Interview avec le Premier ministre Jean-Claude Juncker au sujet du vote d'investiture de la nouvelle Commission européenne

RTL Télé Lëtzebuerg: Dir hutt elo just den Här Barroso gesinn. Hält heen u sengem ëmstriddene Commissaire  an deem sengem Poste fest? U sech hat e jo ugekënnegt, e géing eng fir all vertrietbar Kompromëssléisung  proposéieren.

Jean-Claude Juncker:  Den Här Barroso befënnt sech an engem Prozess vum Nodenken. E gesäit haut den Owend nach eng Rei vu politesche Responsabele vum Parlament, a wann en eppes neies ze soen huet, da wäert en dat mar de Muere maachen, well contrairement zu deem, wat dacks gemengt gëtt, geet et jo net nëmmen ëm den Här Buttiglione, do kann een eng Léisung fannen, wann den Här Buttiglione wëllt a wann den Här Barroso wëllt. Mä et sinn och aner Commissairen, déi net op d’integral Zoustëmmung vum Parlament stoussen. D’Gespréicher doriwwer ginn de Moment virun.

Hätt dann ee Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker déi ganz Situatioun  bis elo anescht geréiert?

Jean-Claude Juncker: Oh, dat ass ëmmer einfach soen, et hätt een dat anescht gemaach. Villäicht hätt ech aner Feeler gemaach. Ech hunn dem Här Barroso, dee mech dat gefrot huet, e puer Iwwerleeunge virgedroe, wéi ech mengen, datt een déi Quasi-Crise, an däer e sech elo befënnt, ka behiewen.

Kënnt Dir eis déi matdeelen oder war dat strikt ënner 4 An?

Jean-Claude Juncker: Dat war strikt ënner 4 An, mä et ass ganz evident, entweder sicht een eng Léisung ronderëm den Här Buttiglione  alleng oder et sicht ee méi eng breet Léisung  oder et sicht een eng Léisung doranner, datt ee mar net ofstëmmt.

Dir hutt schonn Är, wéi Dir sot, radikal Oppositioun zu dem Här Buttiglione sengen Aussoen iwwer Homosexueller a Fraen däitlech gemaach. Seng Kompetenz hutt Dir awer net a Fro gestalt. A wéiwäit kann eng ëffentlech Persoun op deem Niveau, mat däer Responsabilitéit an och nach deem Posten, sech einfach dohannert verstoppen, et wier eng privat Meenung an hätt näischt mat der Fonctioun ze dinn?

Jean-Claude Juncker:  Ech mengen, datt een dat reng theoretesch ka maachen, mä am praktesche politesche Liewen, mengen ech, datt et schwéier ass,  eegen Iwwerzeegungen ze trenne vun  deem, wat ee sech politesch ka virstellen, datt soll an Europa an an den eenzelne Memberstaate vun der Europäescher Unioun geschéien. Ech respektéieren d’Meenung vum Här Buttiglione, sou wéi ech all Mënsch seng Meenung respektéieren, mä ech deelen se absolut net.

Ass hien dann de falsche Mann fir dee Posten?

Jean-Claude Juncker:  Et geet net nëmmen ëm den Här Buttiglione, dat ass eng Meenung déi wäit verbreet ass. Et sinn och an den Debatten, gëschter an haut, däitlech kritesch Säz iwwert eng Rei vun den anere Commissaire-Kandidate gesot ginn. Ech mengen net, datt den Här Buttiglione, no all deem wat elo geschitt ass, sech selwer an d’Kommissioun glécklech mécht, wann en op deem Poste géif bleiwen. Mä dat ass um Här Barroso an dat ass um Parlament, fir doriwwer ofschléissend ze befannen.

Wann Dir vum Parlament schwätzt: Den Ausschlag mécht wahrscheinlech de Vote vun de Liberalen. En ass net gewosst, wuel awer, wéi déi Chrëschtlech-Sozial ofstëmmen. Wéi Dir esou schéi sot, dat ass jo Är Bluttgrupp. Ënnerstëtzt d’EVP aus Prinzip geschlossen ee vun hiren oder am Numm vun engem neien Haass géint d’Katholiken, souguer enger neier Inquisitioun, wéi de Buttiglione an och de Vatikan gesot hunn?

Jean-Claude Juncker: Also ech well mer dee Sproochgebrauch iwwerhaapt net zu eege maachen, deen do vun eenzelne gebraucht ginn ass. Et geet jo hei ëm de Vote iwwert eng ganz Kommissioun an net nëmmen ëm de Vote iwwert ee Commissaire, dat muss ee gesinn. An am Kader vun engem globale Vote, deen ze huelen ass, mussen de Kommissiounpresident, den Här Buttiglione an aner Commissairen, déi hei net gutt ofgeschnidden hunn, sech iwwerleeën, wat se kënne bis mar maachen, fir dem Parlament entgéintzekommen. An d’Parlament muss iwwregens och sech iwwerleeën, wat et ka maachen, fir dem Kommissiounspresident entgéintzekommen, deen et jo mat grousser Majoritéit am Summer investéiert huet.

Ech wëll eng Complicitéit an eng gutt Zesummenaarbecht mam Parlament, sot den Här Barroso den Europadeputéierten haut. En appelléiert un hirt Verantwortungsbewosstsäin. Riskéiert dann net awer e Fehlstart fir eng Partnerschaft, de Bedenke vun esouvill Deputéierten absolut net Rechnung ze doren, wat e puer Commissairë betrëfft?

Jean-Claude Juncker: D’Investitur vun de Kommissioune ware ni en einfacht Geschäft, a wat een natierlech méi eng grouss Majoritéit huet fir unzefänken, wat et besser ass. Mä d’Kommissioun steet jo tëscht zwee Pouvoiren. Se steet tëscht dem Parlament an dem Conseil zu Bréissel. Dat heescht, de Regierungen, dat heescht de Staats- a Regierungschefen. D’Kommissioun ass och net esou fräi an hire Bewegunge wéi d’Parlament gären hätt, datt se et wier, an dofir kann et duerchaus sinn, am Fall wou et zu kengem Vote mar géif kommen - dat ass eng Méiglechkeet déi et gëtt - datt nach eng Kéier nei Gespréicher musse stattfannen tëscht dem Här Barroso an eenzelne Regierungschefen. Ech kann dat an däer Spekulatiounsblos, an däer mer de Moment sëtzen, weder esou, nach esou, endgülteg beäntwerten.

Trotzdem nach eng lescht Fro wat d’Spekulatioun betrëfft: wat sinn dann d’Konsequenze vun engem knappe Jo-Vote? Ass et eng vun Ufank u geschwächten a manner crédibel Kommissioun an am Fall vum Nee, gëtt et eng sérieux institutionell Crise?

Jean-Claude Juncker: Et ass een normale Virgang am parlamentaresche Liewen, datt ee Parlament seng Rechter notzt. D’Europäescht Parlament huet d’Recht, d’Kommissioun ofzelehnen, muss sech froen, ob et gutt ass, wéinst 1, 2, oder 3 Commissairen déi ganz Kommissioun heemzeschécken. Mä wann dat Parlament dat mécht, dann ass et ee Recht, dat et am Vertrag huet. Wann ee Rechter notzt, déi en am Vertrag huet, kann een net vun institutioneller Crise schwätzen. Da musse mer kucken, wéi et an deenen nächsten Deeg virugeet. Den Här Barroso bleift jiddwerfalls och Kommissiounspresident, wa mar dee Vote géint seng Kommissioun negativ wier.

Jean-Claude Juncker, ech soe Merci fir d’Explikatiounen.

Jean-Claude Juncker: Merci och.

Dernière mise à jour