Interview avec le Premier ministre Jean-Claude Juncker au sujet du Conseil européen de Bruxelles (04-05.11.2004)

RTL Télé: Den irakesche Premier ass op Bréissel komm fir Hëllef ze froen. E batteren Nogeschmaach huet awer d’Tatsaach, datt heen all déi Länner, déi net mat an de Krich gezu sinn, als Zuschauer, als Spectateure bezeechent huet. Här Staatsminister, och Lëtzebuerg kuckt am Irak no, also musse jo déi Aussoe vum Här Alawi Iech net onbedingt gefall hunn. Gouf et dann ieren um Mëttegiessen e klärend Gespréich doriwwer?

Jean-Claude Juncker: Ech menge schonn, datt eng Rei Länner, déi sech vum irakesche Premier hätte kënne beschriwwe spieren, däitlech gemaach hunn, datt se déi Stadionssprooch do net ganz gären hunn. Kee sëtzt op de Gradinë wann et ëm den Irak geet. Mir sinn alleguer direkt oder méi wäit Nopere vum Irak a mir hunn däitlech gemaach, datt mer alleguer dozou bäigedroen hunn, datt den Irak bis elo 350 Milliounen Euro aus Europa kritt huet, datt en nach 30 Milliounen Euro dobäikritt fir seng Walen z’organiséieren, datt mer alleguer engagéiert sinn an der Ausbildung vu Polizei, vu Riichteren, vun Affekoten, alles zum Deel Ariichtungen, déi et virdrun am Irak net ginn ass. Also déi Äusserunge vum irakesche Premier, déi si schaarf zréckgewise ginn, ouni datt et awer eng Kläpperei gi wier.

Bis elo stounge jo awer déi meescht Länner enger Neesopbauhëllef am Irak éischter skeptesch géintiwwer. Huet sech dann dorunner elo eppes geännert?

Ech mengen, et stellt sech am Irak ee grousse Sécherheets-problem fir den Irak selwer, esou wéi och fir d’Nopeschlänner, an enger souwisou dramatesch komplizéierter Regioun. Sécherheet muss garantéiert ginn, d’Sécherheet vun de Leit do a vun de Leit ronderëm. Et muss Berouegung an dat Land kommen. Et huet kee Wert, datt mer dauernd an de Réckspigel kucken an eis virhalen, eis Differenzen an Divergenzen aus der Vergaangenheet. Et ass elo de Moment komm, fir zesumme konstruktiv dofir ze suergen, datt d’Zukunft vum irakesche Vollek, souwäit wéi mer Afloss dorop hunn, a geuerdnete Bunne verleeft.

Riets geet och vun enger méiglecher EU-Missioun am Irak. Wat ass da genee dorënner ze verstoen?

Déi Missioun ass précisément eng, déi bei dem adminis-trativen Opbau vum Irak soll hëllefen. Déi soll méi spéit an den Irak goen an do stellt sech natierlech fir déi Leit, déi un där Missioun deelhuelen, ee gréissere Sécher-heetsproblem, dee muss gepréift ginn, mä mir wëlle mat dozou bäidroen, datt et am Irak zu enger uerdnungsgeméiss funktionnéiernder Administratioun kënnt.

Eng militäresch Hëllef am Irak bleift awer am Kader vun der EU een Tabu?

Dat ass keen Tabu, dat ass eng Méiglechkeet, eng Optioun, déi et einfach net gëtt, well mer dat vun Ufank un ausgeschloss hunn. Dofir sinn d’Divergenzen ze grouss gewiescht an ech mengen och net, datt déi eenzeg Äntwert, déi een op d’Kris am Irak ka formuléieren, exklusiv ee militäresche Charakter kann hunn. D’Hëllefsugebot vun der Europäescher Unioun – an do mécht jiddweree mat, souwäit wéi e kann, a mat deene Mëttelen déi e kann – ass  ee méi breet a begräift och Zivildeeler.

Innepolitesch stoung dat sougenannt Lissabon-Ziel um Programm. 2010 soll jo d’EU de stäerkste Wirtschaftsraum op der Welt sinn. Wonschdenken oder einfach nëmmen déi falsch Zielsetzung?

Eng richteg Zielsetzung, mä awer eng sech entre-temps net méi als realistesch erweisend Zielsetzung, well mer einfach an deenen éischte 5 Joer, bedingt och duerch de wirtschaftleche Réckgang, dee mir an der gesamter Europäescher Unioun ze verzeechnen haten, bei der Ëmsetzung vun eisen Absichten net séier genuch virukomm sinn. Mir mussen also eis elo druginn, eis selwer op d’Been maachen an deene 5 Joer déi bleiwen. Mir géif et duergoen, wa mir  am Joer 2010 alleguer déi Instrumenter, all déi Directiven, alleguer déi och administrativ Moossnahmen an der Plaz hätten, déi et brauch, fir déi Zielsetzung kënnen z’erreechen. Ech mengen net, datt mer se integral am Joer 2010 wäerten erreecht hunn.

Eng nei Ausriichtung vun der Lissabonner Strategie wëll den däitsche Kanzler notzen, fir eng grondsätzlech Debatt iwwert de Stabilitéitspakt. Mat welchem Ziel? Méi finanzielle Spillraum fir den nationale Budget?

Et ass ganz evident, datt een iwwert de Käschtepunkt vun der Lissabonner Agenda, wann all Land muss 3 Prozent fir Fuerschung an Entwécklung zur Verfügung stellen beispillsweis, muss schwätzen an dat am Zesummenhang mam Stabilitéitspakt, Reformdiskussioun, déi jo souwisou ugesot war fir d’Lëtzebuerger Presidentschaft an et geet am Wiesentlechen drëm, datt een da Stabilitéitspakt méi zykluskonform kann zur Verwendung bréngen. Wann et der Économie gutt geet, déi Suen déi een erakritt huet fir Scholden a fir Defiziter ofzebauen, geet et der Économie schlecht, Bewegungsfräiraum ze hunn, deen ee brauch fir kënne budgetskonjunkturell Géigesteierungsmoossnahmen ze ergräifen an déi Diskussioune muss een zesumme féieren.

Jo, mä à propos Käschten. Et gi jo eng ganz Rëtsch Länner an der Europäescher Unioun, déi och an Zukunft net méi wéi 1 Prozent vun hirem nationale Räichtum an déi europäesch Keess wëllen abezuelen. Wann een et elo mol eng Kéier iwwerspëtzt ausdréckt, ass hinnen dann net Europa méi wäert?

Dat hänkt vum Standpunkt of. Mir deele bekanntlech als Lëtzebuerger Regierung, als Nettozueler an d’europäesch Keess de Standpunkt vun deene 6 net, déi den europäesche Budget op 1 Prozent vu sengem Brutto-sozialprodukt wëlle beschränke, well mer mengen, et kënnt een déi europäesch Ambitioun op Dauer, bis an d’Joer 2014, net aspären a sou engem enke Finanzkanal. Ech wëllt net soen, datt europäescht Wuessen a Ginn deene Länner, déi di Positioun vertrieden, egal ass. Si hätte gär Ëmschichtungen am Budget, wëssen och, mä maache wéi wa se et net géife wëssen, datt se ëmmer dee gréisste Butteck driwwer hunn, wéi dann ëmgeschicht soll ginn. Mat de Fransouse loosse sech d’Agrarausgaben net ëmschichten, dat hätten déi Däitsch gär. Déi zukünfteg Presidentschaft weess dat, a weess doraus een Holz ze maachen aus deem Feier kënnt.

Den éisträichesche Bundeskanzler Schüssel huet eng Iddi opgegraff, déi Dir schonn am Juni matgedeelt hutt, dat heescht, datt ee sollt versichen, déi europäesch Referenden an engem gemeinsamen Zäitraum ze maachen. Ass dat iwwerhaapt elo nach méiglech, wou jo awer trotzdem eng ganz Rei Länner schonn en Datum fixéiert hunn?

Vill Länner hu se nach net fixéiert, mä e puer hunn et scho gemaach, an et wier ouni all Zweifel eng a sech schlësseg Iddi, fir déi Referenden, déi mer ze organiséieren hunn, 10, 11, 12 Stéck, an deem selwechten Zäitraum, net bedingt dee selwechten Dag, ze maachen. Mir erklären der ganzer Welt wéi soll gutt regéiert ginn a wa mer et selwer solle virdémonstréieren, da wësse mer net wéi mer eis sollen uleeën, well elo lafe mer Gefor, datt mer während 18 Méint all puer Wochen an iergendengem Land, och zu Lëtzebuerg, wat net iergendee Land ass, ee Referendum hunn. Dat blockéiert déi ganz Décisiounsprozesser an der Europäescher Unioun. Ech gleewen entre-temps net méi drun, ech hu laang dru gegleeft, datt et méiglech wier, eis op een Datum ze eenegen.

Här Staatsminister, villmols Merci.

Ech soen Iech och Merci.

Dernière mise à jour