Interview avec le ministre de la Santé et de la Sécurité sociale, Mars Di Bartolomeo, sur la réunion de la quadripartite consacrée aux assurances maladie

RTL Télé Lëtzebuerg: Den LCGB hat d’Quadripartite jo ee Poterclub genannt.

Mars Di Bartolomeo: Ma ech mengen, datt déi Leit, déi den Owend erausgaange sinn, unisono der Meenung waren, datt mer eng gutt konstruktiv Diskussioun haten, wou mer net Ping Pong gespillt hunn, a wou och net ee mam Fanger op deen anere gewisen huet, andeem e gesot huet, et ass net ech, mä et ass deen aneren. Mir sinn eis eens, datt mer vill méi wäit kommen, wa mer eis zesummen ëm eis Krankekeese këmmeren.

Gesondheet huet kee Präis, dat sot Dir, mä wuel ee Käschtepunkt. Wee muss dann elo dofir opkommen? D’Assuréë via Cotisatiounserhéigungen?

Mars Di Bartolomeo: Also ech mengen, datt mer ee gudde Mix ustriewen. Wann ech elo géif soen, datt et ganz ouni Beitragserhéigunge geet, da géif ech am Kaffissaz liesen. Mä mir hunn eis virgeholl, fir wa Belaaschtunge musse kommen, déi esou niddreg wéi méiglech ze halen. Wann een näischt géif maachen a wann een einfach dovunner aus géif goen, datt deen Defizit antrëtt, deen d’UCM elo geschat huet, da misst ee relativ vill un däer Schrauf dréien. Mir sinn awer net der Meenung, datt een Defizit eng Fatalitéit ass, mä mir sinn der Meenung, datt een eppes ka maachen, datt een, wann een dat Nëtzlecht, qualitativ Gutt, dat Noutwennegt  mécht, da kann een e ganze Koup Geld spueren, ouni datt ee Leeschtunge sensibel fir d’Leit verschlechtert. Mä dat setzt awer viraus, datt jiddweree ganz bewosst a ganz verantwortlech  mat deem beschtméigleche System, dee mer elo hunn, ëmgeet.

Nach eng Fro zu de Cotisatiounen, well dat interesséiert d’Leit. Wat halt Dir vun der Propose z’iwwerleeën, ob déi Cotisatiounen onbedingt misse paritär, dat heescht d’selwecht fir all d’Parteie sinn, ob net zum Bespill, fir d’Betriber net onnëtz ze belaaschten, d’Assuréë méi bäileeën?

Mars Di Bartolomeo: Bon, ech mengen dat wier ee Broch an eiser bishereger Philosophie a wann ee sollt op deen dote Wee goen, da kann een esou eppes net an enger Quadripartite décidéieren, mä da muss een dat ganz sérieux ofbalancéieren. Ech muss Iech jo soen, datt mer am Rahme vun der Pflegeversécherung schonn eppes gemaach hunn, wou d’Aarbecht net esou belaascht, wou d’Assuréë belaascht sinn. Dat heescht, et muss ee sech also ganz gutt iwwerleeën, wéi een op deem dote Wee virgeet an  et ass jiddwerfalls net fir aus der Hëft ze schéissen.

Spueren, hutt Dir gesot, spueren ass een aalt Argument vun Iech schonn als Deputéierten. Et schéngt sech jo och jiddwereen anscheinend eens ze sinn. Dir sot et soll just nach den utile et nécessaire gemaach ginn, mä wee bestëmmt dat wat sënnvoll a noutwendeg ass? E wëssenschaftleche Bäirot wéi d’AMMD gefrot huet?

Mars Di Bartolomeo: Also d’AMMD huet en net nëmme gefrot, mä et ass eng Iddi, déi entstanen ass an der Diskussioun zwëschen der AMMD an dem Ministère. Mir fannen, datt dat eng ganz ganz gutt Iddi ass, datt ee sech eng onofhängeg Instanz gëtt, déi festleet, wat ubruecht ass, wat am Intérët vun der Gesondheet ass. Well wann een zevill mécht, dat kann och gesondheetsschiedlech sinn. Et ass ee vun deene Punkten, wou mer eis de Mëtten driwwer eens waren. Mir waren eis eens, fir den Instrument vun der Quadripartite ze reforméieren, fir deen dote Conseil scientifique anzesetzen, awer fir net ze waarden, bis dee Conseil scientifique do ass, fir een Appel un d’Prescripteuren, awer och un de Konsument  ze maachen, fir net op de Wee vun engem Iwwerkonsum vu Medikamenter ze goen a fir och ze verhënneren, datt et zu engem double oder triple Emploi bei Röntgen oder wéi dat och ëmmer esou heescht, bei Labosanalysë kënnt, well dat notzt der Gesondheet näischt  an et kascht. Ech sinn der Iwwerzeegung, datt ee muss oppassen, datt een déi Suen huet, déi een huet uerdentlech ausgëtt, well wann ee Suen zu der Fënster erausgehäit oder verbëtzt, da feelen engem déi Euroe fir dat ze maache wat ee muss maachen an et gëtt nach vill an der Gesondheetspolitik ze maachen. Mir mussen also déi Suen efficace engagéieren.

Kuerz eng lescht Fro: Ass och geschwat ginn iwwer Kontrollméiglechkeet, wat een eventuell ka géint Abusë maachen?

Mars Di Bartolomeo: Also ech mengen, et soll ee manner vun Abusë schwätzen, wéi vun enger anstänneger Sensibiliséierung vun de Leit, wat ubruecht ass. An déi meescht Leit, déi verhale sech ganz verantwortungsbewosst. Fir déi di dann net dat verstinn, wat am Intérêt vun der Allgemengheet ass, muss een déi Kontrolle bäibehalen. Déi Kontrollen an déi Diskussioun, déi mer iwwert d’Krankegeld haten, am Rahmen vun der Tripartite, hunn och ganz gutt Resultater bruecht. D’Zuel vun deene ganz kuerzfristege Krankmeldungen ass erof gaangen, ouni awer datt d’Rechter vun deene Betreffenden doduerch gekierzt gi sinn an ech gleewen drun, ech sinn nun emol esou optimistesch an naiv, datt ech gleewen, datt mir eppes kënnen zeusmme maachen.

Dernière mise à jour