loosst Dir dann net gëllen?

Jean Asselborn: Ech hunn déi Reprochen net héieren, op jiddwer Fall ass dat onnëtz ze soen, well ech hunn dat Nämlecht vertrueden d’lescht Joer an och virun de Walen an och elo no de Walen. Do sinn Zeien dobäi, déi dat kënne bestätegen. Mä ech muss mech awer net justifiéiere fir eng Linn déi ech hunn an déi ech och bäibehalen, och wann deen een oder anere mengt do eppes ze soen, mäi Gott, mir si jo an enger Demokratie.

"Et ass gutt, datt de Jean Asselborn no senge Reese seet, ech hu vill geléiert, fir de Rescht gëllen 100 Deeg Schounfrist, sou wéi dat ëmmer esou ass", dat sinn d’Wierder vun Ärer Virgängerin Lydie Polfer de Mëtteg bei de Kollege vu Radio Lëtzebuerg. Guer net d’accord ass d’Madame Polfer awer, datt et elo direkt 6 Leit ginn, déi sech an där neier Regierung méi oder manner ëm de Ressort Aussepolitik bekëmmeren.

(...)

Gëtt et da wierklech e Mangel u Kohärenz? Sinn d’Kompetenze ganz kloer esou wéi et elo festgeluecht ass?

Jean Asselborn:  Also ech muss déi Geschicht do vun der Madame Polfer, déi ech respektéiere fir dat wat se gemaach huet am Ausseministère, awer e wéineg affinéieren. Dat do schéngt mer e wéineg nieft der Plakk ze sinn, wat se do gesot huet. Also fir d’alleréischt, kuckt emol am Ausland. Do gëtt et een Ausseminister, et gëtt ee Kooperatiounsminister, et gëtt een Défenseminister an et gëtt ee Premierminister, oder et gëtt ee Chef vun der Regierung, a selbstverständlech hei zu Lëtzebuerg gëtt d’Aussepolitik am Ausseministère gemaach an d’Défensepolitik ass een Deel vun der Aussepolitik, an d’Kooperatiounspolitik ka jo net géint d’Aussepolitik gemaach ginn. A just fir der Madame Polfer ze soen, heiansdo ass et besser dat sinn zwou Parteien, dat ass empirisch festzestellen, wann een déi lescht 5 Joer kuckt. Tëscht der Kooperatioun an dem Ausseministère, ginn ech Iech d’Garantie, datt dat klappt.

Da kënnt déi Geschicht vum Premierminister. Also ech mengen an alle Länner, wann ee jo awer kuckt wat an der Welt geschitt, huet de Premierminister selbstverständlech och bei der Aussepolitik, bei der Europapolitik virun allem, matzebestëmmen. Et gëtt jo de Conseil européen, dee presidéiert gëtt vun de Premierministeren. An hei zu Lëtzebuerg kann ech Iech just soen, an deenen zwee Méint wou ech elo an der Regierung sinn, datt mer mueres a mëttes tëscht dem Premierminister an dem Ausseminister oder tëscht dem Ausseminister an dem Premierminister matenaner schwätzen an eis d’Käpp do net aschloen iwwert d’Aussepolitik, mä d’Käpp zesummestrecken, fir eben déi beschte Léisung doranner ze fannen.

An ee lescht Wuert, d’Wirtschaftspolitik: De Jeannot Krecké mécht just dat Richtegt. En hëlt de Bengel an e geet an Amerika an e kuckt, datt mer nei Betriber op Lëtzebuerg kréien an e kuckt, datt d’Betriber déi hei sinn, datt déi ausgebaut ginn a wann de Commerce extérieur, deen internationale Commerce ass nach ëmmer am Ausseministère, mä déi bilateral Beziehungen, fir Betriber heihinner ze kréien, dat ass dach eng Kompetenz vum Wirtschaftsminister. A wann d’Resultat do gutt ass, egal ob dann den Ausseminister oder de Wirtschaftsminister déi heihinner bruecht huet, d’Leit kucke jo wat, watfer Zieler sinn erreecht ginn an dat maache mer an do si mer um gudde Wee, duerfir dat Kompetenzgerangels do, wat d’Madame Polfer ugeschnidden huet, dat muss ee ganz ganz staark relativéieren.

Mä wéi Är Partei nach an der Oppositioun war, do hutt Dir awer ëmmer der virrechter Reigerung virgehäit, si hätt 3 Ausseministeren, elo sidd Dir zu 6, fannt Dir dat dann net bosseg?

Jean Asselborn: Nee, mir sinn iwwerhaapt net zu 6. Et gëtt eng Lëtzebuerger Aussepolitik. Den Nicolas Schmit ass ee Kolleg, dee bei mir am Ministère ass, als Ministre délégué, dee mathëlleft selbstverständlech mat all senge Kompetenzen, déi en huet an en huet der vill, fir an der Aussepolitik gutt Aarbecht ze maachen an dat anert hunn ech Iech jo gesot. Et ass net iwwerall, kuckt an Däitschland gëtt et jo och een Défenseminister, et gëtt d’Madame Wieczorek-Zeul, déi ass Kooperatiounsminster. Et gëtt den Ausseminister an et gëtt de Bundeskanzler. Déi maachen awer eng kohärent Aussepolitik vun Däitschland. Dat maache mir och hei.

Wat ass dann déi genee Roll vum Nicolas Schmit? Béis Zonge behaapten, hee wier souzesoen Ärt Kannermeedchen an EU-Froen, well Dir do net esouvill Ahnung hutt.

Jean Asselborn: Als Politiker huet een et heiansdo besser et gëtt een ënnerschat, wéi et gëtt een iwwerschat. Mä ech wëll Iech just soen, den Nicolas Schmit ass ee Mënsch, dee war Représentant permanent op eiser gréisster Ambassade zu Bréissel an deen huet eng formidabel Kennschaft vun den europäesche Froen an déi Présidence, dat ass jo net näischt. Mir sinn elo zu 25. Een alleng, een alleng an deem Ministère, och wann d’Regierung net changéiert hätt, ass net méi ze maachen. All Land huet een Ausseminister an ee Minister, deen dobäi ass, dee sech dann ëm europäesch Froe bekëmmert oder ëm déi aner Froen, mä mir hu jo d’Kompetenzen net opgedeelt. An alle Länner vun der Unioun ass dat esou an dofir ass dat och esou bei eis a wann ech d’Chance hat fir sou ee kompetente Mënsch [gëtt ennerbrach]

Ass den Här Schmit dann no der Présidence iwwerflësseg?

Jean Asselborn: Ma nee, ma lauschtert emol, no der Présidence si mer nach ëmmer zu 25 an no der Présidence gëtt nach iwwert d’Erweiderung geschwat an no der Présidence gëtt et och nach eng Lëtzebuerger Aussepolitik. Mä ech wëll Iech nëmme soen, reng fir d’Gestioun vun der Présidence ze maachen, Dir gesitt dat jo elo, wéivill datt den Ausseminister muss dorëmmer jauwen a wéivill datt do donieft och nach de Ministre délégué muss Aarbecht maachen. Ech soen Iech, wann och d’DP mat der CSV an der Regierung wier, da wieren och zwee Leit an den Ausseministère komm, fir dat do iwwerhaapt ze bewältegen.

Den Dossier Türkei, dee wäert och op Ärem Schreifdësch landen, während der EU-Présidence. Wat ass dann do Är perséinlech Meenung? Gehéiert dat Land an d’Europäesch Unioun oder net?

Jean Asselborn: Mir waarden jo elo of, wat d’Kommissioun seet, de 6. D’Positioun vun der Kommissioun, d’Recommandatioun, do gesäit ee jo a wat fir eng Richtung, datt dat geet. De Conseil européen, dee gëtt eigentlech da gréngt Liicht oder e blockéiert en, mä ech mengen e gëtt gréng Liicht am Dezember vun dësem Joer. An da kann et esou sinn, datt offiziell déi Verhandlungen wéinstens gestart ginn, d’Verhandlunge gestart gi mat der Türkei, während eiser Présidence.

Géingt Dir dat da gutt fannen?

Jean Asselborn: Sécher géif ech et gutt fannen, well et kann een dach net einfach 40 Joer laang deene Leit soen an och deem Land soen, datt se eng Chance hu fir kënne Verhandlunge wéinstens emol unzefänken. Verhandlungen ufänken, dat heescht jo mol nach net préjugéieren iwwert d’Resultat. Verhandlungen ufänken heescht sérieux kucken, ob et eng Méiglechkeet gëtt. Ech soen Iech just meng perséinlech Meenung, Dir hutt mech jo gefrot. Ech fanne wierklech, wa mer d’Türkei eng Kéier an Europa hätten, an der Europäescher Unioun hätten – ech schwätzen elo an 10, 12, 15 Joer. Dat wier ee formidable Laboratoire, wou kéint eis Kultur weisen, datt se och kënnt mat däer islamescher Kultur zesummeliewen, an datt Moslem sinn net automatesch Terrorismus heescht, mä datt dat mat Demokratie compatibel ass an ech mengen, dat ass dee groussen Enjeu fir d’Zukunft vun eiser Gesellschaft an eiser ganzer Regioun an um Planéit, fir déi ze forméieren.

Wat ass dann Är Definitioun vun der Aussepolitik? Firwat muss Lëtzebuerg déi Aussepolitik hunn? Wann Dir just een Argument hätt?

Jean Asselborn: Ech menge Lëtzebuerg ouni Aussepolitik géif kee Mënsch op der Welt kennen. Lëtzebuerg ouni Aussepolitik, ouni Europapolitik, hätt keng Zukunft. Alleng dat sinn zwee Argumenter. Wann ee gesäit, och op der UNO, wéivill Leit eis kennen, eist Land kennen. Do denkt ee wierklech drun, datt während deene leschte Jorzingte ganz ganz vill Diplomaten, ganz ganz vill Ausseministeren, Premierministere gehollef hunn, wierklech d’Renommée vun eisem Land an eng Postioun ze setzen, déi disproportional ass wierklech zu eiser Gréisst an zu eiser Awunnerzuel.

Mä d’Ziel ass jo am Fong dat, datt d’Europäesch Unioun ëmmer méi och aussepolitesch mat enger Stëmm soll schwätzen. Gesat de Fall, dat Ziel gëtt erreecht, da wier se jo awer iwwerflësseg, déi reng national Aussepolitik.

Jean Asselborn: Nee, also hoffentlech brénge mer et eng Kéier fäerdeg, dat wier den Dram op jiddwer Fall, wat ech nach eng Kéier wéilt erliewen, datt Europa versicht, eng gemeinsam Aussepolitik fäerdeg ze bréngen. Also Lëtzebuerg géif ganz gären hëllefen, datt dat machbar wier. Doduerch krite mer wierklech een immense Poids um Planéit. Mir wieren ee Géigegewiicht zu Amerika, ee Géigegewiicht zu China, wat kënnt, an ech mengen, datt dat muss d’Ziel si vun allen Aussepolitiken, vun deene 25, déi do sinn, et komme jo nach neier dobäi. Ob dann ee Lëtzebuerger Ausseminister iwwerflësseg wier, géif ech net behaapten, well ech mengen, mir behalen nach ëmmer eis Sensibilitéit. Europa ass jo eigentlech een Ensembel vu Länner, déi hir Autonomie behalen, mä déi Grouss... Denkt nëmmen un den Irak. Stellt Iech vir, Europa hätt am Irakkrich mat enger Stëmm kënne schwätzen, mat enger Stëmm kënne schwätzen, si hätten een aneren Drock fäerdeg bruecht, fir datt dee Malheur, deen do geschitt ass, net fäerdeg bruecht gi wier – an anere Situatiounen och, mä leider, menger Meenung no, brauche mer nach eng gewësse Rei Jore, fir dat do z’erreechen.

Apropos EU, Jean Asselborn, de Premier huet proposéiert, de Referendum ronderëm d’EU-Verfassung mam Datum vun de Gemengewalen d’nächst Joer ze koordinéieren. Wat halt Dir vun där Saach?

Jean Asselborn: Also ech hu mam Premier doriwwer geschwat an dat huet e just net gemengt. En huet gesot, et gëtt verschidde Méiglechkeeten an eng vun de Méiglechkeeten ass fir ze kucken, ob een net soll en Harmonie mat de Gemengewalen maachen. Also et gëtt a mengen Aen dräi Méiglechkeeten. Dat Eent dat ass, et dëst Joer nach fäerdeg bréngen. Mä mir kennen – den 29. Oktober gëtt ënnerschriwwen – eis Prozedur: Dat ass praktesch onméiglech. Während der Présidence, während der Présidence gesinn ech net, wéi mer et solle maachen. Et gëtt vläicht eng kleng Ouverture, datt ee seet, mir profitéieren nach am Juni bis de 15. Juli, ob een dann d’Leit nach kéint bei d’Walurne schécken fir doriwwer ze schwätzen. Dat ass eng Méiglechkeet an déi drëtt Méiglechkeet ass, fir en zesummen ze maachen am Hierscht mat de Gemengewalen. Dat ass keng gutt Léisung. Ech weess dat, an ech mengen hee weess dat och. Do ginn dann d’Gemengewale vermëscht mat eben dem Enjeu vun der europäescher Constitutioun. Mä ech mengen awer och net, datt et gutt wier, wa mer eis elo scho mol géife fixéieren op d’Joer 2006. Aner Länner hunn och déi nämlecht Problemer mam Datum a mir kënnen net ee Referendum maachen iwwert den Datum vum Referendum. Dofir, d’Regierung muss sech elo eng Kéier zesummendinn. Dir wësst, d’Kompetenz vum Referendum ass an den Hänn vum Ausseministère an do fanne mer och doudsécher eng Léisung dofir.

Nach ganz e wéineg Innepolitik mam Ausseminister a mam nach LSAP-President. Déi lescht Woch hu 77 Prozent vun de Leit an engem RTL-ILRES-Sondage géint d’Finanzéierung vun der Mammerent via d’Pensiounskeese sech ausgeschwat, wat jo eng Konditioun vum Premier war fir een iwwerhaapt matzehuelen an d’Regierung. Wéi wäit ass deen Dossier dann nach ze verhandelen? Ass en iwwerhaapt nach ze verhandelen?

Jean Asselborn: D’Mammerent ass net d’Gretchenfrage vu Lëtzebuerg, sou wichteg wéi se och ass. Ech menge mir mussen eis elo mol ganz schéin do op de Buedem vun den Tatsaachen zréckbewegen.

Mä do gëtt et jo awer och Kritik aus Ären eegene Reie vum Här Castegnaro.

Jean Asselborn: Ech wollt just soen, d’Mammerent ass net d’Gretchenfrage. Bon. Elo kucke mer mol schéin der Rei no alles ze maachen. Am Joer 2005, wat de Budget ugeet, geschitt guer näischt. Dat ass jo alles décidéiert scho ginn. Et ass gesot ginn, et geschitt guer näischt. Mir hunn also Zäit als Regierung fir dat ze maachen, wat de Premier a wat och déi kompetent Ministere gesot hunn, fir mat de Sozialpartner ze schwätzen an da kucke mer een Auswee do ze fannen. Dat ass d’Linn op där mer eis elo solle bewegen an net dat doten elo permanent elo héichpushen. Ech mengen et ass ee Problem, dat weess all Mënsch

Wee géréiert den Dossier? De Sozialminister Mars Di Bartolomeo oder de Staatsminister?

Jean Asselborn: Selbstverständlech ass et esou, datt dee Minister, deen a senger Kompetenz déi Fächer huet, datt deen och do dann dat ze maachen huet. Mä de Problem ass, datt hei jo eng Entwécklung ass, déi muss gekuckt gi, solidaresch ze léisen. Mir hunn eis engagéiert als Regierung an der Chamber, fir mat de Sozialpartner driwwer ze schwätzen. Mir hunn elo festgehalen, datt am Joer 2005 am Budget näischt dovunner geschitt. Et puis on verra.

Mä Dir riskéiert jo awer vläicht Kritik permanent ze kréie vun engem vun Ären eegenen Deputéierten?

Jean Asselborn: Jo.

Wéi ass dat, Dir kritt Oppositioun aus den eegene Reien, duerch de John Castegnaro. Wéi ëmpfannt Dir dat?

Jean Asselborn: Also de John Castegnaro, dat ass jo ee ganz wertvolle Gewerkschaftler de Moment nach. An deene Kritike, wat de Fong ugeet, ech schwätzen net vun der Form, wat de Fong ugeet, läit e jo op der nämlechter Linn wéi säi Kolleg vum LCGB, also ass do schonn eng gewësse Kohärenz dran. Dofir géif ech elo mengen an et ass och gutt heiansdo, och wann ee frësch an d’Politik kënnt, datt ee sech heiansdo Loft mécht an dat ass gesot. Gutt, dann ass et engem och vläicht besser, mä ech géif awer mengen, datt mer wierklech hei net dat dote sollen, elo huele fir ëmmer nëmme vun der Mammerent dat ervirzebréngen an datt ee muss kucken, datt d’Lëtzebuerger vun dëser Koalitioun erwaarden, vun der CSV a vun der LSAP, vun deene Schwaarzen a vun deene Rouden, datt se kohärent versichen alles ze ginn, fir d’Problemer vun dësem Land ze léisen, fir déi unzegoen, fir déi Kritik och, déi mir als LSAP ubruecht hunn, datt net genuch reforméiert ginn ass, fir do wierklech eppes ze bewierken. Dofir gi mer bezuelt an dat erwaarden d’Leit vun eis an dat maache mer.

Gutt. Eis Zäit ass eriwwer. Här Asselborn, Merci fir de Besuch am Studio. Dat war also d’Première vun eiser Emissioun De Politiker vum Mount. Mir wënschen Iech nach ee ganz schéinen Owend.

Dernière mise à jour