Interview avec le ministre du Trésor et du Budget, Luc Frieden, sur le projet de budget 2005

RTL Radio Lëtzebuerg: Här Minister Frieden, den Defizit fir 2005 fällt méi héich aus wéi nach fir 2004. Mir sinn elo bei 88,9 Milliounen Euro Defizit, respektiv - wann een europäesch Critèren uwendt - bei bal 333 Milliounen Euro minus. Fir 2006 gëtt et op manst grad esou schwiereg, hutt Dir de Moie gesot. Sinn déi gëllen Zäiten dann elo definitiv eriwwer?

Luc Frieden:  Jo, ech mengen, datt déi schonn d’lescht Joer eriwwer waren. De Budget 2004 war ee ganz schwieregen. Dëse war schwiereg. An ech gesinn och net, bei deene villen Onsécherheeten, déi an der Welt bestinn - déi lues Économie, kuckt wat Dir op der däitscher Televisioun gesitt, do leeft et net richteg, a mir hänken natierlech dovunner of - an duefir mengen ech, datt mer och an den nächste Jore beim Budget, net wéi an der Vergaangenheet, mat Plus-Valuë kënne rechnen, mä datt mer musse kucken, datt mer déi Ausgaben équilibréiert halen. Ech wëll awer dozou soen, datt wann Dir sot, datt mer no europäesch Critèren en Defizit vun iwwer 330 Milliounen Euro hunn, dann ass dat awer nëmme minus 1,2 Prozent vum PIB. Domadder si mer besser wéi dat, wat mer d’lescht Joer  op Bréissel am Stabilitéitsprogramm gemellt hunn, an och wäitaus besser wéi déi meescht Länner an Europa. Dir wësst de Critère ass 3 Prozent vum PIB. Mir sinn also dodrënner.

D’Dépensë fir dëst Joer waren am Fong ëm 2 Prozent geklomm, fir d’nächst Joer ass et elo eng Hausse vun den Dépensë vu 7,8 Prozent. Firwat huet d’Regierung sech da fir d’nächst Joer net méi Retenue operluecht?

Luc Frieden:  D’Regierung huet sech ganz vill Retenue operluecht, well ech hunn an deene leschte 4 Wochen an an de leschten Deeg an Nueten sou munech Efforten dru geluet, zesumme mat menge Kollegen an der Regierung, fir datt dee Budget sou géing ausgesinn, och wann e mer nach net honnertprozenteg gefällt.

Ech géing soen et ginn zwou Observatiounen ze maachen: dat éischt dat ass, mir hunn zu Lëtzebuerg eng exzeptionell héich Budgetisatioun vun de sozialen Ausgaben. Mir bezuele via Steieren een Deel vun de Krankekeesen, vun de Pensiounskeesen. Dat heescht de Staat bezillt dat. Mir bezuelen d’nächst Joer 53 Millioune méi an d’Pensiounskeesen, 22 Millioune méi an d’Krankekeesen, 22 Millioune méi un d’Pflegeversécherung. Dat sinn also strukturell Dépensen, déi wuesse mat der Masse cotisable, an déi ass méi schnell gewuess, wéi mer dat erwaart haten an och wéi mer dat gesot kritt haten beim Budget 2004.

Dat zweet dat ass, datt mer eng Rei Dépensen hunn, déi punktuell sinn, déi nei sinn. D’Présidence kascht 55 Milliounen Euro. Mir hunn d’Universitéit Lëtzebuerg, déi opgeet. Mir hunn d’Betreiung vun de Kanner no der Schoul. Alles dat kascht Milliounen Euroen. Dat sinn Déngschtleeschtungen, déi de Staat ubitt, mä virun allem ass de strukturelle Problem deen.

An da géing ech eng lescht Remarque dozou maachen, de Budget vun 2004 ass wéineg geklomm, mä de Budget 2004, sou wéi en an der Exécutioun ausgesäit, well d’wirtschaftlech Entwécklung awer méi schnell war, virun allem um Aarbechtsmaart wéi mer dat deemols agerechent haten, musse mer an dësem Joer eng Rei Dépassementer accordéieren. A wann een de reelle Budget 2004 kuckt, an da kuckt een, wou mer 2005 hikommen, da wiisst am Fong de Budget fir 2005 nëmmen ëm 4 Prozent, an dat ass conforme zur wirtschaftlecher Croissance an der Inflatioun.

Trotzdem, wann de Sozialbudget 44 Prozent vum gesamte Budget ausmécht, dat ass jo enorm vill. Muss een dann do net awer iergendwann eng Kéier ëmdenken a kierzen?

Luc Frieden:  Ech mengen, et muss een op manst eng Diskussioun driwwer féiere wéivill de Staat, als solchen, zu de Sozialausgabe muss bäidroen. Ass et richteg, datt de Staat een Drëttel an d’Pensiounskeesen gëtt, datt de Staat een Drëttel an d’Krankekeese gëtt, datt de Staat souvill bezillt fir eng ganz aner Rei sozial Leeschtungen? Woubäi ech awer och soe kann, wann een iwwert esou eppes diskutéiert, muss et ëmmer herno nach sozial gerecht bleiwen. Dat ass näämlech eng rieseg Diskussioun. Déi kann een net bei engem Budget féieren. Dofir ginn et jo och Budgetsdebatten an der Chamber. Ech mengen déi Chifferen, déi mer op den Dësch geluecht hunn, déi staark Croissance, déi mer an deenen dote Beräicher hunn, muss dozou féieren, sou eng Debatte ze féieren. An duefir mengen ech, datt dat, wat mer elo bei de Krankekeessen gemeet hunn, déi Diskusisoun, déi jo geféiert gëtt an deenen dofir zoustännege Gremien, ass een éischten Usaz dovunner.

Komme mer emol bei d’Recetten. D’Kierperschaftssteier, déi jo virun allem vum Finanzsecteur bezuelt gëtt, déi mécht Iech Suergen. Si ass manner héich ausgefall wéi erwaart dëst Joer. Si dréit der économescher Entwécklung net Rechnung, hutt Dir de Moie gesot. Wéi ass dat dann z’erkläeren?

Luc Frieden: Jo dat ass effektiv eng vun eise gréisste Suergen op der Recettësäit, well traditionell wann d’Économie wiisst, da wuessen och d’Einnahmen, déi vun de Betriber kommen. Mir stellen elo fest, datt de Finanzsecteur 2004 eng Progressioun a senge Resultater huet. Mä eng ganz Rei vu Betriber aus dem Finanzsecteur bezuele keng Steiere méi, well se vun Ofschreiwungsméiglechkeete Gebrauch maachen, déi innerhalb vun hire Gruppen décidéiert ginn an iwwer Lëtzebuerg gebucht ginn. Et ass och esou, datt mer bei der Kierperschaftssteier nobesteieren an duefir elo och un déi Jore kommen, wou manner gutt Resultater do waren an duefir, wann ech zum Beispill drun erënneren, datt mer virun 2 Joer an däer Steier nach 1,4 Milliarden am Budget agesat haten an elo leie mer bei 1,1 Milliard. Do gesitt Dir also, et ass eng Steier, déi geet substantiell erof an dat war fréier déi gréissten Einnahm. Haut, Gott sei Dank, ass déi ersat ginn duerch aner Steieren déi klammen, wéi zum Beispill d’TVA, notamment duerch déi Betriber am elektronesche Commerce, a wa mer dat net hätten, wäer eigentlech dSituatioun nach vill méi schwiereg. Mä dat bleift ee Suergekand.

Bleiwe mer mol bei der TVA op Bensin an op Zigaretten, déi klëmmt an och den Diesel gëtt méi deier. Ass dat dann dat richtegt Zeeche fir ausgerechent elo, wou souwisou d’Petrolspräisser jo schonn enorm héich sinn, fir elo nach eng Kéier do déi Präisser duerch de Staat z’erhéigen?

Luc Frieden:  Mir mussen nei Recetten hunn, fir datt mer de Budget einegermoossen am Equiliber hunn. Ech soen dat besonnesch bei der TVA, déi op den Zigarette vun 12 of 15 Prozent geet: Mir hunn och ganz vill Gesondheetsausgaben, an ech fannen et net absurd, datt wann een méi  héich Gesondheetsausgaben och géigefinanzéiert duerch ee gesondheetsschiedlecht Instrument wat d’Zigarette nun emol ass.

Um Bensin ass et esou, datt mer jo och eng Rei Obligatiounen hunn am Ëmweltberäich, Stëchwuert Kyoto. A mir gesinn awer och, datt deen Taux vun 12 Prozent, dee mer haut haten, guer net deen ass, deen déi aner Länner hunn. A kuckt emol d’Präisser an den Nopeschlänner. Och mat eiser Augmentatioun, wat eng kleng Augmentatioun ass, eng Augmentatioun, wann een dat ëmrechent, vun ongeféier 1 lëtzebuerger Frang um Liter, dann ass dat net ganz vill. An eise Präis zu Lëtzebuerg ass nach wäit ënnert deem vun der Belsch, vu Frankräich oder vun Däitschland.

Mä de Staat ass jo awer ganz frou, datt en iwwerhaapt Sue kann op Bensin an Diesel ophiewen. Wat wier dann, wann d’Leit effektiv méi mam ëffenlechen Transport géife fueren? Da wier de Staat jo awer schlecht drun?

Luc Frieden:  Ech weess net ob de Staat dann esou schlecht dru wier. De Staat gëtt d’nächst Joer 234 Milliounen Euro aus fir den ëffentlechen Transport. Dat ass net näischt, dat ass au contraire ganz vill, dat wiisst iwwregens ëm 15 Prozent. Wann dat do och een Effet huet op d’Comportement vun de Leit, da wär dat positiv souwuel am Gesondheetsberäich wéi am Ëmweltberäich. Ech mengen awer, datt déi Miniaugmentatioun fir d’TVA vun 12 op 15 Prozent ze féieren - 15 Prozent, wat am Fong deen normale Mindesttaux vun der TVA an Europa ass - dann ass dat näischt esou Exceptionelles, mä et bréngt dem Staat awer 40 Milliounen Euro an. A wann ee gären Dépensen hätt, da muss een och iergendwou d’Recetten hierkréien, an dofir hu mer gemengt, datt dat do awer ee Wee wier, deen d’Konkurrenzfähegkeet vun de Betriber an och d’Consommatioun vun de Leit op anere Secteuren net géing zevill bremsen. Mir wollten näämlech d’Steierreform, déi mer virun 2 Joer gemaach hunn, net elo ëmänneren an erëm eng Kéier op der direkter Besteierung vun de Leit a vun de Betriber nei Recetten aféieren.

D’Investitiounsausgabe bleiwen och héich. Dat ass jo schéin a gutt, mä an engems klammen dann awer och zum Beispill d’Fonctionnementskäschte vu Kulturbauten, wéi de Pei-Musée, wéi d’Salle philharmonique oder Neimünster. Hätt een dat direkt vun Ufank un esou berechent, datt déi Foncitonnementskäschten esou héich wieren?

Luc Frieden:  Also op jiddwerfall, well et gëtt kaum ee Freiden am Regierungsrrot, wou ech net op deen dote Punkt hiweisen. Menger Meenung no gëtt dat net genuch am Débat politique berücksichtegt, well jiddwereen hätt gär nei Infrastrukturen. Mä wann een nei Infrastrukture brauch, da muss een och duerno ee Portier an dat Gebai setzen, et muss een och d’Fënstere wäschen, et muss een Elektresch dofir kafen an et muss ee Programmer an déi Kulturinstituter bréngen an dat kascht enorm vill. Iwwregens am Sportsberäich ass dat genau d’nämlecht. An dat ass ee substantielle Problem. D’Investitiounsausgaben awer, déi d’nächst Joer ëm 16 Prozent klammen, an 10 Prozent vun de Gesamtausgabe vum Staat ausmaachen, mengen ech sinn noutwendeg, fir datt mer eis Économie och konkurrenzfäheg halen, well Investitiounsausgabe si jo och Stroossen, Schinnennetz, aner Infrastrukturen. Wa mer déi net hunn, da si mer net konkurrenzfäheg. Kuerzfristeg hëlleft dat och all deene sëlleche Betriber: Handwierksbetriber, Baubetriber déi an deem dote Secteur schaffen.

An eng allerleschte Fro, fir 2004 war quasi en Astellungsstopp beim Staat décrétéiert ginn. Elo gi fir 2005 280 Leit agestallt beim Staat, haaptsächlech Enseignanten a Polizisten, awer och Gardiene fir de Prisong zu Schraasseg, a Leit déi am Flüchtlingsbüro solle schaffen. Et ass awer e groussen Ënnerscheed, déi 280 Leit par rapport zu deem quasi Astellungsstopp vun dësem Joer. War een da vläicht e wéineg ze streng?

Luc Frieden:  Nee, well mir hu wéi mer de Budget am November d’lescht Joer amendéiert hunn, si mer ausgaang vun enger wirtschaftlecher Croissance vun 1,2 Prozent fir 2004. Elo seet de Statec eis im Nachhinein, datt déi Croissance méi staark war wéi 1,2 Prozent. Mir hunn deemols mat Ach und Krach versicht, dee Budget z’adaptéieren un déi wirtschaftlech Prognosen, déi eis deemols matgedeelt gi waren. Dofir war et logesch, datt mer déi Leit net géingen astellen. Op der anerer Säit gesi mer awer, datt mer elo déi Leit brauchen - mir hätten se och d’lescht Joer gebraucht, mä wéi gesot, mir hunn aus deene Grënn gestrach. Wann ech soe 50 Enseignanten, nei Enseignanten, zousätzlech déi di a Pensioun ginn, 50 Polizisten, 40 Leit am Prisong, 12 Leit am Flüchtlingsbüro, da sinn dat wierklech Bléck vu Servicer, wou mer och Leit brauchen, déi extrem noutwendeg sinn, fir datt eist Land uerdentlech ka fonctionnéieren. Duerfir mengen ech, huet kee Wee do derlaanscht geféiert. Dat si leider zousätzlech Ausgaben, mä déi awer och am Déngscht vum gudde Fonctionnement vun eisem Staat sinn. an dofir komme mer do net derlaanscht.

Här Minister Frieden, villmols merci fir d’Explikatiounen.

Luc Frieden:  Merci och.

Dernière mise à jour