Interview avec le ministre délégué aux Affaires étrangères et à l'Immigration, Nicolas Schmit, sur la politique d'asile

RTL Radio Lëtzebuerg: Leschten Donneschdeg, do hat dir eng Entrevue bei der Police. Do ass et ëm déi Demandeurs d’asile gaangen, déi op der Gare oder soss entzwousch Droge verkafen. Mat wéi enger Impressioun sitt Dir dann aus däer Réunioun eraus komm ?

Nicolas Schmit: Ma ech war deelweis iwwerrascht, datt de Phenomen esou eng grouss Dimensioun schonn hätt, an och d’Zuel, wann een iwwer d’Zuele schwätzt, wou d’Police huet, da weist dat, datt dat net e ganz klengen oder lokaliséierten Phänomen ass. Mä do gëtt vun e puer honnert Leit geschwat, déi implizéiert sinn, déi och schonn, entweder arrêtéiert gi sinn, oder verbaliséiert gi si wéint Drogenhandel an dofir muss ee ganz schnell do entgéint wierken.

Iwwerrascht? Dir sitt jo elo awer am politesche Liewen hei zu Lëtzebuerg jo elo keen Eunuch. Dir kritt jo awer och Saache mat. Wéisou kann een do esou iwwerrascht sinn? Ass net genuch doriwwer geschwat ginn?

Nicolas Schmit: Ech mengen, dat ass ee Phenomen, dee relativ rezent och hei zu Lëtzebuerg mat däer Dimensioun sech stellt. Ech mengen, et ass säit 2003, wou ee gemierkt huet, datt sech do eng Szene opgebaut huet, an engem gewëssene Milieu mat gewëssene Leit. An ech mengen, ons Police huet do och eng ganz gutt Aarbecht gemaach, dat muss een och soen, fir dee Phänomen kloer ze erkennen, an och probéieren, déi éischt Mesuren dogéint ze huelen. Iwwerrascht trotz allem, datt esou Evolutioune ganz schnell ginn. Mir wëssen alleguer, datt d’Kommunikatioun zwëschent esou Milieuen europawäit statt fënnt. An esou bal wa sech an engem Land eng Situatioun opmécht, dat natierlech och en neie Pôle d’attraction fir Leit gëtt, déi eben an esou Aktivitéite sech wëlle bewegen.

Dat heescht et war net ofschreckend genuch, wat hei zu Lëtzebuerg vläicht gemaach gouf, fir datt der net nokommen?

Nicolas Schmit: Ech géif net soen, dat war net ofschreckend genuch, mä et ass kloer, datt wann e Vide iergendwou ass, wann eben op enger Plaz näischt an deem Sënn esou passéiert, da gëtt dat scho ganz kloer identifizéiert. An et brauch jo  natierlech e bëssen Zäit, iert ee ka reagéieren. Mä déi Reaktioun ass natierlech elo a Preparatioun.

Dir waart bei der Police, hat Dir och aner Kontakter an deem Kontext?

Nicolas Schmit: Ech hu natierlech och mat anere Milieue geschwat, déi besonnesch am Milieu sinn, fir mat den Asylanten ze schaffen, an ech muss do soen, do ass grousst Verständnes dofir, datt een net kann, an dat muss ganz kloer gesot ginn, Asyl, Abus dovu maachen, fir kriminell Aktivitéiten ze développéieren.

D’ASTI, zum Beispill, huet jo och an engem Communiqué eng Kéier gesot gehat, dat muss ganz kloer sinn, datt déi, déi dovunner Abus maachen, datt déi op eng Manéier oder déi aner fort mussen.

Nicolas Schmit: Jo, dat ass zum Beispill eng Associatioun, wou ech och Gespréicher hat. An ech mengen, do ass och eng kloer Linn. Ech mengen, et muss een zwou Saache kloer am A behalen. Dat éischt ass, et dierf ee keen Amalgam maachen. Ech mengen, et ass net, en Asylant ass net automatesch en Drogendealer, a wann een Asylant ass aus engem afrikanesche Land, oder e Bierger aus engem afrikanesche Land, deen hei zu Lëtzebuerg Asyl gefrot huet, oder einfach schafft oder studéiert, well mir jo och eng Rei Studenten hei hunn, da muss ee ganz gutt oppassen, datt een do net en Dérapage raciste kritt. Also ech mengen, do muss den Dialog mat de Bierger och ganz aktiv gefouert ginn.

Dat do ass elo eppes, wat awer an enger grousser Ëffentlechkeet vläicht net esou gesi gëtt. Do ass et dacks schwéier, trennen, tëschent deenen, déi eis Hëllef brauchen, se och kréien a sech korrekt behuelen, an deenen, déi déi Asylprozedure mëssbrauchen, fir hei am Land kriminell aktiv ze sinn. Wat kéint een dann nach maachen, fir dat méi kloer duerzestellen?

Nicolas Schmit: Ma ech mengen, éischtens, wéi ech virdru gesot hunn, et muss ee mat de Bierger dodriwwer schwätzen. Dat ass keen Tabu. Ech mengen, et muss ee kënnen och iwwer esou Problemer offe schwätzen, ouni datt ee gewësse Reproche gemaach kritt. Mir hunn och e Problem, wou ech mir bewosst sinn, dat ass deen iwwerhaapt vum Drogekonsum hei zu Lëtzebuerg. Ech mengen Drogendealer gëtt et do, wou et Drogekonsumente gëtt. Also och do ass e Problem, wou och mäi Kolleeg, de Mars Di Bartolomeo jo virun e puer Deeg driwwer geschwat huet. Dat muss een och probéiere besser an de Grëff ze kréien. An deen anere Punkt ass, datt een natierlech méi radikal Mesuren, och wat d’Prozeduren ubelaangt, an de Wee leet.

Den nächste Méindeg ass jo zu Bouneweg am Centre Culturel en Hearing grad iwwer déi Situatioun op der Gare. Dat ass e Beweis, datt déi Onrou sech manifestéiert. Wat mengt Dir, wat do eraus kënnt, a wéi eng Richtung dat geet?

Nicolas Schmit: Ech mengen, ech hu vollt Verständnes fir d’Roserei vun de Leit, déi natierlech e bëssen d’Impressioun hunn, datt se machtlos sou Phänome géigeniwwer stinn. Nu kann een net mat enger Baguette magique esou Saachen einfach vun der Strooss kréien. Ech mengen, dat ass eng laangwiereg Aarbecht. Dat ass eng Aarbecht op ville Pläng an dat muss een de Leit explizéieren. De Bierger muss natierlech do och mat implizéiert ginn, mat zesumme schaffen. Mä d’Autoritéite mussen natierlech och déi Mesuren huelen, déi se, déi se mussen huelen, fir ze probéieren, déi richteg Signaler ze ginn, well ech mengen, ech hu virdru gesot, dat si Saachen, déi sech séier ronderëm schwätzen. Dofir entsteet e Pôle d’attractions, wou honnerte Leit op emol op eng Plaz kommen, a sech dann do an engem ganz gutt organiséierte Réseau bewegen. Et muss een also Signaler ginn, datt dat net méi esou einfach ass, an datt esou e Réseau och ka ganz schnell zerschloe ginn.

Wat d’Leit dobaussen jo och vläicht net esou novollzéie kënnen, dat ass, wa gewosst ass, wat déi Demandeurs d’Asile maachen, firwat een et dann net an de Grëff kritt. E Kriminellen, sot Dir jo och selwer, ass e Kriminellen, en Drogendealer ass en Drogendealer, op hien an der Asylprozedur drann ass, hei am Land lieft, oder Net-Lëtzebuerger ass oder soss eppes.

Nicolas Schmit: Et ass kloer, ech mengen d’Prozeduren, wéi ech dat bemierkt hunn, musse gestrafft ginn. Ech mengen, mir haten u sech Prozeduren, déi net op esou Situatioune preparéiert waren. Mir hunn eigentlech ee ganzt generéist Asylgesetz, Asyprozeduren gehat. Hei ginn elo Situatioune kreéiert, déi och mat enger immenser Ampleur vun haut op muer entstinn. Ech mengen, wann ee weess, datt iwwer dausend Demandeurs d’asile op eemol mussen traitéiert ginn, dann heescht dat natierlech och fir d’Administratioun eng grouss Charge, an dofir gëllt et, déi Prozedure méi schnell ze maachen, déi daueren ze laang. Et gëll kloer ze maachen, wann ee sech eppes zu Schold komme léisst, datt deem seng Prozedur ganz schnell ofgeschloss ass, an datt och do keng Egarden geholl ginn. An et muss och gekuckt ginn, datt déi Leit fort kommen.

Hat een dorunner net geduecht, datt et och kéinten Demandeurs d’asile ginn, déi kriminell géife ginn?

Nicolas Schmit: Ech wëll net soen, datt een net dodrunner geduecht huet. Ech mengen, dat Phänomen wat mir elo hei zu Lëtzebuerg hunn, dat ass net op Lëtzebuerg limitéiert. Dat gëtt et a ganz ville Stied, a mir wëssen alleguer, d’Asylgesetzgebung, déi ass u sech net gemaach fir esou Situatiounen. Déi ass eben gemaach, wéi Dir virdru gesot hutt, fir Leit ze protégéieren.

Op däer aner Säit héiert ee jo och alt, Dir schéckt der 5 fort, deen aneren Dag sinn nees 5 anerer do.

Nicolas Schmit: Jo, dat kënnt natierlech doduerch vläicht, well mir net momentan genuch kënnen duerchgräifen. Eng Léisung, déi och am Regierungsprogramm festgehale gouf, an déi och elo bei de Budgetsdiskussiounen festgehale gouf, dat ass e Centre de rétention ze bauen. Ech mengen, déi Leit, déi op Lëtzebuerg kommen, a wou manifest ass, datt se den Asyl wëlle mëssbrauchen, déi mussen aus dem Verkéier gezu ginn während enger Zäit. Dat heescht net, datt se an de Prisong agespaart ginn, dat heescht och net, datt se net hier Rechter kënne geltend maachen, mä si mussen aus dem Verkéier gezu ginn. A wann dat sech emol erëm geschwat huet, datt mir hei vläicht e bësse méi streng sinn, da wäert och de Phänomen besser ënner Kontroll kënne geholl ginn.

Wat sinn da Méiglechkeeten op europäeschem Plang? Et ass jo en europäesche Problem.

Nicolas Schmit: Et ass e Problem, dee sech europäesch stellt. Mir mussen also och méi zesumme schaffen. Mir mussen d’Prozeduren europäesch méi vereenheetlechen, mir musse se méi op spezifesch Situatiounen zurecht schneiden. Mir mussen natierlech och déi grouss Flux migratoires...  mir héiere jo all Dag wou honnerten, dausende Leit hiert Gléck versichen hei an Europa - mir mussen dat besser ënner Kontroll kréien, ouni awer d’Mënscherechter, ouni d’Recht op Asyl a Fro ze stellen. Mä mir kënnen natierlech net mat deem do Phenomen einfach esou ëmgoen, wéi wann dat e marginalen Phänomen wier. Dat ass e Phenomen vun enger grousser Ampleur, an dofir musse mir och Moyenen ons dofir ginn.

An et muss een doriwwer schwätzen.

Nicolas Schmit: Natierlech. Et muss een offen doriwwer schwätzen, well de Bierger brauch Informatioun, fir datt eben Virurteeler an Amalgamen net einfach esou an d’Welt gesat ginn.

Wéi laang Zäit gitt Dir Iech?

Nicolas Schmit: Et ass ëmmer schwéier, hei en Engagement ze hunn. Mä ech géif soen, mir hunn net immens vill Zäit. Mir mussen also schnell handelen. Dat heescht  schonn an e puer Méint musse mir déi Initiativë méi schnell Prozeduren, e Centre de rétention, e neit Gesetz, wat eben déi méi schnell Prozeduren ënner anerem och erlaabt, a méi Leit am Service de l’immigration, déi mir och zougestane krute vum fréiere Ministre de l’Immigration. Dat wäert schonn hëllefen, a méi a mëttelfristeger a puer Méint Resultater ze kréien.

Da wäerte mir an e puer Méint de Point maachen, Nicolas Schmit. Fir elo emol Merci fir d’Explikatiounen.

Nicolas Schmit: Merci.

Dernière mise à jour