Interview avec le ministre de la Justice, Luc Frieden, au sujet de la criminalité au quartier de la gare à Luxembourg-Ville

RTL Télé Lëtzebuerg: Här Minister Frieden, Dir maacht haut eng Visite op der Gare hei zu Lëtzebuerg, fir sech eigentlech d’Situatioun unzekucken iwwer eng Thematik, wou vill dobausse geschwat gëtt, d’Sécherheet oder besser gesot d’Onsécherheet op onser Gare. Wéi fillt Dir Iech eigentlech hei?

Luc Frieden: Ech fille mech hei méi sécher wéi op ville Plazen an aneren Uertschaften an Europa, mä ech si mer bewosst vun där extrem graver Situatioun, virun allem déi mam Drogenhandel zesummenhänkt. Dat ass eng Situatioun, déi ech scho laang kucken, driwwer iwwerleeën an duerfir wollt ech och haut hei mat de Leit vun de Police an der Justiz eng Kéier de Point maachen.

Den Drogenhandel ass näischt Neies zu Lëtzebuerg, leider. Et gouf en eigentlech ëmmer, esou och wéi d’Prostitutioun. Mä wat nei ass, dat ass datt de Phänomen vill méi grave gouf zanter enger Rei vu Méint, duerch ënner anerem d’Präsenz vu Schwaarzafrikaner. Ouni elo iergendwelch rassistesch Tendenzen, vu wou kënnt dee Problem hier an et ass jo eigentlech regelrecht eng organiséiert  Kriminalitéit?

Luc Frieden: Ech mengen datt et richteg ass, datt et ee ganz neie Phänomen ass. Dir kënnt Iech erënneren, datt de Staatsminister d’lescht Joer, no engem Briefing deen ech ëm gemaach hat, vun deem Phänomen geschwat huet. Zanter 2003 hu mer mat ganz ville westafrikaneschen Drogenhändler ze doen. Mir hu konsequent Enquêten doriwwer gemaach. Et gëtt esouguer eng Sonderkommissioun vun der Police zanter dem Ufank vun dësem Joer. Wat mer dobäi festgestallt hunn ass, datt et effektiv eng westafrikanesch organiséiert Kriminalitéit schéngt ze sinn, déi net nëmmen iwwregens zu Lëtzebuerg operéiert. Mir hu mat Europol do enk zesumme geschafft. Mir stelle fest, datt et e Réseau ass, dee ganz vill Leit huet, déi ganz oft ersat ginn, wat et also ganz schwiereg mécht, fir derhannert ze kommen, déi mat klenge Quantitéiten handelt a mir hunn och éischt Erfolleger. Mir hunn an deene leschte Méint 114 Persoune scho festgeholl. Dat ass enorm vill. Mir hunn, fir Iech nëmmen ee Beispill ze ginn, 1.200 Handyë saiséiert, op deene mer dann eng ganz Rei Telefonsgespréicher konnte retracéieren. Allerdings ass d’Enquête, wéi gesot, extrem schwiereg, well se all Dag mat neie Leit kommen a mat ganz klenge Quantitéiten handelen. Mä d’Regierung ass gewëllt, ech si gewëllt, fir do konsequent an deenen nächste Méint weiderzefueren an och Verhaftunge virzehuelen, well mir loossen dee Problem do net weider wuessen.

Schued ass an der ganzer Problematik hei eigentlech, datt se vum Statut vu Réfugié profitéieren, fir an d’Land eranzekommen, wat natierlech op de ganze Problem vun der Réfugiéspolitik iergendwéi e Schied awer geheit. Wat muss een do maachen? Muss een elo ons Réfugiéspolitik änneren oder kann een alleng wat d’Justice ubelaangt, efficace um Terrain schaffen?

Luc Frieden: Dat ass eng ganz heikel Fro, well – erënnert Iech – déi Kritiken, déi un d’Regierung komm waren, wéi mer fir d’éischt iwwert dee Problem geschwat hunn. Et ass ganz kloer, datt net all Asylbewerber een Drogenhändler ass an net all Drogenhändler ass ee Westafrikaner. Et ass awer ee Fait, datt vun deenen 1.000 westafrikaneschen Asylbewerber der ganz vill am Drogenhandel sinn an ech mengen, et bréngt och näischt, wann een einfach net doriwwer schwätzt, ëmsou méi wou mer, wéi gesot, konsequent mat Verhaftungen an Enquêtë weiderfueren. D’Asylgesetz ass an deem Kontext e Problem, mä jiddwereen deen Asyl freet, huet dat Recht. Duerfir hate mer och an deem Projet de loi, deen ech nach als Justizminister abruecht hunn, virgesinn, datt déi, déi eng Infraktioun maachen, datt déi an eng méi schnell Prozedur kommen an da bleift awer den Haaptproblem, esouguer wann se déboutéiert sinn, datt een se muss kënnen an hir Ursprungslänner heemkréien an ech mengen, do ass eng rieseg Erausfuerderung, déi op der Regierung läit, fir datt dann elo virun allem den Aussen- an Immigratiounsminister  déi Accordë kritt an deenen Ursprungslänner, fir déi Leit heemzebréngen, insofern se dann iwwerhaapt mat hirer richteger Identitéit kannt sinn. Well mir stelle fest, datt  déi Leit ganz vill verschidden Identitéiten hunn, respektiv déi nämmlecht Identitéit hunn e puer Leit. Et ass also wierklech eng ganz schwiereg Operatioun an ech muss soen, d’Police an de Parquet, d’Untersuchungsriichter hunn an deene leschte Méint eng extraordinaire gutt Aarbecht hei gemaach.

Drogenhandel, Prostitutioun, d’Justiz, d’Police mécht hir Aarbecht, mä ech mengen dat geet net duer. Mir sinn hei an enger Thematik, wou eigentlech och muss den Affer gehollef ginn. Wéi kënne mer do virgoen?

Luc Frieden: Ech mengen datt et essentiel ass, datt mer eng pluridisciplinaire Approche hei hunn. D’Affer, d’Konsumente vun deenen Drogen, dat si ganz vill der aus eisem Land an aus den Nopeschlänner. Mir mussen deenen, via de Ministère vun der Santé, via d’Schoule soen, wéi dramatesch dat ass, wann se déi Droge kafen, ëmsouméi wou déi Westafrikaner Kokaïn verkafen zu engem vill méi bëllege Präis, vun deem d’Ofhängegkeet nach méi grouss gëtt an d’Konsequenze rieseg sinn. Et gëtt och elo, no bei Schoule, versichen se Cannabis ze verkafen. Et ass d’Pflicht vun den Elteren, vun de Schoulen, vun eis all op déi dramatesch Konsequenz fir d’Jugend doropper hinzeweisen. Et muss vu béide Säiten, vun alle Säite musse mer dee Problem do versichen an de Grëff ze kréien.

Här Minister Frieden, ech soen Iech villmols Merci.

Luc Frieden: Merci och.

Dernière mise à jour