Interview avec le ministre des Affaires étrangères et de l'Immigration, Jean Asselborn, sur les élections américaines et des questions d'actualité européenne

RTL Télé Lëtzebuerg: En éischt Gefill, wat den Ausgang bei de Walen an den USA ugeet?

Jean Asselborn: Nee, ech hu keng Ahnung, Ech mengen et gëtt ganz knapp. Also ech wënsche mer wierklech een amerikanesche President, deen a sengem schéine groussen Amerika sëtzt an op Latäinamerika kuckt, op Afrika kuckt, op grouss Deeler vun Asien kuckt, op de Mëttleren Oste kuckt a sech eigentlech seet, wann ech mech zesummendinn mat deene méi Räichen, wéi Kanada, wéi Europa, wéi Japan, da kann ech et fäerdeg bréngen, Problemer anescht ze léisen op dëser Welt, anstatt mat Force. An ech mengen, dat ass déi Hoffnung, déi ech hunn, datt mer wierklech ee President an Amerika kréien, wou och erëm deen transatlanteschen Dialog ka stattfannen, fir ze kucken, datt een op eng aner Manéier wéi vläit elo an der Vergaangenheet u Problemer erugeet.

(...)

D’Ausseministeren hu jo bestëmmt zu Bréissel och iwwert de Problem vun der EU-Kommissioun geschwat. Ginn et hei Changementer, nei Nouvellen?

Jean Asselborn: Jo, also, déi Nouvellen déi kennt Dir. Et ass jo een, den Här Buttiglione, deen huet sech zréckgezunn. Et ass och nach d’Regierung aus Lettland, déi d’Madame Udre, déi virgesi war, och zréckgezunn huet an duerch een anere Kandidat ersat huet. Ob nach elo Mouvementer kommen an anere Länner, dat weess ech net, mä dat ass jo och net d’Affär vun den Ausseministeren. Ech mengen, dat ass d’Affär vum designéierte President, dem Här Barroso, deen zesumme muss kucken, mat de jeweilege Regierungen, wou d’Kandidaten iergendwéi an d’Schwanke komm sinn, fir do déi Décisiounen ze huelen, fir datt d’Kommissioun den Appui kritt vum Parlament.

Komm mer bleiwe vläicht kuerz nach beim Här Buttiglione. Elo gëtt driwwer geschwat, datt dee kéint ersat ginn duerch den aktuellen italieneschen Ausseminister Franco Frattini. Dee war jo haut och zu Bréissel dobäi. Gouf et Äusserunge vum Här Frattini?

Jean Asselborn: Den Här Frattini war net do.

(...)

OK, mä da kënnt jo do nach dobäi, datt dat géif bedeiten, de Silvio Berlusconi huet et ugedeit, datt den Här Frattini an der italienescher Regierung duerch den Gianfranco Fini kéint ersat ginn, vun der rietser Alleanza Nazionale. Et war dat bestëmmt een Thema, op manst um Bord vun den Ausseministeren?

Jean Asselborn: Also et ass esou, an der klenger an an der grousser Diplomatie: All Land ass Meeschter iwwert säi Schicksal. All Land designéiert déi Leit, déi se mengen, datt se richteg wieren a gutt wieren a kompetent wieren. Ech mengen, d’Italiener maachen dat, wat si fir richteg fannen, an da wäert schonn dat erauskommen, datt mer, mengen ech awer, den Här Barroso dee weess dat, datt mer elo net méi däerfe spillen. En huet ee ganz gudden Ufank gehat, hunn ech op jiddwer Fall fonnt. Hei ass ee Knécks ginn a senger Féierung, an, mengen ech, och a senger Kompetenz. Hie muss lo op jiddwer Fall muss dofir suergen, datt net nach aner falsch Grëff do entstinn. Och d’Italiener wëssen, datt een an Europa net mam Kapp duerch d’Mauer kënnt. Dat hu se jo schonn e puer Mol erlieft. Si wäerten och alles maache fir wierklech ze kucken, an Europa wéi an Italien, an der Aussepolitik Leit dohinner ze setzen, déi kompetent si fir dat ze maachen.

Dir hutt et gesot, et geet effektiv net nëmmen ëm den italienesche Commissaire. Hunn da vläicht schonn aner Länner reagéiert, zum Beispill Ungarn oder Lettland? Hei si jo d’Kandidate Laszlo Kowacs respektiv Ingrida Udre jo awer och ganz staark ëmstridden.

Jean Asselborn: D’Madame Udre ass schonn ersat ginn. Dat huet d’lettesch Regierung schonn haut décidéiert, déi Nouvellë si komm. Beim Här Kovacs, dat weess ech net, ob do an Ungarn och Mouvementer de Moment dra sinn. Wéi gesot, et ass net d’Thema gewiescht, a mir sinn och net kompetent do als Ausseministère fir dat ze tranchéieren.

An awer d’Hollännerin Nellie Kroes an d’Dänin d’Mariann Fischer Boel: Dem Europaparlament no sinn dat jo och Kandidaten, déi missten ausgewiesselt ginn.

Jean Asselborn: Jo, also ech mengen, dat ass d’Affär vum Här Barroso, e wäert déi scho meeschteren.

OK, schwätze mer also iwwert een anert Thema: d’Entwécklung am Noen Osten. Här Asselborn, wéi reagéiert d’Europäesch Unioun op d’Erkrankung vum President Arafat?

Jean Asselborn: Ech war jo d’lescht Woch selwer an däer Géigend, an Ägypten, och zu Ramallah. Ech war eigentlech de leschten Dag nach do, wou de President Arafat nach an den Territoirë war. En ass zu Paräis. Zu Paräis si ganz gutt Dokteren an den Här Arafat dat ass een, deen net séier opgëtt. Also, et muss een also uechtgi mat den Aussoen, déi ee mécht. Dir gesitt och, datt e reagéiert op verschidden Événementer, op deen Attentat, dee geschitt ass, deen e condamnéiert huet. Et muss ee wëssen awer, datt och, wann den Här Arafat zréck géif kommen, datt do awer een dovu kann ausgoen, datt  déi Autoritéit déi en hat, déi Stäerkt déi e gewisen huet, datt déi net méi déi nämlecht ass.

Dat heescht, Dir géift elo net soen, datt d’Gefor vun engem Muechtvakuum an der Regioun besteet?

Jean Asselborn: Also de Premierminister Korei huet mer gesot, mir hunn ee Cabinet, dee funktionéiert. Déi Organisatiounen, déi d’Autorité palestinienne duerstellen, hunn och duerchklénge gelooss, datt si wëllen duerch Walen de Successeur vum Här Arafat désignéieren. Ech mengen net, datt se iergendeen Intérêt drun hunn, fir elo Streidegkeeten do ze weisen an do dee Vakuum opkommen ze loossen. Ech mengen déi Leit musse wëssen, datt et ëm hir Autoritéit geet an ëm hir Capacitéit fir ee Palästinenser-Staat, dee se jo wëllen hunn an dee mir och wëllen hunn, deen eng Kéier dann existéiert an och ka funktionéieren.

Wat géift Dir dann elo soen ass den Impakt vun den amerikanesche Walen op de Friddensprozess am Noen Osten?

Jean Asselborn: Deen ass rieseg grouss. D’Influenz vun den Amerikaner, den Impakt vun den Amerikaner ass kruzial. Mä den Ament sinn d’Amerikaner ofwiesend gewiescht, dat muss een och soen. Si hu sech do zréckgezunn. Och d’Quartett huet net méi gutt funktionéiert. An dofir ass och elo déi Initiative vum Här Solana  immens wichteg. D’Roadmap, fir et an zwee Wierder ze soen, déi heescht jo weider näischt anescht wéi Zweestaategkeet. Datt Israel a Palästina a Fridde kënne beienaner liewen. Dat ass dat eent. An dat zweet, dat ass déi Initiative elo vum Här Solana, fir ze soen, d’Sécherheet muss hiergestalt ginn, zweetens Wale mussen a Gaza an och a Cisjordanie stattfannen. Drëttens, datt muss gekuckt ginn, wierklech erëm ekonomesch a Gaza, grad wéi an der Cisjordanie, fir do erëm en Opdriff ze kréien an d’Sécuritéit selbstverständlech. All dat zesummen an och d’Reformen, déi d’Palästinenser musse maache bei sech selwer, si Punkten, fir hinnen ze hëllefen, datt mer ebe kënne soen, Gaza first, Gaza last, ass net de richtege Wee. De Réckzuch vu Gaza, dee soll Enn 2005 fäerdeg sinn, ass ee klengt Stéck vun deem ganze Prozess, dee Roadmap heescht, fir eben Israel a Palästina erëm a Fridde beienaner ze bréngen.

Bush oder Kerry, wee wäer besser fir d’Entwécklung vum Friddensprozess?

Jean Asselborn: Et ass eng Regel déi seet, datt ee sech als aktiven Ausseminister, als Politiker net amëscht an deenen anere Länner hir Entscheedungen. D’amerikanescht Vollek ass prett an och capabel, fir déi Décisioun esou ze huelen, wéi ech se definéiert hunn am Ufank vun Ärer Sendung. Egal ween et gëtt, dee muss agesinn, datt wa kee Fridde tëschent Israel a Palästina geschlosss gëtt, datt dann d’Irakfro, d’Iranfro a vill Froen ronderëmmer, bis an den Afghanistan, datt déi net kënne geléist ginn.

Ganz kuerz zum Schluss Här Asselborn, Stëchwuert Referendum iwwert d’EU-Verfassung. Bleift et do beim Datum fir et no der Présidence ze maachen, dat heescht ufanks Juli?

Jean Asselborn: Dir mengt elo hei zu Lëtzebuerg?

Hei zu Lëtzebuerg.

Jean Asselborn: Also een Datum hu mer nach net fixéiert. Ech ginn och d’nächst Woch am Numm vun der Regierung an d’Chamber, fir mat de Leit aus der Kommissioun, dat heescht de Fraktiounspresidenten ze schwätzen. Et schafft kee Land et, während hirer Présidence e Referendum ze organiséieren, wa soll sérieux eng Campagne gemaach ginn, datt mer och wierklech eis do e wéineg investéiere kënnen.

Menger Meenung no fënnt de Referendum och statt, wann d’Deeg  nach laang sinn. Awer mir kucken do zesumme mat der Chamber  dee richtege Moment ze fannen. Dann hu mer een Datum, mä dann hu mer nach net alles. Da musse mer nach kucken, op wat fir eng Method wee participéiert an esou weider, wat fir een Effet datt de Referendum kritt. All dat wëlle mer geléist hunn an deenen nächste Wochen, fir datt mer um Enn vum Joer de Projet de loi alles kënne déposéieren, fir datt mer prett si fir dee wichtege Referendum. Mir haten zanter 1937 kee Referendum méi zu Lëtzebuerg. Mat deem Referendum gi mer Europa een neie Schub an ech mengen, do décidéiert d’Vollek just eent hei zu Lëtzebuerg, dat ass, gesi mer eis Zukunft mat Europa oder ausserhalb vun Europa? Dat ass d’Fro, déi mer eis ze stellen hunn. All dat anert ass ronderëmer gewéckelt, mä dat ass déi kruzial Fro. Ech sinn och iwwerzeegt, datt d’Lëtzebuerger wäerte wierklech weisen, datt se Europäer sinn an datt eis Zukunft och eben vun deem Europa ofhänkt. Mir wëllen net do am Eck stoen, mir wëllen aktiv mathëllefen, fir datt et ee sozialt Europa gëtt, een Europa, wat wierklech sech asetzt fir seng Bierger, een Europa, wat besser ausgesäit, wéi et de Moment ausgesäit.

Dernière mise à jour