Interview avec le ministre de l'Intérieur et de l'Aménagement du territoire, Jean-Marie Halsdorf, au sujet de la Commission de l'aménagement du territoire

RTL Télé Lëtzebuerg: Ass dat elo just eng weider Kommissioun, wéi mer der souvill hunn? Oder eng indispensable Hëllef?

Jean-Marie Halsdorf:  Déi Commission d’aménagement ass et och fréier an deem Gesetz gi vum Aménagement commnal, mä si kritt elo een anere Rôle ze spillen. Si soll am Fong geholl de Lien maachen, zwëschen deem wat am Land, am Aménagement du territoire, entsteet, a wat an de Gemengen, am Aménagement communal entsteet. Do sinn also zwee Niveauen. Dat muss matenee verbonne ginn, an déi Kommissioun huet do ee Rôle ze spillen, datt se Avise gëtt fir de Minister, fir d’Gemengen, datt se deenen hëlleft, datt se am fong geholl kuckt ,wéi d’Gemenge sech urbaniséieren am Geescht vun deem wat, deenen dräi Buchstawen, déi esou bekannt sinn, den I, de V an den L, also den IVL.

Dat ass ee ganzt ambiziéist Ziel, wat an deem IVL do alles festgehalen ass. Fir dat ëmzesetzen, braucht Dir do virop eng Ännerung an de Mentalitéiten? Ewech vun der berühmtener Kierchtuermspolitik a méi hi bei dat sougenannt vernetzt Denken?

Jean-Marie Halsdorf: Dat ass grad d’Erausfuerderung, déi mer elo kréien. Bis elo hate mer lauter Pabeiertigeren. Déi si gedëlleg, do kann ee vill dropschreiwen. Elo geet et drëm dat Ganzt ëmzesetzen oder z’implementéieren, wat jo méi schéi kléngt, an dat ass dann elo dat, wat op eis zoukënnt. Mir mussen also elo kucken, déi Iddien, déi Visioun, dat Konzept, no vir ze bréngen, datt mer dat anescht maache wéi bis elo. Datt mer d’Leit am Fong motivéiert kréien. Dat ass och dat, wat am Regierungsprogramm ënner „grands débats“ steet. Dee „grand débat“, dee soll dann eben dozou féieren, datt all déi Leit sech bewosst ginn, wéi eng Chance mer hu fir eist Land ze réorganiséieren.

Wéi ass dann den Echo esou an de Gemengen? Erwaart Dir Iech do Widderstand? Mir hunn elo just héieren am Reportage, datt do Iwwerzeegungsaarbecht muss geleescht ginn ,an datt Dir déi Ënnerstëtzung braucht.

Jean-Marie Halsdorf: Also Iwwerzeegungsaarbecht muss sécher geleescht ginn. Dem Landesplanungsgesetz vum 21. Mee 1999 no ginn et jo 6 Regiounen, an déi évoluéiere verschidden. Am Osten gesi se d’Problemer heiandsdo anescht wéi am Norden, an déi am Norde gesi se nees anescht wéi am Zentrum, an am Zentrum nees anescht wéi am Süden, wat normal ass. Dat eent si ländlech Räim, dat aner si stättesch Räim. D’Stad Lëtzebuerg huet aner Problemer vläicht, wéi de Süden nees eng Kéier, sou datt et normal ass, datt déi Gemengen anescht d’Problemer gesinn, mä si bleiwen déi selwecht. Mä et geet drëm dee Kick ze kréien, datt ee eess, datt e muss regional zesumme schaffen.

Mä hutt Dir dann d’Gefill wéi gesot, wann Dir mat de Leit schwätzt, datt do awer schonn eppes am Rullen ass,  datt se verstanen hunn, datt se Loscht hu matzezéien?

Jean-Marie Halsdorf: Ganz sécher. Am Süden zum Beispill hu mer de Pro-Sud kritt, dat ass dee Syndikat, deen d’Regioune soll organiséieren. Am Norden hu mer zum Beispill déi ganz Parc naturellen. Do hu mer jo dee vun der Uewersauer an elo dee vun der Our. Ech war nach gëschter zoufälleg do uewen am Eck, zu Klierf, an déi maachen awer scho ganz vill Saache regional an et geet dorëm fir all déi Saache méi regional ze maachen, méi effizient ze maachen, awer nohalteg. An dat ass d’Erausfuerderung, Effizienz, nohalteg an d’Liewensqualitéit vun de Bierger muss bleiwen.

Mä ausser iwwerzeegen, wéi eng konkret Méiglechkeeten hutt Dir fir Drock ze maachen? D’Gemenge sollen zesummeschaffen. Mä wa se dat zum Beispill net maachen, wa se soen, mir wëlle léiwer eis Piscine just bei eis bauen a mir wëllen net eng regional zesummen zu puer bauen. Wat maacht Dir?

Jean-Marie Halsdorf:  Majo, do muss een eng Bestandsopnahm maachen. Mir sinn dat och d’ailleurs am gaang ze maachen. All d’Gebeilechkeeten am Land, déi et ginn, déi ëffentlech Gebeilechkeeten, ob sportlecher Natur, kultureller Natur an esou weider. Mir maachen do en Inventaire. Da gesäit ee jo, wou Saache sinn, an et gesäit ee, wou keng sinn. Da muss ee kucke wéi een dat hikritt. Et muss ee verschidde Projets pilotes maachen, et muss een ëmsetzen, da gesäit ee wat dat bréngt.

Hutt Dir da schonn eppes Konkretes?

Jean-Marie Halsdorf:  Ech mengen Esch-Belval ass ee Projet pilote an deem Sënn. Do huet ee versicht ze weisen, wat een alles ka maachen, wann ee wierklech regional zesummendenkt. Do sinn déi zwou Gemengen. Mir wëllen zum Beispill de Regionalplang am Westen - dat ass dee vu Réiden, Wolz an Uewersauer, dee ganzen Eck – emsetzen, an do gëtt et jo schonn een Naturpark. An do muss ee kucken, wéi een dat dann ënnert een Hutt kritt, déi ganz Iddien, déi ganz Entwécklungspotentialer. An ech mengen, datt mir dat hikréien. Ech hu relativ ee gudde Feeling, géif ech soen.

Eng lescht Fro: ass d’Opdeelung vum Land, wann ee kuckt wat alles elo geplangt ass, wat soll änneren, net een Anachronismus?

Jean-Marie Halsdorf: Doudsécher net. Also déi Opdeelung déi mer elo hunn, fir ze soen dat wier anachronistesch, géif ech net soen. Et muss een doraus déi Weeër sichen, déi eben déi 6 Regiounen ginn. Et kann anachronistesch sinn an deem Sënn, wann ee seet, datt et net méi zäitgeméiss ass, ok, mä ech mengen et soll een dat net esou gesinn. Et soll ee kucke wat hu mer, wat war gutt, wat kënne mer besser maachen. A mer mussen an d’Richtung goe vun dem Landesplanungsgesetz mat 6 Regiounen. Mer mussen an d’Richtung goe vu méi effiziente Gemengen, an do gëtt et vill Modeller an do gëtt et vill Stëchwierder, mä mer hu leider net méi Zäit, fir déi elo nach hei ze développéieren.

Ech soe merci fir d’Explikatiounen. Mir kréie ganz oft nach Geleenheet dodrop zréckzekommen. Merci Jean-Marie Halsdorf.

Dernière mise à jour