Interview avec le ministre de l'Économie, Jeannot Krecké, au sujet de la situation économique nationale

RTL Radio Lëtzebuerg: Här Krecké, wou steet dann den Thermometer vun der nationaler Konjunktur? Wuel jo nach éischter op woteleg, net op gliddeg?

Jeannot Krecké: Mat Sécherheet nach net gliddeg. Mir kommen aus enger Period wou eis wirtschaftlech Resultater net gutt waren. An eenzel Secteuren mierkt een, datt et e bësse besser geet, mä mir sinn nach laang net iwwert de Bierg a virun allem dat wat ronderëm eis geschitt seet mir, datt nach schwiereg Zäiten op eis kommen. Wann ee gesäit, datt déi Däitsch et net fäerdeg bréngen hir Consommation interne an d'Luucht ze dreiwen an domat och Exporter déi mir kënnte maachen ze ënnerstëtzen, da soen ech mir, datt mir nach e gutt Stéck Wee ze maachen hunn.

Also gebremsten Optimismus?

Jeannot Krecké: Gebremsen Optimismus.

Kompetitivitéit ass jo den Ament e grousst Schlagwuert op nationalem an och op europäeschem Plang wéinst dem sougenannte Lissabonner Prozess, deen déi Lëtzebuerger EU-Présidence jo och wäert dominéieren. Et geet bekanntlech dorëm, datt d'Europäesch Unioun bis 2010 déi kompetitivsten Wirtschaft vun der ganzer Welt soll sinn. Dat haten sech d'EU-Staats- a Regierungschefen am Joer 2000 esou virgeholl. Mä do hat ee sech wuel an der deemooleger Euphorie vun der New Economy ferm iwwerschat, oder net?

Jeannot Krecké: Ech menge schonn, datt d'Emfeld deemools ee ganz anert war. Dir hutt et gesot, deemools war déi Bull nach net geplatzt. Mir waren an enger Zäit, wou d'Croissance, de Wuesstum also ganz héich war, a mir koumen aus enger grousser Réussite, dat war d'Afféierung vum Euro esou, datt en allgemeinen Optimismus geherrscht huet an du koume schwiereg Zäiten, wou och notamment alles wat op der Bourse sech ofgespillt huet natierlech net war fir Vertrauen erëm ze bréngen a mir sinn am gaang eréischt lues a lues déi Pente erëm erop ze kommen. An där Periode sinn déi do Kriteren an Objektiver festgehal ginn, wat mat sech bréngt, datt mir elo no fënnef Joer musse kucken, wou mir dru sinn, wéivill Wee, datt mir scho gemaach hunn. An ech mengen ouni datt den Här Kok säi Rapport deen e fir d'Kommissioun mécht ofgeliwwert huet, kann een elo scho soen, datt mir mat Sécherheet grouss Retarden hunn op dat, wat ee sech virgestallt huet.

Och zu Lëtzebuerg selwer huet d'EU-Kommissioun jo festgestallt, datt net genuch Progrèsen gemaach goufen, wourunner läit et dann?

Jeannot Krecké: Et ass sécher, datt mir op eenzelne Punkten och einfach duerch déi Aart a Weis wéi mir eng Rei Problemer hei zu Lëtzebuerg léisen am Konsens an enger Tripartite, mir eng Rei Moossnamen huelen déi eiser Economie ugepassst sinn an mir wëlle jo och duerfir probéieren aner Indicateure spillen ze loossen wéi déi di d'Kommissioun eis oberleet. Et sinn der och wahrscheinlech vill ze vill déi Objektiver déi énoncéiert ginn, déi sinn einfach ze vill breet. Ech mengen, mir mussen zur Konklusioun kommen, datt mir eis e puer Saachen virhuelen, dat mir dann och duerchzéien. Wat déi Indicateuren ubelaangt, hu mir jo dann och an Optrag ginn eng Studie déi d'Wettbewerbsfähegkeet, Konkurrenzfähegkeet vun eiser Economie soll moossen a mir wëllen dat dann och duerno weidermoossen net nach eng Kéier feststellen, mä och duerno weiderkucken, duerfir hu mir en Observatoire ageriicht, deen d'Wettbewerbsfähegkeet soll kontrolléieren.

Déi gouf jo awer och elo zum Beispill gemooss vun engem World Economic Forum. An engem neie Rapport rutsche mir zeréck op Plaz 26 a verléieren do fënnef Plazen, eben a punkto Kompetitivitéit. Dir fuerdert jo ëmmer dee berühmten Pakt vun der Innovatioun. Mengt Dir, dat wier dann d'Patentrezept fir déi Kompetitivitéit mol erëm ze verbesseren?

Jeannot Krecké: Also ech mengen et ginn verschidde Schinnen wou een dat kann erreechen, mä et muss ee wëssen, datt esou wéi mir villäicht an deene leschte Joeren elo gefuer sinn mer net méi kënnen weiderfueren. Mir hunn eng ganz Rei gutt Resultater gehat. Mir hunn eis ni a Fro gestallt trotz deene gudde Resultater oder villäicht och wéinst de gudde Resultater hu mir eis ni a Fro gestallt a mir hu geduecht dat géing esou weider goen. Mir mussen elo eng ganz Rei Froen eis stellen.

Wéi eng Froen dann zum Beispill?

Jeannot Krecké: Majo, wat sinn déi Elementer? Ech mierken dat jo, wann ech am Ausland muss probéieren eise Standuert an e gutt Liicht ze bréngen. Dann hu mir der eng ganz Rei déi mir kënne virweisen a mir hunn der och eng ganz Rei, wou mir mussen drop schaffen. Mir wëssen, datt mir kee Bëlleglounland sinn, a wann een dat weess, da muss ee kënnen aner Saachen bidden. Da muss ee beispillsweis gutt qualifizéiert Leit hunn. Bon, mir hu Leit déi vill Sprooche schwätzen, mä mir mussen héichqualifizéiert Leit kënnen ubidden, mir mussen de Leit en Ëmfeld, en allgemeint Ëmfeld, wou se sech wuel fillen e Betrieb deen heihinner kënnt a gesot kritt, et dauert dräi Joër bis de dech kanns implantéieren ass natierlech net gemaach fir, datt en Interessi huet fir heihinner ze kommen. Dir musst wëssen, datt et haut an Amerika an op anere Plazen eng ganz Rei Betriber gëtt, déi wëllen an Europa, vun Europa aus a vun enger Plattform vun Europa aus schaffen. A mir musse kucken, datt mir eng ganz Rei vun deene Betriber heihinner kréien. Zousätzlech, och villäicht wa mir net ëmmer de produktive Secteur kréien, datt mir dann awer zumindest deen vun de Servicer kréien an haaptsächlech och dee vun hiren Headquarters, d. h. datt hire Siège eventuell hei zu Lëtzebuerg ass. Mir mussen also op breet gefächerter Basis probéieren, Betriber hei an d'Land ze kréien fir weiderhinn Aarbechtsplazen ze schafen, wëll mir hunn aus enger gewësser Aarbechtsplazbeschafung hu mir eis verschriwwen.

Mä geet dat dann duer? Nei Aarbechtsplaze schafen fir innovativ ze sinn?

Jeannot Krecké: Neen, dat geet mat Sécherheet net duer an de World Economic Forum huet jo och erausfonnt, datt een - ech konnt et nach net am Detail kucken - mä datt ee vun eise Schwaachpunkten d'Innovatioun wier. Mir hunn relativ vill Geld jo virgesinn. Mir hunn och vill Hëllefstellunge méiglech vis-à-vis vu Betriber, déi heihinner kommen a Recherche an Développement maachen. Dat sinn déi eenzeg wierklech gutt Hëllefsmoossnamen, déi d'Kommissioun nach zouléisst, eben just mam Objektiv fir datt an Europa d'Innovatioun gefördert gëtt a mir hunn en eegent Département reng elo geschaf, fir Diversifikatioun an Développement an do ass een vun den Haaptelementer ass eben dee vun der Recherche an Innovatioun. Mä ech muss soen, datt mir nach vill ze vill disparat virginn, d. h. mir hunn nach vill ze vill Acteuren op deem Terrain, an een Deel vun der Recherche läit fir mech nach net no genuch bei deem wat d'Wirtschaft brauch, dat heescht datt mir och herno bei all deem wat mir sichen an eventuell och fannen, dann och Saachen hunn, déi mir och kënnen herno als produktiv Elementer ausnotzen. Dat heescht, datt d'Recherche och eng Recherche appliquée herno gëtt an der Wirtschaft.

Wéi gesitt Dir dann do d'Roll vun der Uni Lëtzebuerg?

Jeannot Krecké: Et hänkt ganz dovunn of wéi eng Orientatioun déi Uni Lëtzebuerg kritt. Wann et eng Orientatioun gëtt wou se wäit ewech vun de Realitéiten vun der Wirtschaft a vun de Besoine vun der Wirtschaft schafft, da schafft se villäicht op eenzelne Theme gutt, mä da notzt se net ganz vill wat eis wirtschaftlech Entwëcklung ubelaangt. A mir mussen haut déi Suen, déi mir zur Verfügung hunn, och zu engem gudden Deel an déi do Richtung asetzen, well mir kommen aus enger Zäit, wou de wirtschaftleche Secteur, deen eis bis elo gedroen huet, de Finanzsecteur war a mir musse kucken, datt mir doniewend eben anerer och développéieren, wou een net weess, a jiddferee weess, datt e muss Risiko streeën, dat heescht et muss een op vill, vill Schëlleren muss een déi Laascht déi mir duerstellen, muss ee verdeelen an duerfir ass Diversifikatioun wëll dat ass dat u sech ass dat ee vun den Haaptophänker vun eiser Politik.

Dir plädéiert och dofir, Jeannot Krecké, datt ee keng Angscht vu Reformen soll hunn. Dir sot dat Wuert Reform hätt eng negativ Konnotatioun krut. Reform als eng Attack op sozial Acquisën, dat huet ee jo och gesinn an de leschte Joeren, datt dat de Fall war. Hutt Dir dat da wëlles?

Jeannot Krecké: Neen, ech hunn dat net wëlles. Ech mengen ech hunn dat jo och kloer a menger Ried gesot, datt dat ganzt misst mat de Bierger a mat de Sozialpartner zesumme gemaach ginn, mä datt awer och jiddferee weess, datt et net duer geet, datt mir näischt maachen. Dat wollt ech domadder soen an de Problem ass, wann een dat Wuert Reform haut an de Mond hëllt, da gëtt schnell gekuckt no Däitschland, no Frankräich, wou eng ganz Rei Mesure geholl gi sinn, wou ech net wëll kommentéieren hei, mä wou ech Iech awer soen, datt se wahrscheinlech bei hinnen noutwënneg waren. Ob si et elo richteg ugepak hunn, dat ass eng aner Saach, mä d'Noutwënnegkeet war awer do. An ech soen dat Wuert huet mëttlerweil eng esou eng schlecht Konnotatioun, datt ee sech muss aner Wieder afale loossen, villäicht Moderniséierung oder esou, déi net méi grad esou schrecklech klengen. Mä mir kënnen net einfach d'Hänn an de Schouss leeën. Dat do fällt eis net vum Himmel. Mir mussen och eis bewegen.

Déi ganz Diskussioun ronderëm den Index gouf jo och vun Iech lassgetrëppelt, well Dir an engem Interview gesot hutt, et kéint een iwwer Maximal-Indextranchen nodenken. D'Patronat war hell ewech begeeschtert. D'Gewerkschaften awer net. An och Är Partei, d'LSAP, huet sech geflass fir ze soen, et géif alles beim Ale bleiwen. Hutt Dir do e Bock geschoss?

Jeannot Krecké: Neen. Ech hu kee Bock geschoss. Ech hu gesot wat ech denken. Ech hunn et awer och asortéiert mat e ganze Koup Saachen déi do éischtens déi waren, datt ech gesot hunn dobaussen ass de soziale Fridden dee mir kënnen ubidden och e grousse Standuertvirdeel. Ech hat och an deem selwechten Interview gesot, datt alles wat géing passéieren, misst am Konsens mat de Sozialpartner passéieren. Dat ass an der Diskussioun ganz ënner gaangen. An ech muss Iech soen, Madame Closener, ech wäert net meng Diskussiounen nach reng iwwer Index an iwwer Pensiounen hei zu Lëtzebuerg wëlle féieren. Et ginn nach vill aner Beräicher déi dat Land hei weiderféieren wéi déi do Diskussiounen.

Mä mengt Dir dann déi ganz Diskussioun iwwer den Index wär dann elo definitiv ofgeschloss oder déi kéim ëmmer erëm erop?

Jeannot Krecké: Déi Diskussioune sinn esou al wéi ech bis elo an der Politik täteg sinn, dat heescht dat war Ufank den 80er Joeren. An dat wäert och nach éiweg esou weider goen. Mir wäerten ëmmer nach där do Diskussiounen kréien a mir kréien Accorden a mir wäerten net iergend eppes maachen wat net am Konsens mat de Sozialpartner geschitt.

Dir fuerdert méi Risikobereetschaft, méi Esprit d'entreprise. Ass dat dann awer net Wonschdenken? An engem Land wou d'Ziel vu ganz ville jonke Leit ass, bei de Staat schaffen ze goen, wou een eng sécher gutt bezuelte Plaz huet?

Jeannot Krecké: Mä eben just dat wëlle mir änneren. Mir hunn elo eng Campagne, déi wäert déi nächst Woch lancéiert ginn, déi heescht: "Trau Dech", trau dech eppes anescht ze maachen, trau dech en eegene Betrib ze maachen. Mir wëllen also och esou no wéi méiglech bei déi Jonk goen, fir hinnen dat och schmackhaft ze maachen. Dat ganzt ass jo näischt, wou ee muer e Revirement erbäi féiert. Dat kann een och net iwwer Gesetz decrétéiren. Dat ass eng Saach vu Mentalitéit änneren. Dat ass eng Saach vu viller Aarbecht, wou ee muss awierken an ech wëll op alle Fall deen Deel dozou bäidroen. A mir wäerten och probéieren, eng ganz Rei Hürden, déi haut een huet, deen och wirklech sech traut eppes ze maachen, an dann d'Flemm kritt, well en zevill Hürden huet, wëlle mir och eppes maachen. Dofir wëlle mir all déi Démarchen e bësse vereinfachen a mir wäerten och kuerz duerno dee Portail entreprise och bei eis eraus bréngen, deen also soll Hëllefstellung ginn bei der Grënnung vun engem Betrib an dee soll iergendwann méi spéit am nächste Joer soll et quasi esou ee virtuelle Guichet Unique ginn.

Et héiert sech alles gutt un, mä zum Beispill den tragesche Fall vun der Famill Delvaux vun Uewerwampech huet et gewisen, datt een et heiansdo wirklech nach ganz schwéier gemaach kritt, wann een sech dann traut.

Jeannot Krecké: Ech wëll dat net a Verbindung bréngen mat deem trageschen Onfall, deen do geschitt ass. Dat ass Misère genuch. Mir hunn déi Fro vun der Simplification administrative jo scho laang, och schonn iert mer an der Regierung waren hu mir dorop higewisen, datt do e Problem ass. A mir wäerten och an deem Feld probéieren, an ech sinn och bereet, datt ech dorop gemooss ginn, wat mir doranner fäerdeg bruecht hunn. Mä ech sinn awer net alleng. Do sinn jo ganz vill aner Administratiounen, déi musse matmaachen. An ech muss soen, wann ech dat belscht Beispill huelen, datt déi Leit, déi dorunner geschafft hunn, déi hate Plein pouvoir fir dat ze maachen. Dat heescht do konnten déi aner Administratiounen och recht wéineg bremsen an där doer Saach. Esou wäit si mir hei zu Lëtzebuerg nach net. Mir musse kucken wéi wäit mir kommen, doduerch datt mir esou am Konsens wëlle schaffen wéi dat fir de Momment virgesinn ass. Mä ech muss Iech soen, datt ee vun den Haaptuleies dobaussen, wa Leit bei Iech sinn an deene musst Dir soen jo, et dauert awer bei eis esou laang bis datt Dir kënnt ufänken, also dann halen d'Gespréicher schnell op, an duerfir déi kuerz Weeër vun deene mir ëmmer geschwat hunn, déi mussen emol erëm wirklech kuerz ginn hei zu Lëtzebuerg.

Dir hutt och en Appel gemaach de Moien an Ärer Ried, un d'PME, datt se sech emol wann ech gelift op de Nopeschmärt e wéineg méi ëmkucken. Wéi stellt Dir Iech dat da vir?

Jeannot Krecké: Ma mir wëllen am Allgemeinen emol déi Kleng- a Mëttelbetriber e bësse méi ënnerstëtzen a méi förderen. Mir wëssen, datt mir net nach méi grouss Industrien noutgedrongen hei op Lëtzebuerg kréien. Ech wéisst net, wat ech géing maachen, wann ee muer seet, ech kommen mat enger Fabrik vu fënnefdausend Leit. Wou ginn ech déi Leit sichen? Hu mir se ausgebild? Fannen ech iwwerhaapt eng Plaz, wou eng Fabrik an deem Mooss nach kéint hikommen. Wann ech kucken wéi schwiereg et ass hei aner Infrastrukturen ze installéieren, da weess ech net, ob mir esou eppes nach fäerdeg bréngen. Mir axéieren also haaptsächlech nach op Kleng- a Mëttelbetriber a mir mussen, et geet nämlech net duer, datt ee seet, kommt op Lëtzebuerg an da schafft Dir just fir Lëtzebuerg. Lëtzebuerg ass esou ee klenge Maart, datt ee Betrib, dee vu bausse kënnt a sech hei nidderléisst, datt deen einfach net genuch Ofsaz huet an duerfir muss e rausgoen. E muss also an aner Länner goen. An ech mengen d'Groussregioun ass awer och e Maart, deen net onwichteg ass. Ech mengen mir schwätzen vu 455 Milliounen, wann ech engem Amerikaner dat erklären vu Konsumenten an Europa. Mä mir sinn hei an emgem Croissant vu Mailand erop bis op London. Dat gëtt esou genannt oder wéi eng Banann gesäit et aus. Do sinn 150 Millioune Leit, déi doranner wunnen. An an der Groussregioun schwätze mir vun 11 Millioune Leit. Dat ass jo awer. Do sinn Konsumenten do ass e Maart. An eis Kleng- a Mëttelbetriber sole wirklech ënnerstëtzt gin fir eriwwer ze goen, mä mir wëssen, datt nach ëmmer am grenziwwerschreidende Geschäft eng ganz Rei Barrière sinn. Do war eng Etude och virun zwee Joer gemaach ginn déi dat weist.

Dir hutt eng ganz Parti Iddien. Dir setzt op Modernisatioun, Recherche, Innovatioun, Diversifikatioun. Déi lancéiert elo déi Campagne. Mä kann een sech och elo vun Iech nei Gesetzer elo erwarden. Nei Gesetzinitiativen?

Jeannot Krecké: Also de Ministère vun der Wirtschaft ass gewéinlech deen, deen déi mannste Gesetzer an d'Chamber bréngt. Dat wäert och esou sinn. Ech mengen, eng ganz Rei Saachen, déi kann een net décrétéieren per Gesetz. Et kann een jo och d'Croissance net per Gesetz dékrétéieren. Dat ass vill Aarbecht, ouni datt een do villäicht deen Nidderschlag kritt, weder en public, nach an der Chamber an dee Moment. Mä et ass vill Kleng-Klengstaarbecht. Mir hunn ee Gesetz, wat déi Hëllefen alleguer beinhalt. Dat ass eng Loi cadre fir all déi Hëllefstellungen déi mir ginn. Sief et am Beräich vu Regiounen, déi net gutt entwëckelt sinn, wief et am Beräich eben just vun Innovatioun an Recherche, sief et am Beräich vun Emweltschutz a vun Aspueren vun Energien. Dat gëtt et alles. Duerfir wäerte mir net elo do noutgedrongen Villes anescht kënne maachen, wëll och do den Drock kënnt vu Säite vun der Kommissioun. Mir hunn do net fräi Hand. A mir wäerten eng ganz Rei Gesetzer nach erabréngen, déi awer solle maachen, datt mir eng Vereinfachung kréien, datt mir solle Saachen zesummeleeën. Datt mir beispillweis, wat d'Breveten ubelaangt, datt mir do mol d'Gesetz eng Kéier musse complétéieren, eppes wat mir nach net gemaach hunn, wou mir elo condamnéiert gi sinn. Dat heescht däerarteg gestalte Gesetzer wäerte kommen. Mä dat meescht geschitt iwwer aner Weeër. Vill Gespréicher, vill Démarchen, vill Promotiounen an esou weider. Recht wéineg Reglementaresches.

Also eng Fro vu Mentalitéit, déi sech muss änneren. Wéi laang rechent Dir dann domat, datt dat dauert bis déi Mentalitéit sech e bësse gedréint huet?

Jeannot Krecké: Dat ass schwéier do Prévisiounen ze maachen. Ech hu mir vill virgeholl, mä ech weess awer net wéi wäit ech kommen. Mä ech si ganz optimistesch an ech si gudder Déng. Ech sinn och bereet, Mäint dozou bäizedroen mat menger ganzer Energie déi ech fäerdeg bréngen opzebréngen, mä déi aner Leit musse matzéien. Dat do kann de Wirtschaftsminister net dékrétéieren. Do mussen d'Betriber matzéien, do mussen d'Sozialpartner matzéien, do mussen e ganze Koup Administratiounen matzéien. Do mussen och hei d'Lëtzebuerger alleguerten an déi Leit, déi hei wunnen, musse matzéien. Ech hunn eng Kéier gesot, et muss ee Ruck duerch dat Land goen an ech bleiwen dobäi. Och elo wou ech an der Regierung sinn, sinn ech der Meenung, datt dat muss geschéien. Mir kënnen net just drop waarden, datt alles eis vum Himmel fällt. Esou leeft dat net méi an Zukunft. Mir sëtzen an der Mëtt vun enger Unioun, wou awer elo 25 Länner sinn, wou zéng Länner bäikomm sinn, déi och vill Avantagen, vill esou kleng Nischen kënnen ubidden. Mir hunn do ganz vill Konkurrenz krut an da musse mir kucken déi Punkten, op deene mir gutt sinn an da musse mir vill op Kompetenz setzen a villäicht manner op Souveränitéit. Do musse mir kucken déi ze développéieren an dat kann de Wirtschaftsminister net alléng, an do muss och eng ganz Bevëlkerung hannendrun stoen fir dat ze maachen.

Hutt Dir dann d'Impressioun, datt et schon esou wäit ass?

Jeannot Krecké: Neen, ech hunn d'Impressioun, datt mir nach net esou wäit sinn an datt mir nach e laange Wee ze maachen hunn, a mir wäerten hoffentlech, wa mir déi Diskussioun féieren, iwwert dee Rapport, dee mir kréien wat d'Konkurrenzfähegkeet vun eise Betriber ubelaangt, awer och dee Wee fir op Lissabon, wéi een dat esou léif seet, wa mir do e bësse méi genau schwätzen, dann hoffen ech, datt mir déi Bewegung och hei zu Lëtzebuerg kréien. Datt jiddfereen sech bewosst ass, datt mir mussen Efforte maachen an, datt d'Konkurrenz dobausse grouss ass. An ech mengen, mir sinn nach net esou wäit.

D'Resultater vun deem Rapport solle jo Enn des Mounts kommen. Engagéiert Dir Iech dann dofir? Verspriecht Dir, datt effektiv Konsequenzen doraus gezu ginn?

Jeannot Krecké: Also dat do ass jo décidéiert ginn an der Tripartite. An deen éischte Wee, deen ech huelen, ass natierlech no der Regierung och an d'Tripartite domadder ze goen a mat de Sozialpartner ze kucken, wat sinn dann elo déi Punkten op deene mir dann elo kënne weiderschaffen a wou déi Reforme fälleg sinn. Ech muss Iech soen, ech hu nach keng Virétude gesinn, ech hunn nach keng Ebauche gesinn dovunner, vun deem Rapport esou, datt ech iwwerhaapt net weess, wat dra steet. Mir wëllen dee Mann och schaffe loossen, fir datt e seng eegen Iddien e bëssen entwëckelt, an ech kommen awer gären dorop zeréck, esou bal dat virläit. An dat wäert also am Laf vum nächste Mount sinn.

Jeannot Krecké, zum Schluss wëll ech nach eng Kéier op d'Foire zeréck kommen. Besser gesot op d'Foiresgesellschaft, d'LUXEXPO. Wéi gesitt Dir dann d'Zukunft vun der LUXEXPO? Bleift alles beim Alen? Plënnert d'Foire eng Kéier fort vum Kierchbierg? Wéi wichteg ass d'Foire iwwerhaapt der neier Regierung?

Jeannot Krecké: Also der neier Regierung, op alle Fall dem Wirtschaftsminister, ass d'Foire mir ganz wichteg. Dat muss ech soen, wëll och wann déi Betriber, mat deenen ech jo haaptsächlech schaffen, industriell Betriber sinn, déi villäicht op der Foire net déi Roll spillen. Et sinn jo éischter Kleng- a Mëttelbetriber, Leit aus dem Commerce aus dem Artisanat, déi net elo direkt an de Kompetenzberäich vum Wirtschaftsminister falen, mä fir déi ech awer ganz vill Opmierksamkeet hunn an deenen ech och ganz vill wëll hëllefen. Dofir muss déi Foire an där Form och bestoe bleiwen. Si huet am Moment Problemer, well mir Halen mussen zur Verfügung stellen fir d'Présidence. Dat héiert och iergendwann op.

Gëtt nach eng weider elo zur Verfügung gestallt?

Jeannot Krecké: Jo, also et ass schon eng Anhängung, wou ech verstinn, datt se Schwiergekeeten hunn. Dobäi kënnt dann Projeten am Kader och vun alles wat mir am Transport maachen. Do soll jo och hei ronderëm d'Foire an an der Foire eng Gare entstoen. Dat heescht do gi jo erëm Flächen wahrscheinlech verluer. Dofir muss een iergendwann d'Fro stellen - an dat ass eréischt, wann den Transportminister kloer weess, wat en hei um Kierchbierg brauch - da muss een d'Fro stellen, ob een hei bleift oder ob een net hei bleift. Wann een hei bleift, muss ee menger Meenung no an d'Luucht dat ganzt e bësse bauen. Et muss een déi Flächen, déi een huet, besser notzen wéi dat haut de Fall ass, an zweetens, wann ee wëllt feststellen, datt et hei net méi geet, da kann een eréischt seriös doriwwer diskutéieren, wann een eng Alternative huet. A wann ech gesinn, wéi schwiereg et ass esou eppes ze implantéieren, da weess ech net, ob mir esou schnell eng Alternative fannen hei an der Ëmgéigend vun der Stad. Well et ass jo awer d'Stadter Foire. Et ass eng Foire, déi an der Ëmgéigend vun der Stad Lëtzebuerg soll bleiwen, déi och hei net schlecht ass, well se no beim Flughafen ass. Mä si kéint villäicht nach méi no bei de Flughafen kommen. Si kéint op aner Plazen kommen. A ville Länner ass esou eng Foire ganz no beim Flughafen. Dofir soen ech, datt déi Diskussioun vir d'éischt kann seriös gefouert ginn, mä ech wäert se féieren an deene Joeren. Dat heescht mir loossen deen Zweifel net weider bestoen. Entweder et gëtt décidéiert et bleift hei a mir bauen aus, oder mir ginn anzwousch anescht, an da weess ech awer och wouhinner. 

A wéi séier mengt Dir, datt do eng Décisioun géif falen?

Jeannot Krecké: Ech mengen, ech muss elo mol d'Présidence eriwwer goe loossen. Ech mengen, datt dat elo mol dat éischt Objektiv ass. An da kucke mir emol weider. Mä dès à présent, mengen ech, hunn ech menge Servicer och gesot, si solle mol kucken, wat fir eng Alternativen ginn et dann ronderëm d'Stad, wou ee kënnt higoen. An ech mengen, dann kann een eréischt décemment eng Diskussioun féieren, ob een hei bleift oder net. A wann een dann hei décidéiert ze bleiwen, ech mengen da muss een eventuell ee Concours d'architectes oder aner Leit erbezéien,déi dann och eventuell een anert Konzept fir déi Foire duerstellen. Ech mengen,wa mir doraus wëllen eppes maachen, da musse mir se och moderniséieren an dat heescht d'Infrastrukture verbesseren.

Jeannot Krecké, Merci fir Äre Besuch am Studio.

Jeannot Krecké: Ech soen Iech och Merci.

Dernière mise à jour